Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Décembre 2011 > Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Interview
Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
"DNR" du 23-12-2011

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Wéi geet et mat Europa an dem Euro virun? Wéi eng ekonomesch Gefore laueren op Lëtzebuerg? Wéi kritt een de Chômage hei am Land an de Grëff? De Staatsminister Jean-Claude Juncker steet an dëser Stonn dem DNR Ried an Äntwert an dat am Interview mam Jacques Ganser a Max Lemmer.

Max Lemmer: Här Staatsminister, Bonjour.

Jean-Claude Juncker: Bonjour.

Max Lemmer: Een an allen Hisiichte mouvementéiert Joer geet op en Enn. Wat behaalt Dir vun deem Joer zréck?

Jean-Claude Juncker: D’Impressioun vu vill Duercherneen, vu vill Oniwwersiichtlechkeet, vun Zécken, Taaschten a Sichen. Dat ware Remarquen déi d’Situatioun an Europa an an der Welt betreffen. Hei zu Lëtzebuerg war et net vill anescht.

Jacques Ganser: D’Regierung huet missten ouni Sozialpartner wichteg Décisioune fir d’Zukunft vum Land huelen. Nom Échec vun der Tripartite, gleeft Dir nach un de lëtzebuerger Sozialmodell?

Jean-Claude Juncker: Et ass net ganz richteg fir ze soen, d’Regierung huet missen d’Décisioun ouni d’Sozialpartner huelen, well mir hu jo vill, vum Summer un u sech, esouwuel mat de Patronatsorganisatioune wéi mat de Gewerkschaften, diskutéiert a parlamentéiert. Et ass der Regierung net gelongen. Mä war dat d’Schold vun der Regierung?

Fir d’Sozialpartner zesumme mat der Regierung un een ofschléissenden Dësch ze bréngen, dat huet méi mat den Ausernanersetzungen ënner de Sozialpartner ze di wéi mat oniwwerbréckbare Géigesätz tëscht der Regierung an deene respektive Kompartimenter vun eiser sozialpartnerschaftlecher Landschaft.

Ech refuséieren ze gleewen, datt, just well d’Tripartite elo eng kräfteg Bronchite huet, datt de lëtzebuerger Sozialmodell dorunner géif erstécken. De Sozialdialog muss zu Lëtzebuerg virugoen. Zu enger moderner Demokratie gehéiert net nëmmen eng einegermoosse gutt fonctionnéiernd Regierung, e Parlament wat seng Aarbecht mécht, mä dozou gehéiert och eng organiséiert Soziallandschaft. Nei Demokratie ass net nëmme méi eppes wat sech just am politesche Raum ofspillt. Et muss ee méi breet usetzen. An dofir brauch een d’Sozialpartner.

Si wëssen dat, si hunn d’ailleurs am meeschten dobäi ze verléiere wa se net méi kënne matenee schwätzen. Well dat lenkt d’Regierung u sech an eng Roll wou d’Regierung alleng décidéiert. Wat net gutt ass. D’Regierung brauch d’Apporten, d’Contributioune vun de Sozialpartner an engem héije Mooss.

Max Lemmer: Wéi wëllt Dir dann d’Sozialpartner an Zukunft zesummen un en Dësch kréien?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech ka se jo net beetsche bis se sech sëtzen a sëtze bleiwen. Déi mussen ënner sech elo en Terrain fanne wou se sech kënnen erëmbegéinen. D’Regierung hëlleft dobäi mat klengen Handreechungen.

Jacques Ganser: D’Regierung hält och weider um Indexsystem fest. Dir hutt Iech dofir ausgeschwat, wann och mat verschiddene Begrenzungen, jee no ekonomescher Situatioun. Wéi laang ass dee System prinzipiell dann ze halen? Ass dee System prinzipiell ze halen?

Jean-Claude Juncker: Mat Ausnam vu bal alle Leit zu Lëtzebuerg a ville Leit an der Belsch geet weltwäit eigentlech keen dovun aus, well soss keen de System huet, datt een dee System kann an enger globaliséierter Ekonomie kéint halen.

Wa mir e wëllen halen, an ech sinn dofir datt mir en halen, da musse mir wëssen, datt wa mir eis dat leeschten – tëscht Gänseféissercher – datt mir dann aner Saachen net am selwechte Mooss kënne maache wéi een se kéint maache wann een d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter net hätt.

Mir sinn eng duerch an duerch indexéiert Ekonomie an eng duerch an duerch indexéiert Gesellschaft. Dat betrëfft jo net nëmmen d’Léin. Et gëtt jo Indexklauselen an alle méigleche Verträg, Liwwerverträg tëscht Privaten, Verträg tëscht dem Stat a Privatfirmaen, Indexéierungsklausele bei de Loyeren, Indexéierungsklausele lénks a rechts an iwwerall, an dat muss een eng Kéier an aller Rou duerchkucken.

Dofir si mir och amgaang eis mam Phänomen vun der Indexéierung ausserhalb vun der Lounpolitik ze beschäftegen.

Mä fir op Är Fro zréck ze kommen, sinn ech der Meenung, datt mir Indexéierung als Prinzip mussen halen, well ech einfach zur Schlussfolgerung kommen, duerch dausendfach Observatioun bestätegt, datt wa mir d’Indexéierung net hätten, datt déi Leit am ënneschte Lounsegment géife riskéieren absolut vun der Inflatioun iwwerrullt ze ginn. Mir mussen also géint eng ze héich Inflatioun zu Lëtzebuerg ukämpfen a mir musse gläichzäiteg prinzipiell den Index bäibehalen, virun allem fir déi déi an ënneschte Lounsegmenter leien, deelweis och am Mëttelberäich vun der Lounskala.

A fir dat kënnen ze maachen hu mir deen Index mussen, esou wéi mir dat Enn des Joers décidéiert hunn, moduléieren. Mat där Modulatioun fënnt eng Lounupassung statt, mä net an deem Tempo wéi mir gewinnt waren, datt dat géif geschéien.

Max Lemmer: Den Alkohol an den Tubak, grad wéi och d’Pëtrollsprodukter ab engem gewëssene Plafong, sollen aus dem Wuerekuerf eraus geholl ginn. Firwat grad déi Produiten?

Jean-Claude Juncker: Alkohol an Tubak si Produkter déi bei iwwerméissegem Genoss net zu enger besserer Gesondheet bäidroen. An et mécht eigentlech kee Sënn, datt wann een zum Beispill Zigarette géif méi besteieren, wat jo iergendwann muss kommen, datt dann déi Méibesteierung déi mir aus gesondheetspolitesche Grënn maachen, Agank fënnt an d‘Moossen, well se am Indexwuerekuerf stinn, vun der via Index ze kompenséiernder Augmentatioun vun der Inflatioun.

D’Regierung kann net engersäits Präisser héijen, doduerch datt se d’Steieren erhéicht, an anerersäits d‘Betriber déi Erhéiungen ënner Form vu Lounaugmentatioun bezuele loossen.

Dofir ass et logesch, datt Alkohol an Tubak aus dem Indexwuerekuerf ausschieren.

Et ass och logesch, datt d’Pëtrollsprodukter, déi ech eigentlech gär ganz erausgeholl hätt, mat Ausnam vum Heizungsmazout, deen a mengen Aen ëmmer muss dra bleiwen an iwweregens och an Zukunft ouni Obergrenz muss dra bleiwen – dofir ass et logesch, datt ee vun engem gewëssenen Niveau vu Präisentwécklung op de Weltmäert un déi iwwerduerchschnëttlech Präisaugmentatioun déi ka kommen, net méi an der Indexéierung repercutéiert ass. Aus deem ganz einfache Grond, well mir zu Lëtzebuerg jo keen Afloss op d’Präisgestaltung beim Pëtroll hunn.

A wann déi Pëtrollspräisser de Kopplabunz schloen, da gesinn ech net richteg an, firwat datt vun engem gewëssenen Niveau un dat muss zu Lëtzebuerg an der Paitut kompenséiert ginn, well de klenge Geschäftsmann, dee klengen Handwierker, dee ka sech jo net dogéint wieren, datt déi Pëtrollspräisser klammen. Am Géigendeel, e muss eng méi héich Energierechnung bezuele fir säi Betrib, an da muss e gläichzäiteg, obscho sech a sengem Betrib näischt geännert huet, sauf déi negativ Präisaugmentatioun beim Pëtroll, och nach op der Sozialfront, wann ech kann sou soen, méi ausginn. Dat kann een deene klenge Betriber décemment net méi zoumudden.

Jacques Ganser: Elo ass näischt méi imprevisibel wéi d’Entwécklung vun de Pëtrollspräisser.

Jean-Claude Juncker: Allerdéngs, jo.

Jacques Ganser: Wéi wëllt Dir dann do en Niveau festsetzen deen iwwerduerchschnëttlech ass?

Jean-Claude Juncker: Doriwwer wëll ech mat de Sozialpartner schwätzen. Zu 3 oder getrennt. Well ech hätt gär hiren Avis dodriwwer.

Max Lemmer: D‘Familljenzoulage solle méi selektiv gestallt ginn. Dat ass e Saz deen een ëmmer nees héiert. Wat ass genee dorënner ze verstoen? Ass zum Beispill mat Korrekture bei de Chèques service ze rechnen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass esou e Saz, deen duerch d’lëtzebuerger Politiklandschaft geeschtert a sech ëmmer gréisster Zoustëmmung erfreet, bis zu deem Moment wou ee sech dru mécht fir dat emol an d’Praxis ëmzesetzen.

Ech erënneren drun, datt mir d’lescht Joer am Abrëll, Mee, Juni bei dem Zesummeleeë vun de Spuerelementer envisagéiert haten d’Allocation de Rentrée scolaire sozial ze staffelen. Mir hu weder an der Koalitioun, nach a Gespréicher mat Aneren deen Niveau fonnt vu wou un et da richteg wier, déi Allocation de Rentrée scolaire ofzesenken. An dofir halen ech dat fir en theoretesch flénk formuléierte Saz.

Mä mir fannen zu Lëtzebuerg ni eraus wie räich ass a wien aarm ass. All Niveau deen ee proposéiert ass ze héich oder ze niddereg, an dem Bléckwénkel vun deenen Engen oder vun deenen Aneren. An dofir hu mir jo och ëmgeschalt gehat, andeem mir méi a Richtung vu Chèques service gaange sinn, also vu Sachleeschtungen, wéi vun neie Geldleeschtungen. An och dat gëtt schonn erëm kritesch beäugt an dat muss een och eng Kéier iwwerkucken.

Jacques Ganser: Wann een déi aktuell Wuesstemsprognose kuckt, wier et dann net awer noutwenneg fir d’Krisesteier bäizebehalen, respektiv ze verlängeren?

Jean-Claude Juncker: Dat ass een Hiwäis dee mech, wann en net vun Iech géif kommen, an deen Zoustand vu gehuewener Erheiterung géif beförderen.

Wéi d’Regierung d’Antikrisesteier agefouert huet, dunn hunn ech eigentlech kee fonnt deen doriwwer extrem begeeschtert gewiescht wier. An och ass gesot ginn, dat wier keng gerecht Steier.

Elo schafe mir se of, dat hu mir am Summer ugekënnegt, andeem mir schonn am Bléck haten, datt mir eng Indexmodulatioun missten am Enn vum Joer maache fir e bëssen den Negativimpakt vun där Modulatioun ofzefiederen. An elo begéinen ech op eemol Leit déi begeeschtert si vun der Iddi vun der Antikrisesteier.

Ech muss hei erëm soen, wéi een et mécht ass et verkéiert. Stellt Iech emol vir, mir hätten d’Antikrisesteier net ofgeschaf a mir hätten den Index moduléiert. Mengt Dir, da géif haut ee fir d’Antikrisesteier plädéieren?

Max Lemmer: Här Juncker, d’Baupräisser hei am Land si bannent 10 Joer ëm bal 30% an d’Luucht gaangen. Wou bleift déi ugekënnegt grouss national Debatt iwwer d’Wunnengsbaupolitik?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen, datt déi Debatt, wann och net ënner Form vu grousser nationaler Debatt, ëmmer erëm gefouert gëtt.

D’Parlament ënnerhält sech regelméisseg doriwwer. Mir hunn e Pacte logement virgeluecht. Den zoustännege Minister, de Marco Schanck, huet am Laf vum Joer eng Hellewull vu Moossnamen ugekënnegt an deelweis och duerchgezunn. Esou datt ech net d’Gefill hunn, datt deen Thema ënnerbeliicht wier an der aktueller Debatt.

Tatsaach ass awer, do kucken ech op eng laang Zäit zréck, et ass egal wat een am Beräich vum Wunnengsbau mécht, datt een déi Präisser ganz einfach net an de Grëff kritt. An all Moossnam déi de Stat geholl huet fir op Steiereinnamen ze verzichten, fir bestëmmten Taxen ofzeschafen, et net zu enger Berouegung op der Präisfront bäigedroen huet, mä et eigentlech just dozou gefouert huet, datt net déi fir déi mir dat gemaach hunn, nämlech déi jonk Leit, virun allem déi Haiser oder Terraine kafen. Manner staark Belaaschtung huet dozou gefouert, datt déi déi verkafe sech méi Sue konnten, eigentlech op Käschte vun de Leit an och op Käschte vum Stat organiséieren.

Ech kommen zur Asiicht, datt et eigentlech nëmmen eng Method gëtt fir hei virunzekommen, dat ass, datt mir alles maache fir d’Offer ze vergréisseren. Wat méi Wunnengen ugebuede ginn, wat de Präis eng kleng Chance huet fir sech no ënnen ze senken.

Da soen ech nach eppes dobäi, do hunn ech der schonn eng Kéier décker op d’Bake kritt, wéi ech dat virun e puer Joer gesot hunn. Mir si jo do alleng op deem Wunnengsmaart. Et si jo keng Katarien déi hei Terraine verkafen, et si Lëtzebuerger déi lëtzebuerger Terraine verkafen. Ass dat wierklech néideg, datt jiddwereen dee verkeeft bis hannenhin de maximale Präis muss froen? Mir, déi mir hei ënner Lëtzebuerger sinn, 500.000 Prachtexemplare gëtt et. Dofir, firwat maache mir eis eigentlech géigesäiteg futti?

Jacques Ganser: Dir sidd ni midd ginn ze priedegen, datt d’Rentemauer iergendwann wäert do stoen a mir dra rennen. Et ginn elo verschidden Upassunge sinn elo virgeschloe ginn. Ginn déi wäit genuch oder ass dat just en éischte Schrëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech stelle fir d’éischt emol fest, datt een haut net méi vernannt gëtt, wann ee seet et géif eng Rentemauer ginn. Ech ka mech un Zäiten erënneren, do sinn déi déi dat gesot hunn net mat där gebuedener Zäertlechkeet behandelt ginn.

Ech ginn dovun aus, datt dee Projet vum Här Di Bartolomeo, dee mir elo amgaang sinn an der Regierung ze examinéieren, een ass dee mëttelfristeg betruecht zu enger Ausgabeberouegung op der Rentefront féiert.

Ob dat duer geet, hänkt wiesentlech dovun of wéi dann d’Wirtschaftswuesstem an d’Aarbechtsmaartexpansioun sech an den nächste Joere wäerten entwéckelen, datt een do ëmmer erëm muss, ech soen net gär noflécken, well Fléckaarbecht ass déi Reform net, ass evident. Korrektioune sinn och an Zukunft, jee nodeem wéi d’wirtschaftlech Situatioun sech entwéckelt, noutwenneg. Mä et ass e grousse Schrëtt.

Max Lemmer: Mir hunn den Ament praktesch dee gréisste Chômage zanter der Stolkris. Ënner anerem déi Jonk si staark dovunner betraff. Wat kann de Stat eigentlech maache fir nach aktiv an den Aarbechtsmaart anzegräifen?

Jean-Claude Juncker: De Stat huet eng Fonctioun déi doranner besteet fir de richtege Kader ze setzen. De richtege Kader, fir datt Aarbechtsplazen entstinn, a fir datt eng aktiv an aktivéiert Beschäftegungspolitik méiglech gëtt.

Wann ech elo déi 2 Säite vun der Medail ukucken, fält mir op, datt et zu enger ganz staarker Expansioun vum Aarbechtsmaart awer an deenen, net nëmmen esou genannten, mä effektiv existéierende Krisejoere komm ass. Eisen Aarbechtsmaart wiisst. Et kommen all Joer 1.000en Aarbechtsplaze bäi. Wat mir da schéngt drop hinzeweisen, datt de Kader deen d’Wirtschafts- an d’fiskal Steierpolitik gesat hunn dee richtegen ass. Datt deen eigentlech aarbechtsplazfavoriséierend ass.

Op där anerer Säit fält mir op, datt, obschonn d’Zuel vun den Aarbechtsplaze massiv an d’Luucht geet, wat jo och eise Rentesystemer gutt deet, wat eise Krankekeess-Systemer gutt deet, well mir och méi Bäitragszueler doduerch kréien, awer net dozou gefouert huet, datt den Niveau vum Chômage erof gaangen ass. Am Géigendeel. En ass erop gaangen.

Mir kréien also Aarbechtsplaze bäi a mir kréien Aarbechtsloser bäi. An dat ass zum groussen Deel op d’Inadequatioun tëscht der Qualifikatioun, respektiv der net-Qualifizéierung vun deene Leit déi am Chômage sinn, an de reelle Besoin vum Aarbechtsmaart zouzeschreiwen.

Dofir entwéckelt d’Regierung, op Grond vun engem bilateralen Accord dee mir mam Patronat lescht Joer am Hierscht fonnt hunn, elo e ganze Programm vu liewenslänglecher Ausbildung, wou mir vill Suen an d’Hand huele fir besonnesch deene Leit vu 45 Joer un, déi mir jo déi eeler Arbeitnehmer hei am Land nennen – du gëss geckeg a mengem Alter, wann ee sech et virstellt, datt ee vu 45 Joer un eigentlech schonn, am Sënn vum Aarbechtsmaart, al ass – fir deene Formatiounsofferten ze maachen, fir datt se fit a flott bleiwe fir den Aarbechtsmaart.

Dann hu mir an där Décisiounsmass déi mir de 16. Dezember, wéi mir déi wirtschaftlech a finanziell Décisioune geholl hunn, d’Iddi lancéiert, déi ech och scho mam Patronat besprach hat, fir e Pakt tëscht de Betriber, de Gewerkschaften an der Regierung ofzeschléissen, där Gestalt, datt wa Leit déi keng héich Qualifikatioun hunn, déi scho méi laang am Chômage sinn eng Beschäftegung an engem Betrib fannen, zumindest lounbezuelt, datt do net méi d’Betriber dee ganze Mindestloun musse bezuelen, mä datt de Stat een Deel dovun iwwerhëllt – obschonn ech dat Wuert net gär hunn – eng Espèce "Kombiloun".

Dat kann een awer nëmmen eeschthaft an d’A faassen, wann een d’Versprieche vun de Patronatsorganisatioune kritt, datt déi effektiv matmaachen. Wann een d’Garantie huet, datt dee gedeelte Loun net eng Ariichtung fir d’Liewen ass, mä datt dat just während enger Iwwergankszäit zielt.

Et gëtt also nach heftege Gespréichsbedarf am Kader vum Sozialdialog.

Jacques Ganser: Wie Chômage seet, denkt de Moment och un d’Stolindustrie an d’Problemer an der Stolindustrie. Op den ArcelorMittal Siten zu Schëffleng an zu Rodange ass d’Produktioun erof gefuer ginn, respektiv déi Wierker sinn, op d‘mannst zu Schëffleng, praktesch zou. Sinn dat wierklech Problemer vun deene Wierker hei am Land, oder ass dat einfach eng global Strategie vun engem Konzern?

Jean-Claude Juncker: Et ass fir d’éischt emol eppes Traureges wat mir och zu Häerz geet, well ech mat der Stolindustrie e bësse méi eng intim Relatioun hu wéi mat anere Secteure vun eiser Ekonomie.

Dat ännert d‘Landschaft an d’Mentalitéiten, wann d’Land sech ëmmer méi desindustrialiséiert, an och wann et manner Stolindustrie hei am Land géif ginn, wat jo net ausgeschloss ass.

Mä ech mengen, datt dat net nëmme mat Konzernstrategie, a mat där hirer Applicatioun zu Lëtzebuerg ze dinn huet. Dat huet awer och eppes mat der Situatioun um weltwäite Stolmaart ze dinn. Dat wat mir hei erliewen, a wat eis hei traureg mécht, dat erliewe vill Mënsche weltwäit a mécht vill Mënsche weltwäit traureg. Och an Europa, och an den Nopeschlänner, observéiert ee jo déi schläichend Desacieréierung vun der Industrie. An ech mengen, datt ee sech muss mat der Bekämpfung vun de Konsequenzen dovu beschäftegen. Well op Weltmaart-Stolpräisser hu mir leider Gottes och keen Afloss.

Jacques Ganser: Wéi eng Zukunft gesitt Dir da fir d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Ech ka mir eist Land ouni Stolindustrie net virstellen. Ech sinn der Meenung, datt mir resolut, wat jo och partiell geschitt, a Richtung vun der Verfeinerung vun eise Produkter musse goen. Mir kënne keng Bas de gamme-Produkter zu Lëtzebuerg hierstellen, wéi dat ganz deelweis nach geschitt, well eis Konkurrente weltwäit kënnen déi, well do net esou vill Engineering an Know-How drastécht wéi an Edelstolprodukter, zu ganz aneren Gestehungspräisser hierstellen, do hu mir keng Chance.

Max Lemmer: Här Staatsminister, komme mir bei d’Europapolitik, déi eis dëst Joer ganz besonnesch alleguerte beschäftegt huet. D’EU erlieft de Moment schwiereg Zäiten. Dir selwer hutt viru kuerzem nach an der Chamber e Plädoyer fir den Euro gehalen. Wat mengt Dir, kritt Europa nach d’Kéier?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt een an der Europapolitik net dierf d’Klëppele bei d’Tromm geheien. Heiansdo kënnt et engem vir, et wier méi einfach fir ze soen, komm mir halen op mat där europäescher Integratioun a mat där europäescher Konstruktioun, a mir ginn alleguer eisen eegene Wee. Dat gesäit am Ufank charmant an attraktiv aus, a bei 7 Minutten nodenke gesäit een natierlech, datt dat an absolut Sakgaassen an an total Chaos géif féieren. Besonnesch am Fall vun engem butzege Land wéi eisem.

Ech mengen, et muss een, wann ech dat emol lasstrenne vun deem rengen Euroaspekt, d’Leit erëm frësch – an ech weess, datt dat schwéier ass – fir déi europäesch Iddi begeeschteren. Mä mir mussen déi europäesch Integratiounsnoutwennegkeet frësch begrënnen. Déi al Explikatioun, datt et hei ëm déi éiweg dramatesch europäesch Fro tëscht Krich a Fridde geet, déi wierkt net méi. Obschonn ech der Meenung sinn, datt déi nach ëmmer essentiell wichteg ass.

Ech soen nach eng Kéier, viru 15 Joer ass am Kosovo, dat ass annerhallef Fluchstonn vun hei ewech, gefoltert, vergewaltegt, agespaart, zerschloe ginn. Dat war matzen an Europa. Dat ass net um aneren Enn vun der Welt. Dat ass hei bei eis.

Esou datt kee mir soll soen, déi Fro Krich oder Fridden géif sech ni stellen. Déi stellt sech. D’Ressentimenter tëscht Natioune si ganz liicht erëm waakreg ze ruffen, wann et a Richtung vum géinteneen statt a Richtung vum matenee geet.

Mä mir brauchen awer haut fir déi jonk Leit, déi vu Krich näischt méi wëssen, a mir wëssen et jo och just, déi Leit vu menger Generatioun, duerch d’Erzielung vun hiren Elteren; déi Leit déi vum Krich näischt méi wëssen, déi kënne mat där Explikatioun näischt ufänken.

Wat mech besuergt mécht ass, datt wa mir elo déi europäesch Saache wëtsche loossen, se net fest maachen, da sinn an 20, 30 Joer Leit um Pouvoir an der Gesellschaft an an der Politik, déi hunn emol keng Grousseltere méi gehat déi vum Krich, vun de Konsequenze vum net-Europa eppes konnten erzielen. A wann een dat elo net festmécht, d’Verankerungen net stäerkt, da kann dat an all méiglech Richtunge fléien. Well an 30 Joer stinn da Leit op, déi soen, ma mir Däitsch kënnen dat da grad esou gutt ouni Europa, mir Fransouse brauchen Europa net. D’Englänner soen, mir brauchen Europa net, déi si jo schonn eigentlech um gudde Wee fir dat esou ze gesinn. An da geet et deene klenge Länner net gutt.

Mir mussen eis eppes mierken. Mir haten am Ufank vum 20. Joerhonnert weltwäit 20% Europäer. Am Ufank vun dësem Joerhonnert 11% Europäer. 2050 gëtt et nach 7% Europäer a beim Antrëtt an 22. Joerhonnert, dat erlieft kee vun eis, dann hu mir nach 4% Europäer. An engem Moment wou mir esou vill Milliarde Mënsche bäikritt hunn, a wou et domat logescherweis proportionell manner Europäer gëtt, wou mir awer nach mengen, mir wieren d’Häre vun der Welt – déi mir net sinn, a Gott sei Dank, well et huet keen en absolute Propriétéitsusproch un d’Welt ze stellen – an engem Moment wou d’Bevëlkerung weltwäit wiisst a wou et ëmmer manner Europäer gëtt, wou eise Kontinent proportionell ofhëllt, wou eis ekonomescht Gewiicht och ofhëllt an der Welt, ass de Moment net komm fir eis elo erëm an eenzel national Divisiounen ze rekategoriséieren. De Moment ass komm fir méi Saachen, méi Weeër, méi Risike mat deenen aneren europäesche Länner ze deelen.

Wier ech net Lëtzebuerger, géif ech soen, datt Klengstaterei keen Zukunftsentworf ass.

Jacques Ganser: Elo ass et grad schwéier deene klengen EU-Bierger dat ze vermëttelen, wann och um ieweschten Niveau Sträit ass a verschidde Stréimungen herrschen. Schonn alleng wann et dorëms geet fir op eng Finanzkris ze reagéieren, zéie vill Länner a verschidde Richtungen. Wéi soll dann deen neie Schwonk do fonnt ginn, datt déi eenzel Länner do effektiv mierken, datt se mussen un engem Strang zéien? Als Virbild och fir den EU-Bierger, deen dann erëm neien Élan kritt.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net der Meenung, datt mir bei der Bewältegung, am Versuch vun der Bewältegung vun der Verschëldungskris an der Eurozon net gravéierend Feeler gemaach hätten. An ech sprieche mech och an där Hisiicht net an alle Punkte fräi.

Mä ech wëll virdru warnen, der Europäescher Unioun an der Europäescher Konstruktioun hiert urdemokratescht Gestaltungselement ewech ze huelen, wat doranner besteet, datt ee mateneen debattéiert an noutwennegerweis och heiansdo muss matenee streiden.

Wat ass dat eigentlech fir eng himmlesch Virstellung fir ze mengen, do géife 27 Länner, an an der Eurozon 17 Länner, zesumme kommen, déi 17 Regierungen, 60 Parteien, 17 Parlamenter vertrieden, an do géif et kee Gespréichsbedarf ginn, deen dann och heiansdo kontrovers ausgedroe gëtt. Dat ass Demokratie, Dir Hären, a wann een an engem demokratesche System sech befënnt, da muss een sech der Noutwennegkeet vun der Debatt, vun der Kontrovers, vun der Kritik, vun der Ausernanersetzung ënnerwäerfen.

Esouguer an engem klengen europäesche Betrib wéi dem DNR gëtt et dach bestëmmt heiansdo Meenungsverschiddenheeten. Féiert dat dozou, datt d’Leit de Radio ausmaachen?

An engem Land wéi Lëtzebuerg gëtt et jo och innepolitesch Kontrovers, ouni datt jeemools een op d’Iddi kënnt ze soen, elo ass Lëtzebuerg um Enn, well déi gi sech net eens. Dat ass Demokratie. An d’Demokratie ass de Sträit vun de Meenungen. A klenge Betriber, a mëttelgrousser an a ganz grousser.

Max Lemmer: Ginn déi Moossnamen, déi dann elo um leschten EU-Sommet zu Bréissel décidéiert goufen, wäit genuch fir déi Scholdekris do an de Grëff ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Wa mir dat alles richteg ëmsetze wat mir décidéiert hunn a wa mir et séier ëmsetzen, a wa mir et fäerdeg bréngen, datt d’Loft eis net ausgeet, da geet dat wahrscheinlech duer.

Jacques Ganser: D’Ratingsagencë sinn e bëssen zum Buh-Mann ginn an de leschte Méint. Si sinn e bëssen d’Warner, si sollen neutral Warner sinn. Si se dat? Hu se net einfach hir Aufgab gespillt?

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol wéi déi amerikanesch Bank Lehman Brothers Faillite gemaach huet. Nodeem 3 Woche virdrun d’Ratingagenturen nach de Produkter vun där Bank déi beschte Bonitéitsstuf ginn hunn. Triple-A Produkter waren dat. Du sinn d’Ratingagenturen an d’Gespréich komm. An dunn hu Finanzpolitiker a Journaliste weltwäit gesot, wat ass dat do da fir eng Équipe, déi hei d’ganz Weltwirtschaft und d’Ofstierze bréngen, well se Produkter falsch bewäert hunn. An dunn ass gesot ginn, also, deene Ratingagenturen do, deene kann een net trauen.

Elo kommen déi selwecht Ratingagenturen – déi si jo net anescht ginn, et si jo nach ëmmer déi selwecht – an déi soen iwwer eenzel Länner, elo misst deenen hir Bonitéit rofgestuuft ginn.

Rezent och Lëtzebuerg, well mir am Euroraum sinn, a well do net alles gutt fonctionnéiert. Mir hu manner wéi 20% Schold, mir hunn e Budgetsdefizit vun ënner 1%, an da seet eng Ratingagentur, dat do ass awer net ganz sécher, déi Situatioun vun deem Land. Ma dat ass dach fir ze kräischen

Wéi wëlle mir dann hunn, datt d’Italiener, datt d’Fransousen, d’Griichen, d’Iren, d’Portugisen hir Schold no ënnen drécken, wat déi selwecht Ratingagentur gär hätten, wa se gläichzäiteg soen, e Land wat nëmmen 20% Schold huet, dat steet och net op stabille Féiss.

Dofir, si se Warner? Jo. Mä et muss een awer och virun de Ratingagenturen an hirer megalomaner Simplifikatiounsapproche warnen.

Jacques Ganser: Géif eng europäesch Ratingagence eventuell de Problem entschäerfen?

Jean-Claude Juncker: Ech si fir eng europäesch Ratingagence. Ech féieren och deelweis Gespréicher dodriwwer.

Mä et dierf een net mengen, datt eng europäesch Ratingagence, eng europäesch Bewäertungsagence, just well et eng europäesch wier géif zur Conclusioun kommen, mir hätte keng Problemer am Euroraum.

Et ass jo – ech, deen ech de Ratingagencë ganz kritesch géintiwwer stinn – net alles falsch wat se soen.

An eng europäesch Agence, déi wier vläicht e bësse méi gefillvoll, wat de Moment vun hire Warnungen ubelaangt, mä net noutwennegerweis extrem anescht an hire globalen Aschätzungen. Wat mech bei de Ratingagencen dëst Joer gestéiert huet, dat ass, datt se mat hire Gëftwarnungen ëmmer kommen, just nodeem e Land Spuermoossnamen am Parlament décidéiert huet; just ier eng wichteg Sitzung ass; 2 Deeg nodeem eng wichteg Sitzung war. Also, et si Jongen déi alles séier verstinn. Ech sinn do méi lues.

Max Lemmer: Wa Lëtzebuerg elo, zesumme mat deenen aneren Euro-Staten, d‘Top-Bonitéit Triple-A riskéiert ze verléieren, wéi Standard & Poor’s et évaluéiert huet, mécht dat Iech da reell Suergen?

Jean-Claude Juncker: Dat mécht mir effektiv reell Suergen, well dat heescht am Endeffekt, datt déi Länner déi d’Triple-A Bonitéit, also déi héchste Bonitéitsstuf, verléieren, sech méi deier op de Finanzmäert musse mat Suen approvisionéiere wa se Scholden maachen. Vu datt mir entretemps jo och e Land si wat Scholde mécht, an eis Finanzsituatioun eben net esou gutt ass wéi mir elo joerelaang vun interesséierte Kreeser erzielt kréien, mir also musse léine goe fir eisen Defizit am Zentralbudget kënnen ze finanzéieren, gëtt léine fir Lëtzebuerg méi deier.

Max Lemmer: D’Banken an Europa mussen zum Deel rekapitaliséiert ginn. Mat der Finanztransaktiounssteier kéim eng weider Belaaschtung dobäi. Ass domat ze rechnen, datt dowéinst d’Banken an Zukunft manner Kreditter accordéieren, datt et zu enger Kreditklemm kënnt, esou wéi de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, den Yves Mersch, dat viru kuerzem ugedeit huet?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn dofir gesuergt, als lëtzebuergesch Regierung, datt et dat Ënnerbrieche vum Kreditfloss am Joer 2008/2009 net ginn ass.

Wa mir d’Banken, an iwwerhaapt d’Ekonomie sech selwer iwwerlooss hätten, da géife mir um Buedem leien. Et sinn d’Staten déi dofir gesuergt hunn, datt, an engem Moment wou déi privat Nofro nogelooss huet, déi ëffentlech Nofro, iwwer de Wee vun de Staatsbudgeten, esou organiséiert ginn ass, datt mir net an enger bleiwender Rezessiounsphas stieche bliwwe sinn. Obscho mir jo elo och mussen erëm zur Kenntnis huelen, datt mir no bei der Rezessioun erëm ukomm sinn, duerch bestëmmte Phänomener bedéngt.

Ech weess awer, datt dat eng zu Lëtzebuerg éischter isoléiert Betruechtungsweis ass, fir eng Finanztransaktiounssteier.

An, well ech der Meenung sinn, datt d’Finanzindustrie muss an engem méi staarke Mooss wéi bis elo zum Finanzéiere vum ze reforméierenden, mä ëmmerhi bestoe bleiwe mussende Sozialstat bäidroen.

D’Steierzueler an d’Staten hunn grouss Risiken op sech geholl an de Joeren 2008 an 2009, an och elo nach zum groussen Deel. An da kann et net sinn, datt d’Finanzindustrie net wiesentlech dorunner bedeelegt gëtt. Aus dem ganz einfache Grond, well d’Finanzprodukter net besteiert ginn.

Kuckt emol, wann Dir eng Fläsch Béier kafe gitt, oder an Ärem Fall, déi Dir keen Alkohol drénkt, eng Fläsch Vittel kafe gitt, da bezuelt Dir TVA. Kee Mënsch ass eigentlech dogéint, datt ee bei enger Transaktioun, déi tëscht engem Geschäft an engem Private stattfënnt eng Steier entriicht.

Just, wann 100.000e Milliarde Suen am Joer ronderëm den Äerdball dréinen, Finanztransaktioune passéieren, do gëtt keng Steier erhuewen. Ass dat normal? Ech fannen dat net normal.

Elo weess ech och, datt mir eng Finanzplaz zu Lëtzebuerg hunn, an datt mir hei net einfach esou kënnen an d’Land era schwätze wéi wann dat keng Belaaschtung fir d’Banke wier, mä eng minimal Finanztransaktiounssteier halen ech fir e Gebot vun der Gerechtegkeet.

Well wat vill Leit, och an onofhängeg héije Fonctiounen, heiansdo net gesinn ass, datt amgaangen ass eppes an eise Gesellschaften, och an eiser klenger lëtzebuergescher Gesellschaft ze passéiere wat mir Suerge mécht. An dat ass, datt d’Leit zunehmend d’Gefill hunn, et géif net méi gerecht zougoen.

Elo kann ech mech och wéi de Schutzengel vun der Finanzplaz behuelen a gescheit Spréch duerch d’Géigend schécke fir ze warnen, datt dat déi minimal Belaaschtung, déi elo op d’Banken zoukënnt, géif zu engem ënnerbriechende Kreditfloss féieren. Mä ech sinn och um soziale Floss interesséiert am systemesche Sënn vum Wuert. Wann d’Leit op eemol fannen, datt eise Wirtschaftsmodell net méi gerecht ass, well déi eng bezuelen an déi aner net, déi eng Affer operluecht kréien, well dat ebe muss sinn, well mir Haushaltskonsolidéierung musse maachen, an an anere Secteuren – dat ass emol net esou séier e lëtzebuergesche Phänomen – Paië bezuelt ginn, datt d’Schudderen engem awer ausginn, Bonusse bezuelt ginn, datt et rabbelt a kraacht – jo, et muss ee wëssen, d’Leit sinn net méi domat d’accord. D’Leit sinn domat net méi d’accord.

Ech hunn dem Här Ackermann eng Kéier ausgerechent, an enger Ried wou en och dobäi war, datt hien an engem Joer esou vill verdéngt wéi ech wann ech 49 Joer Staatsminister sinn.

Ass dat normal?

Jacques Ganser: Et gëtt ëmmer direkt gesot, wann déi Transaktiounssteier géif kommen, da géif dat effektiv d’Investisseuren ofhalen. Et géif dann zu engem Crash kommen. Ass dat just Alarmissem?

Jean-Claude Juncker: Ech gesi jo och déi objektiv Problemer déi sech stellen. Ech hätt jo gär, datt eng Finanztransaktiounssteier weltwäit géif agefouert ginn, fir datt op alle Finanzplazen, an iwwerall do wou Finanzprodukter circuléieren déi selwecht Aart a Weis vu Besteierung stattfënnt. Dat kréie mir awer net hin.

An dann hätt ech gär, datt dat géing um Niveau vun deene 27 Länner gemaach ginn. Dat kréie mir awer och net hin.

Dann hätt ech gär, datt dat um Niveau vun deene 17 Eurostate géif gemaach ginn. Dat kréie mir vläicht hin.

A wann et net eng Finanztransaktiounssteier ass, dann eng aner Form vu Responsabiliséierung, finanzieller Responsabiliséierung vum Finanzsecteur.

Mä mir kënnen awer net aus lauter Récksiicht op d’Finanzplaz London Ofstand huele vun der noutwenneger Gerechtegkeetsreparaturleeschtung déi verlaangt gëtt. Woubäi ech awer och weess, datt mir eis als lëtzebuerger Finanzplaz jo net kënne selwer an eng negativ Positioun par rapport zu der Finanzplaz London bréngen. Dofir muss een emol kucken, wat fir eng Form vu verträglecher Belaaschtung ee kann an d’Ae faassen.

Mir hunn eis jo och zu Bréissel bei deem leschte Sommet gewiert, datt et extra Regele fir d’Londoner City géif ginn. Déi Tatsaach, datt England elo sech e bëssen ausklénkt aus dem europäesche Cortège huet jo och domat ze dinn, datt och mir net wollten, datt London géif aner Regele kréie wéi d’Finanzplaz Lëtzebuerg.

Also, et ass net, datt mir net d’Interessie vun der Finanzplaz am Aen hätten. Mä ech hätt gär, datt d’Leit emol nodenken iwwer déi Oprou déi bei de Leit besteet, iwwer déi Ongerechtegkeeten déi bestinn.

Max Lemmer: Här Staatsminister mir hu vill iwwer Europa geschwat, wann Dir erlaabt kéime mir nach eng Kéier zréck op Lëtzebuerg.

De Jeannot Krecké hält mat der Politik op. Kënnt Dir novollzéien, datt a Krisenzäiten e Wirtschaftsminister esou e Schrëtt mécht a seng Wirtschaftsmissioun am Vietnam ofbrécht?

Jean-Claude Juncker: Also, onofhängeg vun deem méi spannenden Aspekt, datt den Här Krecké do seng Rees ofgebrach huet – an déi huet en ofgebrach, well an de Medien iwwerall d’Nouvelle erëmgereecht ginn ass, datt e géif zrécktrieden, an e wollt dozou Stellung huelen heiheem an net am Vietnam – kann ech duerchaus verstoen, datt e Politiker am Ministeramt iergendwann fënnt, en hätt elo seng Mëllech ginn.

Ech ka mech net an déi intim Décisionsmechansimë vun anere Leit eramëschen. Ech ka mech eran denken, mä ech ka mech net dramëschen.

Max Lemmer: E Wuert zur Educatiounspolitik. D’Éducatiounsministesch huet den Ament keen einfache Stand mat hire Reformpläng am Secondaire. Kënnt Dir d’Bedenke vun den Elteren an den Enseignanten do verstoen? Do geet et jo ëm Ofwäerte vun Diplomer, Lëtzebuerger déi net méi op Unien am Ausland ugeholl ginn, well se musse fir d’éischt nach emol esou vill Examen maachen. Ass dat net awer eng Ofwäertung vum Secondaire? Verstitt Dir déi Bedenken?

Jean-Claude Juncker: Ech stelle just fest, datt d’Resultater déi eis Schoule produzéieren esou sinn, datt schonn Eenzelner net méi op auslänneschen Universitéite kënne sech aschreiwen. Ech stelle fest, datt d’lëtzebuerger Gesellschaft sech esou vill geännert huet, datt Eenzelner, besonnesch am Milieu vu villen Enseignanten, dat scheinbar, well et esou e staarkt Changement ginn ass, iwwerhaapt net méi zur Kenntnis huelen.

Viru 15 Joer hunn – mir ronnen no uewen an no ënnen of – 68% vun de Kanner déi an dat éischt Spillschoulsjoer komm sinn Lëtzebuergesch geschwat. Haut kommen 68% an dat éischt Joer, déi kënnen net méi Lëtzebuergesch schwätzen. Wann een da mengt, mir kéinten dann nach esou Schoul halen, esouwuel am Primaire, wou jo och eng Reform gemaach ginn ass, wéi am Secondaire, wéi virun 30 Joer, wat d’Programmstruktur an d’Bewäertungsmechanismen ubelaangt, dee verweigert sech der Zukunft.

Bei aller Noutwennegkeet déi et gëtt am Dialog, an dee bedreift d’Ministesch jo an engem grousse Mooss, wéi ech fannen, iwwer déi Reform ze schwätzen, kann awer d’Berechtegung, Noutwennegkeet, déi dramatesch Noutwennegkeet vun enger Reform net ofgestridde ginn.

Wa mir esou am loftfräien, theoretesche Raum eis bewegen, esouwuel an der Politik wéi och an der Publizistik, da gëtt jo ëmmer no Strukturreforme geruff. Wa se da gemaach ginn, dann hunn ech Verständnes dofir, datt ee seet, komm mir schwätzen driwwer wéi mir dat maachen. Mä ech hunn awer iwwerhaapt kee Verständnes, datt der soen, mir brauche keng Reformen. Wou liewen déi Leit eigentlech? A wéi setze se sech eigentlech mat hire Gespréichspartner auserneen? Ass dat eng Aart a Weis, wéi do geschwat a geschriwwen a gehandelt gëtt?

Jacques Ganser: Et sinn awer déi Leit déi et op der Plaz erliewen, an der Praxis.

Jean-Claude Juncker: D’Reform hu se nach net erlieft. Mä ech erliewen all Dag wat d’Resultater sinn vun enger net reforméierter Schoul, an dat gesäit een ënner anerem um Arbeitsamt. E klengen Ausfluch dohinner wier heiansdo och gutt.

Max Lemmer: Mä sinn déi Reformpläng net trotz allem e bësselche verfréit. Wier et net vläicht besser gewiescht, dat Ganzt mol am Kader vun engem Pilotprojet ze testen?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt jo e ganze Koup vu Pilotprojeten, déi jo och schonn éischt Resultater liwweren.

Normalerweis kritt d’Regierung gesot, si géif hir Strukturreformen ze spéit maachen, elo kritt se gesot, si géif se ze fréi oder ze séier maachen. Doriwwer fanne jo an den nächste Méint intensiv Gespréicher statt. Mä kloer soll sinn, déi Reform gëtt gemaach.

Jacques Ganser: Ass d’Éducatiounspolitik dann an deem Sënn Tributär vun der Integratiounspolitik?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn eng Gesellschaft déi esou strukturéiert ass a komposéiert ass wéi se ass. Dat kann ee gär oder net gär hunn. Et ass awer sou. An ech gesinn och net, datt den Immigratiounstaux zu Lëtzebuerg géif ofhuelen.

Et kommen all Joer Honnerte Kanner am Laf vum Joer an eise Schoulsystem bäi. An et kommen Dausende Kanner an d’Schoul déi net Lëtzebuergesch schwätzen. Ass et da richteg fir ze mengen, mir kéinten nach esou Schoul hale wéi bis elo?

Also, mir kënnen eis d’Welt net molen. Mir kënnen net wëlle méi räich si wéi déi aner, mä d’Konsequenzen dovun net droen.

Max Lemmer: D’Stéchwuert Immigratioun ass gefall. Mir haten dëst Joer hei zu Lëtzebuerg 3 Mol méi Demanden op Asyl wéi dat Joer virdrun. D’Gemenge musse méi an d’Verantwortung gezu ginn, seet d’Familljeministesch Marie-Josée Jacobs, déi e Quotesystem proposéiert huet. Firwat mengt Dir, zécken esou vill Gemenge fir Asyldemandeuren opzehuelen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dofir keng Explikatioun déi mech géif zefridde stellen.

Wann een eng Gemeng ass, da muss ee Plaz schafe fir déi Leit déi endgülteg oder vorübergehend bei eis kommen.

Ech wëll kee Land sinn, wou Asylanten, vun deenen der vill keng richteg Asylante sinn, nuets dobaussen am Gruef schlofen. An dofir hätt ech gär, datt esouwuel Stat wéi och Gemengen, mä d’Gemengen eben och, maximal Ustrengung maachen, fir datt mir dat Land bleiwe wat mir sinn. An datt et da vill Leit ginn déi schonn anescht si wéi mir sinn, stéiert mech net beim Versuch dofir ze suergen, datt mir bleiwe wat mir sinn.

Jacques Ganser: De Syvicol-President Dan Kersch hat ganz zolitt Kritik un der Regierung do gemaach. Hien huet gesot, déi hätte versot an der Immigratiounspolitik. Wat äntwert Dir dem Här Kersch?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, firwat datt Dir hei den Här Kersch zitéiert. En ass jo an enger Partei déi relativ vill Joeren an der Regierung war, an der leschter Zäit an zanter dem 2. Weltkrich. An en ass jo elo op enger Plaz wou e kann dofir suergen, datt d’Verhältnisser besser ginn.

Dobäi ass jo Munches un där Kritik déi e geäussert huet net noutwennegerweis falsch. An d’Schwieregkeet ass, datt mir ebe kee richtege breet gestreetenen nationale Konsens hunn, wéi mir mat där Fro vun den Asylanten ëmginn.

Mä wa mir an engem méi grousse Mooss iwwer d’Land verstreet Gemenge fannen déi bereet sinn Opfangstrukture fir Asylanten zur Verfügung ze stellen, da kréie mir déi Problemer an de Grëff.

Jacques Ganser: Am Oktober hate mir Gemengewahlen. Duerno si plazeweis Koalitioune forméiert ginn, wou et méi wéi eng Kéier geheescht huet, hei gëtt dem Wielerwëllen net Rechnung gedroen. Drängt sech do eng Reform vum Wahlgesetz net op?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, wat fir eng Reform vum Wahlgesetz datt ee kéint maache fir esou Deviatiounen, déi et heiansdo ginn huet, an déi ech bedaueren, ze verhënneren.

Fir sou e Gesetz ze maachen, wou dra steet, datt déi gréisste Partei ëmmer muss an der Féierung vun enger Gemeng bedeelegt sinn, schéngt mir ee Wee ze sinn iwwer deen net bis hannenhin nogeduecht ginn ass, wann een e wëll aschloen. Well wat mécht een dann, wann déi gréisste Partei an enger Gemeng kee fënnt dee bereet ass mat hir e Schäfferot zum Beispill ze bilden? A mir hunn am Gesetz stoen, dee gréissten dee misst ëmmer dobäi sinn. Dat weess ech net.

Dofir mengen ech, datt déi einfach Äntwerten do och net noutwennegerweis zilorientéiert genuch sinn.

Obschonn ech och muss soen, datt an eenzelne Fäll, mä frot mech awer elo net wou, ech awer fannen, datt mam Wielerwëllen heiansdo an enger Aart a Weis ëmgespronge ginn ass, déi mech gleewen deet, datt iwwer d’Konsequenze vun deem Handelen net ëmmer nogeduecht ginn ass.

Jacques Ganser: Här Staatsminister, e Wiessel gouf et dëst Joer och un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Wat fir en Androck huet den neien Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich bis elo op Iech gemaach?

Jean-Claude Juncker: Ech erliewen den neien Äerzbëschof esou wéi ech en zanter laange Joere kennen, als e Mënsch deen oppen ass fir Iddie vun Aneren. Deen eng wehrhaft Toleranz huet, anere Gruppen an eiser Gesellschaft géintiwwer. An ech mengen, dat deet eiser Kierch zu Lëtzebuerg, där kathoulescher, gutt, datt e Mann mat neien Iddien a mat engem neie Bléck do de Staf iwwerholl huet.

Max Lemmer: Ee Sujet iwwer deen an der lescht wéineg riets goung, dat ass den Tram. Wou ass deen Dossier den Ament drun?

Jean-Claude Juncker: Ech kann net soen, dee fiert säi Wee, mä deen Dossier dee bleift aktuell, deen ass amgaang tëscht deene relevanten Acteuren virun diskutéiert ze ginn. An ech sinn och iwwerzeegt datt e kënnt, an enger Form oder an enger anerer.

Jacques Ganser: Mir sinn an der Halschent vun der Legislatur; wéi eng Dossieren hu fir Iech bis déi nächst Wahlen absolut Prioritéit?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat wat an der Regierungserklärung steet a wat mir nach net an Ugrëff geholl hunn. A wa mir elo erëm am Januar ufänke méi intensiv ze regéieren, hunn ech eng speziell Sitzung vum Regierungsrot virgesi fir den Timing vun deenen eenzelne Reformen an Initiativen déi nach ustinn definitiv ze baliséieren.

Max Lemmer: Eng lescht Fro nach, Här Juncker: wat hutt Dir Iech selwer fir 2012 virgeholl?

Jean-Claude Juncker: Also, Dir stellt mir all Joer déi Fro, an ech kéint Iech jo elo verweisen op dat wat ech déi lescht Joere gesot hunn, an ech mengen ech hat ëmmer gesot, datt ech mir méi Rou fir mech selwer wënschen, an de Leit manner Onrou déi ech stëften och.

Jacques Ganser: Här Staatsminister, villmools Merci fir den Interview. Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat Neit Joer.

Jean-Claude Juncker: Iech och schéi Feierdeeg a rutscht gutt mat Ären Nolauschterer, vun deenen ech Iech der nach méi am nächste Joer wënschen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact