Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Décembre 2011 > Romain Schneider au sujet du projet Livange et du projet de construction d’un vélodrome

Interview
Romain Schneider au sujet du projet Livange et du projet de construction d’un vélodrome
"Radio 100,7" du 29-12-2011

Vers le niveau supérieur
Uso Jay Schiltz : D’Regierung hält sech un d’Motioun an där d’Regierung opgefuerdert gouf de Kontakt mat Gemeng a Promoteur ze halen, seet de Sportsminister Romain Schneider am 100,7-Interview:

Romain Schneider: D’Regierung huet an engem vun de leschte Regierungsréit beschloss d’Ministesch vun der Classe Moyenne, also d’Françoise Hetto an de Sportminister, also ech selwer, domat ze beoptragen dëse Kontakt mat souwuel de Gemengeverantwortlechen a Promoteuren elo opzehuelen an dëst wäert da geschéien Ufank Januar wou mir dat dote wäerte maachen an da wäerte mir viru kucken.

Jean-Claude Franck: D’Gemeng Réiser huet eng Entrevue gefrot mat der Regierung. Waart Dir elo fir d’éischt d’Gespréicher mat de Promoteuren of iert Dir d’Gemeng kontaktéiert?

Romain Schneider: Also mir wäerte kucken, datt mir dat e bësse organiséeirt kréien fir och positiv do kënnen herno Resultater eraus ze kréien an da wäerte mir no an no eenzel déi 2 Partner kontaktéieren fir dat dann och virzegoen. Ech menge mir wäerten selbstverständlech engersäits kucke mam Promoteur säitens vun deenen neie Begebenheeten, dat heescht eng vun den Oploë fir elo eventuell ze kucken déi kommerziell Flächen zeréck ze féieren. Fir d’éischt mol diskutéieren an dann duerno selbstverständlech och sou wéi mir dat schonn informell awer gemaach hunn och mat der Gemeng Réiser a Kontakt kommen fir och dat nach eng Kéier ze diskutéieren, datt och si kënne prett sinn wéi Dir ebe gesot hutt, fir och déi 2. Phase ze maachen. Dann eventuell deemno wéi d’Gespréicher lafen och e Referendum an der Gemeng Réiser ze maachen.

Jean-Claude Franck: Wësst Dir dann informell ob d’Promoteurë vun der Livange-Development SA bereet sinn iwwerhaapt d’kommerziell Surfacen ze verklengeren sou wéi dat an der Motioun am Parlament gefrot gouf?

Romain Schneider: Also ech weess, datt Iwwerleeungen doriwwer lafen an ech mengen eben Ufank Januar wäerte mir dat konkret froen an dann hoffen ech och konkret Äntwerten do ze kréien.

Jean-Claude Franck: En aneren Dossier mat deem Dir befaasst sidd ass dee vum Velodrom. Eng Zäitche scho schafft en Aarbechtsgrupp drun. D’Piste vu Munneref gouf fir de Site vun esou engem Velodrom preferéiert. Wéi wäit sidd Dir do ?

Romain Schneider: Bon, ech mengen et ass esou, datt ech dee Rapport gesinn hunn vun deem Aarbechtsgrupp deen effektiv Mondorf als éischt Piste gesäit fir elo mol ze exploréieren. Mir hu gewaart bis d’Gemengewahlen eriwwer waren fir dann och de Kontakt mat deem neien, bon gréisstendeels souguer ale Schäfferot vu Mondorf opzehuelen an och hei wäert ëm den halwe Januar en éischte Kontakt sinn wou mir da kucken ob déi eenzel Froen déi ech deemools an der Circulaire erausginn hat och kënnen am Detail sou erfëllt ginn. Et si sécher eng Rei Punkte wou een da muss driwwer diskutéieren, mä ech mengen dat wäerte mir am Laf vum Januar maachen fir dann an dësem Dossier virun ze kommen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht wann Dir mat Munneref elo iwwert d’Detailler eens gitt dann ass dat eigentlech eng decidéiert Saach, datt de Site Munneref festgehale gëtt.

Romain Schneider: Also wa mir eis an deene puer Punkten wou effektiv nach Fragezeichen hannendru stinn, dat si keng grousser, mä et sinn der sécher ëmmer do, wa mir eis do eens wäerte ginn, da wäerte mir déi Decisioun och huelen an da wäerte mir och kucken, datt dat wat mir a villen Interviewen gesot hunn, respektiv och dacks geschriwwen hunn, datt mir kucken fir 2013 och prett ze sinn fir dëse Velodrom ze bauen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact