|
Roy Grotz: Här Staatsminister, gudde Mëtteg a Merci datt Dir Iech Zäit fir eis an den Interview zum Schluss vum Joer geholl hutt.
Et war definitiv e ganz mouvementéiert Joer, net nëmmen am Grand-Duché, wou mir direkt och vun der Scholden- a Vertrauenskris an der Eurozon affektéiert goufen, mä och international wéi d’Welt sech vun enger Partie Muechtmënsche liberéiert huet. An den arabesche Fréijoer, do komme mir nach drop ze schwätzen, deen als Beispill vu Courage an Determinatioun vun eenzelne Bierger an d’Geschicht wäert agoen. Et huet also a villen Ecke gebrannt, an d’Leit goufen duerch all dës Nouvellen ëmmer op en Neits drun erënnert, wat et wäert ass, fir dierfen an engem stabelen Ëmfeld ze liewen.
Wéi eng Impressioun huet dat Joer bei Iech hannerlooss, Här Staatsminister?
Jean-Claude Juncker: Eng gemëschten. Et sinn Evenementer am Internationale ginn, déi een éischter frou gestëmmt hunn, esou wéi dat sougenannten arabescht Fréijoer, wat awer nom Summer sech an eenzelne Länner och schonn als en Opbroch weist, dee riskéiert stiechen ze bleiwen. Déi aktuell Biller aus Egypten weisen dat jo op eng eklatant Aart a Weis.
Et war ee Joer wat geprägt war vun der Wirtschafts- a Finanzkris, a vun der Scholdekris an eenzelne Länner am Euroraum. An heiheem war et ee Joer wat gewisen huet, datt mir grosso modo wësse wouhin datt mir steieren, mä datt mir eis d’Käpp nach ganz gären iwwer d’Detailer aschloen.
Jean-Marc Sturm: Innepolitesch huet d’Joer en Fanfare opgehalen mam weideren Échec vun der Tripartite. Wéi hutt Dir de Gewerkschaften hir Politik vum eidele Stull opgeholl, ëmmerhin hutt Dir ëmmer nees ënnerstrach, Dir hätt extrem gutt Gespréicher mat hinne gehat?
Jean-Claude Juncker: Ech hat och gutt Gespréicher mat de Gewerkschaften, mat de Patronatsorganisatiounen am iwweregen och.
Déi Tripartite ass net un de schlechte Relatiounen tëscht der Regierung an de Sozialpartner gescheitert, mä un der Sprachlosegkeet, déi sech streckeweis tëscht de Sozialpartner agestallt huet. Mir hunn also musse selwer Décisiounen huelen, wat normal ass. Mä déi Tatsaach, datt d’Tripartite elo eng akut Bronchite huet, dierf net dozou féieren, datt de Sozialdialog un där selwechter erstéckt. An duefir, mat Gedold, mat Méi a mat Nout knäppe mir d’Fiedem erëm am nächste Joer.
Jean-Marc Sturm: Mä fannt Dir et dann normal, datt wann d’Regierung der zwee invitéiert, een dovun net kënnt, well en net mat deem anere kann?
Jean-Claude Juncker: Et hëlleft näischt wann ech dat esou kommentéieren, wéi ech dat géif gäre kommentéieren, well ech wëll d’nächst Joer ebe probéieren jiddwereen un dee selwechten Dësch ze kréien.
Roy Grotz: Dir gebraucht allerdéngs interessant Wierder, Dir schwätzt vun der Sprachlosegkeet, déi sech agestallt hätt, vun enger Bronchite. Ass dee Modell, quitt datt Dir sot, ech wëll en d’nächst Joer nach eng Kéier revitaliséieren, ass deen dann nach zäitgeméiss? Ech erënnere just drun dat wat de Finanzminister sot, fir eng nei Landkaart a sech wëllen ze zeechnen, an do méi Akteuren un en Dësch ze huelen. Kann dat en neie Modell ginn?
Jean-Claude Juncker: Dat ass en noutwennegen Discussiounsniveau, dee mir brauchen, deen een zum Deel am Wirtschafts- a Sozialrot huet, mä do sinn net all relevant Kräfte vun der Zivilgesellschaft dobäi. Datt een en Dialog, Gespréich iwwer wichteg Zukunftsfroe méi breet mécht, an deem een och anerer mat abezitt, schéngt mir eng Noutwennegkeet ze sinn. Mä dat kann d’Tripartite natierlech net ersetzen. Dobäi kënnt, datt d’Gediechtnisefforten ongenügend sinn, wann een den Tripartitemodell wëllt korrekt besiche goen. Et ass net esou, datt d’lescht Joer déi éischt Tripartite schif gaangen ass, datt dëst Joer déi zweet Tripartite schif gaange wier.
An den 1980er Joeren, wéi mir am Orkan vum Stolstuerm waren, a wéi den Index och huet misse moduléiert ginn, manipuléiert ginn, wéi Eenzelner gesot hunn, do ass d’Tripartite och schif gaangen, an dunn ass e Generalstreik gemaach ginn. An herno hate mir alleguer zesummen d’Sidérurgie gerett, net. Esou ass dat.
Jean-Marc Sturm: D’Parameteren hu jo awer zum Deel geännert, virun allem wéinst der Globaliséierung, domat gëtt de reng nationale Kader gesprengt?
Jean-Claude Juncker: Et ass fir mech evident, wann een d’Saachen heiheem wëllt richteg maachen, datt ee sech e kloere Bléck muss ginn, fir dat wat an den Nopeschlänner geschitt, a fir dat wat an Europa, an doriwwer eraus weltwäit lass ass.
Fir dee gescheite Saz nach eng Kéier ze soen, mir si keng Insel, a mir musse ganz gutt oppasse wat ronderëm lass ass an där globaliséierter Welt. An zu där Globaliséierung gëtt et keng Alternativ, well déi kann een net zeréckdréinen, ass een ofhängeg vun onendlech villen Décisiounen, déi op anere Plaze geholl ginn. Dat war fréier net fundamental anescht, mä et war net mat esou enger direkter Wierkung, mat esou enger direkter Impaktbildung versinn.
An duefir wier et falsch zu Lëtzebuerg esou ze maachen, wéi wa weltwäit d’Kris géing zouschloen, just zu Lëtzebuerg géif se laanscht goen.
Roy Grotz: D’Regierung huet hir Verantwortung iwwerholl, missen iwwerhuelen, do soe vill Leit, et ass jo souwisou hir Roll?
Jean-Claude Juncker: Also ech bekloe mech jo net driwwer, datt d’Regierung muss Décisiounen och am Alleingang huelen. Ech hätt léiwer gehat, mir hätten eis an der Tripartite op ee Wee verstännegt.
Mä et ass keng Anormalitéit an engem parlamentaresch verfaasstenen politesche System, datt eng Regierung Décisiounen hëlt, an datt d’Parlament mat deenen Décisiounen befaasst gëtt. Ech bekloe mech net do driwwer.
Roy Grotz: Mengt Dir awer et wier eppes anescht eauskomm, wann Dir zum Schluss nach d’Partner awer beienee kritt hätt? Dir hat hinnen Är Zäit zur Verfügung gestallt, mä et koum jo dunn awer näischt zestanen dobäi.
Jean-Claude Juncker: Ech hunn d’ganzt Joer mat de Sozialpartner geschwat, och vum Summer un am Kader vun der Tripartite, an am Kader vu ville méi bilaterale Gespréicher. Ech hunn och déi lescht zwou Woche virun der Tripartite d’Gewerkschaften an d’Patronatsorganisatioune relativ vill gesinn, a vill um Telefon gehat.
A wa mir eng Tripartite gefouert hätte bis hannenhin, wier d’Resultat net wiesentlech anescht gewiescht, well d’Regierung huet jo och eng Positioun, et ass jo net esou, datt d’Regierung nëmmen Abnehmer ass vun de Positioune vun de Sozialpartner, d’Regierung huet och eppes wat se wëllt vun de Sozialpartner begleet gesinn, an d’Regierung muss och duefir suergen, datt an der Substanz kräfteg Décisiounë genuch geholl ginn. An dat hu mir musse mat oder ouni Tripartite maachen.
Ech hat zwee oder dräi Deeg virun der leschter Sitzung, déi geplangt war, vun der Tripartite, gesot, egal wéi, mat Tripartite oder ouni Tripartite, dës Woch, dat war déi Woch déi mam Freideg dem 16. Dezember opgehalen huet, ginn Décisiounë geholl. An esou wier et och gewiescht.
Roy Grotz: D’Reaktiounen awer hu sech dunn a Grenze gehalen, besonnesch d’Patronat. Dir schwätzt vu kräftegen Décisiounen, hunn ebe just déi vermësst.
Elo si mir bei deem ominéise Wuert vun de strukturelle Reformen, et ka vläicht och eent vun den Unwörter vum Joer quasi ginn. Wat stellt Dir Iech dann ënnert deene strukturelle Reforme vir?
Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun, datt ech net ongäre wéisst wat déi aner Leit sech drënner virstellen, an onofhängeg dovun, datt ech mengen, datt dat wat déi eenzel Playere wëlle vun deene selwer zur Strukturreform erkläert gëtt, an datt déi, déi dat net wellen dann erkläert kréien, si wieren net capabel Strukturreformen ze maachen, sinn ech der Meenung, datt mir jo eng Rei Strukturreformen an deene leschte Joeren zu Lëtzebuerg fäerdegbruecht hunn, déi esou séier a Vergiessenheet gerode wéi se contestéiert gi sinn.
-Mir hunn de Statut unique, dat war an der leschter Legislaturperiode gemaach, wou mir den Ënnerscheed tëscht Aarbechter a Beamten opgehuewen hunn. Aner Länner déi nach déi Zweedeelung vum Aarbechtsmaart hunn, déi huele sech dat zum Virbild, beispillsweis an der Belsch, fir dat selwecht ze maachen.
-Mir hunn eng Krankekeesereform gemaach.
-Mir sinn am gaangen eng wichteg, breet Strukturreform am Beräich vun der ëffentlecher Fonctioun ze maachen.
-Mir maachen eng déifgräifend Strukturreform am Beräich vum Enseignement.
Also fir einfach esou ze soen, dat hei wier eng Regierung, oder awer ee Land, wat net capabel wier sech zesummenzehuele fir e feste Fouss ze hu fir an d’Zukunft ze goen, dat ass net richteg.
Mä et gëtt eng Rei vun zur Strukturreform erkläertene politesche Projeten, déi ech net wëll matmaachen. Da loossen ech mech gäre vernennen, datt mir keng Strukturreforme maachen.
Mä ech sinn dogéint fir de Kënnegungsschutz ratzekahl aus eiser Soziallandschaft erauszerappen. Ech sinn en almoudesche Mënsch, an duefir sinn ech där Meenung, datt den typeschen Aarbechtsvertrag muss een onbefristeten Aarbechtsvertrag sinn, wou d’Leit net all 6 Méint, oder all Joer musse fäerten, datt se keng Verlängerung vun hirer Beschäftegung kréien. Déi kleng- an déi mëttelstaark Leit, déi brauche Présivibilitéit.
Ech hunn dat schonn dacks gesot. Wa mäi Papp hätt missen all 6 Méint, oder all Joer fäerten ob hie géif viru beschäftegt ginn, hätt ech keng Universitéit vu banne gesinn.
Ech sinn der Meenung, datt awer och Leit déi aus méi moderéierte materielle Verhältnisser
kommen, esou vill Recht hunn an d’universitär Sonn ze kommen, wéi déi déi mam gëllene Lëffel am Mond gebuer ginn. Dat war net mäi Fall.
An ech sinn dogéint, datt een de Mindestloun ofschaaft, oder datt een de Mindestloun stoppt, well ech der Meenung sinn, datt obwuel d’Mindestléin am Verglach zum Ausland héich sinn, et extrem schwéier ass an engem Land wéi Lëtzebuerg, just mam Mindestloun ze lafen. Do gëtt heiansdo iwwer d’Mindestléin geschwat, wéi wann dat kleng Krösusse wieren. Ech géif heiansdo emol wënschen, datt Eenzelner, déi fannen de Mindestloun wier ze héich, an dee misst gebremst, gestoppt oder ofgeschaaft ginn, sech emol solle virstellen, wéi si da mam Mindestloun géifen eensginn.
Duefir sinn ech iwweregens fir d’Bäibehalung vun der Indexéierung vun de Léin, fir datt am ënneschte Lounsegment regelméisseg Upassungen un d’Inflatioun kommen, soss hëlt deene Leit hire Realloun effektiv of.
Also Strukturreform jo, awer net ëmmer op Käschte vun deenen, déi et schwéier hunn.
Roy Grotz: Mä dat sozialt, rouegt Ëmfeld, an dat Regelwierk, dat schéngt awer net méi duerzegoe fir nach Betriber op Lëtzebuerg ze bréngen, respektiv fir datt déi Betriber, déi hei sinn, méi kompetitiv ginn ze loossen, seet d’Patronat.
Jean-Claude Juncker: Ech ka jo net ofstreiden, datt mir an deene leschte Joeren u Kompetitivitéit agebéisst hunn. Trotzdem bleift et ënnert dem Stréch, an obschonn d’Kompetitivitéit, relativ betruecht, ofgeholl huet, datt mir am Absoluten nach kompetitiv sinn, well a ville Beräicher vun eiser Wirtschaft halen d’Stonneléin, de Verglach mat Däitschland beispillsweis, aus. Trotzdem ass et ëmmer nach esou, datt mir ganz niddereg Lounniewekäschten zu Lëtzebuerg hunn, datt eis Cotisatiounë relativ niddereg sinn, wann ech se vergläiche mat der Belsch, mat Frankräich oder mat Däitschland.
Mir mussen un eiser Kompetitivitéit schaffen, mä mir dierfe keng oniwwerluegte supplementar Spréng op onbekanntem Gebitt maachen.
Mä ech sinn awer och net domat d’accord, datt d’lëtzebuerger Économie als total onkompetitiv beschriwwe gëtt.
Mir hunn ofgeholl u Kompetitivitéit, dat ass net gutt. An dat kann eis awer net dozou bréngen eis och an der Duerstellung nobaussen als eppes ze beschreiwe wat mir net sinn. Mir sollen net nobaussen d’Impressioun ginn, mir kënnten net méi mathalen. Mir sollte just duefir suergen, datt mir an Zukunft erëm besser kënne mathalen.
Roy Grotz: Ee vun de Knackpunkten, Här Juncker, war ebe just an den Discussiounen och den Index, do gitt Dir quasi de Wee vun der Mëtt, kann ee soen, bis 2014. Mä d’Fro u sech ass awer nach net um Fong gekläert?
Jean-Claude Juncker: O, a fir mech ass se um Fong gekläert, gesitt Dir, well ech sinn der Meenung, datt mir d’Indexéierung solle bäibehalen. Wann een natierlech der Meenung ass d’Indexéierung misst ofgeschaaft ginn, dann ass ee mat deem wat mir do décidéiert a proposéiert hunn, natierlech net zefridden.
Ech hunn elo grad gesot, déi Leit, déi am ënneschte Lounsegment leien, alleguer déi Leit ënnert 2.000 Euro, soe mir emol fir d’Saachen einfach ze maachen, wéi sollen déi dann eens ginn, wann et net eng regelméisseg Upassung vun hire Léin un d’Inflatiounsentwécklung gëtt. Dat nennen ech dann ee Réckgang vun der realer Rémunératioun. An dat ass net gutt.
Ech weess och, datt dat fir vill kleng Betriber mat grousse Schwieregkeete verbonnen ass. An duefir hu mir jo elo déi Indexmodulatioun gemaach.
An dat ass fir mech eng Substanzreform, nennt se strukturell oder net strukturell, mir gräife jiddwerfalls an d’Struktur vum Index an. Mä dat ass da scheinbar keng Strukturreform, well mir elo soen am Joer 2012, 2013 an 2014 gëtt et nëmmen eng Indextranche, a wa se erfällt dann erfällt se op den 1. Oktober. Doduerch geet de Leit awer vill Kafkraaft verluer.
Alleng am Joer 2012, wou mir vum Mäerz op den Oktober d’Indextranche verleeën, kréien d’Leit awer am Privatsecteur 224 Millioune manner Peien, am ëffentleche Secteur 48 Millioune manner Pei.
De Statec huet ausgerechent, datt d’Verréckele vun den Indextranchen am Joer 2012, an am Joer 2013 ee gesamt Kafkraaftausfall vu 445 Milliounen Euro mécht.
Nu ginn ech e bësse rosen, éierlech gesot, e bësse ferm rosen, wann elo an Deelkreeser vum Patronat gesot gëtt, dat ass alles näischt. Ass dat näischt, wann esou vill Sue manner an d’Peitut fléissen? Ech weess, datt deenen enge Leit hir Peitut méi grouss ass, wéi deenen aneren. Mä et gëtt der awer och déi geet esou just duer. A wann, ech muss dat jo op mech huelen, an d’Regierung muss et op sech huele fir de Leit ze erklären, dir kritt elo quasi 300 Millioune manner am Joer 2012, wéi mir geduecht haten. An da kréien ech erkläert, dat ass alles näischt. Ma wou si mir dann hei?
Wann ech mech virun zwee Méint iergendwou higesat hätt, oder virun e Mikro gestallt hätt, a gesot hätt, elo hëlt d’Regierung iech 300 Milliounen Euro ewech, wat wier da geschitt? An elo hu mir dat gemaach. Also ech droen eigentlech esouguer schwéier un där Décisioun, well mir huelen de Leit jo net eppes ewech, mä si kréie manner bäi. An ech sinn net d’accord domat, datt da gemaach gëtt, dat ass alles näischt. Dat ass fir d’Leit ganz vill Suen. An ech hätt gären, datt dat an eenzelne Chefetagen emol e bëssen zur Kenntnis geholl gëtt.
Jean-Marc Sturm: Déi Chefetagen déi spuere vill Lounkäschten duerch dat Verréckele vun där Indextranche. Wou mengt Dir dann, datt déi Suen, déi agespuerte Suen hifléissen?
Jean-Claude Juncker: Ech hoffen, mä duefir sinn ech net zoustänneg, datt dat zur Opstockung, do wou et néideg ass, vu Kapitalreserve genotzt gëtt.
-Ech hoffen, datt dat genotzt gëtt fir Investitiounen ze tätegen.
-Ech hoffen, datt dat genotzt gëtt fir méi Leit anzestellen, déi net qualifizéiert sinn, an déi op der Plaz dann ze qualifizéieren.
-Ech hoffen, datt déi Offerte vun der Regierung fir iwwer 20 Milliounen Euro zur Verfügung ze stellen, dat ass eng Décisioun aus de bilaterale Gespréicher vum leschte Joer fir déi permanent Weiderbildung vun deenen e bësse méi alen Arbeitnehmer ze förderen, genotzt gëtt.
-Ech hoffen, datt een ekonomesch a sozial responsablen Ëmgang mat deem Geld gemaach gëtt.
Et ass net geduecht fir eenzel Täschen ze fëllen. Et ass geduecht fir der Économie ze hëllefen.
Jean-Marc Sturm: Während de Budgetsdebatten ass ënnert anerem vum Rapporter ugeduecht ginn d’Krisesteier am neie Joer eventuell nees anzeféieren. Wéi probal ass dat?
Jean-Claude Juncker: Ech halen dat net fir ganz probabel.
Wéi mir déi Antikrisesteier agefouert hunn, war jiddwereen am Land dogéint. An elo wou mir se ofgeschaaft hunn, melle sech der vill zu Wuert, déi se gäre bäibehalen hätten.
Ech hätt gäre gehat, datt wéi se agefouert ginn ass, déi Leit gesot hätten, et ass gutt, datt se agefouert ass, dann hätte mir se och vläicht kënne bäibehalen. Mä mir hu jo awer gemengt am Summer vun dësem Joer an engem méi breede Kontext, an och als Virleeschtung op déi Indexdécisiounë vun deenen ech ëmmer wosst, datt se misste kommen, eng Virleeschtung vun der Regierung ze maachen. An dat hu mir gemaach. Well et kommen och, doduerch datt d’Antikrisesteier ofgeschaaft ginn ass, erëm 80 Milliounen Euro Kafkraaft méi an den Ëmlaf. An dat ass och geduecht fir zum Deel déi Afferen déi d’Leit déi an de Betriber a beim Staat schaffen, an déi duerch d’Indexmodulatioun ervirkommen, ze kompenséieren. Et muss een also alleguer déi Décisiounë beienee leeën.
Jean-Marc Sturm: Mir verléieren u Kompetitivitéit, u Wirtschaftswuesstem, plangen ass extrem schwéier, bannent Wochen änneren d’Prognosen, heiansdo esouguer ganz ferm, leider no ënnen. 2012 riskéiert dat nach méi e schwéiert Joer ze ginn?
Jean-Claude Juncker: D’Joer 2012 gëtt mat Sécherheet net méi einfach.
Kuckt emol, mir kommen elo aus där Wirtschafts- a Finanzkris net mat där néideger Vitesse eraus. Mir hunn eng Rezessioun zu Lëtzebuerg gehat am Joer 2009, eng relativ ausgeprägten, duerno ass et besser gaangen. Vill Leit, och am Gewerkschaftslager, hunn ëmmer erëm drop opmierksam gemaach, et geet eis jo gutt, et komme méi Steieren eran, an hunn total vergiess, datt mir am Joer 2009 ganz staark ofgerëtscht waren, esouzwar datt mir eigentlech elo eréischt an Zonen erakommen, wou mir erëm esou räich gi wéi mir 2007 waren. Mir hunn einfach dräi, véier Joer Wirtschaftswuesstem, wann ech alles zesummerechnen, verluer.
An elo kënnege sech nei rezessiv Tendenze ronderëm eis un, d’Weltwirtschaft déi wäert net esou wuesse wéi mir de Wuesstem an der Mass bräichten, den Internationale Währungsfong wäert an den nächsten Deeg nei Prognose virleeën. Da wäert Dir gesinn, datt d’Weltwirtschaftswuesstem och nach eng Kéier no ënnen tendéiert.
D’Wuesstem an der Eurozon ass net gutt, dat geet kaum iwwer ee Prozent, wann et iwwerhaapt bis dohinner kënnt.
D’Weltwirtschaft wiisst just an den opstriewende Länner an Asien, an an Afrika, mä net an Europa, an an Amerika net genuch.
Dat heescht, datt mir am Joer 2012 eis mussen drop astellen, datt d’Situatioun sech, fir dat frëndlech auszedrécken, andréift, fir emol eng net gelongen lëtzebuergesch Iwwersetzung vum däitsche Wuert "eintrüben" ze probéieren.
Jean-Marc Sturm: Trotzdem huet een heiansdo d’Impressioun, wéi wa bei ville Leit d’Kris nach guer net ukomm wier.
Jean-Claude Juncker: Ech mengen och, datt se bei ville Leit net ukomm ass, mä si ass awer do. A wann een eppes net spiert an net gesäit, dann heescht dat jo net, datt net eppes ënnerwee ass. Et gëtt verschidde Forme vu Gas, déi gesäit een net, an déi richt een net, an herno ass een dout.
Roy Grotz: Gas ass eng Saach, Stol ass eng aner. Här Juncker, ech mengen do wier d’Kris definitiv ukomm. A wann een Är Reaktiounen héieren huet beim Warnstreik an och virdrun, an Ären Appel un de Patron Mittal, schéngt och do awer net all Appel vun Iech gehéiert ze ginn? Gesitt Dir nach eng Zukunft an deem do Secteur fir Lëtzebuerg?
Jean-Claude Juncker: Ech ka mir iwwerhaapt net virstellen, datt zu Lëtzebuerg eng Kéier eng Sidérurgie-fräi Landschaft wier. Ech hänken un deem, u Schmelzen, fir dat einfach auszedrécken, un de Leit déi do geschafft hunn, a schaffen. An alles dat wat ech do gesinn, mécht mech traureg, mä ech probéieren dann awer, och no, jo, heftege Gespréicher mat dem Här Mittal a senge Leit, ze verstoe wat de Virgang ass.
De Virgang ass, datt d’Stolproduktioun weltwäit ganz staark zeréckgaangen ass. De Virgang ass, datt d’Stolpräisser eng Tendenz hu sech no ënnen ze entwéckelen. An Tatsaach ass och, datt net all lëtzebuergesch Standuerter extrem performant geschafft hunn, well se Perten accumuléiert hunn. Da muss een aus all deem probéieren dat Bescht ze maachen.
Et si jo e puer Ministeren amgaangen och mat de Gewerkschaften, a mat dem Arcelor-Mittal Patronat iwwer d’Bewältegung vun de sozialen Auswierkunge vun deem wat geplangt ass, sech ze verstännegen. Also schéin ass dat net.
Roy Grotz: Här Juncker, de Stolsecteur dat ass elo ee vun deenen Dominanten an de leschte Joerzéngten, déi vill fir de Räichtum bäigedroen hunn. Wat géift Dir da Patronë mat op de Wee ginn, respektiv Dir hutt virdru vun Investissementer geschwat. Firwat ass et propice op Lëtzebuerg ze kommen, a fir wéi eng Secteuren?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen, mir mussen eis konsequent drop astellen, datt mir et mat engem Phänomen vu schläichender Désindustrialiséierung ze dinn hunn, wat der Mentalitéitsbildung am Land, niewebäi bemierkt, net gutt deet.
Mir mussen et fäerdegbréngen, mir si jo och amgaangen dat ze maachen, an de Spëtzesecteure vun der Neo-Industrie, eis méi breet ze maachen. Do gëtt et Stéchwierder Logistik, Biomedezin, Recherche, an esou virun an esou fort. A mir mussen eis frësch iwwerleeën, well dat ass um Enn vum Lidd jo de Refrain, wat mir dann hei am Land mat deene ville Leit maachen, déi ouni iergendeng Zort vu Qualifikatioun aus der Schoul kommen, an déi an eisem System keng Beschäftegungsméiglechkeet méi fannen. Firwat hu mir an der Industrie kaum nach Méiglechkeete nei Industriebetriber heihinner ze kréien? Majo, well op anere Plazen an der Welt dat selwecht Produkt zu vill méi bëllege Konditiounen hiergestallt gëtt. Ech kann doriwwer kräischen, ech kann dat bedaueren, ech bedaueren dat streckeweis och ganz staark, datt ee weltwäite Loundumping objektiv besteet, mä ech kréien dat jo vun der Cap aus net geännert, musse mir kucke wat maache mir elo mat deene Leit, déi keng Qualifikatioun hunn. An dann ass d’Äntwert dorop, dat ass eng weider Strukturreform, datt mir eise Bildungssystem mussen esou ëmartikuléieren, datt méi Leit mat Qualifikatioun aus eisem Schoulsystem erauskommen, datt méi Leit mat Hochschulreife aus eisem Secondaire erauskommen. A wa mir dann déi mënschlech Kapazitéiten a genügend grousser Zuel hunn, da geléngt et eis och déi Betriber erëm an d’Land ze kréien, déi och op der Plaz Leit musse fannen, fir datt déi Betriber kënne liewen. Och d’Groussregioun ass deelweis schonn ausgedréchent, géif ech soen, wann et net em Mënsche géif goen. Also mir kréien et net einfach an der Zukunft.
Roy Grotz: Dat wosst och wahrscheinlech Äre Wirtschaftsminister, deen e bëssen ouni Illusiounen dunn a sech annoncéiert huet, datt hien elo géif ophalen op den 1. Februar. Och de Jeannot Krecké ass mat enger Partie Aussoen a sech, Dir hutt vun der Rentemauer an der Zäit geschwat, och vläicht widder Mauere gestouss, en huet se op d’mannst emol esou gesinn. Ass dat net och e bësse symptomatesch awer fir eis Landschaft, datt e Minister dann en cours de route bal muss ophalen, ouni Illusiounen méi ze hunn?
Jean-Claude Juncker: O, ech hu wuel verstanen un den Erklärunge vum Här Krecké, déi hien ëffentlech ginn huet, datt en net aus politesche Grënn d’Boot verléisst, mä datt en aus perséinlechen Ëmgestalltungselementer vu senger Biographie wëllt eppes anescht am Liewe maachen. An ech hunn dat net ze bewäerten.
Just fir ze soen awer, datt ech dee Récktrëtt, oder dee Réckzuch vum Jeannot Krecké bedaueren, well ech hu gäre mat him zesummegeschafft, iwwer laang Joeren, iwwer méi wéi 20 Joer. An dat ass schonn ee Substanzverloscht fir d’Regierung. Gott sei Dank bréngt deen neie Wirtschaftsminister och Substanzpäk a genügend groussem Mooss mat sech, fir datt ee sech doriwwer keng Suerge brauch ze maachen.
Mä et gëtt tëscht dem Jeannot Krecké a mir eigentlech nëmmen ee richtege groussen Ënnerscheed. Ech hu mech mat mengen Iddien ëmmer a menger Partei duerchgesat kritt. An ech sinn och menger Partei, dem Parteipresident, dem Fraktiounspresident dankbar, datt se heiansdo e schwéiere Wee matginn.
Mä ech hunn awer festgestallt, datt de Wirtschaftsminister mat sengen Iddië sech a senger Partei net duerchgesat huet. Dat ass awer mengen ech net de Grond, firwat datt hie sech aus der Politik zeréckzitt. Mä(ënnerbrach)
Roy Grotz: Huet hie sech dann an der Regierung duerchgesat?
Jean-Claude Juncker: Jo, mä an der Regierung sinn zwou Parteien.
Roy Grotz: Voilà, Merci bis elo Här Staatsminister. Esouwäit also fir den éischten Deel vun eisem Gespréich. Nom Journal elo mam Carine Lemmer geet et weider mat der ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg, an och ënnert anerem den Erausfuerderungen, déi d’nächst Joer op d’Land duerkommen. Wéi gesot, mir héieren eis erëm nom Journal.
Roy Grotz: Dir hutt virdru gesot, Kompetitivitéit ass eng Saach. 2009 si mir ofgerëtscht an eise Chifferen. Dat léisst näischt Guddes erahnen. Géift Dir fir d’nächst Joer wierklech dat Wuert Rezessioun esou wëlle gebrauchen, och fir Lëtzebuerg?
Jean-Claude Juncker: Mir liewen an engem rezessiven Ëmfeld, an ech gi schonn dovun aus, datt mir esou eppes kënne kréie wéi eng technesch Rezessioun, dat heescht, datt een zwee Quartaler hannerteneen an der Wirtschaftsleeschtung ofhëlt. Dat heescht dann nach net onbedéngt, datt een e Wuesstem géif kréie vun ënnert Null, dat bleift nach ëmmer ee positivt Wuesstem. Mä et ass natierlech net staark genuch, fir Fëllementer fir déi nächst Joere kënnen ze leeën.
Meng Angscht ass, datt mir am Joer 2012, 2013 och op der Steierfront vläicht negativ Iwwerraschunge kënnen erliewen. Mir kommen elo lues a lues an d’Besteierung eran, wat d’Betribesbesteierung ubelaangt, vun deene Joeren, wou d’Wirtschaft lues gedréint huet, während mir während der Kris nach an der Besteierung ware vu wirtschaftlech gutt verlafene Joeren.
Wann ee manner Wuesstem kritt, da kritt ee souwisou manner Steiereinnamen, esou datt ech mengen, datt d’Finanzsituatioun sech éischter verenge wäert. Duefir huet et mech och iwwer déi lescht Méint richteg rose gemaach, wann ëmmer esou gemaach ginn ass, wéi wann hei am Land keng Problemer wieren, wann d’Regierung seet, d’Finanzproblemer vum Land géif iwwerdreiwen.
Normalerweis maachen d’Regierungen d’Finanzsituatioun, déi se ze veräntwerten hunn, méi schéin. Mir hu gesot wéi se ass, a mir sinn duefir ausgelaacht ginn. Elo laacht mengen ech kee méi.
Jean-Marc Sturm: Am Fall vu Rezessioun, gëtt d’Indexdiscussioun net eng aner, well normalerweis Rezessioun manner Inflatioun bedeit?
Jean-Claude Juncker: Jo, mä ob dat wiesentlech manner Inflatioun bréngt, weess ech net. Ech ginn emol dovun aus, vun Europa aus betruecht, datt mir erëm lues a lues hannen am Joer 2012, an dann am Joer 2013 op een europäeschen Inflatiounstaux vun ënner, mä nobäi 2% kréien, wat dem Inflatiounscorridor entsprécht, deen d’Europäesch Zentralbank hirer Geldpolitik zugrond leet.
Mä zu Lëtzebuerg ass eng Tendenz, datt d’Inflatioun, dat gesi mir jo déi lescht 10 Joer, ëmmer méi héich ass wéi an den Nopeschlänner. All Zéngtel Prozent, wou eis Inflatioun méi héich ass wéi am Ausland, heescht och, datt eis Kompetitivitéit erëm eng Kéier no ënne geet.
An duefir hu mir och an der Regierung décidéiert, de 16. Dezember, wéi mir déi Indexdécisioun geholl hunn, datt mir bei den administréierte Präisser, also bei deene politesch veruerdnete Präisser méi ee klenge Gank mussen aleeën, fir d’Inflatioun besser ënnert Kontroll ze kréien. An dat ass e bëssen ënnergaangen an där Kommunikatioun déi mir gemaach hunn iwwer d’Décisiounë vun der Regierung, well sech do eigentlech just op d’Fro vum Index konzentréiert ginn ass. Mä et sinn awer och nach vill aner Elementer an deem Décisiounspak mat dran.
Jean-Marc Sturm: An der lescht ass vill Rieds gaange vu Changementer bei de sozialen Transferten. Gesitt Dir d’Sozialkohäsioun a Gefor?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn, d’Suerg em d’Sozialkohäsioun muss eng permanent Suerg sinn, an dat ass net nëmmen ee materielle Virgang. Heiansdo gëtt gemengt d’Erhale vun der sozialer Kohäsioun géif iwwer eng Steigerung vu materielle sozialen Transferte goen. Dat ass heiansdo och wouer.
Mä déi Problemer, déi d’Sozialkohäsioun, am Fall wou mir se net geléist kréien, op Dauer bedroen, déi musse mir och ugoen, an dat hat ech och bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun am Abrëll gewisen, datt a ganz ville Segmenter, a ganze Quartierë vun eiser Gesellschaft, ongeléisten, well heiansdo net siichtbar, Problemer schwéier Konsequenzen nosechzéien, wa mir déi net an de Grëff huelen am Beräich vun der Fréierkennung vun Defizienze bei de Kanner, am Beräich vu pedagogeschen Reparaturnoutwennegkeeten, déi mir um eegenen Territoire ganz oft net ubidden. An duefir hu mir och am Budget fir d’Joer 2012 eng massiv Personalopstockung an all deene Beräicher virgesinn.
Roy Grotz: Kommt mir bleiwen emol e bësse bei de gesellschaftspolitesche Froen. An elo ouni, Dir hutt se zwar schonn ugeschwat, op déi geplangte Reformen am Secondaire am Detail anzegoen, kann ee gesinn, datt déi Jonk sech bewegen. Si weisen Engagement andeems se fir hir Rechter, an hir Zukunft antrieden. Ass dat, Här Staatsminister, ze begréissen, onofhängeg, wéi gesot, vläicht fir dat wat se op d’Strooss ginn, d’Reform also.
Jean-Claude Juncker: Schwätzt Dir vun de Jonken heiheem, oder vun de Jonke weltwäit?
Roy Grotz: De Jonken heiheem elo emol.
Jean-Claude Juncker: Vun der lëtzebuerger School occupy Beweegung also?
Roy Grotz: Wann Dir se esou wëllt nennen, jo.
Jean-Claude Juncker: Ech fannen et gutt wa jonk Leit sech zu Wuert mellen, an dat och, wat een net vun allen Akteuren an där bildungspolitescher Reformdebatt ka soen, manéierlech a mat gréisster Maturitéit versinn, maachen.
Ech hu wéineger Verständnis duefir, datt vill jonk Leit soen, mir wëlle keng Reform. Dat ass fir d’éischt an deene leschte Joerzéngten, datt grad déi Jonk soen, mir wëlle keng Reform, mir hätte gären, datt alles bleift wéi et ass. Esou huet dat sech am Ufank unhéieren.
Ech mengen, dat huet sech elo lues a lues, och duerch nach weider Gespréicher déi gefouert gi sinn, an d’Richtung beweegt, datt awer jiddwereen zougëtt, bei deene Jonke mengen ech, datt an der Schoul Mueneches muss geännert ginn.
Ech fannen, datt déi Jonk nach vill méi misste schwätzen, an deem se hiren Discours iwwer d’Schoul erauszéien an aner Felder vun der Politik eran. Ech sinn ëmmer och bass erstaunt driwwer, wann déi Jonk iwwer d’Zukunft schwätzen, datt se net dovu schwätzen, datt se dogéint sinn, datt wa se ufänken ze schaffen, se esou vill Scholde vun där Generatioun vu virdru mat op de Wee kréien, datt déi riskéiere si ze erdrécken.
Déi Jonk missten all Dag protestéiere géint d’Tatsaach, datt de Staat muss vill Sue léine goen, fir de Budget vun haut kënnen ze finanzéieren. Well et sinn déi Jonk vu muer, déi déi musse bezuelen. Do kann ee Scholden ophuele fir Investitiounen ze maachen, déi och hinnen engesdaags wäerten notzen. Mä wa mir awer musse léine goen an d’Zentralbudgeten, eigentlech Staatsbudgete, fir de ganzen Apparat iwwerhaapt nach, an de ganze Mechanismus finanzéiert ze kréien, a mir bezuelen dat mat Suen déi mir net hunn, an déi Jonk vun haut, déi déi Aktiv vu muer sinn, mussen zu hirer aktiver Zäit opbréngen doduerch, datt hir Liewenschancen eigentlech geschmälert ginn doduerch, datt se dat musse bezuelen, wat mir amgaange sinn ze maachen. Dat wier dach och een Thema fir Jonker, déi iwwer hir Zukunft nodenken.
Jean-Marc Sturm: Heiheem a weltwäit war ënnert anerem de Mouvement occupy Wallstreet. Hätt et Iech net heiansdo gereizt do mat ze maachen?
Jean-Claude Juncker: Also ech soen elo eppes, wat mir kee gleeft, mä Dir kënnt an Ären Archive bliederen, enfin hei kënnt Dir net bliederen, musst Dir ofspillen.
Ech hu ganz dacks gesot an deene leschte Joeren, ech breze mech awer net domat, datt wann eise Wirtschaftssystem sech viru géif esou pervertéieren, wéi en amgaange wier dat ze maachen, datt do eng Kéier eng hefteg Reaktioun kënnt. An déi ass elo do, op ville Pläng, an op ville Plazen. An ech maachen dat net un der Zuel vun deene fest, déi do op der Strooss sinn. Et sinn och vill Leit, déi net op d’Strooss ginn, déi awer genee dat selwecht denken, wéi dat wat do als Malaise zum Ausdrock kënnt.
An dat huet, menger Aschätzung no, mat enger Fro ze dinn, déi mir einfach net adequat beäntwerten. Dat ass d’Fro nom Gerechtegkeetslach, no der Gerechtegkeetslücke déi mir hunn. Vill Leit, och Leit déi net schrecklech vill verdéngen, kommen net esou gutt virun am Liewe wéi virdrun, duerch d’Kris bedéngt, an anerer fuere virun esou ze wirtschaften, wéi wann näischt geschitt wier.
Verstitt Dir, ech begräifen dat eigentlech och net richteg am Kapp, an och net am Häerz, oder wou dat ëmmer ass, datt ee roueg nokuckt, datt vill Leit sech mussen onwahrscheinlech zesummehuelen, fir datt et nach um Enn vum Mount opgeet, an datt anerer virufueren Bonussen auszebezuelen, datt et rabbelt a kraacht, sech d’Täschen ze fëllen, an net mierken, datt d’Leit dat iergendwann eng Kéier genuch hunn, datt se dat net méi matmaachen.
Ech hunn ee gudde Kolleg, ech si ganz gutt mat deem, dat ass den Här Ackermann vun der Deutsche Bank. Ech hu wéini mussen eng Ried halen, well hien ee Präis kritt huet, deen ech dat Joer virdru kritt hunn, da muss ee jo ëmmer d’Ried halen dat Joer duerno, an dunn hunn ech him schéi propper ausgerechent, datt hien an engem Joer esou vill verdéngt wéi ech géif verdéngen, wann ech 49 Joer Staatsminister wier. (ënnerbrach)
Roy Grotz: Hat en eng Reaktioun dorops hin?
Jean-Claude Juncker: En huet gesot, en hätt net gewosst, datt de lëtzebuerger Staatsminister esou schlecht bezuelt wier. Mä wann ech dat esou soen, da ginn d’Lëtzebuerger rosen, well déi fannen ech wier ganz gutt bezuelt, woumat se och Recht hunn. Mä den Här Ackermann, bei aller Frëndschaft déi ech fir en hunn, a bei aller Sympathie, en ass awer net 49 Mol besser wéi en aneren.
Jean-Marc Sturm: Kommt mir bleiwen nach ee Moment, Dir hutt vun engem Gerechtegkeets(ënnerbrach)
Jean-Claude Juncker: Mä ech wëll soen, datt dat d’Leit geheit, mech geheit dat net, mech geheit dat wéinst der Ongerechtegkeet, déi dran ass, mä aner Leit geheit dat an hirem ganz konkreten, perséinleche Liewen.
Si sëtze virun der Tëlevisioun, gesinn, datt wann d’Aktien, wann ee Betrib Leit entléisst, datt dann d’Aktie klammen, déi gesi Saachen, déi einfach net méi beienee passen. Et geet net méi gerecht zou! An alleguer déi Bewegungen, déi mir do mierken, si Bewegungen déi sech géint d’Ongerechtegkeet opleenen.
Wann ech alles do zur praktescher Politik wëll maachen, wat an der Strooss an op de Plaze verlaangt gëtt, da féiert dat och a chaotesch Zoustänn, well do passt jo villes net beieneen. Mä dat wat mir hei beienee leeën, dat passt awer och net beieneen.
Roy Grotz: Dat Gerechtegkeetslach, Dir hutt vun de Fluxë geschwat, en anere fir eraus aus Misère oder Aarmut ass sécher och dee vun de Leit, déi op Lëtzebuerg komme fir e bessert Liewen hei ze fannen. Mir sinn natierlech bei den Demandeurs d’asil. Alleng dëst Joer koumen der méi an d’Land wéi déi 4 Joer virdrun am Cumul. Dat mécht eis zum Deel iwwerfuerdert mat där Situatioun, d’Solidaritéit op Plazen ass limitéiert. Mécht Iech dat Suergen? Ech schwätzen och elo bewosst dat u wa mir op Réseauë wéi Facebook liesen, datt Leit sech och nach massiv dogéint mobiliséieren, wou een dach kloer riets Aussoen op eemol erëmfënnt.
Jean-Claude Juncker: Also fir d’éischt wëll ech soen, datt de Wonsch fir datt een e bessert Liewen huet, net kann ee vun dem lëtzebuerger Staat akzeptéierte Grond sinn, fir op Lëtzebuerg ze kommen.
D’Asylantewiesen ass do fir Leit ze ëmginn, opzefänken, opzehuelen déi aus deenen diverseste Grënn an hire Länner nopréifbar, an noweisbar verfollegt ginn. Dat ass d’Wiese vum Asilwiesen, wann ech kann esou soen.
Nu verklammen ech mech net zu dem domme Saz fir ze soen, déi meeschten Asylanten, et si Wirtschaftsflüchtlingen, a Wirtschaftsflüchtlinge solle bei sech doheem bleiwen, well et muss ee jo awer och gesinn, datt déi Leit och ganz dacks an onméigleche materielle Konditiounë liewen. Da solle mir kucken, deene Leit op der Plaz ze hëllefen iwwer Entwécklungshëllef, iwwer gemeinsam Programmer, an net mengen, mir géife se doduerch glécklech maachen, datt se hei zu Lëtzebuerg onglécklech ginn.
Zweetens hätt ech gären, datt all Mënsch deen op Lëtzebuerg kënnt aus engem Grond, deen een novollzéie kann, oder aus engem Grond deen een eben net novollzéie kann, zu Lëtzebuerg anstänneg behandelt gëtt. Verstitt Dir, ech hunn eng bestëmmte Virstellung vun där ech hoffen, datt se keen Dram ass, vun eisem Land, an dozou gehéiert och eng gewësse Generositéit, zumindest eng momentan Generositéit mat deenen, déi kommen. Generositéit am net karitative Sënn vum Wuert. An da muss ee kucken, datt mir déi Prozedure beschleunegt kréien, an datt déi Leit erëm esou séier wéi méiglech, falls se kee richtegen Asilgrond hunn, erëm zeréck an hir Heemecht fueren.
Mä wa se, esou laang wéi se hei sinn, hätt ech gären, datt déi Leit anstänneg behandelt ginn, an hätt ech och gären, datt, jo, jiddwereen dee sech doru stéiert, sech zumindest dräi Sekonnen den Dag virstellt, e wier an deene Leit hirer Situatioun.
Roy Grotz: Hutt Dir dann d’Gefill déi Generositéit do, déi géif erofgoen ?
Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net richteg. Ech war ëmmer der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg, och an den eenzelne Secteure vun eiser Gesellschaft, eng latent Friemefeindlechkeet gëtt, net méi ausgeprägt, éischter manner wéi an anere Länner. A wann een a wirtschaftlechen a finanzielle méi schwieregen Zäiten ass, da fënnt esou ee populisteschen Discours natierlech méi Nolauschterer, wéi wann et jiddwerengem einegermoosse gutt geet.
Mä esou laang wéi ech Politik maachen, an och nach duerno trieden ech mat Heftegkeet géint rassistesch a friemefeindlech Bewegungen op. Wat jo net heescht, datt ech net géif soen, datt déi Leit, déi aus der Friemd bei eis kommen, sech och mussen upassen. Ech soen net, déi kënne maache wat se wëllen. Mä loosse mir awer kucken, datt mir zu Lëtzebuerg ee Klima behalen, wat eist Land éiert.
Jean-Marc Sturm: Dir hutt vu Generositéit geschwat, wou d’Ministesch Marie-Josée Jacobs den Appel, oder d’Iddi lancéiert huet déi Leit proportionel an de Gemengen opzedeelen. Do hunn der vill sech am Gemengesyndikat Syvicol geschuddert.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä dat ass awer inévitabel. Ech menge mir musse jo dee Logementseffort, oder den Hebergementseffort, egal wéi Dir et wëllt nennen, vun den Asylanten iwwer d’ganzt Land verdeelen. Et mécht kee Sënn fir déi Leit op enger Plaz ze masséieren, an op anere Plaze begéint ee keng Asylanten. An duefir mengen ech, datt et gutt ass, wann déi Leit iwwer d’ganzt Land verdeelt ginn. Ech hätt net ganz gäre wa mir op eenzelne Plazen, wat deelweis schonn amgaangen ass ze geschéien, esou e regelrecht Ghettobild vun Asylante kréien. Dat féiert zu kengem gudde Resultat.
Roy Grotz: Mir hate virdru vun de Schüler Rieds. Här Staatsminister, déi Rumeuren, dat gëlt elo Enn vum Joer och nees fir eng aner Schicht, fir d’Staatsbeamten, d’Fonction publique. Et ass een net méi mat deem d’accord wat am Juli festgehale gouf. Bei anere Leit, déi net beim Staat schaffen, wann ee mat deene schwätzt, dat provozéiert dacks Onversteesdemech a Kapprësselen. Kënnt Dir dat novollzéien?
Jean-Claude Juncker: Ech drécke mech an deem Konfliktfeld do virsiichteg aus, well ech och net gären hunn, datt esou eng systematesch Antistaatsbeamtestëmmung gemaach gëtt. Vu datt ech all Dag jo mat Beamte schaffen, an ech méi op si ugewise sinn, wéi si op mech, weess ech, datt mir eng Fonction publique hunn, déi en fait eis Schwaachstellen, déi ee muss gesinn, eng performant ass, an och keng esou eng grouss wéi am Ausland ass.
Ech hätt och gären, datt déi Leit déi an der Fonction publique sinn, musse wëssen, datt Leit, déi keng sécher Aarbechtsplaz hunn, se mat aneren Ae kucken, wa se hir Fuerderunge virbréngen.
An duefir war ech ëmmer der Meenung, datt den Ausgläich an engem Land doranner besteet, d’Gefillsliewe vun deenen zwee net doduerch ze strapazéieren, datt een déi eng géint déi aner opbréngt, oder datt déi eng net mierken, datt déi aner Saachen net hunn, déi si hunn, an déi si net méi mierken.
Roy Grotz: Dir hutt zwee Ministeren um Dossier drop sëtzen, dat heescht, Dir gitt awer dovun aus, datt dat nach rechtzäiteg fir Juni, wann d’Prime unique erfällt, an dréchenen Dicher dann ass?
Jean-Claude Juncker: Also déi Strukturreform an der Fonction publique, déi gëtt gemaach, do muss een iwwer eenzel Saachen nach schwätzen, bestëmmten Évalutatiounsmethoden do mëschen ech mech net an, do loossen ech d’Madame Modert an den Här Biltgen mat der CGFP gewärden. Mä déi Reform gëtt selbstverständlech gemaach.
Kee soll sech virstellen, datt et eng Prime gëtt, an eng verantwortbar Gehälteraugmentatioun dat Joer duerno, wann déi Reform net géif kommen.
Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, loosst eis déi reng national Grenzen dépasséieren. Och Europa huet e schwéiert Joer hannert sech wéinst der Scholdekris, d’EU huet sech enorm verännert mat enger ganz staarker Achs Berlin-Paräis, dobäi Groussbritannien dat net méi ganz dobäi ass, kleng Länner déi u Gewiicht verluer hunn. Gesäit d’EU den Ament säi richtegt Gesiicht?
Jean-Claude Juncker: Also, ech wëll Iech emol soen, mä ech sinn awer deen Eenzegen deen dat esou gesäit, datt ech dat net esou gesinn, wéi Dir et sot, oder deelweis net esou gesinn.
Et gëtt ëmmer vun där Achs Berlin-Paräis geschwat, an déi géif alles dominéieren. An dat ass bedéngt duerch ee gewëssene Mediespigel, dee vun den haaptconcernéierten Akteuren natierlech ganz geschéckt esou hin an hier an der Landschaft gedréint gëtt, datt se ëmmer ganz schéin an deem Spigel ausgesinn.
Déi Décisiounen déi mir den 8. an den 9. Dezember zu Bréissel um leschte Sommet geholl hunn, dat sinn Décisiounen, déi alles annuléiere wat Paräis a Berlin ee Joer virdrun, d’Madame Merkel an den Här Sarkozy, ofgemaach haten, wéi se zu Deauville Iddien an d’Welt gesat hunn, déi vun deenen aneren net gedeelt gi sinn. Do war gesot ginn, zu Deauville, et dierfte keng automatesch Sanktioune bei Budgetsiwwerschreidung kommen, an do war gesot ginn, et misst an alle Fäll, wou een et mat engem verschëllte Land ze dinn hätt, zu enger Bedeelegung vum Privatfinanzsecteur, Privatgläubigerbeteiligung, Privat sector involvment kommen. Dat waren déi zwou grouss Décisiounen, déi alles op d’Kopp gehäit hunn, deemools virun engem Joer. Déi zwou Décisiounë sinn elo annuléiert ginn.
Mir soen elo, mir hunn et, nëmmen ee Mol hu mir d’Finanzindustrie sech un der Begradegung vun der Griichenlandkris sech mat 50% bedeelege gelooss, dat maache mir ni méi, hu mir gesot. A mir hu gesot, et kommen automatesch Sanktiounen.
An Dir, an d’Leit um ganze Kontinent soen, dat war d’Madame Merkel, an et war den Här Sarkozy. Et waren déi aner, déi der Madame Merkel an dem Här Sarkozy hire Wëllen op deenen zwee Punkten opgezwongen hunn. An Däitschland a Frankräich maachen esou, wéi wa si déi aner do géifen inspiréiren. Et war just ëmgedréint.
An duefir, wann een dat selwer esou intern erlieft, a bei aller Noutwennegkeet déi et an Europa gëtt, fir datt Däitschland a Frankräich mateneen an eng Richtung ginn, sinn ech eigentlech manner impressionéiert duerch déi duebel Performance, wéi anerer, déi net dobäi waren, déi just dat gleewen, wat déi zwee gären hätten, datt an den Zeitunge géif geschriwwe ginn.
Jean-Marc Sturm: Ass dann duerch de sougenannte Merkozy carrément e Joer verluer gaangen?
Jean-Claude Juncker: Ech wëll net soen, et ass ee ganzt Joer verluer gaangen, mä vill Décisiounen déi mir méi spéit geholl hunn, hätte mir och méi fréi kënnen huelen, well se lounge jo méi fréi um Dësch, mä et huet heiansdo méi laang gedauert, bis datt jiddweree sech op déi Décisioun, op déi Propositioun zoubeweegt huet, déi méintlaang um Dësch loung.
Jean-Marc Sturm: Euro-Obligatiounen?
Jean-Claude Juncker: Jo, déi hu mir jo nach net. Mä doriwwer schwätze mir nach eng Kéier wa se do sinn.
Jean-Marc Sturm: Scho virun engem Joer ugedeit.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech hunn dat virgeschloe virun engem Joer, duerno hunn ech jo vill Stréch kritt an Däitschland, an op anere Plazen, och an der Press, méi an der Publizistik nach wéi an der Politik.
A meng Iddi war et jo ni fir all Scholde vun alle Staaten an een Dëppen ze geheien, an se da gemeinsam ze finanzéieren. Ech si jo net verréckt, datt wann anerer Dommheete maachen, datt mir dann zu Lëtzebuerg méi héich Zënsen am Absolute bezuelen, wéi wa mir dat net géife maachen. Mä meng Iddi war et, an déi Iddi gëtt jo elo och vu villen anere Gott sei Dank iwwerholl, datt een een Deel vun de Staatsscholde vergemeinschaft, an een aneren Deel national léisst, an op deem nationalen Deel mussen da méi héich Zënse bezuelt ginn, soudatt ëmmer eng Zënsdifferenz zum Beispill tëscht Lëtzebuerg an Italien géif bestoen. Mä dat ass eng Iddi déi hire Wee geet.
Jean-Marc Sturm: Fir aus der Scholdekris ze kommen, muss och op den Internationale Währungsfong gesat ginn, an der Hoffnung parallel, datt Länner wéi China oder Brasilien matzéien. Wéi kritt een esou Länner iwwerzeegt, wa Groussbritannien keng Solidaritéit weist?
Jean-Claude Juncker: Dee Mechanismus fir dem Internationale Währungsfong bis zu 200 Milliarden Euro Augmentatioun vu sengen eegene Ressourcen zur Verfügung ze stellen, ass ee komplizéierte Gedankegang, an ech mengen dat féiert eis relativ wäit, wa mir dee Pad hei trëppelen.
Groussbritannien, oder England wéi mir zu Lëtzebuerg soen, huet net definitiv gesot, et géif net bei där Kapitalopstockung, an der Ressourcenopstockung vum IWF matmaachen, mä wëllt dat eréischt Enn Januar ufanks Februar am Kader vun de G20-Réuniounen a Mexiko décidéieren.
A China huet en Interessen dru bei deenen Operatiounë matzemaachen, well China jo en extrem héijen Undeel, wéi Russland iwweregens och, vu senge Reserven an Euro hält. Jiddwereen dee Währungsreserven am Euro huet, huet jo Interessen drun, datt déi Reserven och eppes wäert bleiwen.
An duefir gëtt natierlech iwwer de Wee vum Internationale Währungsfong, gemeinsam mat der Europäescher Unioun a mat der Eurozon, elo eng gesamt Operatioun geplangt, vun där ech mir denken, datt se och opgoe wäert.
An déi Suen, déi mir dem Internationale Währungsfong zur Verfügung stellen, déi kommen net an e spezielle Fong, deen op europäesch Länner ausgeriicht wier, mä déi kommen an e general account, wéi dat heescht, vum Internationale Währungsfong, an déngen der Finanzéierung vun och aussereuropäesche Programmen.
Roy Grotz: D’Mäert dann. Déi ominéis Mäert, Här Juncker, déi hunn awer iwwerdriwwen hefteg während der Kris, a mir si jo nach u sech do dran, reagéiert, si wëlle Sécherheet, Vertrauen. D’Politik deet sech awer dach schwéier dat kënnen ze ginn. Wéi no, mengt Dir, sinn d’EU an d’Eurozon un hir Grenze vum Fonctionnement ukomm?
Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt emol soen, datt ech verstinn, datt ee seet, mir mussen d’Vertraue vun de Finanzmäert erëm gewannen, a beméie mech och do drëm.
Mä méi wichteg schéngt mir, d’Vertraue vun de Leit erëm ze gewannen. Dat ass méi gestéiert wéi dat vun de Finanzmäert. Et ass iwweregens och duerch d’Finanzmäert staark gestéiert, net nëmmen duerch falsch Politik, déi streckeweis a plazeweis gemaach gëtt.
Déi Finanzmäert kucken ech mat engem rouege kritesche Bléck. Déi hunn an deenen éischten 10 Joer vun dem Bestoe vum Euro net dat gemaach, wat se hätte misste maachen, nämlech méi héich Zënse bei deene Länner anzekloen, déi ganz vill Scholden hunn. Si hunn dat einfach lafe gelooss, a maachen eigentlech elo, wann ech dat emol salopp ka formuléieren, déck Baken. Si haten et an der Hand fir relativ fréi anzegräifen.
An déi Ratingagenturen hunn d’Finanzkris net komme gesinn, an den Zesummebroch vun der amerikanescher Bank Lehman Brothers net komme gesinn, am Géigendeel si hunn nach 14 Deeg virdru gesot, déi Bank ass tiptop an der Rei, déi huet en Triple A verdéngt. An déi Ratingagenture soen elo, datt ee Land wéi Lëtzebuerg, wat 0,5% bis 0,7% gesamtstaatlechen Defizit huet an dësem Joer, an eng Scholdelaascht vun ënnert 20% huet, dat Land huet eigentlech, well et an der Eurozon ass, an iwwerhaapt den Triple A, déi Bonitéit net verdéngt.
Wat soll ech dann elo de Griichen, an den Italiener, an anere soen, déi héich Scholden hunn, muss ech deenen elo soen, also dir braucht iech net ze ploe fir esou gutt ze gi wéi Lëtzebuerg, well esouguer wann dir gutt gitt wéi Lëtzebuerg, da gitt dir gestrooft, well d’Ratingagenture fannen et wier Mueneches net an der Rei bei engem Land wat 0,7% Defizit an 20% Scholden huet.
Déi Leit iwwerleeë sech jo guer net wat se als Gesamtreflexzonen do këddelen, wa se esou Saachen an d’Welt setzen. An da maachen se hir Einlassungen, déi net alleguer falsch sinn, dat ass iwwerhaapt net mäi Punkt, zu Momenter, déi ech net verstinn.
D’italienescht Parlament stëmmt ee ganze Pak Consolidéierungsmoossnamen, an zwee Deeg duerno gëtt gesot, Europa ass um falsche Wee. Mir sinn dräi Deeg virum europäesche Sommet, wou grouss Décisiounë solle falen, da gëtt dräi Deeg virdru gesot, d’Eurozon gëtt an hirer Bonitéit zeréckgestuft. Mir huele wichteg Décisiounen zu Bréissel, da gëtt zwee Deeg duerno vun de Ratingagenture gesot, elo gëtt d’ganz Europäesch Unioun ënner héich Bewachung gestallt. Mä et muss een e staarke Glawen un den Zoufall hunn, fir nach un Zoufäll ze gleewen.
Roy Grotz: Mengt Dir dann eng europäesch Ratingagence hätt do méi eng nuancéiert Vue?
Jean-Claude Juncker: Eng europäesch Ratingagence géif net fundamental aner Aschätzunge vun der Situatioun vun eenzelne Länner maachen, wéi déi jëtzeg Amerika baséiert Ratingagenturen dat maachen. Och eng europäesch Ratingagentur kann net soen, datt déi griechesch Staatsscholden, an déi italienesch Staatsscholden ze niddereg wieren. Déi muss och ëmmer soen, datt dat ze héich ass, an datt déi Länner et schwéier wäerten hunn hir Scholden zeréckzebezuelen. Mä déi kréie wahrscheinlech awer méi een nuancéierte Bléck op d’Villschichtegkeet vun den europäesche Situatiounen.
Ass dat, verréit dat e Sënn fir Nuancen am Chef vun de Ratingagenturen, datt ee Land wéi Lëtzebuerg riskéiert säin Triple A, déi héchste Stuf vu Bonitéit ze verléieren am selwechte Mooss wéi Frankräich zum Beispill, wat méi grouss Problemer wéi Lëtzebuerg huet?
Ech mengen, datt do eng europäesch Ratingagentur awer d’Lupp géif eraushuelen, do wou anerer d’Spektiv huelen.
Jean-Marc Sturm: Wie profitéiert dann dovun, datt déi amerikanesch Ratingagence just d’Spektiv huelen?
Jean-Claude Juncker: Jo, mä de System ass esou gewuess, et gëtt eben nëmmen déi amerikanesch Ratingagenturen. Et gëtt och méi klenger, eng chinesesch Ratingagentur, déi iwweregens d’europäesch Länner méi stramm bewäert huet an der leschter Zäit wéi déi amerikanesch. Et gëtt och Ratingagenturen déi kaum bekannt sinn, déi an Europa hire Sëtz hunn, mä déi hunn awer net dat Gewiicht wéi déi dräi amerikanesch. An et gëtt elo a villen akademesche Fuerschungscerclen Beméiungen, Iwwerleeunge wéi een eng europäesch Ratingagentur kann opriichten.
Ech hunn notamment mat enger Stëftung, déi hei am Haus och bekannt ass, well et den Haaptaktionnär vun ärem Sender ass, der Bertelsmann-Stëftung elo intensiv Discussiounen iwwer d’Méiglechkeeten ugefaange wéi een dann d’Créatioun vun enger europäescher Ratingagentur kann undenken.
Roy Grotz: Kéint Dir Iech virstelle Chef vun der europäescher Ratingagentur ze ginn?
Jean-Claude Juncker: Neen.
Roy Grotz: Hätt Dir keng Loscht?
Jean-Claude Juncker: Ma neen, well net all, et gëtt esou vill Institutiounen an Europa, do gëtt ëmmer gesot, wann eng fräi gëtt, ech géif dohinner goen, an elo, fänkt elo net och nach u mech op Plazen ze bréngen, déi et nach guer net gëtt.
Roy Grotz: Ech hat méi gemengt wéinst der nuancéierter Vue, déi Dir dann erabruecht hätt.
Jean-Claude Juncker: Dat war also als Kompliment geduecht?
Roy Grotz: Richteg.
Jean-Claude Juncker: Meng Remarque bleift awer richteg.
Jean-Marc Sturm: Europa vun de verschiddene Vitessen, war viru Joere schonn eng Iddi déi opkoum. Wiere mir besser drun, wann een dat méi effektiv a méi efficace virun 10 Joer schonn ëmgesat hätt?
Jean-Claude Juncker: Mir hunn dat jo an eenzelne Beräicher gemaach, Schengen zum Beispill, wou e puer Länner sech zesummefonnt hunn ausserhalb vun europäesche Verträg an europäesche Strukturen an Institutioune fir d’Grenzen ofzeschafen. Haut hu mir dat a ganz Europa, mat Ausnam vun England a vun Irland. Mä mir hunn et awer och an Norwegen, mir hunn et an Island, mir hunn et an der Schwäiz, mir hunn et zënter e puer Deeg a Liechtenstein. Wann der e puer virginn, an dat mat Succès maachen, dann zitt dat déi aner noutwennegerweis mat sech.
Mir hunn den Euro mat 11 Staaten ugefaangen, do war ni geplangt, datt automatesch jiddweree géif Member ginn, mir sinn haut zu 17.
Et gesäit een also, datt d’Force vum Zesummenhalt vun deenen, déi wierklech eppes Gemeinsames wëllen, wat anerer nach net wëllen, zu ganze konkreten Europa integratiounsverdéiwenden Auswierkunge féiert.
Mir hunn an de Verträg stoen d’Méiglechkeet vun der sougenannter verstäerkter Zesummenaarbecht. Länner déi wëllen eppes zesumme maachen, kënnen et zesumme maachen, mä déi aner mussen d’accord sinn, datt se probéieren et zesummen ze maachen, wat natierlech eng Brems ass.
Ech menge wat Lëtzebuerg ubelaangt, an dat ass positiv a streckeweis negativ, ass et ëmmer esou, datt mir sollen an deene Gruppe sinn, wou ee Stéck méi Europa probéiert gëtt, well mir brauchen u sech, obschonn dat elo e bësse pathetesch kléngt, eng gutt Dosis méi Europa fir net bei der Däiwel ze goen.
Roy Grotz: Mengt Dir dann awer, datt d’Lëtzebuerger, d’Europäer duefir prett sinn?
Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net. Ech mengen och, datt mir vun der Politik hier, an och vun der Publizistik hier, vill europäesch Theme falsch duerstellen, well mir all Meenungsverschiddenheet déi et an Europa gëtt, als zur europäescher Kris emdeiten.
Grad wéi wann zu Lëtzebuerg wann d’Parteie matenee streiden, oder Leit an enger Partei matenee streiden, gëtt jo och net den nationale Noutstand ausgeruff. D’Demokratie fënnt och an Europa statt.
Ech muss jo net onbedéngt, just fir datt jiddweree seet, Europa ass schéin, mat dem Här Sarkozy oder mat der Madame Merkel, oder mam Här Cameron an alle Punkten averstane sinn. A wann een dann däitlech seet, et wier een net averstanen, jo da gëtt een och vun de Medien an deene Länner manner frëndlech behandelt.
An et éiert d’lëtzebuerger Press net, datt se all Kéier, wann an enger däitscher Zeitung steet, de Juncker deen daacht näischt, datt dir dat dann hei widderhuelt. Mä dat huet eng Ursaach, dat huet domat ze dinn, datt ech heiansdo Nee soen. Wann ech ëmmer géif Jo soen, da wier ech everybody’s darling.
D’Demokratie fënnt an Europa statt, an et muss een och d’Contraintë vun der demokratescher Debatt an Europa akzeptéieren, ouni ëmmer ze soen, et ass eng Kris, et geet alles bei der Däiwel.
An da mengen ech, datt mir de Bléck vun de Mënschen an Europa net genuch fir zukënfteg Evidenze geschäerft hunn. Ech hunn dat schonn e puer Mol och hei op der Antenn gesot. Am Ufank vum 20. Joerhonnert sinn et weltwäit 20% Europäer ginn. An am Ufank vun dësem 21. Joerhonnert ware mir nach zu 11%. An am Joer 2050 gëtt et nach 7% Europäer. An am Joer 2100, dat wäert bis op wéineg Aussname keen vun eis hei bannen erliewen, da gëtt et nach 4% Europäer. An et gëtt 9 Milliarde Mënschen, dovu si mir 4%.
An déi Virstellung, déi eenzel, ech kann dat net anescht soen, Verréckter an Europa emdreift fir ze mengen, elo wier de Moment komm fir eis erëm zeréckzedividéieren an déi al national Kategoriséierung, an et wier elo de Moment komm fir manner Europa ze maachen, an et wier elo de Moment komm fir datt jiddwereen op säin Nuebel stuerkt a mengt, dat wier deen eenzegen Horizont deen e valabelerweis kënnt hunn, dat ass ee gravéiernden historesche Feeler, e gravéierenden historesche Feeler.
Et gëtt ëmmer manner Europäer, eis Wirtschaftskraaft hëlt relativ betruecht ëmmer méi of, mir stellen haut nach 20% vum weltwäite PIB duer, an e puer Joer ass dat nach just 15%. Mir riskéieren, datt de weltwirtschaftspoliteschen Dialog tëscht China an den USA stattfënnt, a mir sëtzen op de Gradinen a kucken no wéi déi aner de Ball dreiwen, deen eis héchstens nach an d’Gesiicht flitt, mä dee mir awer selwer net méi kënne spillen. An duefir braucht ee méi Europa. Dat ass een Zukunftsplädoier deen ech do halen.
Et gëtt ëmmer gesot, Europa muss eng nei Geschicht erzielt kréien, brauch eng nei Begrënnung, déi Thematik Krich a Fridden, déi d’europäesch Integration nom Zweete Weltkrich staark geprägt huet, dat ass keng Thematik méi vun haut, wat iwweregens net stëmmt, well et gëtt 52 Kricher weltwäit, a mir hate viru 15 Joer am Kosovo dee schlëmmste vun allen Nokrichs Kricher dee mir hei an Europa haten. Dat ass net op 18 Fluchstonne vun hei ewech, dat ass relativ no. Mä et gëtt gesot, dat ass keng Begrënnung méi. Déi jonk Leit kënnen näischt méi domat ufänken.
A richteg ass, déi jonk Leit fannen datt Fridden evident ass. An ech gehéiere jo och zu enger Generatioun déi net gepréift ginn ass duerch net Fridden. Mä déi aner Grënn, déi nei Grënn, iwwer déi gëtt ni geschwat, iwwer déi gëtt ni geschwat. Datt mir ëmmer manner ginn, an ëmmer manner um Weltwirtschaftsräichtum deelhuelen. An dat bedéngt, datt mir méi zesummefannen.
Jean-Marc Sturm: Här Staatsminister, Merci, datt Dir Iech trotz gefëlltem Agenda Zäit fir eis geholl hutt. Mir wënschen Iech, Ärer Famill an allen déi Iech um Häerz leien, schéin a virun allem och roueg Feierdeeg.
Jean-Claude Juncker: Ech wënschen Iech och roueg Feierdeeg, a mir och, an ech wënschen eis alleguer ee gutt Joer.
|