Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Décembre 2011 > Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Interview
Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
"Radio 100,7" du 31-12-2011

Vers le niveau supérieur

Jay Schiltz: Gudde Mëtteg fir dës lescht Emissioun "riicht eraus" vum Joer an eppes manner wéi 12 Stonne geet dat Joer 2011 op een Enn. Déi wéinegst traueren him wuel no. Och déi lescht 12 Méint dierften ënnert dem Stéchwuert Krisenzäit an d'Geschicht agoen, als Joer vun de Revolutiounen awer och als Joer vun de Katastrofen an als Joer an deem déi Europäesch Unioun méi wéi enger Zerräissprouf géintiwwer stoung a sech nach laang net sécher ka sinn déi Prouwen och bestanen ze hunn. An den nächste Minutten kucke mir op déi turbulent vergaangen 12 Méint zréck, an eisem Interview zum Joresenn mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Här Staatsminister gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jay Schiltz: Erlaabt mir, wann Dir wëllt, déi geplangte lescht Fro vläicht als éischt ze stellen. Kënnt Dir de Leit dobaussen ee gudde Gronn nennen, datt 2012 besser gëtt?

Jean-Claude Juncker: Nee.

Jay Schiltz: Op wat musse mir eis gefaasst maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech menge mir mussen eis drop astellen, datt dat wat mir, an engem Sammelbegrëff dee fir jiddwereen eppes anescht heescht, Kris nennen, eng Verlängerung, a periodesch eng Zouspëtzung am Joer 2012 ka kréien. Mir mussen eis dorop astellen. Mir musse probéieren déi Schwieregkeeten entweder ze ëmschëffen oder se aus dem Wee ze raumen. Déi zwee Efforte kaschten Ustrengung, fir mol een herrleche Pleonasmus hei ze lancéieren, datt een Effort Ustrengung kascht. Dat erënnert mech un der Madame Flesch hire Saz, datt den Avenir an der Zukunft läit. Ech entschëllege mech dofir bei deenen déi dat vu mir net gewinnt sinn.

Jay Schiltz: 2011 krut déi Europäesch Unioun méi wéi eng Kéier déi eege Grenzen opgezeechent. Als déngschteelste Regierungschef hutt Dir bis elo ni een Zweiwel un Ärem Glawen un deem Europa gelooss. Dem Titelfoto vun der Revue d'lescht Woch no hält sech Är Begeeschterung awer iergendwéi a Grenzen, schéngt et. Wéi déif ass Äre Glawen un Europa nach?

Jean-Claude Juncker: Oh Europa ass keng Saach vu Glawen, dat ass eng vertikal Kategorie déi sech do net applizéiert. Et muss een horizontal Iwwerzeegungen hunn an déi hunn ech, well ech no wéi vir der Meenung bleiwen, datt och fir ee klengt a butzegt Land wéi eist et keng valabel alternativ Weeër zu dem europäeschen Eenegungswee gëtt. Mä ech stelle streckeweis Zersetzung an Ofsetzungsmanöveren a Geforen fest an déi maache mech net esou séier besuergt wéi dat wat elo direkt geschitt. Dat behält een eenegermoossen am Grëff. Mä wann déi Tendenz sech ausserhalb vun den europäesche, communautaire, gemeinschaftleche Methoden ze eenege sech fortsetzt, da gëtt de ganzen Decisiounsmechanismus vun der Europäescher Unioun een, dee sech duerch Zersplitterung an Opsplitterung auszeechent. An an 20 30 Joer, wann nei Leit eis Gesellschaften animéieren an eis Länner regéieren, sech mat Europa beschäftegen, an déi Tendenz huet sech bis dohinner verfestegt, da fanne mir de Wee, an déi richteg Methode fir zesummen ze schaffen, net méi zréck an dofir sinn ech e bësse besuergt, e bësse vill.

Jay Schiltz: Fir wéi realistesch haalt Dir dat Auserneendriften dann? Ech mengen England huet jo elo schonn, mécht Bande à part, et gëtt déi 17, 17 plus, Eurogrupp.

Jean-Claude Juncker: Jo kuckt mol déi Tatsaach, datt déi 17 Länner, déi sech den Euro als gemeinsam Währung ginn hunn, sech a besonnesche Reuniounen zesummefannen, am Eurogrupp oder um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen, dat stéiert mech net. Well et ass een Ënnerscheed ob een eng gemeinsam Währung huet, déi ee kollektiv a solidaresch muss zesumme geréieren. Do gëtt et een Ënnerscheed mat deene Länner déi déi Währung net hunn an déi eng national Währung hunn. Et ass méi schwéier zu 17 d'Saache richteg ze maache wéi alleng. Mä alleng, dat weist dat englescht Beispill, kann een och alleng villes falsch maachen.

Jay Schiltz: Mä d'Englänner mengen jo si kënnten et maachen. Wat bedeit et da fir d'Europäesch Unioun, datt England elo do net matzitt?

Jean-Claude Juncker: Fir mech bedeit dat net a priori, datt England elo géif definitiv Congé huelen zu all deem wat europäesch Unificatioun ass. Ech wënsche mir och zum Beispill ni, datt England, et gëtt jo eng Aarbechtshypothes déi Eenzelner gestikuléieren, aus der Europäescher Unioun austrëtt, well et gëtt ee gewëssenen Apport vu Common sense deen duerch England an d'europäesch Gedriff erakënnt, dee wäertvoll ass. Mä ech mengen et muss een oppassen, datt dat wat eis do passéiert ass mat den Englänner, den 8. an 9. Dezember zu Bréissel, net Schoul mécht, datt net all Kéier een oder zwee net matmaachen. An ech hätt net gären, datt dat als een evidente Geste gesi gëtt. D'Englänner hu schonn een Opting out wéi d'Dänen iwwregens och beim Euro. D'Englänner an d'Iren hunn een Opting out bei Schengen. Polen huet een Opting out bei der Grondrechtcharta. Iergendwou muss een ophalen out ze opten. Europa geet nëmme mat engem massiven Opting in.

Jay Schiltz: Goufe bei der Constructioun vun Europa an de leschten 10 15 30 Joer vläicht Feeler gemaach? Verdéiwen am Plaz séier Erweiderung? Beim Aféiere vum Euro, alles mat an d'Boot, egal wéi schlecht eenzel Staatsfinanzen deemools scho waren? Feeler déi sech elo weisen an hirer Konsequenz?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn do enger radikal anerer Opfaassung. Dir schwätzt zwee Themeberäicher un. D'Erweiterung statt Verdéiwung. En fait ass parallel zur Erweiterung jo och Verdéiwendes gemaach ginn an deene weiderféierende a weiderintegratiounsschrëtt setzende Vertragsännerungen déi mir gemaach hunn. An d'Alternativ war fir mech deemools ni, wéi mir d'Erweiderung ugaange sinn, entweder Verdéiwung oder Erweiterung. Ech wollt ëmmer déi zwee. D'Verdéiwung geet mir net wäit genuch, wier awer och ville Leit ze wäit gaangen, wéi d'Tatsaach gewisen huet, datt dee Verfassungsvertrag an 2 Länner negativ, vun dem franséischen a vun dem hollännesche Vollek Bescheed ginn ass, an zu Lëtzebuerg mir jo och Schwieregkeeten awer an där Debatte haten. A fir dann d'Erweiderung ze stoppen, well d'Verdéiwung net wäit genuch geet, dat wier onhistoresch gewiescht. Et kann een net vergiessen, datt mir hei an eisem Deel vun Europa an der Sonn vun der Nokrichszäit opgewuess sinn an datt den halwe Kontinent an engem déiwe Schied hannert engem eiserne Rideau louch a wéi déi Länner sech fräi gemaach hunn, duerchgeotemt hunn a sech un eis geriicht hunn a gefrot hunn, mir géife gären zréck an déi europäesch Famill kommen, zu där si jo iwwert laang Zäit betruecht gehéiert hunn, du konnt ee jo net soen, et war Äre Pech, datt Dir 50 Joer op der falscher Säit vum Kontinent vun deene Falschen dominéiert gi sidd. An elo an dësen Deeg wou de Vaclav Havel begruewe gëtt, mat deem ech vill doriwwer diskutéiert hunn, well dee jo President vun der Tschechoslowakei an duerno vun der Tschechei war, gëtt et engem vläicht méi däitlech, datt do vill Männer a Fraen all hire Courage, ouni datt mir vill gehollef hunn, an d'Hänn geholl hunn, a friddlech Revolutiounen erbäigefouert hunn. Hätt een an deem Moment solle soe Prag ass keng europäesch Stad a Bratislava läit op engem anere Kontinent? Nee du war et fir déi onwahrscheinlech Chance vun der Geschicht ze notzen europäesch Geschicht an europäesch Geographie sech op eng ganz natierlech Aart a Weis begéinen ze loossen. Et wier net duerstellbar gewiescht deemools, an haut iwwregens och net, fir déi Länner auszeklammeren. A wat den Euro ubelaangt, jo deen huet Basiskonstruktiounsfeeler iwwert déi ech ufänke gären ze schwätzen, well ech deemools Virschléi gemaach hunn 1991, wéi ech d'Chance hat d'Regierungskonferenz déi zum Euro gefouert huet ze leeden. Ech schwätze gär doriwwer well haut jiddweree seet et muss d'Wirtschaftsregierung sinn, et brauch méi eng staark Koordinatioun vun eiser Wirtschaftspolitik. Dat kënnt besonnesch flénk well aus däitschem Mond an Däitschland war deemools dergéint fir dat ze maachen. A Frankräich huet net intensiv un der politescher Unioun geschafft. Et wiisst elo beienee wat vun Ufank un hätt misse beienee sinn.

Jay Schiltz: Ma kommt mir schwätze mol e wéineg iwwert déi Awänn, déi Dir hat deemools. Wat ass dann an Ären Aen de, wann Dir nach eng Kéier kënnt ufänken, wat géift Dir do maachen?

Jean-Claude Juncker: Da géif ech wahrscheinlech net vill anescht fäerdeg brénge wéi dat wat mir deemools fäerdeg bruecht hunn, well d'Startbedingunge ware jo anerer wéi elo d'Etappebedingungen op deene mir ukomm sinn. Mir hunn deemools zu 4, den Här Delors, als President vun der Kommissioun, den Här Bérégovoy, deemolege franséische Finanzminister, de Philippe Maystadt, deemolege belsche Finanzminister an ech proposéiert, am Text proposéiert, de Gouvernement économique mat all deem wat et heescht, an de Vertrag ze schreiwen. An déi Däitsch, d'Hollänner an anerer hu gesot, ah nee nee nee, obscho mir elo eng gemeinsam Währung kréien, gëtt et awer nach esou eppes wéi eng national Economie, déi et de facto net méi richteg gëtt, och nom Bannemaart net méi richteg gëtt, an d'Haaptresponsabilitéit fir d'Wirtschaftspolitik muss an den eenzelnen Nationalstaate leien. A mir kënnen e bësse lénks a rechts koordinéieren. Mä esou ee richtege Wëlle fir ze weisen, datt dat net nëmmen eng Union monétaire wier, mä eng Union économique et monétaire, deen ass et deemools net ginn. An dofir ass an all deene Joren geschitt wat zwangsleefeg bal huet musse geschéien, nämlech datt sech déi Ënnermäert vun dem groussen Euromaart heiansdo an divergent Richtungen entwéckelt hunn. Dofir ass geschitt, datt et ee grousst Auserneendrifte vun de Kompetitivitéitssituatioune ginn ass. Dofir ass zum Beispill geschitt, datt Griichenland 25% vu senger Kompetitivitéit verluer huet, zanter datt et am Euro ass. Dofir ass geschitt, datt déi griichesch, déi iresch, déi spuenesch an déi portugisesch an italienesch Léin sech total lassgekoppelt haten an der Entwécklung vun de Produktivitéitsfortschrëtter. An ech nennen déi Länner, well ech Lëtzebuerg net wëll nennen, well dat ass dat nächst un der Rei, wat d'Auserneendrifte vun deenen zwee Parametere Produktivitéit a Lounsteigerung ubelaangt, an do hu mir am Eurogrupp ëmmer erëm probéiert dat ze thematiséieren. Mä do war de Wëllen net do fir sech an déi national Politik draschwätzen ze loossen. Or, wann een eng gemeinsam Währung huet, da gëtt et am klassesche Sënn vum Wuert weder eng Nationaleconomie nach eng strikt ofgeschotten Innepolitik am Sozialen an am Wirtschaftlechen. An dat hätt een deemools vill méi energesch vläicht misste plädéieren. Mir hunn direkt opgehale wéi mir gesinn hunn, datt et näischt ginn ass. Mä ech hunn haut och nach d'Befierchtung, hätte mir dat zu enger Viraussetzung zu eiser Zoustëmmung gemaach, dann hätte mir den Euro ni kritt a wa mir en net kritt hätten da wiere mir elo an der Kris wiesentlech manner gutt dru wéi mir dat sinn.

Jay Schiltz: Ass dat wat Dir elo gesot hutt, d'Explikatioun dovunner, wann Dir ëmmer drop insistéiert ze soen, datt et net sech ëm eng Eurokris handelt mä eng Scholdekris vun eenzelne Länner?

Jean-Claude Juncker: Jo mir hu jo keng Eurokris. Kuckt mol den Euro ass a sengem Wäert no banne jo kafkraaftméisseg betruecht stabil an en ass a sengem Wäert no baussen och stabil. Mir dréinen elo ëm ee Verhältnis zum Dollar vun 1,30. An dësem Joer am Joer 2011, matzen an der Kris, huet den Euro par rapport zum Dollar nëmmen 0,6% ofgewäert, dat ass näischt. A vun 2002 bis 2012, dat ass jo mar, huet den Euro par rapport zum Dollar 46% opgewäert. Dat heescht, datt dat eng stabil an eng staark Währung ass. Mä et gëtt eenzel Länner, déi op Grond vun hirer héijer Scholdelaascht a vu Budgetsdefiziter déi ëmmer méi breet gi sinn, eng Situatioun erbäigefouert huet, wou een huet musse fäerte an ëmmer nach muss fäerten, datt d'Finanzstabilitéit an Europa sech no ënne beweegt. An dat huet domatt ze dinn, datt déi Länner eben net richteg gewirtschaftet hunn. D'Absenz vu Wirtschaftsregierung oder vu koordinéierter Wirtschaftspolitik erkläert firwat datt si dat eigentlech konnte quasi ongestéiert maachen. Well d'Finanzmäert, déi berühmten, déi hu si jo och während 10 Joer gewäerde gelooss an net ofgestrooft. Well soss hätten d'Zënsen déi d'Italiener an d'Portugisen an d'Griiche bezuelt hunn jo wiesentlech méi héich musse sinn. Or déi si quasi mat engem einheitlechen Zënssaz trotz enger grousser Heterogenitéit, wat wirtschaftlech Fundamentaldaten an deenen eenzelne Länner ubelaangt, gefuer. D'Finanzmäert dréinen haut duerch a si waren ze vill roueg wéi se hätte sollen e bëssen opdréinen.

Jay Schiltz: Dat heescht d'Ratingagencen hätte besser gehat Griichenland virun 10 Joer zréckzestufen anstatt et elo ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt elo mol net esou séier d'Ratingagencë gemengt wéi d'Finanzmäert selwer. Wann ee Land, wat net richteg stabil ass, awer zu Zënssäz geléint kritt wéi déi Länner wéi mir a wéi Däitschland a wéi Holland déi zolitt opgestallt sinn, dann ass jo eppes net normal. D'Ratingagencen, déi hu souwisou keen normale Bléck fir normal Verhältnisser.

Jay Schiltz: Misst dann an Europa net awer endlech vläicht, an Europa an den Institutiounen d'Fro vun der politescher Responsabilitéit iergendwann gestallt ginn, diskutéiert ginn iwwert déi aktuell Situatioun?

Jean-Claude Juncker: Jo ech stelle fest, datt dee groussen och bal propagandisteschen Opwand mat deem Däitschland a Frankräich elo d'Wouerecht entdecken andeem si soe mir mussen eis Wirtschaftspolitike besser koordinéieren, mir musse méi mateneen, net nëmme schwätzen, mä schaffen, eigentlech als onbewossten Hannergedanke wahrscheinlech huet, fir vun deene Basis architektonesche Verfehlungen an Ënnerloossungen ofzelenken, déi haaptsächlech op den däitsche Konto ginn. An dann d'politesch Responsabilitéit ass natierlech engagéiert vun all deenen déi an de Regierungen an an de Parlamenter an an der Kommissioun waren, datt mir obscho mir et besser wossten net genuch gemaach hunn, fir datt déi Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik méi eescht géif geholl ginn. Ech wëll awer nu mol soen, wann een der Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik d'Wuert schwätzt, da muss ee jo wëssen, datt d'Land sech da muss op eng Espèce wirtschaftspoliteschen, europäeschen oder Euro Mainstream zoubewegen. A mir maache jo zanter Joren, ouni datt dat een duerchschloenden Effekt hat, Recommandatiounen, un déi eenzel Länner. An ech mierken och, datt zu Lëtzebuerg déi Recommandatiounen déi den Eurogrupp an d'Kommissioun do maachen, och net grouss Debatte bis elo ausgeléist huet. Zum Beispill steet do zanter Joren dran, mir missten un eisem Indexsystem eppes änneren. Dat hu mir och elo gemaach. Net nëmme well Europa dat an enger Währungsunioun muss vun eis verlaangen, mä och well dat gutt ass fir eis Economie. Mä mir kréien zanter Jore gesot mir missten eppes un eisem Pensiounswiesen änneren. Dat hëlt awer zu Lëtzebuerg keen esou intensiv zur Kenntnis. D'Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik, dat ass kee Spadséiergang, wou ee sech gutt ameséiert a wou et vill ze jicke gëtt lénks a riets vum Wee. Dat ass eppes, dat ass Buere vun décke Brieder.

Jay Schiltz: Dir hutt viru 14 Deeg an der Chamber gesot et géif drëm goen d'Vertraue vun de Mënschen an den Euro nees zréckzegewannen. Net vun de Finanzmäert. Ass do de "Wunsch Vater des Gedankens" oder wéi soll dat konkret goen? Spillt Dir do och un d'Duerstellung vun Europa géintiwwer vu senge Bierger un?

Jean-Claude Juncker: Ech, et ass mir villes duerch de Kapp gaange wéi ech déi zesummerafend Formel do gewielt hunn, well et mech och stéiert, éischtens, datt ëmmer dovu geschwat gëtt, et misst een d'Vertraue vun de Finanzmäert erëmkréien. Ech sinn domatt d'accord, datt een d'Vertraue vun de Finanzmäert muss erëmkréien, dat ass eng essentiell Bedingung fir datt erëm Rou akéiert. Mä ech halen awer zweetens et fir vill méi wichteg, datt een, wann een nach den Don vun der Observatioun sech erhalen huet, muss gesinn, datt ëmmer méi Mënschen an Europa, och heiheem, fannen, datt dee Wirtschaftssystem esou wéi e funktionéiert, an dee Wirtschaftssystem an deem mir liewen, eng Hellewull vun Ongerechtegkeeten produzéiert. Et ass esou eppes wéi eng richteg, fir et op däitsch ze soen, eng "Gerechtigkeitslücke" entstanen an där Gestalt datt vill Leit menge si missten d'Konsequenze vun der Kris droen a se och, déi Konsequenzen och bezuelen, datt anerer déi mat ursächlech dru Schold sinn, datt mir un den Ofgrond vun der Weltwirtschaft gerode sinn, nämlech déi Haaptacteuren op de Finanzmäert, de Finanzsecteur insgesamt, quasi esou virufiert, wéi wann en déi net gestiicht hätt, déi en do gestiicht huet. An dat féiert bei de Leit zu Reaktiounen déi systemesche Charakter och unhuelen. Aus der Wirtschafts- a Finanzkris ass eng Sozialkris erwuess, siehe déi héich Augmentatioun vun den Aarbechtslosenzuelen an aus deem ganze Bankekris, Finanzkris, Wirtschaftskris an onerhéiert Behuele vun eenzelne Finanzacteuren, ka sech eng systemesch Kris där Gestalt erginn, datt d'Leit sech an deem System wou mir liewen net méi zurechtfannen. Déi occupy Beweegungen ass een Deel vun der Expressioun vun deem Malaise deen op ville Plazen an der Welt festzestellen ass, obschonn een operativ aus deenen Iddiskonstrukter, déi déi occupy Bewegung vehiculéiert, u sech näischt ka Schlësseges ufänken, mä et bréngt awer zum Ausdrock, datt et ëmmer méi Leit gëtt déi mam System net méi d'accord sinn. An dofir soen ech jo, d'Vertraue vun de Finanzmäert muss een erëmgewannen, mä et muss een awer och d'Vertraue vun de Mënschen erëmgewannen. Well ouni Vertraue vun de Mënschen ass d'Vertraue vun de Finanzmäert net ganz vill wäert.

Jay Schiltz: Ass de System am gaang ze versoen géintiwwer ville Leit déi elo hir Aarbecht verléieren an an eng precaire Situatioun eragerode sinn?

Jean-Claude Juncker: Also Dir wësst aus ville Gespréicher, ob mir se ëmmer um Mikro gefouert hunn weess ech mol net méi, datt ech zanter dem Politikwiessel um europäesche Kontinent an de Joren 89 90 an 91 ëmmer virdru gewarnt hunn, fir ze mengen, well de Kommunismus bei der Däiwel gaangen ass wier de Beweis erbruecht, datt de Kapitalismus déi richteg Aart a Weis wier, fir d'Zesummeliewe vun de Mënschen ze organiséieren. An ech mengen déi Tendenze géint déi ech och gewarnt hunn, et deet mir leed, datt ech mir hei muss dauernd selwer Recht ginn, déi Tendenze wou ech virdru gewarnt hunn, eng iwwerdriwwe Flexibiliséierung ouni Bornes an ouni Gêne, Privatiséierung iwwerall als Allheilmëttel unzebidden, fir méi wirtschaftlech Efficacitéit erbäizeféieren, déi neoliberal Well déi quasi ouni Widdersproch all Beräicher vun der Gesellschaft an de leschten 20 Joer erfaasst huet, dat si Verirrungen, well dat ee Verstouss géint d'Kardinaldugende vun der sozialer Marktwirtschaft war. Ech hunn a ville Rieden, besonnesch an Däitschland ëmmer gesot, déi Reklammen déi déi däitsch Banke schalten wiere vum Béisen, an deene steet: "Lassen sie ihr Geld über Nacht arbeiten". Dat ass eng Deconsideratioun vun der Aarbecht. Well et muss ee selwer schaffe fir zu eppes ze kommen an net säi Geld schaffe loossen. Well wann ech, doduerch datt mäi Geld schafft, Sue verdéngen, dann ass een aneren deen déi Sue verléiert an dee ka sech dogéint wahrscheinlech guer net wieren. Dat heescht mir sinn an d'Ideologie vum einfachen a vum séiere Geld ofgerutscht. D'Staaten hunn dat gemaach, d'Firmen hunn dat gemaach, déi eenzel Bierger hunn dat och gemaach. Wann ech éierens méi Zënse kréie an et beschreift kee mir de Risiko deen ech domatt aginn, dann huelen ech dat. Also ech net, well ech hunn ee Spuerbuch an domatt huet d'Saach sech. Mä et ginn awer vill Leit, déi sinn dann awer och ugezu ginn vun deem séiere Geld. A mir hunn eis eigentlech an d'Hänn vun der Logik vun der Geldvermehrung ginn, an dat huet musse schief goen.

Jay Schiltz: Gitt Dir iergendwéi elo am Nachhinein, de Kritiker vum EU Verfassungsvertrag vu virun e puer Joer domatter indirekt Recht. Déi jo grad dat kritiséiert hunn, datt déi sozial Dimensioun deem Europa fehlt.

Jean-Claude Juncker: Jo, dat hunn ech selwer kritiséiert, datt d'sozial Dimensioun ënnermiwwléiert ass oder net genügend miwwléiert ass, mä dee Vertrag, dee Verfassungsvertrag, an och elo dee Lissabonvertrag, deen enthält am Géigesaz zu deem wat d'Kritiker soe jo keng inhaltlech Direktioun. Dee seet jo net, et muss spekuléiert ginn, et muss flexibiliséiert ginn, et muss hei an et muss do. Dee nennt eng Rei vu Grondprinzipien, dont dee vun der sozialer Maartwirtschaft. Et ass erstmaleg am Lissabonvertrag an de Vertrag komm, esou datt dat eigentlech inhaltlech, mat Ausnahm vun deene Grondfestleeungen, sozial Maartwirtschaft, Fräiheet an esou virun. Et ass een inhaltlech neutrale Vertrag mat deem Regierungen a Parlamenter maache wat d'politesch Majoritéiten dee Moment hierginn. Et ass jo erstaunlech, datt grad an enger Zäit wou esouwuel d'Kommissioun sozialistesch gefouert war wéi déi meescht Regierungen an Europa sozialistesch gefouert waren, déi Liberaliséierungswell do iwwert Europa geschwappt ass. Dat ass keng diabolesch Iddi vun Neokonservativen, dat war richteg selwer gemaach vun deenen déi eigentlech engem hätte sollen nolauschteren wann ee virun deene Fehlentwécklunge gewarnt huet.

Jay Schiltz: Wat haalt Dir eigentlech vun deem neie Begrëff Merkozy?

Jean-Claude Juncker: Deen inspiréiert mech net an déi zwee wahrscheinlech och net, well si wëssen, datt si guer net esou gutt enk zesumme passe wéi dat Wuertspill et do unhuelen deet.

Jay Schiltz: An engem Interview mam Journal déi lescht Woch, sot den Ausseminister Jean Asselborn, den Duo Sarkozy Merkel géif sech vun der gemeinschaftlecher Method ewechbewegen?

Jean-Claude Juncker: Jo net nëmmen deen Duo, dat maache vill Regierungen, well eben déi intergouvernemental Schinn gefuer gëtt, während mir klassesch Europäer eigentlech der Meenung sinn, et misst een déi sougenannte communautaire Method applizéieren. Ëmmer erëm, dat heescht, datt d'Kommissioun proposéiert, datt de Conseil vun de Ministeren mam Parlament co-decidéieren an datt dat virum europäesche Geriichtshaff kann op seng Richtegkeet hin, op seng legal Richtegkeet hin iwwerpréift ginn. Arrangementer nëmmen tëscht Regierungen, ouni déi noutwenneg parlamentaresch Kontroll, dat kann net dee Wee sinn, deen an eng begnadet Zukunft féiert an dofir ass eis Regierung gemeinsam mat der belscher a mat aneren och staark virstelleg ginn, fir sécherzestellen, datt alles dat wat mir elo an deem intergouvernementale Rayon do ofgemaach hunn, spéiderhin eng Kéier via Vertraagsännerung an de Gemeinschaftsvertrag, an domatt an deem seng Method, iwwergefouert gëtt.

Jay Schiltz: In wie weit gëtt europäesch Politik, egal a wéi engem Domaine, eigentlech vun innepoliteschen Iwwerleeunge beherrscht? Wéi Frankräich, Däitschland?

Jean-Claude Juncker: An net nëmmen déi. Ech stelle fest, als een deen dat Nolens volens muss vu ganz no verfolgen, och déi wirtschafts- a währungspolitesch Debatten an déi innepolitesch Debatten an deene verschiddene Länner, mir fält op, datt kee sech méi richteg genéiert fir déi innepolitesch Kaart do ze spille wou et eigentlech heiansdo besser wier et géing ee mat enger europäescher Landkaart hannert dem Steier sëtzen. Wann een d'innepolitesch Debatte gutt kennt, da mierkt een dat jo och an der Aart a Weis wéi sech ausgedréckt gëtt, an der Aart a Weis wéi thematiséiert gëtt, an der Aart a Weis wéi prioritiséiert gëtt. Do schläiche sech ëmmer Sätz an d'Rieden an, déi eigentlech d’Absicht verroden, an dat ass ganz oft d'direkt Konsequenz aus nationalen, och nationale parlamentareschen Debatten. Deem muss een net an deem Sënn widderstoen, datt ee keng national Interesse méi zu Bréissel kënnt vertrieden. Dofir ass eng Regierung ëmmer nach do, mä et däerf een déi net, déi national, net ëmmer iwwert déi europäesch Interesse setzen. Ech soen heiansdo, fir ze beschreiwe wéi ech dat gesinn, datt ech mech zu Bréissel massiv asetze fir Lëtzebuergesch Interessen, an zu Lëtzebuerg massiv asetze, fir europäesch Interessen. Dat bréngt mat sech, datt een zu Bréissel net ëmmer beléift ass, an et bréngt mat sech, datt et heiheem net ëmmer gutt verstane gëtt. Mä esou mengen ech misst Europa regéiert ginn, datt mir bei aller Ënnerschiddlechkeet d'Somme vun de Gemeinsamkeeten net méi grouss gi loossen.

Jay Schiltz: Bis Mäerz soll elo ee Spezialvertrag fir d'Stabiliséierung vum Euro ënnerschriwwe sinn an da gëtt alles gutt?

Jean-Claude Juncker: Nee ech gehéieren net zur naiver Kategorie vun Europapolitiker. Ee Vertrag léist keng Problemer. E schaaft Viraussetzungen, datt een d'Problemer vläicht méi richteg kann ugoen a méi séier a méi grëndlech kann léisen. Mä déi Virstellung déi Eenzelner do hunn, an och no bausse vermëttelen, datt et duergeet fir elo ee Vertrag ze stëmmen an da rëtscht dat Ganzt an déi richteg Richtung, dat ass eng Virstellung déi ech net hunn.

Jay Schiltz: Virun allem well et jo och schonn an engem anere Vertrag stoung.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt extrem wéineg nei Regelen an deem neie Vertrag. Et gëtt Präzisiounen déi een och hätt kënne wahrscheinlech am sougenannte Sekundarrecht, also an der Applikatioun vu bestehenden Traitéen erbäiféieren an do si Saachen dobäi, déi et verdénge mol eng Kéier zu 17 plus niddergeschriwwe ze ginn an eng solenell Rechtskraaft ze ginn. Mä d'Agéiere läit am Handelen, fir nach ee Pleonasmus hei ze placéieren.

Jay Schiltz: Zefriddenheet kléngt anescht. Wat hätt Dir Iech da gewënscht op deem Sommet?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn ni fonnt, datt bei aller Noutwennegkeet vu Vertragspräzisiounen déi et gëtt, dat Léisunge géif erbäiféieren. Ech war der Meenung, dat ass jo bekannt, datt ee méi zolitt Initiative soll a Richtung vun der Vergemeinschaftung vun den Euroscholden, Eurobonds genannt goen, déi d'ailleurs net zu engem selwechten Zënssaz iwwerall gefouert hätten. Déi däitsch Politik, wa si meng Iddi beschreift, dat ass net dat wat ech gemengt hunn. Dat féiert eis elo e bësse wäit. Ech war der Meenung, datt een de Rettungsschierm dee mir hunn, den EFSF, datt een deem eng Banklizenz hätt misse ginn. Ech sinn der Meenung, ech war ëmmer der Meenung, datt mir alleguer déi Decisiounen déi mir geholl hunn an de leschten 18 Méint, an di mir relativ séier geholl hunn, nach vill méi séier hätte missen huelen, fir de Finanzmäert e bëssen op de Virsprong ze kommen, an hu mech geiergert, un der och neier däitscher Zögerlechkeet, déi vu villen anere gedeelt gëtt. Mir hunn ze laang den Androck ginn, datt mir déi Kris net richteg verstanen hätten.

Jay Schiltz: D'Eurbonds, sinn déi elo definitiv vum Dësch oder behaalt Dir dat nach esou an der Hannerhand?

Jean-Claude Juncker: De Paragraphe 7 vun der Conclusioun vun dem europäesche Conseil vum 8. an 9. Dezember fuerdert den Här Barroso, den Här Van Rompuy a mech op, Propositiounen ze maachen, déi d'Eurobonds betreffen. Mä dat Wuert Eurobonds huet wéinst der ordnungspolitescher Häerzinfarktgefor an Däitschland net däerfen erwähnt ginn. Dat kënnt awer erëm, mä ech maache mir awer do keng Illusiounen.

Jay Schiltz: Dat musst Dir da bis Mëtt vum nächste Joer gemaach hunn, well da leeft Äert Mandat als Eurogruppechef of, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Mä dat kréie mir awer net bis Mëtt vum Joer hin, dat kann ech awer elo scho soen.

Jay Schiltz: Freet Dir Iech dann op deen Dag wou Dir net méi Eurogruppechef sidd?

Jean-Claude Juncker: Dat ass keng Saach vu Freed a vu Leed, dat ass eng Aarbecht déi muss gemaach ginn an déi muss vun engem gemaach ginn. An et huet de Kollegen ëmmer esou geschéngt, datt et gutt wär wa se géif vun engem gemaach ginn, deen eng länger Erfahrung huet an dee gläichzäiteg Premier ass, an dofir och am europäesche Conseil mat der Autoritéit vum Chef vun der Eurogrupp kann optrieden, wann et ëm geld- a wirtschaftspolitesch Festleeunge geet. Mir hunn um Niveau vum europäesche Conseil et opstoe gelooss ob de Chef vum Eurogrupp soll een Haaptamtleche sinn, wat meng Meenung ass, op Grond vun där Erfahrung vu 6 Joer déi ech hunn, oder ob een aus dem Krees vun de Finanzminister dat soll maachen. Dat kucke mir an der Mëtt vum Joer.

Jay Schiltz: Gutt loosse mir Europa da fir elo mol sinn. Ech hunn et an der Introduktioun gesot: 2011 war och ee Joer vun de Revolutiounen. Stéchwuert: arabescht Fréijoer. Mat Begeeschterung huet déi europäesch Politik déi Revolutioune begleet. Wéi déi éischt Flüchtlingswellen aus Nordafrika Europa dunn erreecht hunn, war déi Begeeschterung op eemol manner grouss, d'Festung Europa huet dichtgemaach. Här Staatsminister hunn déi Mënschen de Begrëff Fräiheet ze eescht geholl?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d'éischt mol soen, well Dir dat erwähnt hutt, datt déi Begeeschterung mat där an Europa déi sougenannten arabesch Fréijorsrevolutioun, déi awer matzen am Wanter lassgaange war, op eenzelne Plazen, datt déi Begeeschterung och doduerch entstanen ass, datt mir eist schlecht Gewësse wollte verdreiwen. Also ech staunen heiansdo iwwert d'Aart a Weis wéi eenzel europäesch Spëtzepolitiker elo iwwert hir gutt Frënn vu fréier schwätzen. An ech ka mech do un Szenen erënneren, déi an totaler Oppositioun vun deem rhetoresche Gemetzels stinn, wat ech elo heiansdo do héiren. Well mir hunn déi Regimer ënnerstëtzt, et ass jo net, datt déi sech op d'Vertraue vun hirem Vollek baséiert hunn. Déi hu sech ganz vill op d'Hëllef aus dem Westen gestützt. Insofern fannen ech, datt mir e bësse méi bescheide mol sollen an deem Zesummenhang optrieden.

Dat Zweet wat ech wëll soen, datt een natierlech net ka mengen, esou naiv däerf een net sinn, datt doduerch, datt elo déi Dictateuren fort sinn, sech Problemer einfach sortéieren. Kuckt mol wat an Ägypten elo lass ass. Mir hunn et begréisst als Europäer, datt d'Militärregime de Pouvoir geholl huet, dat war erstmaleg an der Weltgeschicht, datt d'Europäer gesot hunn, bravo, elo kommen d'Militär. Elo si se do, dat ass besser wéi de Mubarak, dat ginn ech zou, mä ech gesinn awer och elo, datt d'Ausernanersetzungsmethode mat Leit, déi protestéieren an déi revendiquéieren, sech awer net fundamental geännert hunn, an déi Perspektive, datt et Wahle gëtt, ass eng Perspektive déi d'Realitéit net verännert.

An dann, drëttens, sinn natierlech Flüchtlingsbewegungen entstanen an Dir sot dann: d'Festung Europa mécht zou. Mir wësse jo selwer, datt mir net all Misère vun der Welt, fir dem Här Rochas seng berühmte Formel ze zitéieren, hei an Europa kënnen ënnerbréngen, och net zu Lëtzebuerg. An ouni elo wëlle karitativ oder generéis ze wierken, soen ech, ech hunn all Sympathie fir déi Leit déi kommen, mä ech verstinn net ganz gutt, datt an engem Moment wou d'Regimer änneren, wou d'Mënscherechter den Duerchmarsch an Nordafrika prouwen, wou d'Liewensverhältnisser normalerweis misste besser ginn, wou méi Gerechtegkeet op deen Deel vum afrikanesche Kontinent kënnt, firwat datt da grad Leit fortlafen. Do hunn ech eigentlech Bedenke well ech mir soen, déi Leit, déi fortginn, wat ganz oft gutt ausgebilte Leit sinn, net nëmmen, mä awer ganz oft, déi hätte besser an deenen Länner ze bleiwen an ze hëllefen déi modern nei Demokratien do opzebauen. Also fir dee Flüchtlingsstroum aus Nordafrika hunn ech Sympathie wat deen Eenzelnen ubelaangt, mä wéineg Verständnis fir de Phenomen.

Jay Schiltz: Wéi vill Konfliktpotential gesitt Dir dann nach an deene Länner elo? Dir hutt Ägypten ugeschwat, an aneren rumouert et och. Frësst d'Revolutioun hir eege Kanner?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech begréissen et jo wann demokratesch Grondregelen iwwerall een Doheem fannen, dat ass jo an Nordafrika de Fall, dat ass an Deeler vum Noen Osten de Fall. Mä an ech hoffen, datt et och an anere Länner de Fall gëtt, mä déi Länner ginn awer mat sech selwer gutt eens wéi mir gemengt haten, datt si géife mat sech eens ginn, wa bis déi diktatorial Strukturen do verschwanne géifen. Ech maache mir bei engem Land manner Suerge wéi bei deenen aneren, dat ass Tunesien. Ech war am Dezember do, an ee vun de leschte Visiteure vum Här Ben Ali, muss ech soen. Deen huet dat net richteg iwwerlieft, an dat ass een aussergewéinlecht dichtegt Vollek mat engem héijen Ausbildungsgrad. An déi deemoleg Regierung, de Premier, deen huet mir och gesot, datt dat doten alles géif geschéien, well en einfach gesot huet, hei komme 40% vun de Leit déi vun den Universitéite kommen, déi kréie keng Aarbecht an di halen net méi laang stall. An et ass jo an deem Milieu och vun de Studenten, wou et haaptsächlech lassgaangen ass. Mä dat si gutt ausgebilte Leit, déi hunn ee vun deene beschte Bildungssystemer vun der Welt, besser wéi déi meeschte vun den Europäer, an dofir maachen ech mir do u sech manner Gedanke wéi an anere Länner, wéi Libyen zum Beispill, wat jo och ee Land ass, wa mir éierlech sinn, wat mir guer net richteg kennen, a wou mir net richteg wësse wéi d'Strukturen an där Gesellschaft verlafen, an ob si iwwerhaapt eng zivil Gesellschaft hunn, Tunesien huet eng.

Jay Schiltz: Gutt, d'Zäit leeft wéi ëmmer nees fort, dofir komme mir mol vläicht da séier och zréck op Lëtzebuerg, Här Staatsminister. Dir wollt bis Joresenn an der Tripartite Konsens hunn iwwert déi zukünfteg Marschroute wat d'Krisebekämpfung ugeet. Dës Kéier hunn d'Gewerkschafte Raute gewénkt an déi lescht Ronn platze gedoen. Ass d'Tripartite als Léisungsmechanismus elo definitiv um Enn ukomm, de Sozialdialog schwéier méiglech zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Also et ass jo net esou, datt d'lescht Joer an dëst Joer et fir d'éischt passéiert wier, d'lescht Joer fir d'éischt, dëst Joer fir d'zweet, datt d'Tripartite auserneegaangen ass, ouni Resultater. Dat war och an den 80er Joren de Fall, dat weess just kee méi. An de Joren 82 an 83 hu mussen Indexmodulatioune gemaach ginn, d'Tripartite huet sech dorop net verstännegt kritt, d'Regierung Werner, huet deemools eng Modulatioun virgeschloen, wou d'Gewerkschaften dogéint waren an déi dem Patronat net wäit genuch gaangen ass an et ass ee Generalstreik komm an um Enn vun den 80er Joren hu mir gesot, mir hätten awer alleguer zesummen d'Siderurgie gerett, dat ass jo déi Noromantiséierung déi mir zu Lëtzebuerg ëmmer fäerdeg bréngen. Dat ass also näischt esou Ongewéinleches. Trotzdem hätt ech mir gewënscht, datt mir elo wou Europa am Epizentrum vun enger globaler Kris sech befënnt, mir dann zu Lëtzebuerg awer dat Instrument géife méi verstänneg notzen wat mir hunn a wat aner Länner net hunn, dat vun der sozialer an der politescher Konzertéierung mat de Sozialpartner. Dat huet sech net gemaach an dofir huet d'Regierung mussen hir Decisiounen huelen, woufir si jo och do ass. Elo gëtt gemengt, elo geet d'Tripartitemodell eriwwer an de sozialen Dialog, dee géif net méi stattfannen. Dat gesinn ech net esou, och wann d'Tripartite d'Bronchite huet, däerf et net esou sinn, datt de sozialen Dialog den Erstéckungsdout erleit. Well mir brauchen de Sozialdialog zu Lëtzebuerg. D'Leit, déi an de Betriber schaffe, brauchen en, d'Betriber déi d'Previsibilitéit fir hiert zukünftegt Handele brauchen, brauchen dee sozialen Dialog och, d'Regierung brauch en, well d'Regierung an enger moderner Demokratie kann net alles alleng mam Parlament decidéieren. Et muss een eng organiséiert Soziallandschaft hunn, fir datt een d'Wirtschaft richteg ticke spiert an dofir probéiere mir mat deene Mëttelen, déi een zur Verfügung huet, de Sozialdialog nees ze reaniméieren.

Jay Schiltz: De Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, Yves Mersch, kritiséiert eemol méi iwwregens, datt néideg Reformen net ugepaakt ginn, net genuch gemaach gëtt, fir aus der Kris erauszekommen, datt mir zanter 2008 méi aarm gi sinn. Mir packen et nach e puer Joer, mä spéitstens no de Wahlen 2014 knuppt et, esou den Yves Mersch an engem RTL Interview. Huet de Mann Recht oder ?

Jean-Claude Juncker: Datt mir de wirtschaftlechen Niveau vum Joer 2008 nach ëmmer net erreecht hunn, dat hunn ech selwer, Chiffres à l'appui, an der Erklärung zur Lag am Abrëll duergeluecht. Dat ass eppes dat Leit ni richteg zur Kenntnis huelen, datt mir am Joer 2009 eng ganz grave Rezessioun zu Lëtzebuerg haten, an datt mir bruttoinlandproduktméisseg global a pro Kapp nach net esou gutt si, wéi mir am Ufank vum Joer 2008 waren. Dat hunn ech ëmmer erëm gesot, wa gesot ginn ass, et geet eis jo gutt, et komme méi Steieren eran, mir hu jo iwwerhaapt kee richtegen Defizit. Et ass jo ëmmer eng Beschreiwung, och am Gewerkschaftslager, och an Deeler vum politesche Lager iwwert eis reell Situatioun gemaach ginn, déi der reeller Situatioun net entsprach huet. An dofir huet den Här Mersch recht wann e seet, datt mir nach ëmmer net esou staark si wéi mir virun der Kris waren. Nun huet e seng Aussoen iwwert d'Strukturreform an esou, virun gemaach, ier mir eng Modulatioun vum Index decidéiert hunn, an der Regierung, dat huet en eis manifestement net zougetraut, soss hät en net esou hardi petit sech do zur Fënster erausgeluecht. Den Här Mersch, wéi d'Patronen och, hätte gären datt den Index géif ganz ofgeschaaft ginn, dat wëlle mir net, ech wëll dat net, ech wëll et wierklech net. Well d'Leit an deenen ënneschte Lounsegmenter, déi fale real, lounméisseg betruecht, total of, wann net eng periodesch Upassung vun hire Léin geschitt. A well dat net am Ganze muss geschéien, hu mir eben elo déi Modulatioun do proposéiert. A mat de Wahlen huet dat näischt ze dinn. Ech verstinn, datt den Här Mersch dat net versteet, well en huet sech nach ni enger Wahl gestallt.

Jay Schiltz: Mam Index nach eng Kéier, de gedeckelten Index, deen Dir jo mol eng Kéier als Iddi an de Raum gestallt hutt, steet deen elo definitiv net méi zur Diskussioun? A wann nee, firwat?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech mat där Iddi net duerchgesat kritt. D'Gewerkschafte wëlle keng Deckelung vum Index, bei 2 mol 2,5 mol 3 mol de Mindestloun. Ech hätt gären eng gehat, an der Kris, net als een definitiven Mechanismus, well ech et net ganz normal fannen an der Kris, datt de Mindestlounbezéier bei enger Indextranche 40 Euro bäikritt an datt aner Leit 400 500 Euro bäikréien. An eigentlech doduerch vun der Kris net vill matkréien. An ech hätt gär gehat, datt mir déi Suen, déi mir do agespuert hätten, dat war de Sënn an den Zweck vun där Propositioun, och géifen huele fir eng méi aktiv Aarbechtsmaartpolitik ze maachen an esou virun, an hu gesot, dat wieren net reng Gewënner fir Betriber gewiescht. D'sozialistesch Partei kann déi Iddi net matdroen, meng kann dat schonn an d'Gewerkschaften och net. Ech verstinn dat éierlech gesot net. Well wéi ech vill méi jonk war an op Gewerkschaftsmanifestatioune gaange sinn, well ech war an enger Gewerkschaft ier ech an enger Partei war, do hunn d'Delegéierten ëmmer quietschfidel all 2 Joer wa Kongress war vum LCGB oder vum OGBL d'Hand an d'Lut gehuewen wann ee gesot huet, den Index muss gedeckelt ginn. Haut kréien ech d'Fanger kal, well ech sinn deen eenzegen deen de Fanger nach an d'Lut hëft dobäi. Et ass e bësse gelungen, wéi dat esou geet am Liewen.

Jay Schiltz: De Chômage klëmmt, déi sozial Kohäsioun, gesitt Dir déi weider a Gefor? Dir hat jo mol eng Kéier an engem Regierungsbriefing, wann ech mech gutt erënneren, dorop opmierksam gemaach, datt déi Struktur a Gefor ass.

Jean-Claude Juncker: Jo mä ech hunn och bei der Erklärung zur Lag am Abrëll op déi onentdeckte sozial Problemer opmierksam gemaach, déi déi mir e bësse verstoppen. Fréierkennung vun Defizite bei Kanner an esou virun an esou fort. A mir hunn entgéint deem wat vill Organisatioune mengen, déi sech dahingehend geäussert hunn, dat wier alles déck Loft gewiescht an näischt derhannert, am Laf vum Joer, vum Mee un, Personal an deene schwierege Secteuren do bäigesat an hunn och am Budget fir d'nächst Joer ugefaangen op déi 350 Posten, déi mir brauchen, eis eropzeschrauwen, well mir wäit iwwer 70 supplementar nei Posten extra zu deem Zweck geschaaft hunn, well d'sozial Kohäsioun, déi gëtt net nëmme menacéiert duerch de Phenomen vum Chômage, se gëtt och ugedriwwen an hirer Zerbriechlechkeet mengen ech, doduerch datt mir vill zevill Kanner einfach ouni et mol direkt ze mierken, nieft der Strooss stoe loossen. Et kommen, all Joer verloossen 10% vun de Schoulofgänger d'Schoul, ouni eng Ausbildung ze hunn. Dat si Phenomener déi d'sozial Kohäsioun extrem zerbriechlech maachen an dofir maache mir och Bildungsreformen a mir maache Personalopstockung do wou se musse geschéien, fir dat a sengem Geforepotential ofgeschwächt ze kréien.

Jay Schiltz: D'Pensiounen an d'Rente sinn de Lëtzebuerger hiert léifstent Thema. D'Reform déi de Minister Di Bartolomeo virgeluecht huet, déi geet net duer, ech zitéieren nach eng Kéier de Cassandrariffer aus der Banque Centrale, den Här Mersch, dee gesot huet, et wier schonn domatter ze spéit. Do wiere mer och nees bei Ärer Rentemauer Här Staatsminister. Ass déi dann elo geréckelt a wa jo, wäit genuch ewech?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen déi Reform, déi de Kolleg Di Bartolomeo virgeluecht huet, ass eng déi de Phenomen vun der Mauer zur Kenntnis hëllt. Et ass déi éischt Reform déi zougëtt, datt eng Rentemauer kënnt. An déi Reform réckelt déi Rentemauer och no hannen, mä ech mengen je nodeem wéi d'wirtschaftlech Situatioun evoluéiert an den nächsten 20 Joer, muss een ëmmer erëm frësch iwwert Renten a Pensiounen diskutéieren. Dat ass een Thema wat net "une fois pour toutes" geregelt gëtt.

Jay Schiltz: Den 1. Februar verléisst de Jeannot Krecké Är Regierung. Kënnt Dir déi Decisioun novollzéien?

Jean-Claude Juncker: Ech bedaueren dat, datt de Jeannot Krecké net Minister wëllt bleiwen, well et war ee Minister mat deem ech vertrauensvoll a gutt zesummegeschafft hunn, schonn ier e Minister war, wéi en Deputéierte war. Et ass ee Verloscht deen ech net gären hunn, mä seng perséinlech Beweeggrënn, well e jo gesot huet et wiere keng politesch Grënn, déi verdéngen eigentlech keng ëffentlech Kommentéierung, well ech eigentlech jiddwerengem d'Recht zougesti fir säi Liewenswee déi Decisiounen ze huelen déi him agestinn. Déi mussen deenen anere Leit net och nach onbedéngt aliichten.

Jay Schiltz: Säi Successeur, den Etienne Schneider, ee gudde Successeur fir den Här Krecké?

Jean-Claude Juncker: Dee Mann ass an der Rei.

Jay Schiltz: Et gouf jo och mol iwwert eng Neibesetzung ënner CSV Ministere spekuléiert. Sinn dat weiderhi Spekulatiounen oder ass och eppes bei de Chrëschtlech sozialen am Bësch?

Jean-Claude Juncker: Do ass näischt am Bësch.

Jay Schiltz: Gutt, lues awer sécher sinn, oder komme mir dann zum Enn vun dësem Interview, Här Staatsminister, hutt Dir Angscht ëm Lëtzebuerg an ëm seng Zukunft?

Jean-Claude Juncker: Angscht am Sënn, datt ech un allem géif zweiwele wat mir hunn, an net géif gesi wat ee ka maachen, hunn ech net. Mir sinn ee Land wat grouss Energien eigentlech ka fräileeën, wann et gefuerdert gëtt, an dofir mengen ech ëmmer, datt mir dat alles packen. Mä Ängstlechkeet hunn ech schonn heiansdo, well ech observéieren, datt zu Lëtzebuerg gelungenerweis, ech kenne keen anert Land wou dat esou ass, eigentlech esou gemaach gëtt wéi wa keng Kris do wier, wéi wann déi Kris laanscht eis géif goen, déi geet net laanscht eis. Wësst Dir wann de ganze Finanzsecteur weltwäit an der Kris ass, datt dann ee Land wat an engem grousse Mooss vu sengem eegene Finanzsecteur lieft, mengt, dat géif eis alles net betreffen, dat ass eng Beobachtung déi mech ängschtlech mécht. D'Leit verstinn net firwat datt ee muss spueren a firwat datt ee muss reforméieren a firwat datt ee muss d'Saachen ëmdréinen, well vill Leit einfach net zur Kenntnis huelen, datt Lëtzebuerg mat an deem Epizentrum vu weltwäiter globaler Erausfuerderung steet. An dann huet een och Ängstlechkeet heiansdo well een net weess, ob dat wat ee mécht eigentlech richteg ass. Wësst Dir, ech maachen ëmmer esou wéi wann ech dat alles géif richteg gesinn, mä ech froe mech awer heiansdo selwer ob ech alles richteg gesinn an dat mécht keng Angscht, mä awer eng kleng Ängstlechkeet schonn. Mä dat hätt ech vläicht net solle soen.

Jay Schiltz: Well ech déi lescht Fro als éischt gestallt hunn, stellen ech Iech déi éischt zum Schluss. Här Staatsminister wéi geet et Iech eigentlech perséinlech no deem ustrengende Joer? Beneit Dir net awer heemlech e wéineg den Här Krecké, deen elo ka soen, dat war et?

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir Politik, besonnesch am responsabele Regierungsamt, dat ass jo net vergnügungssteuerpflichteg. Mä et forcéiert jo u sech kee mech dat ze maachen. Ech maachen dat och net ëmmer gär, mä esou laang wéi een esouvill Leit huet déi engem hiert Vertraue schenken an déi op ee setzen an déi soen, maach dat nach, esou laang fillt ee sech och net fräi fir eppes anescht ze maachen. Vertraue kréien ass schwéier, Vertrauen behalen ass nach méi schwéier. Vertraue verroden däerf een net.

Jay Schiltz: Bon, de Sondagen no hutt Dir jo op deem Domaine hei zu Lëtzebuerg d'Vertrauen jo.

Jean-Claude Juncker: Dir wësst, datt ech déi Sondagen net allzevill eescht huelen, mä meng Wahlresultater vun de leschte 15 Joer hunn awer gewisen, datt un deene Sondagen eppes, wat mech ubelaangt, muss dru sinn. Mä et ass awer net dat wat ech mat Vertrauen esou mengen. Dat si méi déi alldeeglech perséinlech Erliefnesser déi ech hunn. Et gëtt jo an der Strooss, well mir beweegen eis jo hei normal, och Leit déi mir Frechheete maachen, dat ass awer relativ selten, ech maachen der dann och zréck, ouni datt ech do wéi de Sarkozy do mat de Leit ëmsprangen, mä ech begéinen all Dag esouvill Leit déi mir Merci soen, déi soen, Dir maacht dat gutt a gitt net op Bréissel, maacht dat hei viru. A mir si frou, datt mir Iech hunn. Et ass mir e bësse penibel fir Iech dat ze soen, well dat héieren ech op Ärem Radio jo ni. Dat deet gutt an dat mécht engem och Courage fir virunzefueren. Jo dat mengen ech mam Vertrauen. Dat direkt Vertraue wat een erlieft.

Jay Schiltz: D'Hoffnung stierft bekanntlech zulescht, esou seet ee mol ëmmer, esou datt ech unhuelen, datt och Dir, Här Staatsminister, voller Hoffnung, wann och vläicht e wéineg gedréckt, an dat neit Joer eragitt. Wat wënscht Dir Iech, dem Land, Europa an der Welt?

Jean-Claude Juncker: Ech weess, datt dat Joer 2012 net méi liicht gëtt wéi d'Joer 2011. ech wënschen eis alleguer deen néidegen Duerchbléck an deen néidege Wäitbléck fir den noutwennege Courage opzebréngen, dee mir brauche fir eng Politik zesummen ze gestalten déi eist Land op stabile Been stoe léisst.

Jay Schiltz: Gutt, dat wier et da gewiescht fir dës lescht Emissioun „riicht eraus“ vun dësem Joer. Här Staatsminister Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Merci Iech och.

Jay Schiltz: Déi éischt Emissioun "riicht eraus" am neie Joer ass haut aacht Deeg, bis dohinner ee gudde Rutsch, an deenen trotz alle widderegen Viraussetzungen: ee glécklecht neit Joer.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact