Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2012 > Jean Asselborn au sujet de l’Iran

Interview
Jean Asselborn au sujet de l’Iran
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 02-01-2012

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: Wann ee mat den Ausseministere aus de Golfstaaten schwätzt, da geet do keen carrément géint d’Intérêtë vum Iran. Mä jiddweree weess iewer, a jiddweree léisst dat och verlauden, datt eng gewëssen Angscht do ass.

Dir gesitt elo d’Amerikaner déi rüsten op, a si hëllefen oprüsten a Saudi-Arabien, hëllefen oprüsten och an de Vereenten Emiraten. Dat ass ee Fait, deen ee muss gesinn.

En anere Fait ass deen, datt et an der Golfregioun Länner gëtt, déi op zwou Säite spillen. Et ass also net eng komplett Solidaritéit ënnert hinnen.

Dir wësst och, datt den Iran versicht, no deem den Iran riskéiert Syrien als Alliéierten ze verléieren, aner Länner ze gewannen an där Regioun, fir ebe virun allem d’Intérêtë vun de Schiiten, vun de persesche Schiiten, wann ech esou dierf soen, virunzebréngen.

Militäresch intervenéieren am Iran wier eng Katastroph. Éischtens emol géif ee menger Meenung no den iraneschen Nuklearprogramm net zerstéiert kréien. An zweetens, wann ee bedenkt wat sech do géif staue vun Agressivitéit, dat wier schonn eppes, wou ee grouss Bedenken an och grouss Angscht, muss hunn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact