|
Frank Goetz: Datt den Iran d’Muskele spille léisst, ass net nei. Quasi um Boucle goufen haut op der iranescher Tële e sëlleche Rakéitentester gewisen, wat och e Beweis ass fir eng grouss Nervositéit an der Regioun.
Jean Asselborn: Mëttelstreckerakéite sinn ofgeschoss ginn. D’Iraner soen, dat wier e Manoeuver. Et muss een extrem besuergt sinn, dat stëmmt. Et riskéiert eng wirtschaftlech Flambée vun de Pëtrolspräisser ze ginn. Virun allem iewer, wann een e wéineg d’Golfstaate kennt an der ganzer Regioun em den Iran, sinn dës Staaten extrem veronséchert.
Frank Goetz: Fakt ass, datt den Iran mat senge Waffen, a mat sengem Atomprogramm Stäerkt demonstréiere wëll, mat um Enn wuel engem groussen Zil.
Jean Asselborn: Mir wëssen – an de Verdacht ass praktesch eng Realitéit – datt se eppes am Viséier hunn, dat ass d’Atombomm.
Frank Goetz: Schäerfen deet dat Ganzt natierlech virun allem de Sträit tëscht Teheran a Washington, Spannungen, déi aktuell an engem ganz riskante Beräich ukomm sinn. Gutt een Drëttel vum weltwäite Uelegschëffsverkéier muss duerch déi sougenannte Strooss vun Hormus, strategesch also vu ganz grousser Bedeitung, esou datt zimlech kloer ass, wann den Iran als Reaktioun op US-Sanktioune wierklech géing versichen dëse Passage ze blockéieren, d’USA dat net akzeptéiere kënnen. D’Fro ass, ob den Iran et sech iwwerhaapt leeschte kann eng militäresch Reaktioun bei den Amerikaner ze provozéieren.
Jean Asselborn: 50% vun de Recette vum Iran komme vun der Pëtrolsproduktioun, mä et geet jo net duer Pëtrol ze hunn, et muss een de Pëtrol och verkaaft kréien. Den Iran huet schonn e grousse Problem, nämlech datt den Iran de Pëtrol eigentlech net veraarbecht. De Pëtrol gëtt aus dem Buedem geholl, an e gëtt an d’Welt geschéckt. A wann d’Strooss [vun Hormus] zou ass, sinn natierlech och 50% vun de Ressourcen, déi den Iran huet, fort.
Frank Goetz: Vill hänkt och elo dovun of, wéi den Iran, a virun allem seng Finanzen a Wirtschaft, op den Drock vun den US- an EU-Sanktioune reagéiert.
|