|
Romain Schneider: Mir hunn dem Promoteur un d’Häerz geluecht, hien invitéiert nach eng Kéier d’Dimensioune vun där kommerzieller Infrastruktur ze iwwerdenken. De Promoteur war domat d’accord, dat eng Kéier ze kucke fir déi Surfacen ze reduzéieren, an eis dann en neie Projet ze ënnerbreeden.
Jean-Claude Wolff: Gëtt et do och elo eng Zäitschinn? Kann een dat schonn ofschätzen?
Romain Schneider: Dat do war elo haut den éischte Kontakt dee mir haten. Wéi gesot, mir wäerten elo en nächsten hu mat de Gemengeverantwortlechen, an da muss ee selbstverständlech, an deenen nächste Woche wäert een dorop zréckkommen, wann een déi nei Pläng wäert kréien. Den neie Projet, deen, wéi ech ëmmer gesot hunn, en ofgespeckte Projet da wäert sinn, an dee mengen och deem Rechnung dréit wat engersäits d’Chamber gefrot huet, an dat wat virun allem och säitens vun de Bierger vun der Gemeng Réiser ëmmer gefrot gouf.
|