Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2012 > Romain Schneider, invité de l'émission "Sportclub"

Interview
Romain Schneider, invité de l'émission "Sportclub"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 13-01-2012

Vers le niveau supérieur
Christiane Kremer: An domat ass et dann och Zäit fir de Radio-Sportclub.

Nom Johan Bruyneel de leschte Freideg, ass haut de Sportsminister Romain Schneider bei eis op Besuch, an och de Franky ass do. Gudde Mëtteg.

Franky Hippert: Salut Christiane.

Christiane Kremer: Et ass quasi d’Halschent vun der Mandatsperiod vum Sportsminister Romain Schneider. Wat hien no 2 Joer schonn Opweises huet a wat hie sech fir 2012 virgeholl huet, sinn ënner anerem eis Froen.

Franky Hippert: 2012 ass am Sport onmoosseg vill lass. Olympesch Spiller zu London, Cyclissem mat der lëtzebuerger Équipe, an als Héichpunkt den Tour de France. Futtball-Europameeschterschaft, an esou weider an esou fort.

Christiane Kremer: Gëtt de Sport hei zu Lëtzebuerg genuch ënnerstëtzt?

Franky Hippert: Dat sinn ënner anerem d’Sujete vun der nächster halwer Stonn. Gudde Mëtteg dem Sportsminister Romain Schneider.

Romain Schneider: Gudde Mëtteg.

Franky Hippert: Romain Schneider, wat hutt Dir Iech als Sportsminister fir 2012 virgeholl?

Romain Schneider: Ech mengen, Dir hutt zu Recht gesot, datt eng ganz Rei vu Manifestatioune sinn, déi dëst Joer wäerte stattfannen. An ech mengen, dat ass ganz kloer, datt een déi och vun no muss verfollegen, virun allem déi Performancë vun eise lëtzebuerger Athleten.

Doniewent mengen ech, soll een awer och viru schaffen, an net nëmme wat d’Evenementer ubetrëfft, mä selwer och eng Rei vu Projeten op de Wee stellen.

An ech mengen, éischtens ass et esou, datt mir dee groussen nationalen Aktiounsplang "Gesond iessen, méi bewegen" wëllen e Suivi dovu ginn, datt mir deen an der Praxis wëllen eriwwer ginn.

Doniewent mengen ech och, ass et wichteg, datt mir endlech och zum Schluss kommen, wou mir laang diskutéieren, gutt amgaange sinn ze diskutéieren, iwwer d’Reform vun der Trainerformatioun, dat ass fir mech e ganz wichtege Punkt, genee esou gutt wéi mir amgaange si mam COSL iwwer e Sportkonzept hei zu Lëtzebuerg ze diskutéieren, a mat ze élaboréieren.

An da virun allem och ee wichtege Projet, deen d’lescht Joer op den Instanzewee goung, dee vum Sportlycée, wou den Avant-projet de loi elo an der Chamber ass, am Staatsrot ass, a wa mir en erëmkréien och votéiert soll ginn. Ee Projet, dee vun der Educatioun erstallt gouf, an Zesummenaarbecht mam Sportministère, ech mengen e ganz wichtegen och fir d’lëtzebuerger Sportswelt, verbonnen och mat den Infrastrukturen, déi jo do drun hänken, an déi och ugefaangen hunn.

An dann, selbstverständlech eng ganz Rei vun aneren Infrastrukturprojeten, sief dat d’Élaboratioun vum 10. 5-Joeresplang, sief dat spezifesch punktuell Infrastrukturprojeten.

Christiane Kremer: Elo seet een ëmmer, de Sport wier déi schéinsten Niewesaach vun der Welt. Wann ech Iech esou nolauschteren, ass et awer eng kräfteg Haaptsaach?

Romain Schneider: Jo, ech mengen, richteg, ech gesinn et och esou, datt de Sport eigentlech, a mir komme vläicht herno nach drop zréck, et muss ee vill méi, mengen ech, de Wäert vum Sport och opliewe loossen, esouwuel fir eis Gesellschaft, wéi och, an ech mengen, dat ass deen zweete Volet, dee wirtschaftleche Wäert. Ech mengen, et ass dat eppes, wat och dobaussen, all déi déi am Sport schaffen, wat mir eng Kéier mussen der Gesellschaft eriwwerginn.

Franky Hippert: Dir hutt elo vum Sportkonzept geschwat, wou Dir amgaange sidd mam COSL. Wat soll ee sech dorënner virstelle kënnen?

Romain Schneider: Ech mengen, et ass esou, datt de Moment den COSL amgaangen ass e Sportkonzept ze élaboréieren, an dat an der Zesummenaarbecht mat eis. Ech mengen, den COSL wäert dat do och presentéieren. An ech mengen, et sollt een och da gespaant sinn, wat do eraus kënnt. Ech menge schonn, datt et eent ass dat an d’Zukunft ass, wou een engersäits och wierklech d’Ausriichtung gesäit, wéi hei zu Lëtzebuerg sech de Sport virgestallt gëtt. An ech mengen, et sinn och Modeller, déi een aus dem Ausland kann opgräife fir ze kucken, wéi mir da konkret kënne virukommen.

Franky Hippert: Wat sinn dann elo déi Projeten aus deenen zwee leschte Joeren, wou Dir géift soen, dat sinn déi wichtegst, datt mir déi realiséiert hunn?

Romain Schneider: Also, ee vun deene wichtegen hat ech am Ufank gesot, dat ass deen, datt mir virukomm sinn am Gesetz iwwer de Sportlycée, datt mir endlech do eng legal Basis hu fir eppes, wat zënter Joeren an der Praxis exzellent fonctionnéiert, wou ganz gutt Resultater do sinn. Mä och doniewent, mengen ech, de Suivi fir all d’Schüler, awer och virun allem de Kontakt mat de Federatiounen exzellent ass, datt een dee kann op eng gesetzlech Basis setzen. D’Infrastrukturen déi mir do brauchen. Mir hunn ugefaangen do déi néideg Schoulgebaier opzeriichten, déi zweet an drëtt Phas wäerte mir Internat a Sportshal dann hannendrun hänken.

An da virun allem och, mengen ech, datt mir ganz vill geschafft hunn an deene leschte Joeren, an elo och dee "Gesond iessen, méi bewegen" Plang, wou jo en éischten do war, ausgedehnt hunn, an eigentlech deen als en nationale Plang élaboréiert hunn, wou all d’Ministèrë mat bedeelegt sinn. Dofir mengen ech, deem wichtege Fléau vun der Obesitéit, awer och de Mangel u Bewegung vun eiser ganzer Bevëlkerung, ech soen ëmmer vun 0 bis 99, am Prinzip Rechnung ze droen. An hei mengen ech, dëse Plang ass een dee wierklech an de 6 Achsen, wou een alles erëmfënnt, a wann do e gudden Deel nëmmen ëmgesat gëtt, da mengen ech, dann hätte mir fir de Sport u sech ganz vill geleescht, well dee geet an all Souchë vum Sport, dee geet hi vum Breedesport iwwer, dat heescht Sport loisir, iwwer de Clubësport, iwwer den Elitesport. Also hei ass wierklech eng ganz Basis deen een hei erëmfënnt.

Christiane Kremer: Mä hutt Dir do schonn e bësse konkret awer och Resultater? Spiert een um Terrain, datt d’Leit och sensibel sinn op dee Sujet, op deen Dir se wëllt uschwätzen?

Romain Schneider: Ech mengen, jo, wa mir déi éischt Aktiounen huelen, déi an deem Kader och gemaach goufen, déi Aktioune "Meter fir Meter", déi jo och meeschtens an Zesummenaarbecht mat Iech gelaf sinn, war eigentlech de Feedback exzellent. Et huet ee gesinn, datt ganz vill Leit do drop gespronge sinn, awer och virun allem duerno dobäi bliwwe sinn an deene 4 Disziplinnen, kann ee soen, déi mir do ugeleiert hunn, mat "Meter fir Meter", esouwuel goen, wéi lafen, wéi Vëlo fueren, wéi schwammen.

Engersäits si ganz vill Leit, déi doduerch motivéiert goufen erëm esou eng Sportaart ze maachen, an op där anerer Säit awer virun allem och Bewegung a sech erëm eng Kéier gouf opgelieft, et ass driwwer nogeduecht ginn. An ech mengen, dat sinn éischt Resultater, déi ee gesäit. Mä mir mussen nach verdéiwen, well et sinn nach aner Souchen, déi ee muss uschneiden, fir och effektiv virunzekommen.

Franky Hippert: Huet de Sportsminister, an de Ministère, genuch finanziell Mëttele fir alles dat ëmzesetzen, wat en am Fong geholl wéilt?

Romain Schneider: Ech mengen, et kann een ni soen, datt ee genuch Mëttelen huet, mä ech mengen, et muss ee kucken, datt een déi Mëttelen déi een huet, datt een déi richteg asetzt.

Ech mengen, de Sportministère huet e Budget vu 36 Milliounen, wann ech alles huelen. Do ass en Deel wat a Kapital geet, dat heescht, an Infrastrukturen, vu Subsiden déi mir ginn, Infrastrukturen déi opgeriicht ginn, gréisstendeels vu Gemengen oder Syndikater vu Gemengen, an anerendeels sinn et da virun allem déi esou genannten Dépenses courantes, déi mir ginn un de Sport hei zu Lëtzebuerg, sief dat iwwer Form vu Subsiden, oder sief dat iwwer Form vu finanziellen Hëllefen, respektiv Aktiounen déi mir starten, ass et eng Zomm, déi sécher kéint méi grouss sinn. Dat ass evident.

Mä et muss een och ëmmer, mengen ech, et upassen der Zäit no. An ech muss soen, datt bei de Verhandlungen déi mir haten, och fir de Budget 2012, mir ëmmer en oppent Ouer haten, esouwuel beim Finanzminister, wéi och bei der ganzer Regierung, fir dem Sport dee Wäert ze ginn, deen en eigentlech verdéngt.

A mat Sécherheet, wa mir an Zukunft och dat fäerdegbréngen, wat ech am Ufank gesot hunn, och de Wäert vum Sport eng Kéier par rapport zum Mehrwäert, wat de wirtschaftleche Gewënn eigentlech ubréngt, eriwwer ze bréngen, ech mengen dann ass et och d’Méiglechkeet nach méi kënnen ze investéieren an dëse Volet.

Christiane Kremer: Profitéiert Dir e bëssen och dovun, datt awer lëtzebuerger Sportler entretemps eng wichteg Roll spillen, och international? Bréngt dat dem Sport och eppes Positives, och am Bléck op Sportsministère, oder op d’Finanzen?

Romain Schneider: Also, ech mengen, et ass ëmmer gutt wann dobaussen e positiven Image ass do vu Lëtzebuerg. An ech mengen, eis Sportler déi op Weltniveau gréisstendeels a ville Sportaarten aktiv sinn, sinn déi bescht Ambassadricen an Ambassadeure fir eis. A sécher ass dann d’Positioun och méi einfach fir kënne Suen ze investéieren, wou dann och e Rendement do ass, deen een direkt, oder indirekt gesäit. Mä wat virun allem och, mengen ech, eng Zomm ass déi da richteg investéiert ass.

Franky Hippert: Am Spëtzesport do huet een awer heiansdo d’Impressioun, wéi wann déi bescht lëtzebuerger Sportler net ëmmer déi beschtméiglech Ënnerstëtzung vun den ëffentlechen Instanze géife kréien. Ass deen Androck richteg?

Romain Schneider: Bon, ech weess elo net, ob et konkret Beispiller dofir ginn. Ech [gëtt ënnerbrach]

Franky Hippert: Zum Beispill bei der Judoka Marie Müller huet se missen ouni Trainer bei internationale Kompetitiounen untrieden, well do einfach finanziell Mëttele sinn, déi gefeelt hunn. Oder ass dat méi spezifesch op Sportaarte bezunn, wou dann einfach vläicht déi feelen? Wéi gesitt Dir dee Problem?

Romain Schneider: Ech mengen, datt mir hei zu Lëtzebuerg probéieren, wa mir Talenter hunn, datt mir déi kucken esou vill wéi méiglech ze förderen, sief dat de Sportministère selwer, sief dat den COSL och duerch eng Rei vu Méiglechkeeten, an datt ee probéiert dat Optimaalt erauszeschloen.

Ech mengen, mir hunn eng ganz Rei vu Sportler, déi mir elo net brauchen unzeschwätzen, déi déi Profi selwer sinn. Ech mengen, do ass d’Ënnerstëtzung do, do si mir eigentlech schonn op deem Niveau fir eigentlech d’Ënnerstëtzungen zum Deel kënnen [ondäitlech].

Mä all déi aner mengen ech schonn, datt mir hei eng ganz gutt Ënnerstëtzung hunn, och virun allem Konzepter déi erstallt goufe mat de Federatiounen, an awer och doniewent eenzel Sportler déi kënnen ënnerstëtzt ginn.

Bon, ech menge schonn, datt mir hei op deem richtege Wee sinn. An datt eigentlech och, wéi mir viraus gesot hunn, d’Resultater weisen, datt déi Ënnerstëtzung awer do ass. Punktuell ginn et mat Sécherheet ëmmer Problemer déi bestinn, mä déi muss een dann ebe kucke punktuell och ze léisen.

Franky Hippert: Jo, zum Beispill an Équipësportaarten, wou déi da kënnen eréischt um Dag selwer vun enger Weltmeeschterschaftsqualifikatioun untrieden am Ausland, oder ureesen.

Romain Schneider: Jo, ech mengen, hei spillt deen anere Volet mat, dat ass dee vun der Autonomie vun de Federatiounen. Ech mengen, do halen ech mech eraus, do ass et un de Federatioune selbstverständlech hir Kompetitiounen ze organiséieren, esou wéi si dat richteg mengen. An ech mengen, dat maache se jo och gréisstendeels gutt.

Bon, wéi gesot, iwwerall kann et sécher zu, soll ech emol soen, onglécklechen Entscheedunge vläicht kommen, déi een im Nachhinein awer mengen ech, si sécher awer och intern eng Kéier wäerten diskutéieren, fir et d’nächst Kéier da vläicht besser ze maachen.

Franky Hippert: Dann en anere Phänomen hei zu Lëtzebuerg. Vill Federatioune ginn hirem Nationaltrainer e Kontrakt op onbegrenzten Zäit. Do ass zanter 2006 d’Gesetz jo awer geännert ginn, datt d’Federatiounen dat am Fong geholl net misste maachen.

Romain Schneider: Dat ass richteg. An och erëm hei eng Kéier, ech mengen och hei ass et d’Autonomie vun de Federatiounen, déi selbstverständlech kënne bestëmme wat fir eng Zort vu Kontrakt, datt si hiren Trainer ginn, ob se hinnen en CDD ginn, ob se hinnen en CDI ginn. An ech mengen, dat ass hinne fräigestallt.

Et gëtt ëmmer erëm awer, esouwuel vun eis, wéi och vum COSL, ëmmer erëm d’Federatiounen drop higewisen, datt d’Méiglechkeet vun engem Contrat à durée déterminée ginn ass.

Bon, et muss een dann de Choix huelen, ob een dat do mécht, well et ass jo ganz dacks d’Contrainten déi, datt wann een en déterminé Kontrakt mécht, natierlech och net ëmmer esou einfach déi betreffend qualifizéiert Persoun ze fannen, well eng Persoun sech och ëmmer éischter engagéier, wa se längerfristeg ka gebonne ginn. Dofir mengen ech ass de Choix hei Cas fir Cas ze huelen.

Mä ech mengen, d’Méiglechkeet ass do, wéi Dir et richteg sot, datt ee befristet Kontrakter ka maachen, awer och selbstverständlech onbefristet Kontrakter kann ofschléissen.

Christiane Kremer: Gläich 10 Minutte bis zwou. Den Invité am Radio-Sportclub ass de Sportsminister Romain Schneider. Elo kënnt genee déi Rubrik: "Emol éierlech".

Dräi Froen, mir wëlle just als Äntwert Jo oder Neen.

Franky Hippert: De Velodrom kënnt eng Kéier op Munneref?

Romain Schneider: Jo.

Franky Hippert: De Sportsminister Romain Schneider këmmert sech méi ëm de Cyclissem, an de Futtball wéi ëm déi aner Sportaarten?

Romain Schneider: Neen.

Franky Hippert: D’Regierungsmembere si bei grousse Sportsevenementer gär an der éischter Rei, loossen de Sportsminister Romain Schneider fir de Rescht awer relativ alleng wat d’Ënnerstëtzung ugeet?

Romain Schneider: Neen.

Christiane Kremer: En huet ëmmer direkt séier geäntwert. De Velodrom kënnt eng Kéier op Munneref, jo, ass dat sécher? Ech mengen, dorop waart d’ganzt Land eng Kéier eng Äntwert ze kréien?

Romain Schneider: Bon, ech mengen, d’Fro wéi se elo gestallt gëtt, ass jo eng Fro de Moment, an esou wéi ech de Moment den Dossier gesinn, ass et esou, datt mir jo Ufank der Woch eng Entrevue hate mat de Responsabele vun der Gemeng Mondorf, an déi Punkten déi mir gesicht hunn, déi mir jo och gefrot haten, éischtens hu mir en Terrain, zweetens hu mir eng Gemeng déi prett ass dee Velodrom och opzehuelen, déi kann ee mat Jo beäntweren.

Hannendru mengen ech, sinn eng ganz Rei vun Aufgaben ze maachen. An dat ass jo e Wee, deen an deene nächste Méint, an deene nächste Joere wäert lafen. Mä de Moment, zur ablécklecher Situatioun hunn ech Jo gesot, well dat do, och de Moment deen eenzege Site ass dee mir amgaange sinn ze kucken, an och deen eenzege Kontakt dee mir hunn.

Christiane Kremer: De Sportsminister këmmert sech ëm de Cyclissem a Futtball méi wéi ëm aner Sportaarten? Neen, ass kloer an däitlech, obwuel et si jo e bëssen – op d’mannst de Cyclissem – esou d’Aushängeschëlder?

Romain Schneider: Jo, ech mengen, dat ass richteg. Mä ech mengen, wie mech gesäit, an och, ech mengen, dat kënnt Dir och jiddwereen – d’Federatiounen, déi eenzel Veräiner, kucken, déi eenzel Sportaarte kucken – ech mengen, ech probéieren esou vill wéi méiglech iwwerall ze sinn. Ech probéieren och an deene 5 Joer iwwerall präsent ze sinn. An ech mengen, ech war op villen Evenementer, éischtens op Sportaarten, an esou genannten aner “Sportaarten�? wéi elo déi, déi zitéiert goufen, fir effektiv do präsent ze sinn, well ech nach ëmmer der Meenung sinn, datt wann een an der Praxis Sportaarte gesäit, respektiv och Kontakt mat de Sportler, awer virun allem och mat de Responsabele kritt, da gesäit ee ganz vill Problemer an da kann ee se och léisen.

Christiane Kremer: Et ass net, datt Äert Häerz méi fir de Futtball schléit als fréiere Futtballspiller?

Romain Schneider: Do wëll ech jo net Nee soen, ech mengen, et ass ganz kloer, datt Futtball eppes ass, wou ech grouss gi sinn domat. An ech mengen, et ass ganz kloer, datt ech nach ëmmer de Futtball ganz gären hunn.

Mä ech muss awer soen, datt ech an der leschter Zäit eng ganz Rei vu flotte Sportaarte gesinn hunn, déi ech ni virdrun esou gesinn hunn. Zum Beispill Boules et Pétanque spillen, hunn ech e Beispill ginn eng Kéier. Elo, do hu mir deen neie Boulodrom ageweit, a dunn hu mir eng Kéier mat Professionellen an esou mixte-Équipë gespillt, an dunn hunn ech gesinn, datt dat wat ech ëmmer gemaach hunn an der Vakanz elo éischter Gespills war, mä datt dat awer e richtege Sport ass, wou effektiv och wierklech trainéiert muss ginn, a wou all déi Wërf do genee iwwerluecht sinn, an och eng Taktik hannendrun ass.

Christiane Kremer: Mä de Sportsminister ass awer gutt ënnerstëtzt vun deenen anere Regierungsmemberen, net nëmme wann Evenementer sinn?

Romain Schneider: Jo, ech menge schonn, ech mengen – ech gesinn dat op jiddwerfalls esou – datt mir e ganz fairt Zesummeschaffen hunn an der Regierung, och wat de Sport ubetrëfft, wéi och déi aner Beräicher.

An ech mengen, et ass esou, wann een gär eppes hätt, oder gär eppes duerchsetzt, da gesinn ech dat ëmmer esou, datt een dat mat Argumenter muss maachen. An ech mengen, déi Argumenter konnt ech bis elo ëmmer bréngen, déi goufen dann échangéiert. An ech mengen, herno hu mir eng Décisioun geholl, mat där ech och ëmmer konnt liewen, respektiv wou een och ëmmer eng positiv Äntwert kritt huet, wann et Sënn ginn huet. An ech mengen, et ass dat wat virun allem och muss zréckbehale ginn.

Christiane Kremer: Komme mir bei déi nächst Rubrik: "Dat schlecht Gewëssen". Wien ass dat dann, Franky?

Franky Hippert: Ja, Sportsminister Romain Schneider, eng Iddi?

Romain Schneider: Neen, ech hu keng, also ech mengen, et ass fir d’Drëtt datt ech elo hei sinn an där Sendung. Fir d’éischt hat Dir mir de Robert Thillens agespillt, duerno de Mark Mathekowitsch, also ech si wierklech gespaant wien Dir mir dës Kéier aspillt.

Franky Hippert: Et ass de "Wahlkampfmanager", wéi hien en ëmmer nennt, de Romain Schneider nennt en ëmmer esou: säi "Wahlkampfmanager". Et ass säi Jong, de Sven Schneider.

Romain Schneider: Dat hätt ech awer net geduecht.

Sven Schneider (O-Toun): Als Mënsch géing ech e beschreiwen als Genossmënsch. E genéisst seng Fräizäit mat Kollege ganz gär, genéisst d’Iessen an d’Drénken och ganz gär, och wann en dëse Mount elo keen Alkohol drénkt; genéisst d’Zäit mat der Famill ganz gär, wa mir Sonndes mëttes normalerweis ëmmer zesummen iessen.

Da gesinn ech en och als sportleche Mënsch, wou en ëmmer täteg war beim FC Woltz 71, als Spiller, an och als President. Dann dee Moment fiert en och ëmmer Sonndes moies mam Vëlo mat Kollegen, respektiv mat mir. Esou gesinn ech en emol als Mënsch.

Bon, sportlech war hien ëmmer e Kämpfer, wou ech ëmmer vu Kollegen och héieren hunn, datt en ëmmer wollt kämpfen, dat heescht, och wa se 3-0 hanne waren, war en awer nach fäeg dee Moment ze gewannen. E wollt ni verléieren.

Naupen, huet en net gär wann een an engem Gespréich mam Fanger op den Dësch tuppt, dat huet e guer net gär. Wat en nach huet, dat ass dee Moment, datt en keng Kiwien ësst, hie seet ëmmer e wier op enger Kiwi-Diät. Bon, dat si seng Haaptnaupen, wou ee ka soen.

Christiane Kremer: Also, mir maachen net esou mam Fanger.

Franky Hippert: Muer huet hie Gebuertsdag, de Sven, 19 Joer.

Romain Schneider: Genee, muer huet hie Gebuertsdag. Et soll een ni engem virdru wënschen, dofir wäert ech dat muer och maachen.

Christiane Kremer: En huet eis awer vill flott Saachen erzielt, déi hien dann do esou weess. Also de Moment wierklech, Dir sidd ganz sportlech, a ganz op Régime [gëtt ënnerbrach]

Franky Hippert: Dréche kéint ee soen.

Christiane Kremer: An dréchen an alles, jo.

Romain Schneider: Jo, bon, ech mengen, et muss een och eng Kéier an de saueren Apel da bäissen, an et muss een dat eng Kéier maachen, an [gëtt ënnerbrach]

Franky Hippert: Awer net an de Kiwi, anscheinend.

Romain Schneider: De Kiwi, dat ass ëmmer e Witz deen ech maachen, well ech iesse ganz gär Kiwien, muss ech nämlech soen.

Mä ech mengen, et ass scho richteg, datt een eng Kéier och soll eng Kéier erëm op Null zréckdréinen. An ech mengen, déi Feierdeeg muss een och eng Kéier verdaue kënnen, an da soll een erëm richteg an d’neit Joer eragoen, well ech fannen, dat bréngt engem och eng richteg Energie, fir dann och an aneren Dossieren, wéi och an de politeschen, virunzekommen.

Christiane Kremer: Et sinn e puer Froen erakomm. Ech wollt der zwou erauspicken déi eis Nolauschterer ge-smst hunn. Do kënnt natierlech een Thema, dat mir nach net ugeschwat hunn, dat ass de berühmte Futtballstadion, oder Léiweng. Wéi gesäit et dann do aus?

Romain Schneider: Bon, ech mengen, datt dat ee vun deenen Dossieren ass, deen ech direkt am Ufank vum Joer opgegraff hunn, well mir nämlech an der Regierung décidéiert hunn, datt mir där Motioun, déi vun der Chamber gestëmmt gouf, sollen nogoen. D’Françoise Hetto an ech selwer goufen désignéiert fir op där Motioun ze schaffen.

Déi Motioun gesäit vir, datt mir en éischte Kontakt mam Promoteur opstellen, fir och ze kucken eng Kéier iwwer dee ganze Projet ze kucken, virun allem d’Verkaafsfläch eng Kéier ze diskutéieren, wat jo eng Saach war, déi an der Diskussioun war. Zweetens [gëtt ënnerbrach]

Franky Hippert: Kann een do schonn eng Zuel soen, wéi vill dat reduzéiert gëtt?

Romain Schneider: Neen, ech weess datt déi do Fro vun iwwerall kënnt, an ech géing Iech se ganz gär soen, dann hätt ee mat Sécherheet e ganz flotte Scoop de Mëtteg, mä et ass keng Zuel déi do ass. Dofir ass och näischt do. Ech mengen, et ass generell gesot ginn, mir mussen op deem Dossier schaffe fir Verständnes ze kréien, an deene Forme wéi jo d’Chamber et wollt ausdrécken. Ënner den Zeile gesäit ee jo, wat do eigentlech gefrot gi war.

An dann duerno kënnt jo en zweete Rendezvous, dee mir eis gesat hunn, och an där Motioun, zesumme mat der Gemeng eis eng Kéier ze gesi fir ze kucken, a wéi eng Richtung si wëlle goen. An do hannendrun, mengen ech, huet jo och d’Gemeng e Referendum ugekënnegt, och da muss dat gemaach ginn.

A wann dat eriwwer ass, dann ass et eng Kéier riets oder eng Kéier lénks, soen ech, dann ass et Jo oder Neen. A wann et Jo ass, da lafen déi Prozedure virun mat alles deem wat mir wëssen, wat och nach do usteet. A wann et Neen ass, da muss een en anere Site sichen.

Franky Hippert: Verléiere mir do net ze vill Zäit?

Romain Schneider: Ech mengen net, datt mir Zäit verléieren. Ech mengen, mir hunn hei eng ganz kloer Virgab, déi mir sollen doduerch goe loossen.

Et geet jo och, mengen ech, drëm, wéi ech iwwerall gesot hunn, datt et fir mech deen hei Projet, dat hei Konzept wat entwéckelt ass, eng immens grouss Chance ass e Stadion ze kréien. Déi aner Iddi déi jo do ass, datt de Stat selwer soll e Stadion bauen.

A virun allem, a mat all menger Iwwerzeegungskraaft, déi ech wëll un den Dag leeë mengen ech, ass et de Moment och net d’Zäit wou ee ka soen, mir sëtze 60 Millioune bereet fir en neie Stadion ze bauen. Dat geet menger Meenung no net, dofir musse mir deen hei Wee aschloen. Ech mengen och, datt wa mir déi eenzel Étappen no an no ofhaken, datt mir och zu engem Resultat wäerte kommen.

Christiane Kremer: Doriwwer schwätze mir doudsécher nach dëst Joer méi wéi eng Kéier.

Merci, Romain Schneider fir de Besuch am Studio. Bonne Chance fir 2012, an alles wat sportlech kënnt.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact