|
Françoise Medernach: Um Telefon begréisse mir elo den Ausseminister Jean Asselborn, deen zu Bréissel ass. Här Asselborn, wéi ass et dann elo awer sou séier zu esou Sanktiounen an och dem Embargo komm? Et war jo bis elo nach kee Konsens do.
Jean Asselborn: Ech mengen dat Wuert ‚séier’, dat muss ee relativéieren. Dëst war eng Aarbecht déi eigentlech scho voll ugaang ass am Dezember 2011 an déi elo konnt zu enger Conclusioun gefouert ginn. Ech muss vläicht soen, datt et jo net hei ëm Sanktioune geet fir elo d’iranescht Vollek ze strofen. Dir wësst, datt d’Konscht vun der Diplomatie eigentlech déi ass fir Kricher ze verhënneren. Mir si leider an enger Situatioun, wat den Iran ugeet, datt nach just d’Diplomatie ka Sanktiounen asetzen fir eben dat schlëmmst ze verhënneren, nämlech e Krich.
Et sinn zwou Approchen ausgehandelt ginn. Mir haten eng éischt Diskussioun Uganks Dezember doriwwer. Mir sinn eis elo eens ginn wat d’Pëtrolsprodukter uginn, déi ab dem 01.07. net méi importéiert ginn, Dir hutt et gesot. Griicheland huet net 25% mä 65% Ofhängegkeet vum iranesche Pëtrol, a si kruten deen zu engem gënschtege Präis aus dem Iran. Dat deet also wéi, mä do ass een Accord fonnt ginn.
Dat zweet, dat ass Italien zum Beispill. Et gëtt och nach dat eent oder anert Land, dat nach eng oder 2 Milliarden – jo 2 Milliarden US Dollar – vum Iran zegutt huet. Et ass ausgehandelt ginn tëscht deenen jeeweilegen Länner an dem Iran, datt dat soll mat Pëtrolsliwwerunge geschéien. Och do ass en Accord fonnt ginn.
Et ass also eng grouss Solidaritéit fir eben deen Drock eropzesetzen. Dir wësst, datt den Iran e wichtege Liferant ass vu Pëtrolsprodukter an där Regioun. Mä et ass elo schonn eng Diskussioun amgaangen, wéi een dat kann eventuell kompenséiere mat anere Länner aus der arabescher Géigend, also vun de Golfstaaten.
Dat zweet, dat ass komplex, mä awer och ze verstoen, nämlech datt hei – wéi de William Hague gesot huet – wierklech ganz drastesch Moossname getraff gi si wat déi wirtschaftlech Bezéiungen ugeet. D’Relatiounen iwwer d’Zentralbank vum Iran sinn net méi erlaabt. All wirtschaftlech Transaktioun, déi elo gemaach gëtt, muss eigentlech autoriséiert gi vun deene jeeweilege Länner aus der Europäescher Unioun. Et gëtt gekuckt, datt déi net iwwer d’Zentralbank lafen. Et gëtt also méi deier fir do Handel ze maachen.
Et ass kee Boykott nach, dee Schrëtt ass nach net gemaach, mä et kënnt awer ganz no dorunner erun.
Leider ass et esou – ech soen dat nach eng Kéier – ech hunn elo 7 ½ Joer déi Diskussioun iwwert den Iran hei matgemaach – datt mir heihinner hu misse kommen ass, soen ech nach eng Kéier, leider de Fall, mä d’Waffe vun der Diplomatie, déi sinn nun emol limitéiert. Wann ee wëll de Krich verhënneren, dozou gehéiert eben eng drastesch Palette vu Sanktiounen.
Françoise Medernach: Just nach eng Fro, Här Asselborn. D’Länner si jo verschidde concernéiert. Griicheland méi, Italien elo net esou vill. Wéi ass eigentlech Lëtzebuerg concernéiert?
Jean Asselborn: Déi wirtschaftlech Relatioune mam Iran sinn extrem zréckgaang an de leschte Joeren. Dir wësst, an der Zäit ass d’Cargolux op Teheran geflunn, wat awer elo scho laang net méi de Fall ass. Et war nach déi eng oder aner Entreprise, déi Relatiounen hat mat dem Iran. Dat huet sech an de leschte Joeren, ech muss dat soen, extrem reduzéiert. Ech mengen net, datt Lëtzebuerg, och wat de Finanzsecteur ugeet, do mat deene Sanktioune grouss Abousse wäert ze verzeechnen hunn.
Françoise Medernach: Esou wäit also de lëtzebuerger Ausseminister vu Bréissel. Merci Här Asselborn fir d’Gespréich.
Jean Asselborn: Merci, Madame Medernach.
|