|
Eric Ewald: D'Konscht vun der Diplomatie ass et, e Krich ze verhënneren, sot an deem Kontext kuerz viru Mëtteg de Jean Asselborn. Fir de lëtzebuerger Ausseminister kann een de Moment wat den Iran ugeet nëmme mat Diplomatie operéieren, wat Schued wär:
Jean Asselborn: (...) Mä mir däerfen net vergiessen, datt mir als Europäesch Unioun an – dat soe mir praktesch jo all Moment wa mir d'Geleeënheet hunn – den Iraner och offréiert hunn, esoubal wéi eng Approche vun den Iraner do wier, fir den Dialog erëm opzehuelen. D'Europäesch Unioun, am Numm vun de Vetomächten am Conseil de sécurité plus Däitschland, ass bereet fir d'Négociatiounen erëm opzehuelen.
Eric Ewald: Den Abléck ass d'EU dofir bei de Sanktiounen: kee Wonnermëttel, mä dat eenzegt, wat bleift. De Stop vum Import vun iraneschem Pëtrol an d'Unioun géif Teheran wéidoen, well 50% vun de Recettë vum Iran op de Pëtrol zréckzeféiere sinn, esou de Jean Asselborn. D'Diskussioun doriwwer war schwéier fir verschidde südeuropäesch Länner, wéi zum Beispill fir Griicheland, dat 65% vu senge Pëtrolsproduiten aus dem Iran kritt.
Jean Asselborn: Aner Länner, wéi zum Beispill Italien, hunn nach eng Dette ze gutt vun iwwert 2 Milliarden US Dollar, wat soll kompenséiert ginn iwwer Pëtrolsliwwerungen. Mä mir hunn eis elo solidaresch gewisen, ebe fir e Krich ze verhënneren. Et muss een ëmmer erëm soen mat, datt mir mat där eenzeger Waff operéieren, déi d’Diplomatie huet, nämlech wirtschaftlech Sanktiounen.
Eric Ewald: E weidert Thema vun den EU Ausseministeren an der belscher Haaptstad ass Syrien, do wou all Dag 40 Zivilisten hiert Liewe loossen, wéi de lëtzebuerger Ausseminister ënnerstrach huet. Déi Massakere misste verhënnert ginn, ma d'Arabesch Liga hätt de Schlëssel an der Hand, wär awer de Moment an enger Iwwergangsphas.
Jean Asselborn: Gëschter ass zwar vun den Ausseminister vun der Ligue arabe décidéiert gi fir déi Observatiounsmissioun weider ze féieren. Allerdéngs geet et a mengen Aen net duer mat enger Observatiounsmissioun vun 160 Leit. Et missten zum Beispill och Couloirs humanitaires geschaf ginn.
Eric Ewald: Mat Sanktioune géif een och d'Populatioun weider isoléieren, esou datt d'Hoffnunge vum Jean Asselborn am Dossier Syrien bei der UNO leien, allerdéngs géif Russland do alles blockéieren.
|