|
Mariette Zenners: Muer ass säi leschten Aarbechtsdag. An et ass net alldeeglech, datt e Minister fréizäiteg, an aus eegene Stécker säi Posten opgëtt. De Jeannot Krecké ass den Owend eisen Invité. Gudden Owend, Här nach-Minister.
Jeannot Krecké: Gudden Owend.
Mariette Zenners: 8 Joer als Minister, 30 Joer an der Politik, fir d’éischt als Gemengepolitiker zu Koplescht – deet et Iech net awer déck, Är Décisioun, elo opzehalen.
Jeannot Krecké: Wat d’Stonn elo ëmmer méi no kënnt, selbstverständlech, ma bon, et ass eng Saach déi ech säit laangem preparéiert hunn a mengem Kapp. Ech hat dat Wëlles, no de leschte Wahle war dat kloer fir mech, datt ech net méi géing e ganzt Mandat maachen. Esou datt ech Zäit hat, mech awer och domat ofzeginn, datt een elo eng Kéier net méi Minister ass.
Mariette Zenners: Dir hat ambitiéis Ziler wéi Dir ugetruede sidd. Dir wollt fir d’éischt emol d’Ekonomie diversifiéieren, d’Prozedure verkierzen, Dir hat e ganze Katalog ausgeschafft, fir eis Wirtschaft méi kompetitiv ze maachen. Elo haalt Dir op an engem Moment, wou de Chômage esou héich ass wéi nach ni; d’Patronat seet nach ëmmer, eis Wirtschaft ass net kompetitiv genuch; mir hänken nach ëmmer ze vill vum Finanzsecteur of; mat de Prozeduren ass och net onbedéngt villes besser ginn – wat huet sech dann eigentlech elo gebessert, déi lescht Joeren?
Jeannot Krecké: Ech mengen, mir hunn d’Palett vun de Secteuren, wou Lëtzebuerg aktiv ass, déi hu mir vill méi breet gemaach. Et huet kee vu Biotechnologië geschwat, ganz wéineg vu Logistik. Mir hunn och déi Optioun, Sëtzer vu Firmen, Headquarteren, unzelackelen – all déi Saachen, déi hu mir awer nei initiéiert. A selbstverständlech [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: Do sidd Dir awer zefridden?
Jeannot Krecké: A, ech muss soen, et war eng flott Zäit, an ech fannen, datt mir villes an deem Ministère do bewierkt hunn. A wann ech elo ginn, ech mengen, da soen ech, okay, ech hu probéiert mäi Bescht ze maachen. Wann ech och esou kucken, mengen ech, hu mir villes an d’Wee geleet wat nei war, an et ass un de Leit ze jugéieren, ob dat och wierklech gutt ass.
Mariette Zenners: Als sozialistesche Wirtschaftsminister hat Dir et net ëmmer einfach, fir engersäits Ärer sozialistescher Oder trei ze bleiwen, an awer och dem Patronat entgéint ze kommen. Do gouf och emol haart diskutéiert, vill gestridden. A mir hunn e puer vun Äre Politikerkollege gefrot, wéi si Iech dann esou als Minister, awer och als Mënsch gesinn.
François Bausch (O-Toun): Den Här Krecké war e ganz fläissege Minister. E war vläicht e bëssen ze fläisseg, well et huet een heiansdo e bëssen d’Impressioun gehat, datt en de Weltschmäerz géing op senge Schëllere vu moies bis owes droen.
Mars Di Bartolomeo (O-Toun): Ech hunn him viru Joeren de Spëtznumm Atlas ginn, well de Jeannot heiansdo den Androck ginn huet, datt hien d’Welt op sengem Bockel géif droen.
Marc Angel (O-Toun): E secen, awer och ëmmer flott mat him ze streiden, flott mat him ze laachen, an et ass him ëmmer ëm d’Saach gaangen.
Françoise Hetto-Gaasch (O-Toun): E spontane Mënsch, ee wou s de net hues misste ronderëm de Bräi schwätzen, wann s de mat him wolls iwwer eppes diskutéieren.
Xavier Bettel (O-Toun): Et war e sozialistesche Minister, dee vun Aarbechtswelt a vu Wirtschaft vill verstanen huet, an dowéint et a sech a senger Partei net méi gepackt huet fir an der Regierung ze bleiwen. Et war keen onsympathesche Mënsch, ma wéi gesot, a senger Partei huet hien net ëmmer gepasst.
Lucien Lux (O-Toun): D’Problemer vun der ganzer Welt um Bockel, gär mat him gestridden, awer en huet e saugudde Charakter.
Marie-Josée Jacobs (O-Toun): Ee vun deenen, wann hien eng Meenung hat, an Dir hat eng aner, dann huet dat heiansdo e bësse geknuppt, ma duerno war een awer erëm gutt mateneen, et war eigentlech näischt, wou ech elo direkt kéint soen, dat huet mech un him generft. Dat wat heiansdo konnt bei him sinn, wat konnt nerven, dat war, datt hie sech net gouf. Et war esou eppes wéi eng Drummsee, et koum ëmmer erëm dat selwecht, ma wéi gesot, et bleift e gudde Frënd.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Hien ass e Mann, deen aus engem ganze Stéck ass. Mat méi Nuancen, wéi en der no baussen ze erkennen deet. Et ass e Verloscht fir d’Regierung.
Mariette Zenners: Dee Weltschmerz do, dee kënnt ëmmer erëm. Huelt Dir d’Liewen dann esou schwéier, oder hat dat einfach domat ze dinn, datt Dir d’Flemm an Ärem Job hat?
Jeannot Krecké: Ech mengen, a mir si wierklech zwou Perséinlechkeeten. A mengem Privatliewe sinn ech jo vill méi relax a vill méi lëschteg, während ech vläicht a mengem Beruffsliewen den Eescht ëmmer erëm no bausse kéieren. Et ass awer net bewosst, wou ech dat maachen. Dat ass esou mäi Genre.
Mariette Zenners: Ma et ass awer net och e bëssen, well Dir net esou richteg virukommt mat där Aarbecht, wéi Dir se gär gemaach hätt?
Jeannot Krecké: Et ass sécher, datt eng Rei Saachen, déi ech wollt initiéieren, Dir hutt virdrun do eng Rei opgezielt, dat net esou schnell gaangen ass wéi ech mir virgestallt hat. Ech mengen, ech hunn dat och oft genuch gesot, datt ech géing méi schnell wëlle goen, anescht wëll virgoen. Well ech och vill gereest sinn, mengen ech, hunn ech [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: U wat louch et dann, datt et net viru gaangen ass? Kann een och do als Minister net genuch erreechen?
Jeannot Krecké: Also, ech mengen, ech hat d’Chance, datt ech villes dobausse gesinn hunn, duerch déi Reesen. An ech hunn och gesinn op eis zoukommen, ech mengen, ech hunn 2004-2005-2006 Saache gesot, déi herno eréischt am Fong geholl vun de Leit, an och esouguer hei zu Lëtzebuerg am allgemengen eréischt festgestallt gi sinn. Ech mengen, ech sinn 2004 schonn an de Katar gaangen, ech sinn op Dubai gaangen, deemools. Ech entdecken net déi Welt elo, an ech hunn dës Ëfteren drop opmierksam gemaach, ech ka mech erënneren, déi éischte Kéier wéi ech aus China erëmkomm sinn, du sot ech, hei kënnt eppes op eis zou, do wäerte mir eis nach wonneren. An dat ass elo de Fall. Am Ufank sinn ech net Eescht geholl ginn, a vläicht dat Gefill net Eescht geholl ze ginn huet mat sech bruecht, datt ech vläicht heiansdo och rose gi sinn.
Mariette Zenners: Dat heescht, Är Prognose fir d’Land sinn éischter düster?
Jeannot Krecké: Neen, si sinn net düster. Ma mir mussen et einfach anescht upaken. Mir mussen einfach feststellen, datt d’Welt ronderëm eis ännert, an datt mir d’Welt net wäerten änneren. An dat hu mir, mengen ech, awer nach net richteg bekäppt. Mir sinn nach ëmmer der Meenung, dat wat mir richteg fannen, solle mir maachen, dat hu mir elo och an deene leschte Gespréicher gesinn, während ech der Meenung sinn, mir hunn eng reell Chance wa mir wierklech eis e bëssen adaptéieren. An et ass net deen am Wand, dee probéiert riicht ze stoen, ma deen dee sech och heiansdo e bëssen diebele léisst, deen iwwerlieft. Dee Bam, dee probéiert am Wand ëmmer nëmme riicht ze stoen, dee packt et net. Deen deen heiansdo weess sech zu enger Säit emol eng Kéier ze béien, dee kënnt doduerch.
Mariette Zenners: De Xavier Bettel huet dat ugeschwat, wat vill Leit iech virgehäit hunn, datt Dir Är sozialistesch Idealer e bëssen opginn hutt, ze vill patronatsfrëndlech waart, als Wirtschaftsminister.
Jeannot Krecké: Also, ech mengen net, datt ech do Idealer opginn hunn, ma loosse mir eis dach net der Illusioun higinn, ouni Wirtschaft gëtt et och keng Sozialpolitik. Et muss ee fir d’éischt eppes erwirtschaften, fir datt een et ka verdeelen. An ech hunn ëmmer dorop den Akzent geluecht, an ech hu gesot, Dir kënnt dach net dauernd schwätze just iwwer dat wat mir de Leit kënnen zoukomme loossen, sondern mir mussen och kucken, wéi mir eppes erakréien. Dofir war de Budgetsdefizit e Problem dee mech ëmmer erëm beschäftegt huet, zesumme mam Luc Frieden. An esou war et och fir ze probéieren nei Secteuren ze kréien, fir datt mir eis esou opstellen, datt mir och de Leit wierklech eppes kënne bidden herno. An ech si méi optimistesch wéi munch Leit, déi am Moment sech äusseren dozou, wat d’lëtzebuerger Land ubelaangt. Ma et geet net einfach doduerch datt mir soen, mir bleiwe wat mir sinn. Mir mussen eis änneren.
Mariette Zenners: Et ass e Verloscht fir d’Regierung, seet de Regierungschef. Wéi geet et dann elo anescht, oder vläicht ähnlech, d’selwecht viru mat engem Wirtschaftsminister Etienne Schneider, Ärer Meenung no?
Jeannot Krecké: Dat muss ee kucken. All Minister setzt säi Stempel, all Minister huet seng eegen Aart a Weis ze schaffen. Hien huet vill mat mir geschafft. Ech huelen un, datt d’Richtung in etwa déi selwecht bleift, ma hie wäert ganz aner Akzenter setzen. Also, et ass en anere Mënsch wéi ech, an dat ass och net schlecht.
Mariette Zenners: Är perséinlech Zukunft? Bis elo hutt Dir Iech zimlech bedeckt gehalen. Elo gouf haut bekannt, datt de Luxair-President Marc Hoffmann wäert Mëtt Mee demissionéieren, et ass vill geschwat ginn, datt Dir vläicht géift bei d’Cargolux goen. Géif dat Iech net interesséieren? Luxair, Cargolux, Dir hutt bis elo nach ëmmer dementéiert.
Jeannot Krecké: Also, ech hat keng Geleeënheet nach ze soen, ech wéilt et net ginn. Et huet kee mech gefrot. Ech soen net [gëtt ënnerbrach]
Mariette Zenners: A wa si Iech géife froen?
Jeannot Krecké: Da géing ech elo Nee soen.
Mariette Zenners: Elo?
Jeannot Krecké: Also, ech wëll am Moment kee Mandat unhuele wat de près ou de loin eppes nach ze dinn huet mat den Aktivitéiten déi ech virdrun hat. Ech mengen, deontologesch muss ee kucken, datt een do an der Rei bleift, an dat wäert ech och maachen.
Mariette Zenners: Awer no e puer Méint kéint een dat eventuell envisagéieren.
Jeannot Krecké: O, dat ass keng Saach vu Méint. Ech mengen einfach, ech sinn och net prett fir esou Saachen, an ech wëll och e bëssen Distanz huelen zur Politik. Ech wëll net direkt muer erëm eng Kéier domat gemëscht ginn. Ech hätt elo gär meng Distanz.
Mariette Zenners: Dir wäert jo awer elo net nëmmen nach segele goen? Dir hutt jo bestëmmt awer nach berufflech Ambitiounen.
Jeannot Krecké: Dat ass richteg. Ambitiounen ass vläicht e grousst Wuert, ma ech kann net vun 0 op 100 goen, an och net vun 100 op 0 goen. Dat heescht, et wäert kaum esou sinn, datt ech just segelen. Ech wäert elo, wou ech e bësse méi Zäit kréien, och nodenken, wat fir eng Aktivitéiten ech wäert maachen. An am léifste géing ech gär Saache maachen déi international wieren, wou ech och, loosse mir soen, ech gewëssen Erfahrung hunn, a wou ech meng Distanz zur lëtzebuerger Politik kréien. Ech wëll net permanent ëmmer erëm mat der lëtzebuerger Politik konfrontéiert ginn. Ech mengen, dat wier net gutt fir mäin Nofolger, an dat mécht een net, an dofir probéieren ech do meng Distanz ze kréien. Ech wäert also net dauernd agräifen an dat wat hei geschitt.
Mariette Zenners: Ech soen Iech Merci fir dëst Gespréich, a bonne Chance fir d’Zukunft, Här Krecké.
Jeannot Krecké: Merci.
|