Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Etienne Schneider au sujet de ses nouvelles fonctions, de la Tripartite et de la politique en matière d'énergie

Interview
Etienne Schneider au sujet de ses nouvelles fonctions, de la Tripartite et de la politique en matière d'énergie
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 01-02-2012

Vers le niveau supérieur
Claude Zeimetz: Lëtzebuerg huet also en neie Wirtschaftsminister. Gëschter Mëtteg ass den Etienne Schneider, bis ewell rechts Hand vum Jeannot Krecké am Wirtschaftsministère, mat 41 Joer vum Grand-Duc Henri, a Präsenz vum Premier Jean-Claude Juncker vereedegt ginn.

Hie wier sozial a liberal, esou hat den neie Minister sech Enn November selwer beschriwwen.

Fir iwwer seng nei Missioun ze schwätzen, begréissen ech dann och elo den neie Wirtschafts- an Energieminister Etienne Schneider um Telefon. Gudde Moien, Här Minister.

Etienne Schneider: E schéine gudde Moien.

Claude Zeimetz: Waert Dir dann de Moien och, wéi Äre Virgänger an de leschte Joeren, schonn um 7 Auer um Büro, wéi de Jeannot Krecké?

Etienne Schneider: Neen, dat wäert bei mir éischter net goen, aus deem einfache Grond, well ech ëm déi Zäit nach a mengem Fitness sinn, an dat ass eng Gewunnecht déi ech mir virun engem Joer zougeluecht hunn, an déi hunn ech och net Wëlles opzeginn, elo wou ech Minister sinn. Dat heescht, Dir erwëscht mech elo grad nach am Fitnesszenter, ech sinn awer scho geduscht a prett fir op de Büro.

Claude Zeimetz: D’Aarbechtsplaz ass zwar déi selwecht, d’Leit ëm Iech déi kennt Dir och schonn. mä wat ass dat dann elo fir e Gefill herno, wann Dir net méi als Beamten, mä eben als Minister am Forum Royal duerch d’Dier gitt? Ëmmerhin iwwerhuelt Dir jo awer d’Ministerpositioun zu engem schwieregen Ament?

Etienne Schneider: Also, reng optesch ass déi eenzeg Ännerung um Ministère déi, datt ech ee Stack méi héich geplënnert sinn, an datt de Jong ënnen an der Receptioun mir de Lift dréckt wann ech ukommen. Mä soss ass et, mengen ech, fir mech keng gréisser Ëmstellung, ausser natierlech déi, datt een an der éischter Rei steet, datt een an der Ëffentlechkeet steet, datt d’Leit meng Meenung elo op eemol wëlle wëssen, an net méi dem Jeannot seng, an datt natierlech vill méi opgepasst gëtt wat een esou seet a wat ee mécht, an och wéi ee sech behëllt. Dat ass eng Ëmstellung, mat Sécherheet.

Claude Zeimetz: Dir sot mir elo bestëmmt, Dir féiert d’Aarbecht vum Jeannot Krecké an der Continuitéit virun. Wat sinn dann awer elo Är perséinlech Prioritéiten? Wéi eng Dossiere leien Iech besonnesch um Häerz?

Etienne Schneider: Also, ech mengen, een, dat ass emol keen Dossier, mä ech mengen einfach en atmosphäresche Punkt deen ech onbedéngt elo wëll ugoen, dat sinn déi éischt Rendezvousen och déi ech elo als Minister wäert féieren, dat ass d’Gespréich erëm fanne mat de Gewerkschaften, d’Gespréich fanne mat de Patronatsvertrieder, fir ze probéieren dee Sozialdialog, deen awer fir eist Land, mengen ech, immens wichteg ass, fir deen no där vergëfter Atmosphär déi mir elo haten, an där ganzer Indexdiskussioun, fir deen erëm iergendwéi un d’Liewen ze kréien. Well ech mengen einfach, datt eist Land an enger Krisenzäit sech et net ka leeschten, datt mir ënner Sozialpartner zerstridde sinn. An dat ass eng vu mengen éischte Prioritéite fir do emol e bëssen auszeloten, wéi mir do erëm kënne beienee kommen.

Claude Zeimetz: Huet déi klassesch Tripartite dann Ärer Meenung no iwwerhaapt nach eng Chance?

Etienne Schneider: Si huet eng Chance, wann d’Partner bereet sinn och wierklech bis zum Schluss matzemaachen. Ech weess, datt et fir jiddwereen haart ass, an enger Krisenzäit, fir Geständnisser, Zougeständnisser anzegoen, mä wa mir déi net wëlle maachen, déi Zougeständnisser, dann huet natierlech eng Tripartite kee Wäert. Et muss awer och esou sinn, datt dat équilibréiert ass, an datt jiddweree sech kann erëmfannen an deene Kompromësser déi fonnt ginn.

Claude Zeimetz: Nach eng Diskussioun déi elo nach ënner de Sozialpartner usteet, déi betrëfft jo den Indexwuerekuerf. Do sot Dir, do sollt näischt geännert ginn. De Premier hat jo awer scho Changementer ugekënnegt. A gräift Dir net och schonn do Diskussioune mat de Sozialpartner awer vir?

Etienne Schneider: Ma neen, et ass jo esou, datt de Premier gesot hat, déi Changementer am Wuerekuerf, déi géinge just gemaach ginn, wann déi am Sozialdialog gemaach ginn, dat heescht, wa sämtlech Sozialpartner domat d’accord sinn. D’Gewerkschaften hu kategoresch refuséiert doriwwer ze diskutéieren, respektiv do matzemaachen, also si se ergo net machbar.

Wann d’Regierung zu deem steet wat se gesot huet, nämlech datt et just gemaach gëtt wa mir en Accord fannen, da gesäit et de Moment net duerno aus, wéi wann do eppes géing dru geännert ginn.

Claude Zeimetz: Dat heescht, et ass éischter elo eng pragmatesch Haltung vun Ärer Säit?

Etienne Schneider: Ma et ass eng pragmatesch Haltung, et ass einfach nëmmen d’Realitéit vun deem wat d’Regierung gesot huet, an deem wat d’Gewerkschaften dorop hi geäntwert hunn. Et ass d’Conclusioun dovunner, jo

Claude Zeimetz: Lescht Fro nach. Dir waart bis ewell och President vum Energiekonzern Enovos. Wéi eng Accente wëllt Dir an den nächste Joeren dann an der Energiepolitik setzen? Stéchwuert Atomstroum an erneierbar Energien, natierlech och.

Etienne Schneider: Ech mengen, mir hunn, wéi ech nach President war vun där Gesellschaft, agefouert, datt all private Client zu Lëtzebuerg d’office grénge Stroum kritt. Ech mengen, dat ass dat eenzegt Land wat dat do fäerdeg bruecht huet.

Mir hunn natierlech guer keen Afloss drop wie wou Stroum keeft. Vu datt de Marché jo liberaliséiert ass, ka jiddwereen dee Stroum kafen deen e Loscht huet. Dofir ass de Stroum jo och etiquettéiert ginn, fir datt all Client gesäit genee wéi e Stroum datt hie kritt.

Also, wat ech awer wëll maachen, an dat ass en infrastrukturelle Problem, dat ass deen, datt mir mussen déi elektresch Leitung an d’Frankräich leeën, mir mussen och eng Gasleitung an d’Frankräich leeën, a mir brauchen eng nei elektresch Leitung an d’Belsch. Dat ass eppes wat mir brauche fir eis Infrastrukturen zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Dat huet naischt direkt mat Atomstroum ze dinn, dat huet einfach eppes domat ze dinn, datt mir eis Versuergungssécherheet musse verbesseren, an datt een och am Beräich vun den erneierbaren Energien déi ganz Transitroutë kruten vun Nord op Süd, déi musse verlinkt ginn. An do kënne mir net einfach do stoe bleiwen a soen, mir maachen do net mat.

Deen anere Projet ass natierlech dee vun ArcelorMittal, an deen ass einfach nëmme kruzial a vital fir si, datt si u bëllege Stroum komme fir hir Elektrofilière hei zu Lëtzebuerg kënnen oprecht ze erhalen. Dir wësst 2013, 2014 sinn déi Héichiewen all amortiséiert, an da steet bei ArcelorMittal déi grouss Fro un, investéiere mir weider zu Lëtzebuerg oder gëtt et eis hei ze deier? An dann ass et evident, datt e Konzern wéi si muss kucken, esou bëlleg wéi méiglech u Stroum ze kommen.

Just dozou gesot, si kafen och elo schonn Atomstroum. Si mussen e just iwwer Ëmweeër op Lëtzebuerg bréngen.

Also, fir dat nach eng Kéier ze soen, dat steet an engem liberaliséierte Maart jiddwerengem fräi ze kafe wat hie wëll a wou e wëllt Do huet d’Regierung iwwerhaapt keen Afloss drop.

Claude Zeimetz: Esou wäit den Etienne Schneider. Villmoosl merci fir de Moien, an da bonne Chance fir Ären éischten Aarbechtsdag.

Etienne Schneider: Merci och, an e schéinen Dag. Äddi.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact