Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Jean Asselborn, invité de l'émission "Background am Gespréich"

Interview
Jean Asselborn, invité de l'émission "Background am Gespréich"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 04-02-2012

Vers le niveau supérieur

Roy Grotz: "Background – am Gespréich" de Mëtteg mam Vizepremier- an Ausseminister Jean Asselborn. Här Asselborn, gudde Mëtteg a Merci, datt Dir Iech Zäit an Ärem gefëllten Agenda geholl hutt.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Grotz.

Roy Grotz: Afrika, EU-Conseil, Sommeten ... Vu mar un, mir hunn et héieren, nees zu New York. Hutt Dir do iwwerhaapt nach Zäit fir d'Politik heiheem ze suivéieren? Ëmmerhin sidd Dir jo och nach Vizepremier.

Jean Asselborn: Ech mengen, Här Grotz, mat deene Moyenen vun der Kommunikatioun déi mir haut hunn, wier et eigentlech jo eng Doudsënn, wann een net kéint iwwerall do wou een ass op der Welt och Zäit fanne fir ze suivéiere, wat a séngem Land geschitt. Ech si Member vun der Lëtzebuerger Regierung a selbstverständlech alles wat sech zu Lëtzebuerg zoudréit kann ech och haut an zimlech ganz rapprochéierter Zäit emfänken an och selbstverständlech zur Kenntnis huelen.

Roy Grotz: Datt d'Leit dobaussen vun de Regierungsmemberen eng Vue vermëttelt kréien, dofir sidd Dir jo, d'Politiker, gréisstendeels selwer responsabel. Iech gesäit ee jo dann och ganz dacks an der internationaler Press, esou datt Dir an Är Aarbecht de Leit och keen Onbekannten dierft sinn. Mir waren emol op d'Strooss nofroen, wéi d'Leit Iech an Är Aarbecht aschätzen. Hei dat wat si mengen.

Passant: Mir wësse vläicht woen et ass, mä net esou wierklech wat e mécht.

Passantin: Je le connais de nom, mais je ne sais plus quel est le rôle politique qu'il a.

Passantin: Je trouve qu'il est assez représentatif de la politique au pays. Mais je suis étrangère au Luxembourg, donc c'est un peu difficile de juger, je trouve.

Passant: Ech weess et net. Also perséinlech gesot ass et natierlech eng schwéier Aarbecht, well am Moment eben iwwerall e bësse Krisesituatioun ass an och als Ausseminister muss een einfach vill schwéier Decisiounen huelen.

Passantin: Ech géif soen hie mécht seng Aarbecht awer relativ gutt.

Roy Grotz: Voilà dat sinn alles Leit, déi wahrscheinlech keng Famill mat Iech sinn, déi Iech awer kennen. Et sinn awer och ganz positiv Remarquen, muss ee soen. Wéi wichteg ass Iech dës Appréciatioun vun de Leit, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Ech mengen, och wann d'Appréciatioun net positiv wier: ee Minister, ee Member vun enger Regierung, deen huet weider näischt ze maache wéi sech anzesetzen an dem Land ze déngen. Wann d'Appréciatioun eenegermoosse positiv ass, ech mengen dat gëtt engem ëmmer ee gewëssenen Opdriff. Ma et muss ee wëssen, datt, egal wéi d'Leit menger Meenung no eng momentan Situatioun aschätzen, als Ausseminister mä och all anere Minister deen huet effektiv ëmmer nëmmen eent ze gesinn, dat ass seng Aarbecht ze maachen, an där Linn déi ee mengt, fir eist Land virun ze bréngen.

Roy Grotz: An aneren Ëmfroen weise sech d'Leit besuergt iwwert d'finanziell Situatioun am Land, déi héich Loyeren oder d'Terrainspräisser. Verstitt Dir déi Suergen?

Jean Asselborn: Kloer! Zanter September 2008 gëtt jo eng Kris där anerer eigentlech d'Klensch an d'Hand. Datt d'Leit beonrouegt sinn, datt d'Leit eng gewëssen Angscht virun der Zukunft hunn ass kloer.

Do misst ech, an d'Politiker alleguerten, léien an eis iwwerschätzen, wa mir ee kloeren Duerchbléck hätten.

Mä, wat awer wichteg ass, dat ass Folgendes: mir hei an deem lëtzebuerger Land, wou mir jo alleguerten et sollten fäerdegbréngen, wat déi grouss Erausfuerderungen ugeet, un engem Strang ze zéien – mat aneren Approchë selbstverständlech – ma och an der Europäescher Unioun – wou mir jo musse wëssen, datt Lëtzebuerg eigentlech ouni en integréiert Europa, ouni e staarkt Europa, weder an der Vergaangenheet nach an der Zukunft sech richteg kéint erëmfannen – ass et eis Aufgab, géif ech mengen, de Leit och een Zeechen ze ginn, datt mir eis asetzen, fir datt an Europa et an déi richteg Richtung leeft.

Ech mengen, dat gëtt gemaach vun eisem Premier, och fir den Eurogrupp, wat jo eng immens wichteg Aarbecht ass an ech versiche mäi klengen Deel dozou bäizedroen, datt mir och wat d'Aussepolitik ugeet eis fir déi asetzen déi wëllen, datt Stabilitéit bestoe bleift, datt d'internationaalt Recht unerkannt gëtt an datt och d'Charta vun den Nations Unies – mä do komme mir nach vläicht drop ze schwätzen – datt déi respektéiert gëtt.

Roy Grotz: Et mierkt een, datt Dir ëmmer relativ no bei der Aussepolitik sidd. Mir si jo och net isoléiert do als Lëtzebuerg an der EU. Dir hutt awer just elo vun deem Duerchbléck geschwat. Ech huelen deen elo emol fir d’politesch Situatioun hei am Land. Wat déi Solidaritéit, déi Dir afuerdert, ubelaangt: et ass dacks vun deene staarke Schëllere Rieds gaangen, déi méi kéinten droe wéi anerer. Hutt Dir net awer och d'Impressioun, datt et heiansdo e bëssen de politesche Courage oder och un Argumenter feelt, déi bei de Leit misste gräifen?

Jean Asselborn: Dir musst oppassen. Et war héchstwahrscheinlech zanter Krichsenn nach net esou schwéier d'Land ze regéieren, datt et duerch déi Kris hei kënnt, wéi dat elo de Fall ass. Mir hunn als Regierung d'Aufgab zum Beispill, datt mir mussen de Budget am Equiliber hunn, wat eng riseg Aufgab ass an dëser Zäit. Et ass eng grouss Erausfuerderung, datt mir och eis Krankekeesen hu missten reforméieren. Dat hu mir gemaach. Mir hunn och elo eng Pensiounsreform an Ugrëff geholl, déi wichteg ass, fir déi Generatiounen déi no eis kommen. Mir mussen eis Schoulpolitik reforméieren – mat aller Schwieregkeet, déi dat jo och, wéi Dir wësst, beinhalt.

Et ass falsch, absolut falsch, datt dës Regierung d'Saachen net géif upaken! Mir hunn natierlech mat där Fluktuatioun vun den Nouvellen, déi aus dem wirtschaftlechen an aus dem finanzielle Beräich kommen, et net ëmmer einfach selbstverständlech ze wëssen wat dann elo Sache ass, esouwuel hei zu Lëtzebuerg wéi och an Europa. Mee an der Regierung gëtt sech ganz vill Méi gemaach an dat wäert och an den nächsten 2,5 Joer esou sinn, wou dës Regierung nach do ass, fir dofir ze suergen, datt mir déi Décisiounen huelen, déi ech am Ufank erwänt hunn, an an dëser Zäit eist Land virubréngen.

Roy Grotz: War et da richteg esou séier zum Beispill nees – Dir sot ebe vum Schëllere vun der dach graver Situatioun – eng Krisesteier zum Beispill erëm esou séier ofzeschafen?

Jean Asselborn: Mir hunn d'Krisesteier ofgeschaaft an engem Moment – dat war jo am Summer vum leschte Joer – wou mir gesinn hunn “et geet erëm biergop, mir sinn eraus a mir kënnen en Impuls ginn, fir de Leit ze soen, déi Krisesteier do war noutwenneg während der Kris, mä mir sinn elo do eraus, also kënne mir och elo op en anere Wee goen?.

Mä Dir wësst, datt d'Kris am Hierscht 2011 erëm eng Kéier zougeschloen huet a vläicht nach méi kräfteg zougeschloen huet wéi 2008. Mir hunn se ofgeschaaft, ech mengen dozou sti mir. Mir musse wëssen, datt mir elo och am Joer 2012, an de Joeren déi duerno kommen, musse kucke wéi haart datt dee Réckschlag eis trëfft an dann och déi Moossnamen treffen, déi dozou noutwenneg sinn.

Roy Grotz: Dat heescht et kéint duerchaus sinn, datt nach eng Kéier e Retour vun där doter oder vun anere Contributioune vun de Leit kënnt

Jean Asselborn: Wësst Dir, ech si kee Frënn vun „et kéint sinn datt“ oder och an deem sensibele Punkt de Leit elo schonn erëm Angscht ze maachen. Mir musse wëssen, mir hunn zu Lëtzebuerg eng Regierung CSV an LSAP, déi ganz genee suivéiert a ganz genee weess wéini datt si muss Mesuren huelen, fir eben dat ze maache wat ech Iech virdru gesot hunn.

Roy Grotz: Mir kommen herno nach eng Kéier natierlech op déi Regierungsaarbecht ze schwätzen. Ech hunn Uganks gesot wéi no Dir nach kënnt d'Aktualitéit heiheem suivéieren, datt Dir dat geneestens maacht, och wann Dir vill am Ausland sidd, weist eng Aussoe vun Iech virun Äre Parteimemberen, wou Dir d'Schoulreformen uschwätzt an Iech souzesoe selwer dofir als Beispill huelt. Dat Ganzt hat Dir virun Äre Parteimembere gemaach.

Jean Asselborn (O-Toun): Wann ech als Asselborns Jang iwwer d'Schoul schwätzen, da seet vläicht ee mar an der Regierung, "Du kenns méi vun der Schoulpolitik a Gaza wéi zu Lëtzebuerg, dofir hues du besser du häls se zou". Mee ech wëll Iech awer soen, datt ech awer e liewegt Beispill si vun engem, deen, wéi en hätt solle léieren, net geléiert huet, a wéi endlech d'Späicherliicht opgaangen ass mat 25 Joer, an der ëffentlecher Schoul d'Méiglechkeet hat fir meng Première nozemaachen an herno an der ëffentlecher Uni och d'Méiglechkeet hat fir eng Maîtrise ze maachen. An dofir, ëm wat geet et hei, wat d’Mady ze maachen huet? Et geet hei ëm d'Attraktivitéit, Komerodinnen a Komeroden, vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg.

Roy Grotz: Mir kommen elo net, Här Asselborn – fäert net – op den Detail vun deene Schoulreforme vun der Madame Delvaux ze schwätzen. Mee et mierkt een e bëssen, Dir wëllt do e ganz laange Wee vun Iech als Politiker beschreiwen, bis hin zu engem deen elo mat Leit wéi Hillary Clinton, Sergej Lavrov an anere per Du ass. War en esou laang? Huet d'Schoul Iech effektiv do esou vill gehollef?

Jean Asselborn: Also, ech hu jo geschafft op der Uniroyal an ech mengen dat war 1,5 Joer déi mech gestäerkt hunn, mäi Charakter och gestäerkt hunn, mengen ech. Ech hunn op Schichte geschafft, ech hunn Nuechstschichte gemaach. Ech weess, dat war 1968 wéi d'Olympiad war zu Grenobel. Ech si moies Heem komm an ech hunn d'Televisioun gekuckt. Ech sinn och an de Milieue vun deemools, dem LAV, war ech Vertrieder vum LAV fir déi jonk Leit déi op der Uni waren an déi Zäit geschafft hunn. Dunn hunn ech glécklecherweis mäi Passageexamen emol nogemaach an dunn och, loosse mir soen, d'Energie gehat fir d'Première nozemaachen.

Dat stëmmt, datt ech net geléiert hunn, wéi ech hätt solle léieren. Herno, dat war zimlech haart op der Uni, do war ech 4 Joer amgaange fir eng Maîtrise ze maachen. Ouni dee Bagage hätt ech et vläicht net esou gepackt dat ze maache, wat ech elo gemaach hunn. Ech hätt mir mäi Liewen och kënne virstellen op der Uniroyal zu Stengefort. Ma gutt, et entdeckt ee wat an engem sëtzt.

Wann ee sech wëll am ëffentleche Liewen engagéieren, war déi Schoul déi ech dann dunn hat als Buergermeeschter vu Stengefort, während méi wéi 20 Joer, an dunn och an der Chamber als Fraktiounspresident, herno Parteipresident vu menger Partei, an elo eben op deem Poste wou ech si ganz léierräich. De Buergermeeschter vu Stengefort war mir grad esou wichteg wéi dat wat, ech elo maachen. Dat ass net den Ënnerscheed, deen een dierf do dauernd sichen.

Haut huet ee mat Leit ze dinn, déi eng gewësse Renommée an der Welt hunn. Bon, et bréngt een engersäits dat jo och elo net alleng fäerdeg. Ech wëll mech elo net dohinnerstelle wéi e Groussen. Mee et bréngt een et net fäerdeg wann een alleng Ausseminister ass vu Lëtzebuerg. Et bedéngt schonn, datt ee sech e wéineg do investéiert, datt ee sech an d'Dossieren eraknéit, datt een och heiansdo wierklech eng Analys ka maachen déi Kapp a Fouss huet.

Ech wëll awer soen, datt déi Kollegialitéit déi besteet – ech soen elo mol um Niveau vun den europäeschen Ausseminister, wou ech der jo scho jett erlieft hunn, an do sinn ech eigentlech elo schonn den Doyen vun den europäeschen Ausseministeren, verschidde Länner déi dréinen immens séier [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Ze séier?

Jean Asselborn: Ze séier vläicht och, bon – mee datt awer do eng grouss Kollegialitéit besteet. Ech mengen, déi ass d’nämmlecht a mengen Ae wéi déi ënner Buergermeeschtere oder déi ënner Deputéierte. Ech fille mech eigentlech do net op engem anere Planéit, loin de la.

Roy Grotz: Heiheem och net, Kollegialitéit och bannent der Regierung, notamment mam Minister Jeannot Krecké. Dës Woch war et den Départ vum Wirtschaftsminister. Dir wousst och schonn eng gutt Zäit vun deem Wiessel. Dir sidd dat net eréischt am Vietnam gewuer ginn, an awer ass d'Fro dach erlaabt: ass et gutt an der Halschent nach Personal an der Regierung esou auszetauschen, déi op esou engem Poste-clé sinn, wou dach ëmmer gesot gëtt, och d'Patronat brauch Vertrauen, an ech mengen den Här Krecké hat dach do e relativ gudde Stand?

Jean Asselborn: Dir musst wëssen, datt d'Politiker jo a priori Mënsche sinn, wéi jiddwereen. An e Mënsch huet zu all Moment, loosse mir emol soen, d’absolut Recht fir e Choix ze treffen. An den Här Krecké huet – de Jeannot, loosse mir esou soen – huet dee Choix getraff. Hien hat mir dat gesot am Summer d'lescht Joer an seng Iddi war jo eigentlech fir dann och, loosse mir soen, an der Ëffentlechkeet dat ze soen, Uganks vum Januar 2012.

Datt dat elo net esou gerass ass, ech mengen dat mécht awer deem Ganzen elo keen negative Punkt. De Jeannot Krecké huet immens vill geschafft fir eist Land an dofir huet en och zu Recht praktesch vu jiddwerengem Merci gesot kritt an och mäi Merci. Ech mengen, dat weess en.

A mir hunn et eis als Partei net – wann ee jo déi Partei kennt, wou ech och schonn eng Zäit elo dra sinn – déi mécht sech et jo net ëmmer einfach beim Ersetze vu Leit, déi aus der Regierung erauskommen. Awer hei hu mir jo awer eppes fäerdeg bruecht, wat eigentlech e Meeschterstéck ass: mir hu mat enger immens grousser Majoritéit am Generalrot den Etienne Schneider gewielt.

An Dir wäert gesinn, den Etienne Schneider ass selbstverständlech kee Jeannot Krecké! Dat muss e jo och net sinn, dat kann en net sinn! Mee dat ass eng Perséinlechkeet. An ech mengen, d'Lëtzebuerger hunn e jo elo schonn e wéineg kenne geleiert. Hie wäert ganz vill Positives op där Plaz do développéieren.

A wann ech dat emol just dierf soen als een, deen och Parteimënsch ass: ech mengen, et deet eis jo och gutt, datt mir am Zentrum elo e jonke Mënsch an esou enger Positioun hunn, an datt mir och do en neien Ufank kënnen am Zentrum starten.

Et war eigentlech eng ganz gutt Woch fir d'LSAP: wéi gesot, den Etienne Schneider ass inthroniséiert ginn, d'Lydie Err ass op eng ganz ganz wichteg Plaz komm hei am Land als Ombudsfra, an de Georges Engel ass nogeréckelt, als e jonke Mënsch op engem wichtege Posten, Buergermeeschter vu Suessem an an der Chamber. An domat sollte mir eigentlech och zefridde sinn mat där Woch. An ech mengen, et ass och eppes wat mir als LSAP solle weisen. Mir sinn ëmmer nëmme staark wa mir kënne weisen, datt mir gëeent sinn. All dat anert steet eiser Partei net zu Gesiicht an och an deene schwéieren Épreuven, déi mir elo vläicht zum Deel hannert eis hunn, awer och nach virun eis hunn, soll dat de Motiv sinn, deen ech op alle Fall kann alle Mandatairen, mä awer och all Membere vun eiser Partei mat op de Wee ginn. Mir streiden ënnerteneen, mir streiden do, wou mir ze streiden hunn, mee dann, wa mir ee Wee fonnt hunn, solle mir solidaresch zesummestoen.

Roy Grotz: D'LSAP an d'Gewerkschaften: ech schwätze se elo emol esou un, mat hire Revendicatiounen och am Virfeld vun allen Tripartitediskussiounen. Vun deene reelle kann ee jo net méi schwätzen: et ware Bipartite ginn, an um Enn huet d'Regierung dunn a sech d'Heft an d'Hand geholl an dat décidéiert, wat jo och d'virlescht Woch an der Chamber gestëmmt gouf.

Här Asselborn, Dir hutt grad vun där Gëeentheet geschwat, déi huet een awer net grad ëmmer esou erlieft no baussen.

Jean Asselborn: Also, d'Gëeentheet ass elo eng zweet Fro. Déi éischt Fro déi sech stellt dat sinn d'Gewerkschaften an d’LSAP, esou hutt Dir jo ugefaangen.

Also, ech géif elo emol eng Ausso maachen, déi menger Meenung no ech net einfach esou an d'Loft maachen. Mee ech well einfach soen, datt och an dëser Zäit, wou vill Onstabilitéit herrscht, d'Gewerkschaften et och net einfach hunn. Ech mengen, dat ass kloer an et kann ee sech erafillen, datt och si virun Épreuvë stinn, déi eigentlech vun enger Natur sinn, wéi mir se siele kannt hunn zanter dem 2. Weltkrich.

Dat Zweet dat ass d'LSAP. D'LSAP huet kee Crime gemaach géint de Sozialstat bei der Décisioun, déi mir geholl hunn. Do sinn ech formell dran. Eis dat unzelaaschten ass einfach falsch a méngen Aen.

Wat war d'Situatioun? D'Situatioun war déi, datt mir – wat den Index ugeet – en Accord fonnt haten an enger Bipartite, bis Oktober 2011 nach keng Indextranche auszebezuelen a mir hunn eng ausbezuelt 2011 am Oktober. Wann ech soe "mir", de Stat selbstverständlech.

Wann net reagéiert gi wier, da wier 4-5 Méint drop eng zweet Indextranche erëm erfall an ech kann Iech just soen, datt dat fatal gewiescht wier fir eis Ekonomie. Dat huet näischt mat de Patronen ze dinn. Et huet mat der Ekonomie ze dinn. Wann dat gemaach gi wier, a mengen Aen, Wier dee ganzen Indexmechanismus ad absurdum gefouert ginn.

An dofir hu mir misste reagéieren. Jiddwereen an der Regierung, déi zwou Parteien an der Regierung, virun allem eis Partei, hätt gär gehat, wa mir en Tripartitebeschloss fonnt hätten. Mir hätten och gär gehat, datt mir do duerno vläicht e Bipartitebeschloss fonnt hätten. Dat war awer net dran, dat muss ee jo wëssen. Dat ass jo nach net laang hir, dat war am Dezember vum leschte Joer. Dat war net dran. Also hu mir reagéiert

An dat wat mir gemaach hunn, ech soen et nach eng Kéier, ass kee Crime géint de Sozialstat. Et ass eigentlech dat, wat jo – wann ee kuckt, ee Joer leien tëscht zwou Indextranchen, vun Oktober zu Oktober all Kéier – dat, wat en fait an deene leschten 20 Joer d'Moyenne war, wou d'Indextranchen erfall sinn. Mir hu schonn Décisioune geholl mat de Gewerkschaften, déi vill méi grave ware wéi dat doten. Ech mengen, datt eng Indextranche am Joer eppes ass, wat d'Wirtschaft muss kënne verkraften a wou och elo d'Wirtschaft, ech soe präzis och selbstverständlech, eng Responsabilitéit huet. Dee Schratt dee mir do gemaach hunn, dee muss och eng Géigeleeschtung hunn.

Et kann net sinn, datt bei all klengem Stouss Leit entlooss ginn. An dat suivéiere mir och an der Regierung. Dat Wuert hu mir eis ginn, mir suivéieren dat ganz ganz präzis.

Mir hunn och gesot, datt mir bei där Décisioun do Begleetmoossname géifen huelen. An dat si Begleetmoossname vun deenen net vill geschwat gëtt. Mä déi stinn awer.

Zum Beispill d'Reform vum Delegatiounsgesetz. Zum Beispill awer och, datt ee kéint Aarbechtsplazen subventionéieren, wa Leit agestallt ginn déi vun der ADEM kommen an e Contrat à durée déterminée kréien. Zum Beispill och, dat doerf een elo net einfach ad absurdum féieren, mä datt mir soen, datt d'Kanner, déi wierklech a Famillje sinn déi schlecht dru sinn, oder manner gutt dru si wéi déi meescht, datt déi och vun 12 bis 18 Joer 300 Euro, respektiv 500 Euro kënne kréien all Joer fir Bicher ze kafen; datt mir och soen, datt d'Familljen, déi méi aarm sinn, datt déi gehollef kréie beim Remboursement vun de Soins dentaires.

Alles dat si Punkten, wou mir eis engagéiert hunn, an do wëlle mir och een Dialog hu mat de Gewerkschaften hunn, fir datt mir dat kënnen en musique setzen.

Esou datt ech géif mengen, OK, déi Décisioun do, déi war noutwenneg, an ech géif och mengen, datt mir 2014 – ech soe "mir" – wann iwwer eng nei Koalitioun décidéiert gëtt – ob déi Koalitioun mat CSV oder ouni CSV ass, ob se mat LSAP oder ouni LSAP ass – datt den Index do à l'ordre du jour ass, an datt muss gekuckt ginn de Point ze maachen. Well déi Period, déi op eis zoukënnt, ass eng Period déi kann zum Gudde goen, mee si kann awer och an eng aner Richtung féieren. Also ass 2014 bei de Koalitiounsverhandlungen eng Décisioun do ze huelen an ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Och iwwer de Wuerekuerf an deem Fall, mengt Dir?

Jean Asselborn: Also, mir hu beim Wuerekuerf eng kloer Ausso gemaach. Eigentlech hu mir eng Tautologie an d'Welt gesat. Mir hu gesot, beim Wuerekuerf hätte mir gär en Accord négocié. Ech kenne keen Accord deen net négociéiert wier. Ech hoffen, datt mir och op deem Punkt kënnen Argumenter austausche mat de Sozialpartner, mat de Gewerkschaften a mat de Patronen, wëssend, datt mir eis engagéiert hunn, datt et muss en Accord ginn.

Roy Grotz: En Accord ass et effektiv ginn. Firwat hutt Dir en dann dës Kéier net méi engem Kongress ënnerworf?

Jean Asselborn: Dir schwätzt elo vum Index? Jo, well mir an der Logik sinn, a mengen Aen total an der Logik sinn, vun deem wat mir jo och op deem Kongress zu Mutfert op jiddwer Fall tëscht den Zeilen an am Geescht vun där Décisioun och décidéiert hunn.

Dat heescht, wann Aarbechtsplazen a Gefor sinn, wann eis wirtschaftlech Evolutioun a Gefor ass, datt dann d'LSAP, wéi nach ëmmer an der Vergaangenheet, eng Décisioun hëllt fir den Indexmechanismus ze erhalen. Mee heiansdo liest ee jo a Commentairen an och a Lieserbréiwer wéi wa mir den Index ofgeschaaft hätten. Dat ass jo absolut net de Fall.

Keen an der Regierung, weder déi eng Partei nach déi aner, huet d'Intentioun den Index ofzeschafen. Dat ass et net!

An dofir géif ech mengen, datt mir hei en toute sérénité nach eng Kéier un d'Gewerkschaften en Appel maachen, och vu menger Säit, datt deen Dialog a mengen Aen net dierf esou ofgebrach ginn.

D'LSAP an d'Gewerkschaften, wann ech dat dierf emol aus menger Siicht soen, hunn eng grouss gemeinsam Geschicht. Mee d'LSAP ass keng Partei déi virun Décisioune fortleeft. Mir hunn an eisem Slogan stoen "Mir paken et un". De Contraire vu "Mir paken et un", dat ass "Mir maachen eis aus dem Stëbs". Dat ka geschichtlech, wann ee kuckt, net de Sënn sinn an och wat eis Responsabilitéit ugeet, kann et net de Sënn sinn!

Au contraire, ech mengen, deen Apport dee mir bréngen, ob et an der Schoul ass, ob et bei der Pensiounsreform ass, ob et beim Index ass, dat ass schonn en Apport deen aus eiser Siicht en Apport ass dee konform ass zu den Erausfuerderungen déi de Sozialstat och un eis als LSAP selbstverständlech stellt. Dat ass eng vun deene groussen Erausfuerderungen, déi mir eis ze stellen hunn als Partei, zanter datt mir bestinn.

Roy Grotz: Dir hutt déi dote Reformen ebe just genannt, Här Asselborn. Muss ee sech do dacks an der Regierung duerchsetzen, esou datt dat Sozialistescht iwwerhaapt nach eng Geltung huet, en Vigueur ass?

Jean Asselborn: An der Regierung gëtt et zwou Parteien. Dat ass net déi nämmlecht Famill. Si hunn net déi nämmlecht Geschicht, si hunn net déi nämmlecht Aspiratiounen, mee ech géif awer mengen, wann ech dat emol dierf soen, ouni elo pathetesch ze ginn an ouni vläicht ze vill ze verwëschen, datt zanter Krichsenn d'LSAP an d'CSV oder d'CSV an d'LSAP ganz dacks matenaner an enger Koalitioun waren, an datt jo awer d'Land haut – wann een dat vergläicht mat Europa – net esou immens negativ ka betruecht ginn, weder vu bannen nach vu baussen.

Ech wëll awer och soen, datt an där Koalitioun mat deene Liberalen, mir 1974-1979 grouss Fortschrëtter gemaach hunn, zum Beispill op gesellschaftspolitesche Froen, an datt och – dat dierfe mir jo net vergiessen – eigentlech déi Generaliséierung vum Index op eng Koalitioun tëscht de Sozialisten an de Liberalen zréckgeet.

An nach eng Kéier, ech mengen, och an der Regierung, wann Dir mech frot: "Wie setzt sech do duerch? Wie setzt sech net duerch?", dat ass eigentlech net d'Optik, déi een an enger Koalitioun muss hunn. An enger Koalitioun kann et nëmmen eng Optik ginn, dat ass "Wat ass wierklech dat, wat am beschten zum Gesiicht vun eben den Erausfuerderunge vum Land steet?"

A mir, ech mengen, dat ka jiddweree vun der CSV Iech soen, hunn an der Indexfro wierklech e Maximum vu Resistenz geleescht, fir net an der Indexfro an eng Situatioun ze kommen, wou een eis hätt kënne reprochéieren, datt mir zu deem grousse Projet, dat ass e grousse Projet dee 1974-1979 an d'Welt geruff ginn ass, datt mir deen an eng Situatioun bruecht hätten, wou een en net méi géif erëmkennen. Dat stëmmt, do ass méi eng grouss Flexibilitéit vläicht gewiescht bei der CSV.

Mee Bei der CSV war awer och Versteesdemech do, wéi wäit datt de Koalitiounspartner hätt kënne goen, bis bei eis de Fuedem gerass wär. An dat ass eppes, wann een dat fäerdeg bréngt, och elo an deenen Dossieren déi ustinn, dann ass dat net zum Schued vum Land.

Roy Grotz: D'CSV spiert vläicht och net dee gewerkschaftlechen Drock am Réck wéi Dir en hutt?

Jean Asselborn: Neen, d'CSV spiert vläicht anerer am Réck, oder am Gesiicht.

Roy Grotz: Déi no vir oder no hannen dreiwen, dat ass dann z'analyséieren. Mir si scho bal beim halwer eng Journal ukomm, Här Asselborn, a mir hunn nach ëmmer net iwwer Aussepolitik geschwat. Et läit Iech um Häerz. Mir kommen natierlech och drop ze schwätzen, dat Ganzt nom Mëttesjournal, an dee ganz geschwënn.

[Noriichteniwwerbléck vum Diane Klein]

Roy Grotz: D’Suite am Background mam Ausseminister a Vizepremier Jean Asselborn. Gudde Mëtteg nach emol, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Grotz

Roy Grotz: Mir kommen an de Schlusssprint hei, mam Vëlo oder ouni. Bis 13h00 Auer wëlle mir nach e puer Sujeten duerch kréien. Bleiwe mir nach bei deem leschten eng Kéier kuerz stoen: dat Soziaalt, dat Iech jo esou wichteg ass an der Partei. Dat awer genee esou gutt dem OGB-L als Gewerkschaft wichteg ass! Ass do net en onheemlechen Drock ze spieren, deen Dir am Genéck hutt?

Jean Asselborn: Wësst dir, Här Grotz, ech kommen eigentlech aus engem Haus wou deen ee Grousspapp Aarbechter zu Stengefort op der Schmelz war; deen Aneren huet zu Stengefort an der Steekaul Paweesteng geklappt. Mäi Papp huet säi ganzt Liewen op der Schmelz geschafft an herno op der Arbed zu Déifferdeng.

Bon, mir haten doheem eng onhelleg Dräifaltegkeet, wann een esou dierf soen: dat war engersäits ëmmer d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei; dat zweet, dat war de Lëtzebuerger Aarbechterverband déi Zäit, also de Virgänger vum OGB-L; an dat drëtt, dat war d’Tageblatt. An ech muss soen, et deet mir scho wéi wa mir géifen eis elo dauerhaft an eng Period do era beginn, wou mir eigentlech net méi dat géife maache wat ëmmer an der Vergaangenheet trotzdem de Fall war – mat Ausname selbstverständlech – mee datt een awer versicht huet eng gemeinsam Démarche ze hunn.

Mä gutt, d’Gewerkschaften, ech hunn dat gesot, sinn net an enger einfacher Situatioun. Ech hoffen awer, datt e wéineg Versteesdemech do ass, datt net alles sech fokusséiert vun de Gewerkschaften, och vum OGB-L, op d’LSAP. Dat wier net nëmmen ongerecht, mä dat wier och net produktiv.

Ech wëll dat net weider erklären, mä et muss een d’politesch Realitéite jo och gesinn. D’LSAP, dat kann ech jiddwerengem, och am OGB-L soen, huet weder bei senge Mandatairen nach am Kär vun der Partei d’Intentioun fir eben eppes ze maache wat géif fundamental an déif géint de Sozialstat goen, bien au contraire.

Roy Grotz: An awer kënnt et engem vir, wéi wa bei der OGB-L an sech d’Nei Lénk ewell méi héich gehale gëtt wéi d’Valeuren, déi d’LSAP nach vertrëtt.

Jean Asselborn: Dat wier net gutt, fir keen.

Roy Grotz: Ass et dann awer sou? Hutt Dir dat Gefill?

Jean Asselborn: Ech mengen, do muss een elo kucken, datt déi Period hei eriwwer geet, an datt mir och mat deem neien Ekonomiesminister Etienne Schneider Efforte gemaach ginn. Hie wëll dat och maachen, nämlech datt een erëm en Dialog kann hierstellen, en général mat de Gewerkschaften, awer och erëm en Dialog kann hierstellen tëscht Gewerkschaften a Patronat. Dat géif eisem Land gutt zu Gesiicht stoen.

Roy Grotz: D’Medie wëllen heiansdo och mat undreiwen. En aggressiven Toun, deen dach dacks am Tageblatt notamment ugeschloe gëtt, fir d’Kand mam Numm ze nennen. Nach haut liese mir vun der Manipulatioun vum Index, déi duerchgepeitscht gouf. Politescher Onkultur. Dir wiert net méi um Pouvoir. Dreift Iech dat dann un, oder léisst Iech dat kal?

Jean Asselborn: Ech hu jo elo grad gesot, datt dat een net ka komplett kal loossen. Mee dat si Positioune vu Journalisten. An ech mengen, et ass net hei am Land üblech, datt de Vizepremier vun enger Regierung elo deem Journalist géif verbidde seng Meenung ze soen.

Ech wëll nëmme just drun erënneren, datt mir trotzdem am Intérêt vun der Saach misste probéieren erëm op eng méi gemeinsam Linn ze kommen, an ech sinn och iwwerzeegt, datt mir dat fäerdeg bréngen. Och wann et nach vläicht e puer Méint dauert.

Roy Grotz: "Op där Linn" an "e puer Méint daueren" wäert et och nach bis et zum Vote kënnt – an elo si mir beim Dossier vun der Aussepolitik – fir d’lëtzebuerger Kandidatur fir deen net permanente Posten am Weltsécherheetsrot. Dee Vote ass am Oktober, zwee Poste sinn ze verginn. Nach mat eis an der Course sinn Australien a Finnland. Eng 2/3 Majoritéit musse mir kréien. D’Campagne leeft schonn zanter e puer Méint.

Mir hunn eis emol gefrot – eis selwer hei ma och d’Meenung vun de Leit – wat et dann iwwerhaapt dem Land bréngt fir an deem ganz héije wichtege Gremium ze setzen, hei e puer Äntwerten.

Passant (O-Toun): Oh, firwat net? Mir kéinte jo och eng Kéier un den Tour kommen.

Passant (O-Toun): Bien sûr, pourquoi pas! On a droit aux mêmes égards que les autres pays de l’Europe. Parce que je pense qu’on est un pays qui est souverain. Pourquoi pas?

Passant (O-Toun): En tant que membre de l’Europe, je pense qu’il a sa place. C’est vrai que c’est un petit pays, mais qui a quand même une place parmis les grands de l’Europe. Donc pourqoi pas?

Passant (O-Toun): Mir sinn e klengt Land wat trotzdem vill Afloss op aner grouss Länner huet. Dofir géif ech soen, falls dat elo an eisem Profit wier, eis eppes weider bréngt oder esou. Jo, éischter positiv. Ech géif soen, et ass jo grad awer d’EU an eben d’UNO. Ech fannen, d’Leit sollen awer zesummen halen.

Passant (O-Toun): Ech fannen dat eng ganz gutt Iddi, well Lëtzebuerg ass a méi Saachen international verwéckelt wéi et ausgesäit. Ech mengen, wann een déi ganz Banke kuckt an dee ganzen internationale Prestige deen hei schonn ass. Do kann een also näischt dogéint soen.

Roy Grotz: Vu Jonk bis Al, muss ee soen, geet d’Palett. Do schéngt jo d’Campagne op mannst awer gefrucht ze hunn.

Jean Asselborn: Ech wëll fir d’éischt soen, Dir hutt gesot, déi Campagne leeft zanter e puer Méint. Dat ass natierlech net grad esou. Ech wëll Iech net iwwer de Mond fueren. Déi Campagne leeft eigentlech, loosse mir soen, richteg kuerz virun eiser Presidentschaft an dann no eiser Presidentschaft hu mir effektiv Vollgas ginn. Dat war also 2005.

Datt dat eng Campagne ass déi ganz, ganz laang am viraus muss preparéiert ginn, dat wësse mir. Zum Beispill elo leie scho Kandidaturen vir fir an den UNO-Sécherheetsrot ze komme fir 2041! Da kënnt Dir Iech virstellen, a wat fir enger Zäitspann, datt do geschafft gëtt.

Ech fannen, déi Äntwerten – ech hunn eigentlech näischt bäizefügen! Och déi jonk Leit, déi 2 jonk Leit déi zum Schluss geschwat hunn, dat seet eigentlech alles aus! Mir sinn eent vun de Grënnungslänner vun der UNO a mir sinn, mengen ech, ënner de 5 oder 6 Länner déi d’UNO mat gegrënnt hunn, awer nach ni am Weltsécherheetsrot waren. Do sinn der dobäi, déi hunn nach ni hir Kandidatur gestallt, wéi zum Beispill Saudi-Arabien. Déi wëllen net. Et ginn och e puer mëttelamerikanesch Länner, déi nach net dra waren.

Mee mir musse mat där Campagne wëssen, och wann dat vläicht net ëmmer richteg verstane gëtt, och vläicht mol vun deem Engen oder Aneren an der Chamber, oder och vläicht emol op aneren Niveauen, datt mir do eigentlech näischt zum Onwee maachen. Mir brénge Lëtzebuerg op de Radar, net nëmme mat Finanzplaz, mee och als e Member vun den Nations Unies.

Ech mengen, mir sollen houfreg drop sinn, datt mir an de leschten 20 Joer, onofhängeg vun der Kompositioun vun de Regierungen, an och haut nach, ganz staark versicht hunn eppes zréck ze gi vun deem Räichtum dee mir hunn un déi, déi vill, vill manner hunn wéi mir.

Mir si 7 Milliarde Mënschen op der Welt. Méi wéi d’Halschent dovunner mussen all Dag kämpfe fir z’iwwerliewen. Datt mir do méi wéi 1% vun eisem PIB an d’Entwécklungshëllef ginn, dat hëlleft immens. Och eist Bild, wat mir no baussen hunn.

Ech kommen elo aus Äthiopien. Zu Addis Abeba ass de Siège vun der Afrikanescher Unioun. Mir si ganz staark appréciéiert an Afrika. A mir maache genee dat, wat och d’Europäesch Unioun décidéiert huet 2007 op hirem Sommet zu Lissabon, nämlech Afrika net nëmmen ze gesinn als e Kontinent wou mir Kooperatiounshëllef ginn, mee wou mir eis och politesch investéieren a wou mir eis och ekonomesch investéieren. Ech mengen, déi Jalonen déi mir elo asetzen, dat bréngt eis och an Zukunft eppes um ekonomesche Plang an Afrika.

Mir kënnen dat och op deen anere Kontinenten: vläicht elo een deen och Kandidat ass – deen ass eis net esou gutt gesënnt – mä ob dat an Asien ass oder ob dat a Latäinamerika ass zum Beispill, also ech kann et nëmme soen aus menger Erfahrung, ech si jo elo e wéineg gereest – an net nëmme mam Vëlo – an do gesinn ech, datt ganz, ganz groussen Appui fir Lëtzebuerg existéiert.

Ech mengen, mir sollten alleguerten zesumme probéieren e Maximum eraus ze huelen.

A wann am Oktober d’Wahle sinn, Dir wäert gesinn, mir ginn do net blaméiert, mir ginn do net ënner. Ech weess, géint e Kontinent als Lëtzebuerg ze konkurréieren, dee vill méi investéiert wéi mir, vläicht 30 Mol esou vill investéiert, a géint Finnland wat jo och e Land ass wat jo och international eng grouss Renommee huet, ass net einfach. Mee ech ginn awer do net op an et leeft ganz, ganz gutt, an ech maachen och alles wat ech ka maachen. Ech ginn zum Beispill elo op New York, wou ech och Kontakt hunn mat den OIC-Länner, mä awer och mat aneren Ambassadeuren am Sécherheetsrot.

Ech mengen, do geet et net nëmmen alleng ëm d’Kandidatur am Sécherheetsrot, mä et geet och eben wéi ech gesot hunn, dorëms Lëtzebuerg aussepolitesch um Radar ze halen. Dat ass ganz wichteg. A wann ech déi Echoen héiere vun deene jonke Leit, oder vun de Leit déi do geschwat hunn, dat ass eigentlech eppes wat mech vill méi freet wéi dat wat Dir gespillt hutt iwwer mech als Persoun. Dat do ass eppes wou se verstanen hunn, datt Lëtzebuerg wierklech och eng Plaz huet an der internationaler Gemeinschaft.

Roy Grotz: Dir wollt net méi vill dobäi fügen, et war awer nach e bëssen eppes ginn. Et mierkt ee jo awer, datt d’Campagne nach e bësse leeft.

Komme mir nach eng Kéier bei d’EU, déi an enger Vertrauenskris ass, a wou ee vu lauter Conseilen a Sommeten net méi wierklech gesäit wou dës Unioun dëser Deeg histeiert. No der leschter Réunioun vun der leschter Woch gouf sech op e Pabeier gëeenegt, deen d’Fiskalunioun konkretiséiert. De Premier hat dat esou beschriwwen.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Et gi Froe behandelt déi just an exklusiv d’Euro-Memberstate betreffen. dann tagen déi 17. Ginn och Froen ugesprach déi Anerer betreffen dann tagen déi 27. Am Regelfall ass et esou, datt e Conseil européen zesumme kënnt zu 27. An da fënnt eng Sitzung, falls dat noutwenneg ass, zu 17 statt. Deen Traité op deem Punkt, deen otemt réischt herno mam Liewen. An et muss ee gesi wéi dat sech entwéckelt.

Roy Grotz: Deen Traité, dee Pabeier do, deen de Staatsminister ugeschwat huet, Här Asselborn, wéini otemt deen dann?

Jean Asselborn: Also, ech mengen, datt mir ganz, ganz kloer do mussen iwwer deen Traité do eraus wëssen, datt mir mussen d’Legitimatioun vun der Europäescher Unioun héich halen. Ech mengen, deen "Nie wieder" oder "Never again", wat nom 2. Weltkrich jo eigentlech d’Motiv war fir Europa ze bauen [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat geet net méi duer.

Jean Asselborn: Dat geet net méi duer, wéi Dir sot, mä dat ass nach ëmmer de Fong dovunner!

Mä elo muss eppes drop gebaut ginn an Europa.

Am Ufank hu mir eis "Communauté européenne" genannt, dunn "Union européenne". Mee dat, wat ëmmer erëm kënnt, dat ass, datt d’Solidaritéit an Europa ugeschwat gëtt, datt och jiddwer Land wat an Europa, an der Europäescher Unioun dran ass, déi nämmlecht Rechter an déi nämmlecht Flichten huet.

Wat mech stéiert – an de Premier weess dat – ass net de Fong vun deem Traité! Mee et ass déi éischte Kéier an der Geschicht, zanter datt mir d’Réimer-Verträg hunn – no de Réimer-Verträg ass Maastricht komm, an dunn Amsterdam an du Lissabon – datt mir ausserhalb de gemeinsamen Verträg eis Problemer versichen ze léisen. Et ass ëmmer gekuckt ginn, déi Länner déi an der Unioun waren, zesumme ze halen an Traitéen ze maachen am Kader ebe vun der Union européenne.

Hei ass déi éischte Kéier, datt mir elo en internationalen Traité, en intergouvernementalen Traité maache fir ebe Mouvement eran ze bréngen, oder fir eben d’Europäesch Unioun ze adaptéieren un déi Situatioun mat där se sech ausernaner ze setzen versicht. Virun allem da wat d’Eurozon ugeet.

Roy Grotz: Mä Dir sot, et wier och ouni dee gaangen.

Jean Asselborn: Jo, dat ass meng Meenung vun Ufang u gewiescht. Et huet kee Wäert, datt ech dat elo erëm 10 Mol soen, mee et wier gaangen am Droit secondaire! Do hätte mir ganz gutt kéinte praktesch alles wat an deem Traité do steet integréieren. Mä et ass elo de Fall jo net.

Mir mussen elo kucken, datt mir dat Bescht erausschloen, an datt deen Traité intergouvernemental ratifizéiert gëtt.

Ech soe just, datt et kann enk ginn. A wa mir elo scho gesinn, datt ee Land, wat jo matgehollef huet an déi Richtung do pushen, nämlech Frankräich, wann do de President seet, an de Premierminister seet, ënner menger Présidence, dat heescht also bis an deem éischte Semester 2012, kënne mir deen Traité net ratifizéieren! Wann een och weess, datt d’Kompositioun vun der Assemblée nationale plus awer och dem Senat gemëscht ass – d’Assemblée nationale gëtt nei gewielt, de Senat dee bleift awer – datt et kéint eventuell sinn, datt misst e Referendum a Frankräich ofgehale ginn. An dat ass jo net ze wannen.

Dofir, ech hoffen net fir d’Europäesch Unioun, datt mir elo bei de Ratifizéierunge wierklech an esou Schwieregkeete kommen, datt Länner net kéinte ma maachen, dat wier schlecht fir eis alleguer, schlecht och fir Lëtzebuerg.

Mee mir sinn e Wee amgaangen ze goen, wou een trotzdem, menger Meenung no awer heiansdo muss d’Bedenken dovunner kloer op den Dësch leeën. D’Bedenken, déi ech op jiddwer Fall hunn, a vill aner Leit an der Europäescher Unioun hunn, dat ass, datt mir dat Intergouvernementaalt – also dat Ewechkomme vun der Gemeinschaftsmethod – ëmmer méi prononcéiert ass, an dat kann net gutt si fir d’Zukunft vun der Europäescher Unioun.

Roy Grotz: Dat hutt Dir och un d’Adress vun Budapest gesot, déi leschte Wochen. Jo, do kann een och scho bal soen Méint, Joeren hutt Dir mam Fanger op dat gewise wat an Ungarn geschitt. Och dat mécht Iech e bëssen aus als atypeschen Diplomatievertrieder dee Kloertext schwätzt. Och den Éierestatsminister Jacques Santer huet dat esou gesinn.

Jacques Santer (O-Toun): Ech mengen, hien affirméiert déi Valeuren déi och an der Europäescher Unioun zum Ausdrock kommen. Hie steet zu deene Grondwäerter op deene mir baséieren, an heiansdo mécht e jo och de Fanger, dësem oder deem, wann en ofwäicht vun de Grondwäerter. Mir mussen natierlech ëmmer bewosst sinn, datt mir ëmmer als klengt lëtzebuerger Land natierlech mussen heiansdo vis-à-vis vun eisen Nopeschlänner virsiichteg sinn. Dat ass nun eben emol esou.

Roy Grotz: De Jacques Santer schwätzt Äre Fanger do un, deen hutt Dir dem Victor Orban gemaach. Schiedegt effektiv de Wee vu Budapest der europäescher Identitéit?

Jean Asselborn: Ech soen dem Jacques Santer Merci fir seng Appréciatioun. Ech weess, datt mir e klengt Land sinn. Mee mir sinn e Member vun der Europäescher Unioun, an d’Kredibilitéit vun der Europäescher Unioun gesinn ech vläicht besser vun alle Membere vun der Regierung, well ech jo op all Kontinenter kommen, a selbstverständlech och iwwerall, an dat ass meng Missioun, och iwwer d’Mënscherechter schwätzen an iwwer den État de droit schwätzen.

An ech soen Iech, wa mir an der Europäescher Unioun e Land hu wou mir eis nëmme Froe brauchen ze stellen, ob se nach Pressefräiheet hunn; wa mir eis Froe musse stellen, zum Beispill, iwwer d’Séparation des pouvoirs, wéi et an Ungarn ass, wou d’Exekutiv sech carrément amëscht an de Pouvoir judiciaire, aner Positiounen déi do dobäi kommen; dann ass dat wierklech eppes wat der Kredibilitéit, der Glafwierdegkeet vun deem Projet, dee jo e Friddensprojet ass an der Europäescher Unioun, datt mir domatter net eens kënne ginn.

An dofir si meng Suergen extrem grouss. Et deet mir wéi wann ee schwätzt fir Griicheland aus der Eurozon eraus ze geheien. An hei, wou et ëm d’Wäerter geet, ëm déi fundamental Wäerter geet vun der Europäescher Unioun, datt een esou tolerant ass vis-à-vis vun engem Mann an Ungarn, deen Orban heescht an déi Partei FIDEZS, déi wierklech, wierklech schonn ugefaangen huet am Joer 2010 mam Mediegesetz, an elo weider fiert, a versicht erëm deen nämmlechten Trick ze maachen wéi beim Mediegesetz: et gëtt 3, 4 kleng Saachen: u klenge Rieder – wann ech mam Mars Di Bartolomeo ka schwätzen – gëtt gedréint, an all dat anert, dat Prinzipiellt, de Geescht vun deem wat e mécht, deen net méi demokratesch ass, deen net méi engem Rechtsstaat entsprécht, dat gëtt weider lafe gelooss. An dat ass grave fir d’Europäesch Unioun, an ech hoffe wierklech, datt do, och um Niveau vum Conseil européen, ech muss dat soen, datt agegraff gëtt fir dat doten ze stoppen.

Roy Grotz: D’Welt ass ze grouss fir se bal an eng Stonn kënnen ze paken. Mir wëllen eisen Auditeuren awer net Äert Lidd virenthalen dat Dir Iech gewënscht hutt. Dat ass dat heiten. De Jacques Brel séngt “Ne me quittes pas�?. Hutt Dir dat och alt geduecht, Dir oder d’Partei? Wie kéint do wie verloossen, éischter?

Jean Asselborn: Dir wësst jo awer, datt et nach aner Saache gëtt wéi d’Partei! Mä ech fannen dat ass en immens schéint Lidd an dofir héieren ech et och gär. Mä wann Dir d'Partei erëm uschwätzt, ech mengen, d’Partei hätt och kënnten hire Wee maachen ouni mech. Dat ass evident. Esou wichteg dierf ee sech jo net huelen.

Roy Grotz: Anescht vläicht.

Jean Asselborn: Jo, mä d’Partei huet mir och immens vill gi bei allem. Loosse mir emol soen, heiansdo hunn ech mech och geschuddert an net gewosst, ob ech soll stoen oder sëtzen oder leien. Mee all dat huet mäi Charakter gestäerkt, an ech mengen, datt ech en anert Liewe gefouert hätt, selbstverständlech, wann ech net esou no bei der LSAP dobäi wier an dofir weess ech och, datt ech alles wat nach a mir stécht och ze ginn hunn, vläicht och elo an den nächsten 2 an en halleft Joer déi kommen.

Roy Grotz: Als Cyclist wësst Dir wat Ausdauer ass. Sidd Dir déi nächste Kéier bei de Wahlen nach eng Kéier mat dobäi?

Jean Asselborn: Gitt emol dovunner aus.

Roy Grotz: Dat ass kee ganz kloeren Neen.

Jean Asselborn: Mee a wat fir enger Positioun, dat ass un menger Partei fir dat ze tranchéieren.

Roy Grotz: "Ne me quittes pas" musse mir allerdéngs elo soen. Villmools merci, Här Asselborn, eng gutt Rees dann op New York, an nach weiderhin e gudden Asaz fir eis Kandidatur am Weltsécherheetsrot. Merci, datt Dir de Mëtteg bei eis waart.

Jean Asselborn: Ech soen Iech merci. Et war eng ganz agréabel Stonn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact