|
Jean-Claude Franck: E wëll riicht eraus sinn, de neie Wirtschaftsminister. Den Etienne Schneider ass deemno haut Invité an der richteger Émissioun, nëmmen e puer Deeg nodeems hien als Minister vereedegt gouf als Successeur vum Jeannot Krecké, deen no iwwer 7 Joer an der Regierung mat der aktiver Politik opgehalen huet.
Etienne Schneider: gudde Mëtteg.
Etienne Schneider: E schéine gudde Mëtteg.
Jean-Claude Franck: Dir waart gëscht fir d’éischt am Regierungsrot. Hutt Dir vill geschwat, oder hutt Dir Iech fir Ären éischten Asaz an där Équipe emol e bëssen zeréckgehalen?
Etienne Schneider: Ech hunn éischter d’Impressioun, datt ech vill geschwat hunn, vläicht zevill, mä bon, dat musst Dir anerer froen.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, et gouf direkt vill wat an Ärem Ressort ze thematiséiere war?
Etienne Schneider: Et gouf villes ze diskutéieren, wat net direkt a mengem Ressort war, mä wat mäin awer touchéiert huet.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir hutt och wann aner Ministere geschwat hunn, wat awer och d’Wirtschaft concernéiert huet, hu Dir awer direkt d’Wuert ergraff?
Etienne Schneider: Jo, jo, op alle Fall.
Jean-Claude Franck: Wéi sidd Dir opgeholl ginn an där neier Regierungséquipe, Dir sidd ëmmerhin dee Jéngste mat 41 Joer, an Dir hutt och schonn d’Ausso gemaach, zum Beispill, datt d’Regierungsmandater sollten op zwee limitéiert ginn?
Ech ka mir virstellen, datt dat bei engem Jean-Claude Juncker, deen elo Enn dës Joers 30 Joer an der Regierung ass, datt dat do net besonnesch gutt ukomm ass.
Etienne Schneider: Jo, soe mir emol esou, en huet e bëssen de Geck domat gemaach, mä et ass awer net, datt e sauer ass, mengen ech.
Jean-Claude Franck: Dat heescht den Altersënnerscheed ass do och kee Problem? Dir hutt d’Gefill awer, datt Dir gutt accueilléiert gouft?
Etienne Schneider: Jo ech sinn eigentlech ganz gutt accueilléiert ginn. De Jean-Claude Juncker ass erakomm an de Regierungssall, do souz ech schonn do, du huet e gesot, wat mécht de Beamten hei, am Geck natierlech awer. Neen, neen, d’Ambiance ass ganz gutt, muss ech scho soen.
Jean-Claude Franck: Firwat sidd Dir der Meenung, datt e Regierungsmandat, datt een där soll just zwee hannertenee maachen?
Etienne Schneider: Bein, ech sinn der Meenung, datt een net dierf – mä bon, dat ass ebe meng perséinlech Meenung – datt een net soll ofhängeg gi vu sengem Mandat, datt een net soll Beruffspolitiker ginn, well ech einfach der Meenung sinn, datt een no enger Zäit – an dat gëllt iwweregens fir all Beruff – datt een, no enger Zäit ginn engem d’Iddien e bëssen aus, an datt een da vläicht eppes anescht am Liewe soll maachen.
Ech fir mäin Deel, hunn dat ëmmer esou gehalen. Ech hunn all 7 bis 8 Joer bis elo en neie Wee ageschloen, an ech hunn dat ëmmer ganz flott fonnt, ëmmer ganz interessant. Mä wéi gesot, dat do, dat bënnt just mech, all anere mécht do natierlech wéi hie wëllt.
Jean-Claude Franck: Domat sidd Dir jo dann an der Continuitéit vum Jeannot Krecké, deen och seet, hie géing all 7, 8 Joer eppes Neies maachen.
Etienne Schneider: Allerdéngs, jo.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, och wann Dir elo zwee Mandater gemaach, also wann Dir géift erëmgewielt ginn, an Dir hätt Äert zweet Mandat gemaach, sidd Dir elo schonn zimlech sécher, datt Dir da géift soen: voilà!?
Jean-Claude Franck: Also gitt emol mat Sécherheet dovun aus, datt ech net als Politiker wäert an d’Pensioun goen.
Jean-Claude Franck: Dir hutt dat vum Beamten ugeschwat. De Jean-Claude Juncker deen do de Geck domat gemaach huet. Dir waart Beamten, héije Beamten am Wirtschaftsministère, iert Dir elo déi Fonctioun als Minister iwwerholl hutt.
En héije Responsabele sot eis, am Summer d’lescht Joer wieren et schonn esou éischt Ännerungen am Organigramm ginn am Wirtschaftsministère. Ass dat esou, an ass do den Terrain scho preparéiert ginn?
Etienne Schneider: Dat kann een esou soen, jo. Ech hu mam Jeannot Krecké deemools nach zesummen eng kleng Reform gemaach am Ministère, wou mir probéiert hunn d’Ressorte méi optimal opzedeelen. Ech hunn och eng Rei aner Ressorten iwwerholl, ënnert anerem hunn ech zu deem Moment den Energieressort wollten ofginn, well ech mech net wollt der Kritik dauernd aussetze loossen, datt ech op där enger Säit President vun enger Rei Energiegesellschafte sinn, an op där anerer Säit och nach direkt zoustänneg si fir d’Energie. Dofir wollt ech déi och ofginn, an hu mech méi an de Beräich vun der Industrie eragesat.
Voilà, mä dat war mam Jeannot esou ofgeschwat, an dat war natierlech och schonn en Vue vun deem wat eventuell - eventuell soen ech - sollt kommen, well zu deem Zäitpunkt wosst ee jo nach net wéi dat géing ausgoen
Jean-Claude Franck: Mä Dir wosst awer, datt hien den 1. Februar wéilt ophalen, deemools schonn?
Etienne Schneider: Jo, jo, ech wosst dat.
Jean-Claude Franck: An hien huet Iech, also Dir hat dat och schonn ugedeit, hien huet Iech fréi gefrot gehat schonn, mä Dir hutt net direkt, déi éischt Sekonn gesot, jo, jo, dat wëll ech maachen. Firwat hutt Dir iwwerluecht?
Etienne Schneider: Majo fir d’alleréischt muss ech Iech soen, wéi de Jeannot Krecké mech fir d’éischt dorop ugeschwat huet, hunn ech geduecht, cause toujours, well ech mir geduecht hunn - bei Politiker ass dat meeschtens esou - da soe se, ech hale mat Zäit op, ech weess wann ech muss goen, an da finalement maache se et awer net. Mä bon, de Jeannot huet et dann dunn duerchgezunn. A wéi ech gesinn hunn, datt et géing eescht ginn, dunn hunn ech mir natierlech och eeschthaft misse Gedanke maachen, ob ech dat do géing iwwerhuelen oder net.
Wann ech ganz éierlech sinn, muss ech Iech soen, datt zwou Saache mech eigentlech haaptsächlech iwwerleeë gedoen hunn, oder zécke gedoen hunn. Dat waren awer méi privater Natur. Dat war einfach dat, datt ee wann ee Minister ass, datt een da weess, datt een et zu 100% ass, an datt een et Dag an Nuecht ass, an datt een eigentlech kee Privatliewe méi huet. Dat ass dat eent.
An dat anert ass, de Fait, datt een an der Ëffentlechkeet steet, datt ee permanent an der éischter Rei steet, wat ech eigentlech bis elo an deem Sënn net gemaach hunn, ausser an deene Firmen, wou ech mech extrem wuel gefillt hunn, mä esou als Politiker, dee sech permanent muss kritiséiere loossen, a permanent muss oppasse wat hie seet, a wéi hien et seet, do hat ech e bësse gezéckt ob ech dat soll maachen.
Finalement hunn ech awer gesot, dee Challenge ass enorm, d’Situatioun ass schlecht, mä den Challenge ass enorm. An et ass natierlech och eng immens Éier fir dem Land kënnen ze déngen, an dunn hunn ech geduecht, allez hëpp, du hues 40 Joer, elo geess de dat do un.
Jean-Claude Franck: Huet dat Finanziellt net gespillt? Et sinn der déi soen, Dir géift elo manner wéi d’Halschent verdéngen, vun deem wat Dir virdrun als héije Beamten an als Mandataire an enger ganzer Partie Verwaltungsréit kritt hutt?
Etienne Schneider: Jo, dat ass richteg. Dat ass effektiv esou, mä ech muss Iech soen, dat Finanziellt huet bei mir ni gespillt. Ech hunn nach all Kéier mäin Job gewiesselt fir manner Suen, all Kéier, an hunn da lues a lues erëm méi verdéngt. Bon, an der Regierung weess ech, datt dat net geet. Mä et geet een net an eng Regierung fir Suen ze verdéngen. An dovun ofgesinn, sinn ech alleng, ech mengen och, datt ech mat enger Ministeschpai wäert eens ginn. Et ass jo och elo net, datt een do um Hongerduch nagt.
Jean-Claude Franck: Et ass e bëssen de Geck awer och schonn domat gemaach ginn, Dir géift elo mam Luxusauto an d’Regierung fueren, well Dir jo och eng Virléift hutt fir aler, oder och zum Deel deier Autoen. Ass dat net a Contradictioun esou e luxuriéise Liewensstil, vill och verdéngen, mat enger LSAP, wou eng Partei, déi fir déi einfach Leit soll stoen?
Etienne Schneider: Neen, ech mengen dat iwwerhaapt net. Ech fannen dat e bëssen iwwerholl, datt ee seet, wann een an der LSAP ass, muss een mat engem Clio fueren, a wann een an der DP ass, dierf ee mat engem Maibach fueren. Dat ass a mengen Ae Kabes.
Ech stinn dozou, datt ech eben ee Faibel hu fir al Autoen, dat sinn net onbedéngt esou deierer, och wann et deier Marke sinn, mä dat sinn einfach Klassiker, déi ech mir heiansdo kaaft hunn, well dat einfach mäin Hobby ass. An dozou stinn ech, a voilà, a méi ass et net.
Mä ech gesinn awer elo keng Contradictioun Sozialist ze sinn a Suen ze verdéngen, respektiv Suen ze hunn. Ech mengen, a menger Partei sinn där Leit der vill, grad esou vill wéi Leit, déi manner Suen hunn. Ech mengen engem Sozialist geet et jo am Prinzip drëm, datt et jiddwerengem soll gutt goen.
Jean-Claude Franck: Iergendwéi hutt Dir och op Suen elo verzicht fir ebe grad Ärer Partei ze déngen.
Etienne Schneider: Voilà, wann ech op méi wéi d’Halschent vu menger Pai verzichte fir an eng Regierung ze goen, da bedeit dat jo awer och, datt ech net wierklech op d’Suen aus sinn, soss hätt ech en aneren Job gemaach, oder dee behale wou ech elo hunn.
Jean-Claude Franck: Hat Dir net awer Angscht, datt de méi lénke Fligel vun der LSAP Iech bei der Wiel vum Successeur vum Jeannot Krecké géif net ënnerstëtzen, also datt déi Ënnerstëtzung géif feelen?
Etienne Schneider: Angscht hunn ech d’ailleurs ni. Mä ech mengen, datt ech meng Partei relativ gutt kennen. Ech si vu jonke Joeren un an där Partei, an op alle méiglechen Niveauen aktiv gewiescht an där Partei, an ech kenne se gutt, a si kenne mech gutt, soudatt ech eigentlech net vill Angscht hat, datt se mech net géingen droen. Et si mat Sécherheet eng Rei Leit, déi dat do kritiséieren, déi dat net gutt fannen. Mä bon, där ginn et iwwerall.
Ech mengen, mir sinn net an enger Diktatur. Ech menge mäi Resultat war gutt. Wa meng Partei mech net gewollt hätt, hätte se mech am éischten Tour duerchfale gelooss, an dann hätte se en anere kritt. Dat wier en einfacht Spill gewiescht. Mä si hunn dat net gemaach, an dofir sinn ech menge Kollegen och immens dankbar.
Jean-Claude Franck: Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit war och um Wirtschaftsressort interesséiert, wéi bekannt war, datt e géing fräi ginn. Huet dat elo en Afloss op Är Zesummenaarbecht elo, tëscht Iech als Wirtschaftsminister an him als Aarbechtsminister, datt den Zentralcomité vun der LSAP elo eestëmmeg Iech eigentlech recommandéiert hat, an net den Nicolas Schmit?
Etienne Schneider: Neen, iwwerhaapt net. Neen iwwerhaapt net. Den Nicolas Schmit an ech, mir kennen eis jo scho laang a mir hunn och eigentlech eng ganz gutt Relatioun.
Bon, an der Politik ass et esou, datt ee sech iergendwann eng Kéier kann an d’Féiss kommen. Mä mir sinn eis awer elo erëm aus de Féiss eraus, a mir schaffe mateneen, an dat do ass absolut keen Thema. Neen, dat ass ofgehaakt.
Jean-Claude Franck: Hat Dir do e Gespréich duerno eng Kéier?
Etienne Schneider: Jo, jo, mir hunn e Gespréich, mir hunn iwweregens, elo deemnächst gi mir nach eng Kéier zesummen iessen, also vun dohier, Dir musst Iech keng Gedanke maachen, dat ass kee Problem.
Jean-Claude Franck: Dir sidd neie Wirtschaftsminister ginn, domat ass awer och e gewëssent Lach am Wirtschaftsministère entstanen. Dir hutt zwar gesot, am Hierscht d’lescht Joer goufen et scho Reorganisatiounen, dann e bëssen och fir den Terrain ze preparéieren. Wien iwwerhëlt elo Är Plaz am Wirtschaftsministère, zum Beispill un der Spëtzt vun der Direction générale développement économique industries et entreprises, dat war jo déi Direktioun déi Dir hat?
Etienne Schneider: Also, et ass esou datt, meng Direction générale war eng risegrouss. Ech hunn an deem Ministère Personal dat extrem gutt ass. Ech hunn dofir och net dofir optéiert, fir ee vu baussen eranzehuele fir mech ze succédéieren.
Ech hunn awer, wat ech gemaach hunn, ech hu meng Direction générale an zwee gespléckt, well se dann nach ëmmer zwou grousser sinn, an ech hunn zwee wichteg Leit aus mengem Ministère un d’Spëtzt vun deene gesat, déi ech och a mäin, sougenanntene Cabinet, erophuelen. Dat ass de Patrick Nickels, an de Mario Grotz, déi sech déi Charge elo deelen, an déi och zu mengen engste Beroder dann elo gehéiere wäerten.
Jean-Claude Franck: De Paperjam hat ee Moment ugedeit, wéi wann de Serge Allegrezza och iergendwéi vläicht géif e bëssen nach, also den Direkter vum Statec géif eng nei Positioun och am Ministère kréien, vläicht och e bëssen als politesche Beroder esou vun Iech?
Etienne Schneider: De Serge Allegrezza ass souwisou e politesche Beroder vu mir, well hien ass och an deem Cabinet ministériel do dran, dat heescht all Méindeg hu mir Réunioun mat deene Leit, an do ass de Serge all Kéier dobäi. Dat ass e ganz wichtege Beroder fir mech. Mä de Serge war ni an der Logik fir op de Ministère zeréckzekommen. Hien ass Direkter vum Statec, mécht nach e puer Saachen um Ministère, an hien ass ganz zefridde mat deem wat hie mécht. An ech sinn och ganz zefridde mat deem wat hie mécht. Dofir ass et do guer kee Grond ginn, eppes drun ze änneren. Et war och keng Demande vun him do, muss ech éierlech soen.
Jean-Claude Franck: Fir nach eng Kéier kuerz op Äre Choix zeréckzekomme fir Minister ze ginn. War dat net awer dann e gewëssene Risiko, en héijen Job am Ministère opginn, wat awer eng sécher Zukunft hat, anerersäits e Ministerposten ugoen, wou een eigentlech jo ni sécher ass, ob een 2014 dann och staark genuch erëmgewielt gëtt, fir iwwerhaapt erëm kënne Minister ze ginn?
Etienne Schneider: Jo, also de Risiko ass natierlech do, well ech kee Fallschierm hunn. Wann an zwee an en halleft Joer, wou ech mech jo dann de Wahle stellen, wann de Wieler da mengt, datt ech net gutt gemaach hunn, da sinn ech dobaussen. Dovun ofgesinn hänkt et net nëmme vu mir of, mä et hänkt u menger Partei. Wa meng Partei net staark genuch gewielt gëtt fir erëm an eng Regierung ze kommen, da kann ech zwar perséinlech vläicht gutt gewielt sinn, mä dat hëlleft mir awer näischt. Mä gutt, dann ass et eben esou. Da maachen ech eben, da muss ech mäi Prinzip, wou ech soen, fir all 8, 10 Joer eppes Neies ze maachen, da muss ech deen eben e bëssen ofkierzen.
Jean-Claude Franck: Op zwee an en halleft Joer.
Etienne Schneider: Voilà, dann ass et nëmmen zwee an en halleft Joer.
Mä gitt emol dovun aus datt, fir mech ass dat Mandat elo e Mandat vun zwee an en halleft Joer, an ech wäert och esou agéieren, dat heescht, ech wäert net just alles maache fir erëmgewielt ze ginn, mä ech maachen dat do esou gutt wéi ech ka während deenen zwee an en halleft Joer, an da kucke mir duerno wat et gëtt.
Also, ech muss Iech éierlech soen, datt dat mir keng schlaflose Nächte bereet, wann ech dru géing denken, datt ech iwwermuer net méi Minister wier. Ech mengen, da ginn ech awer nach iergendwéi eens.
Jean-Claude Franck: Dir hutt direkt gesot, Dir géift all d’Mandater, déi Dir hat a Verwaltungsréit – dat war engersäits bei Enovos, awer och an der SNCI zum Beispill – géift Dir direkt opginn.
De Jeannot Krecké sengersäits war als Wirtschaftsminister am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal.
Dir hutt schonn ugedeit, datt Dir dat net gemaach hätt, wann Dir elo gefrot gi wiert. Deemools wéi hie gefrot ginn ass, hätt Dir direkt nee gesot?
Etienne Schneider: Jo, ech hunn him dat och deemools gesot, datt ech et net géing maachen. Et war awer an der Regierung laang diskutéiert ginn, ob e sollt, ob en net sollt. An do war eigentlech eng Conclusioun gezu ginn, déi och net falsch ass, nämlech déi, datt een e Poids lourd muss am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal hunn, fir do och kënnen ze agéieren. A wann een do en, ech soen elo emol, en normale Beamten hisëtzt, deen huet vis-à-vis vun engem Mittal kee Poids.
Da musst Dir wëssen, datt de Jeannot Krecké, wéi déi ganz Fusioun, déi Iwwernam, vum Mittal do gelaf ass, huet hien zesumme mat e puer anere Regierungsmemberen, ënnert anerem mam Premier, an och zum Deel mam Finanzminister, huet hien dat do négociéiert. Dat heescht, hie kennt all Detail vun där Firma, all Detail vun där Iwwernam, déi do, oder Fusioun déi do geschitt ass. Vun dohier war hie mat Sécherheet dee qualifizéiertste Mann fir an der ArcelorMittal ze sinn. D’ailleurs hunn ech gëschter der Regierung proposéiert säi Mandat weider lafen ze loossen.
Jean-Claude Franck: An d’Regierung huet dat akzeptéiert?
Etienne Schneider: D’Regierung huet dat och akzeptéiert, jo. Well de Choix deen ech jo elo gehat hätt, vu datt ech et selwer net wëll maachen, well ech selwer, an do ass eben d’Contradictioun, ech wëll indépendant, complètement indépendant si vis-à-vis och vun enger ArcelorMittal, wéi ech et ebe wëll si vis-à-vis vun all Firma. Well et wäert vill ze diskutéiere ginn, speziell och mat ArcelorMittal, ech mengen, dat sinn Dossiere wou Dir bestëmmt nach drop wëllt zeréckkommen. An do wëll ech einfach indépendant sinn, do wëll ech net nogesot kréien, ech géing iergend eppes maachen, well ech eben do an deene Gremie sëtzen.
A fir mech ass et do extrem wichteg ee wéi de Jeannot Krecké sëtzen ze hunn, wou ech éischtens 200% Vertrauen hunn, an zweetens een dee Poids huet vis-à-vis och vun engem Här Mittal, oder vun den Häre Mittal, an dee weess wéi dee Betrib leeft. Dofir hunn ech dat do gëschter proposéiert, an dat ass och unanime ugeholl ginn.
Jean-Claude Franck: Ech huelen un, datt Dir mat him och driwwer geschwat hutt, datt hie bereet ass dat weider ze maachen?
Etienne Schneider: Jo, jo, also hien huet, ech hat e Gespréich mat him, an hie sot zu mir: "hei wann s de mech brauchs, maachen ech et, mä ech insistéieren net. Du bass fräi ze maache wat s du wëlls", an ech hunn hien awer gebieden dat do unzehuelen. An ech si frou, datt hien dat och ugeholl huet elo.
Jean-Claude Franck: De Jeannot Krecké hat och gesot allgemeng, wann d’Regierung géif menge si bréicht hien nach an der Zukunft elo fir iergendwellech Saachen, da sollt si hie froen. Hutt Dir do nach aner iergendwéi Beräicher, wou Dir kënnt Iech virstellen, datt hien [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Neen, also wat d’Mandater ugeet, mat Sécherheet net. Ech mengen, do si keng esou sensibel Mandater dobäi, ausser eben dee vun ArcelorMittal. Ech wäert mat Sécherheet hien heiansdo uruffe fir en emol em e Rot ze froen. Mä pour le reste, mengen ech, ass et esou, wann een eng Kéier Minister opgehalen huet, iergendwann ass een aus dem Spill eraus, an dann, dat ass esou, dat weess hien och.
Mä ech hunn e ganz gutt Verhältnis mat him och privat, an dofir wäert ech hien nach relativ oft froen, zëmol am Ufank, wéi hie verschidde Saache gesäit.
Jean-Claude Franck: Et gëtt jo awer eng Discussioun och ob e Minister net no senger aktiver Zäit als Minister eng gewësse Phas soll hunn, wou hie guer keng esou Mandater unhëlt. Wéi gesitt Dir dat?
Etienne Schneider: Jo, mä dat ass an där hei Geschicht, also wat ArcelorMittal ugeet, ass dat jo eng aner Saach. Hien ass jo schonn dra gewiescht, et ass jo net, datt hien als Minister iergend eppes gemaach huet – eppes Positives, soen ech elo emol, gemaach huet fir ArcelorMittal – fir datt si en elo froe fir an de Verwaltungsrot ze kommen. Dat ass jo net de Fall. Hei war jo just de Contraire de Fall.
Jean-Claude Franck: Huet hien Iech da scho soss verroden, wat hie soss maache wëllt?
Etienne Schneider: Neen, huet hien eigentlech net, huet en eigentlech net. En huet mir emol esou Undeitunge gemaach, mä ech mengen, en ass selwer nach am Oftaaschten, wat hien dann elo wëllt. Op alle Fall weess ech, datt hien deontologesch genuch ass fir ze wësse wat hien dierf, a wat e soll a wat en net soll unhuele vu Mandater. En huet der mat Sécherheet eng ganz Rei ugebuede kritt, jo. Mä e wëllt jo och e bësse segelen, an e bësse méi Zäit fir sech hunn, esou datt hie mat Sécherheet net alles kann unhuelen, wat e vu Méiglechkeeten huet.
Jean-Claude Franck: Mä Dir sot, deontologesch genuch, do kënne jo awer da Saachen dobäi trotzdem sinn, an deene wou hien direkt och als Minister iergendwéi a Kontakt mat deenen Entreprise war, a wou een dann elo vläicht op eemol am Verwaltungsrot sëtzt
Etienne Schneider: Vu datt ech net weess wéi eng et sinn, kann ech Iech elo dorop keng Äntwert ginn.
Jean-Claude Franck: Dir hat elo eng laang Transitiounsphas vun iwwer zwee Méint, mengen ech, wou Dir wosst, datt Dir et géift ginn, mä wou awer nach de Jeannot Krecké bliwwen ass. Sidd Dir frou, datt déi Phas elo eriwwer ass?
Etienne Schneider: Éierlech gesot jo.
Jean-Claude Franck: Firwat?
Etienne Schneider: Ma aus deem einfache Grond, well mir an eng ganz komesch Situatioun komm sinn. Op där enger Säit war et fir mech eng duebel Belaaschtung, well ech meng normal Aarbecht hu misse maachen, plus meng Gesellschaften hu misse géréieren, an op där anerer Säit wollten awer schonn onméiglech vill Leit an Entreprisë mech gesinn, fir emol scho Gespréicher mat mir ze féieren, dat heescht den Opwand war enorm.
An da war et e bëssen eng peinlech Geschicht, well awer ëmmer méi Acteurs économiques eigentlech elo léiwer wollte mat mir schwätzen, wéi mam deemolegen nach-Minister, well se einfach net méi gesinn hunn, firwat se nach solle Saache mat him da verhandelen, wann en iwwermuer net méi do ass. An dat [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Hätt een da net sollen éischter den Iwwergang maachen, ebe grad och wéinst der Crédibilitéit, oder well de Minister do vläicht net méi eescht geholl ginn ass?
Etienne Schneider: Jo, wësst Dir, dat war esou geplangt jo, datt dat sollt eréischt am Januar bekannt ginn, an Enn Januar, also fir den 1. Februar hätt hien dann opgehalen, da wier alles jo och esou gelaf wéi et eigentlech hätt solle lafen.
Mä et war awer esou, datt de Jeannot Krecké eng Rei Engagementer nach geholl hat am Februar, ënnert anerem eng Missioun, eng wichteg Missioun, wou ech och frou sinn, datt hie se nach gemaach huet, an datt hie mech do agefouert huet an deenen, bei deene Leit, bei deene Firmen, esou datt mir dat eben elo duerchgezunn hunn.
Mä Dir hutt Recht, et wier eigentlech, wann alles no Plang gelaf wier, wier et och gutt gelaf, mä et ass eben, et geet net ëmmer alles no Plang am Liewen.
Jean-Claude Franck: Dir hat Är éischt Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun dës Woch. Do waren eenzel Deputéiert mat deene mir geschwat hunn, zimlech begeeschtert. De Felix Eischen vun der CSV sot, den Etienne Schneider huet och guer net lamentéiert, huet hie gesot.
Huet hien domat eng Uspillung gemaach op de Jeannot Krecké, deen éischter als ee gegollt huet, dee vläicht méi lamentéiert huet? Lamentéiert Dir manner wéi de Jeannot Krecké?
Etienne Schneider: Ech sinn en extrem positive Mënsch, an ech soen dat ëmmer. Fir de Jeannot Krecké ass e Glas Waasser hallef eidel, a fir mech ass et hallef voll. Dat ass e bëssen d’Differenz am Charakter zwëschent him a mir.
An ech si generell der Meenung, mir wësse jo alleguer, mir brauche kengem et ze verstoppen, a mir musse keng Biller molen, mir wëssen, datt mir an enger grousser Wirtschaftskris sinn. Mir sinn an enger Kris vun der Dette, mir sinn an enger Eurokris. Ech mengen dat kritt all Mënsch all Dag op der Télé mat, an am Radio mat. Dat muss een net och nach all Kéier permanent soen.
Ech sinn einfach ee Charakter, dee probéiert déi positiv Säiten ze kucken, an ze soen, ma mir mussen iergendwéi hei erauskommen. An da soen ech mir, dat Land hei hat scho vill Krisen, an et ass nach aus all Kris gestäerkt erauskomm, an ech sinn iwwerzeegt, datt mir och aus där hei gestäerkt erauskomme wäerten.
Heiansdo brauch een och eng Kris fir verschidde Saachen a Fro ze stellen, fir seng Behäbegkeet e bëssen opzeginn, fir sech nei ze redynamiséieren. An ech mengen, dat geléngt eis och dës Kéier.
Jean-Claude Franck: Dir hutt an Interviewe gesot, de Jeannot Krecké hätt de Ministère anescht, de Ministère u sech elo, anescht géréiert, wéi Dir et maache wéilt. Wat wëllt Dir anescht maachen?
Etienne Schneider: Dat ass – dat héiert hien net gären – mä de Jeannot Krecké war e Mikro-Manager. Mir hunn en ëmmer am enke Krees de Mikro-Manager genannt, well hie sech ëmmer wëllt ëm alles bekëmmeren, och administrativ, ëm alles bekëmmeren. An dat genee maachen ech net.
Ech wäert mech ëm dat bekëmmeren, fir wat ech eigentlech Minister sinn, nämlech ëm d’Politik. An ech hunn dofir och den Tom Thewes – dat e wichtege Mataarbechter ass – ech hunn deen och zum Coordinateur général gemaach, wat mir bis elo net haten an deem Ministère. Dat heescht, hien huet dann déi ondankbar Aufgab mir all déi do Chargen ofzehuelen, fir datt ech mech wierklech kann op den Job konzentréieren, an net och nach ëm aner Saache muss këmmeren, déi méi administrativer Natur sinn
Jean-Claude Franck: Dir wëllt awer net manner schaffe wéi [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Neen, neen, neen, dat huet iwwerhaapt näischt mat manner schaffen ze dinn. Dat huet einfach nëmmen domat ze dinn, datt ech keng Loscht hu mech domat ze amëséieren, wien e Parking kritt, a wie kee kritt, an divers aner Froen.
Jean-Claude Franck: War dem Jeannot Krecké seng Gérance vum Ministère dann net efficace?
Etienne Schneider: Déi war extrem efficace, mä just immens opreiwend fir hien.
Ech mengen, hien ass bekannt gewiescht, datt hie moies um 7 am Büro war, an owes dee leschte war, deen d’Luuchten ausgemaach huet. Dat geet och guer net anescht.
Bei mir ass et eben elo just esou, datt ech mat Sécherheet moies net um 7 do sinn, soit datt en Noutfall ass, aus deem einfache Grond, well ech mäi Sport moies maachen, well ech mir eben dat klengt perséinlecht Gléck loossen, datt ech moies um halwer 7 a mäi Sport ginn, an dann eben eréischt um Véierel op 8 esou am Büro wäert sinn. Mä owes ass open end, also meng éischt Deeg elo war ech ni virun 10, 11 Auer owes doheem.
Vun dohier huet et näischt mat manner schaffen ze dinn, et huet einfach eppes domat ze dinn, datt ech mech méi wëll op déi wiesentlech Saache konzentréieren, a wëll entlaascht si vun allem wat administrativ ass, wat net meng Charge ass, zumindest a menger Vue vun engem Minister.
Jean-Claude Franck: Dir wëllt och manner ëffentlech Rieden halen, hunn ech geliest, an Dir wëllt manner an d’Ausland reesen?
Etienne Schneider: Jo, et ass esou, datt ech mir virgeholl hu mech méi, bein, datt ech einfach e Fokus wëll setzen op d’Industrie hei, op d’Économie hei zu Lëtzebuerg, a wierklech ganz aktiv wëll fir d’Betriber do sinn.
Manner Rieden, dat huet näischt domat ze dinn, datt ech net gären Rieden halen, mä dat huet einfach domat ze dinn, datt ech an all deene Joere mech ëmmer gewonnert hunn, wat de Jeannot alles esou ugeholl huet fir Rieden ze halen. Well ganz oft ass et esou, datt een als Minister gefrot gëtt fir iergendwou eng Ried ze halen, fir den Invitatiounskartong e bëssen opzehübschen, an dofir gesinn ech net, datt ech do sinn. Déi Zäit déi do verluer geet, éischtens fir sech ze preparéieren, an zweetens fir dann dohin ze goen, do kann ee vill Saache maachen, déi zum Deel méi wichteg a méi interessant sinn.
Natierlech ginn et eng ganz Rei Rieden, déi wichteg sinn, déi ech och wäert maachen, wou een dann net dolaanscht kënnt. Mä alles wou ech mengen, datt dat elo mech an d’Économie net onbedéngt weiderbréngt, dat wäert ech an deem Sënn net maachen.
Jean-Claude Franck: Dir wëllt, wéi ech virdru gesot hunn, manner an d’Ausland reesen. Dir hutt och gesot, Dir wëllt méi no Investisseuren hei fir Lëtzebuerg sichen, déi aus Europa kommen, an net vläicht aus der grousser wäiter Welt. Firwat?
Etienne Schneider: Majo manner reesen ass einfach nëmmen doduerch, well ech mir denken, wann ee reest, kann een net hei si fir d’Ekonomie. Op där anerer Säit muss ee reesen, do kënnt een als Wirtschafts- an Aussenhandelsminister natierlech net dolaanscht, do ass elo schonn e grousse Programm do, dee muss een zum Deel absolvéieren.
Ech wëll awer och e bësse méi de Fokus nach op Europa maachen an deene Reesen, well ech mengen, datt an Europa nach eng ganz Rei Saachen ze maache sinn, an och well ech iwwerzeegt sinn, datt et méi einfach ass, wann een Investisseuren an Europa fënnt, wat d’Chimie ubelaangt, wat d’Culture d’entreprise ugeet, fir kee Broch ze kréien.
Wann Dir en europäeschen Investisseur hutt, deen op Lëtzebuerg kënnt, dat ass eng ganz aner Geschicht, wéi wann Dir ee vu vill méi wäit ewech musst [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Aus dem Katar zum Beispill.
Etienne Schneider: Zum Beispill aus dem Katar, siche goen, deen awer eng aner Mentalitéit huet, deen en aneren Ëmgang huet mat der Gesellschaft a sech, och mam Personal. Mä gutt, wat de Katar ugeet, ech mengen, mir waren dee Moment frou, datt mir déi Investisseuren haten, dat huet missen immens schnell goen, an déi Leit déi hate Geld, an déi haten och de Wëllen dat ze maachen. Dofir muss een och dat net verdäiwelen, um Gottes Wëllen.
Mä ech mengen einfach, datt mir net dierfen den Uschäi ginn, wéi wa mir d’Land géingen ausverkafen. An dat wëll ech évitéieren. An ech mengen, Lëtzebuerg huet ëmmer vun auslänneschem Kapital gelieft, vun den éischten Deeg vun der Industrialiséierung un. Dat wäert och muer net anescht sinn. Och ech wäert dat net änneren, mä ech probéieren dat e bësse méi am europäesche Kader vläicht hinzekréien. Ob dat mir gutt geléngt, dat gesi mir dann an zwee an en halleft Joer.
Jean-Claude Franck: Mä wann Investisseuren aus dem Katar elo probéieren nach zousätzlech Projeten hei am Land ze entwéckelen, et gëtt jo eng Partie Iddien, déi do nach zirkuléieren, da wäert Dir jo awer net dee sinn, dee se bremst, oder?
Etienne Schneider: Neen, um Gottes Wëllen, ech ka se jo guer net bremsen. Ech menge mir sinn e fräie Maart. Et ass jo net, datt ech zu hinne wäert soen, hei Dir dierft elo do net investéieren, oder dat do net kafen.
Jean-Claude Franck: Trotzdem leeft jo awer och op politeschem Plang eng gewëssen [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Jo, jo, ech mengen, all Investitioun zu Lëtzebuerg ass eng gutt Investitioun. Et ass ebe just dat, wat ech sot mat de kulturellen Ënnerscheeder, wou a mengen Aen, wou elo nach näischt geschitt ass, wou mir nach kee Problem hunn, mä wou eng Kéier kéint e Problem sech stellen. An dat muss een einfach am A behalen.
Jean-Claude Franck: Ass et dann awer realistesch, wann Dir sot, elo an Europa ass nach vill méiglech? D’Ekonomie an Europa leid jo awer zimlech staark am Moment mat där Scholdekris.
Etienne Schneider: Jo, ech mengen awer schonn, datt do nach Méiglechkeete sinn. Et sinn eng ganz Rei Firmen awer an Europa, déi guer net wësse wat d’Avantagë si vu Lëtzebuerg, déi guer net, déi eigentlech net op d’Iddi komme fir op Lëtzebuerg vläicht sech ze verlageren, vläicht och just en Deel vun hiren Aktivitéiten.
Mir hunn zum Beispill en neie Regime vu Propriétaire intellectuel, wou ee ka seng Breveten iwwer Lëtzebuerg ofhandelen, wou een en extrem favorabele Regime hei ka kréien. Dat sinn alles Saachen, déi interesséieren awer och europäesch Firmen. An et muss een deenen dat just bäibréngen, et muss een hinnen erkläre wat d’Atoute vu Lëtzebuerg sinn, wat mir hinnen hei kënne bidden. An da sinn ech iwwerzeegt, datt mir och Investisseure fannen.
Jean-Claude Franck: Lëtzebuerg ass Member vun der Eurozone, eng Eurozone déi elo schonn eng Zäitche staark ënner Drock steet. Mengt Dir den Euro iwwerlieft déi Phas?
Etienne Schneider: Den Euro huet iwwerhaapt keng aner Méiglechkeet wéi ze iwwerliewen. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Jo, et ginn der jo awer, déi soen, datt den Euro kéint, op d’mannst d’Eurozon kéint ausernee briechen.
Etienne Schneider: Jo, där ginn et der, mä ech sinn där keen.
Jean-Claude Franck: Well Dir gesot hutt, Dir sidd en Optimist, mä ass dat awer net och vläicht eng Partie, wéi soll ech soen, datt ee vläicht e bëssen zevill guttgleeweg ass?
Etienne Schneider: Neen, ech mengen net, datt ech esou guttgleeweg sinn, mä ech mengen einfach, datt d’Politik dat do an de Grëff kritt. Ech sinn iwwerzeegt, datt si dat an de Grëff kritt, an si muss et eben einfach nëmmen an de Grëff kréien, well dat géing eng eenzeg Katastrof gi fir Europa, wann deen Euro géing ausernee briechen, an wann dat do eis net géing geléngen.
An Dir gesitt jo, de Jean-Claude Juncker ass Dag an Nuecht amgaangen dorunner ze schaffen, an ech mengen, hie mécht dat exzellent. Wann en elo nach all seng Partner ëmmer dozou kréich op senger Linn ze sinn, ech mengen, da wiere mir schonn e gutt Stéck méi wäit.
Jean-Claude Franck: Trotzdem ass et esou, datt och dat Ganzt Repercussiounen huet fir d’lëtzebuerger Économie den Ament. Mat wéi engem Wirtschaftswuesstem rechent Dir dëst Joer?
Etienne Schneider: Majo mir hunn elo emol d’Zuele vun 2011 kritt, do hate mir jo tabléiert op 2%, et sinn nëmmen 1,1% ginn.
Dëst Joer gesäit et generell zimlech mies aus, dat muss ee soen. Mir wäerten, mir riskéieren an eng Rezessioun ze falen, also mir riskéieren bis [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Wat sinn elo déi neist Donnéeën, déi Dir elo kritt vum Statec, well si hate jo och gesot, eng Rezessioun ass méiglech, mä.
Etienne Schneider: Jo, déi neisten Donnéeën déi ginn de Moment nach zimlech auserneen, well awer alles immens volatil de Moment ass. Mä et kéint awer duerchaus sinn, datt mir an eng Rezessioun, eng liicht kommen, mä esou ëm –1% dat kéint duerchaus sinn. Wann d’Saache sech zum Gudden dréinen, da kënne mir och e liichte Plus kréien, mä eppes Gewalteges gëtt et mat Sécherheet net. Gott sei Dank awer weder an déi eng nach an déi aner Richtung.
Duerno, 2013 gesäit et generell besser aus. Standard & Poor’s gesi fir d’Eurozon 2013 awer erëm eng liicht Croissance, esou datt ech awer och do denken, et ass gutt.
Mir mussen dat Joer hei nach duerchstoen, an dann hoffen, datt et dann duerno besser ass, an datt och ebe just déi Eurokris bis dohinner geregelt ass.
Jean-Claude Franck: Iwwer dat wat Dir konkret maache wëllt fir den ekonomesche Wuesstem zu Lëtzebuerg ze relancéieren, doriwwer schwätze mir an der zweeter Halschent vun der Émissioun. Elo ass et Zäit fir d’Noriichten.
[Noriichteniwwerbléck vum Carine Rippinger]
Jean-Claude Franck: A bei eis fir eng weider hallef Stonn den neie Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen elo just virun de Noriichte vun enger méiglecher Rezessioun am Joer 2012 geschwat huet.
Schwätze mir iwwer eenzel Secteuren, d’Stolindustrie, fir mat där unzefänken. Dir gesitt schwaarz fir d’Zukunft vun de Stolwierker vun ArcelorMittal vu Schëffleng a Rodange. Firwat?
Etienne Schneider: Jo, well de Businessmodell vun deene Gesellschaften, déi jo haaptsächlech Baustol produzéieren, do ass éischtens emol d’Präisser extrem gefall, d’Baubranche an Europa ass zimlech dramatesch erofgaangen, a mir produzéieren dat einfach ze deier. Dat kritt Dir haut vun iwwerall hier bedeitend vill méi bëlleg wéi mir et hei kënne produzéieren.
An ech mengen, do dierf een de Leit net ze vill Hoffnunge maachen, mä dat do geet a mengen Aen net ganz gutt aus.
Jean-Claude Franck: Dir sidd also der Meenung, och als Minister elo, als just neie Minister, datt Dir do näischt méi kënnt drun änneren?
Etienne Schneider: Bein, mir probéieren alles. Dir wësst, datt deemnächst d’Stoltripartite wäert ulafen, a mir wäerten do natierlech ganz haart Verhandlunge féiere mat ArcelorMittal fir ze rette wat wierklech nach ze retten ass. Mir maachen alles fir eng Chance ze behalen, datt esou vill wéi méiglech Aarbechtsplazen do gerett ginn, mä et muss een awer och do Realist sinn, fir ze gesinn, datt dat immens schwéier gëtt.
Jean-Claude Franck: An déi aner Stolwierker vun ArcelorMittal hei am Land?
Etienne Schneider: Ma déi gesinn am Moment gutt aus. Dat schéngt de Moment gutt ze lafen.
Et gëtt natierlech och eng Conditioun vu mir, wa mir an där Stoltripartite sinn, a wann de Stat soll erëm hëllefe fir Schëffleng a Rodange ofzewéckelen, wann een dat esou brutal nennen dierf, da muss och eng Géigeleeschtung kommen. Dat heescht, da mussen Engagementer vun ArcelorMittal kommen, wat d’Investitiounen an de Site Lëtzebuerg ugeet. An do wäerte mir natierlech ganz haart a ganz zéi Diskussioune féieren, mä ech kann Iech direkt soen, fir näischt gëtt et näischt.
Jean-Claude Franck: Dir wëllt d’Industrie, dat huet de Jeannot Krecké och scho Wëlles gehat, esou vill wéi méiglech Industrie nach op Lëtzebuerg lackelen. Anerersäits ass allgemeng awer an Europa, op d’mannst a Westeuropa, eng Desindustrialiséierung ze spieren, et gëtt ëmmer méi eben an de Secteur vun de Servicer. Ass et iwwerhaapt nach realistesch, fir am Industrieberäich sech vill Hoffnungen ze maachen?
Etienne Schneider: Also mir kënnen just nach am Industrieberäich, wou wierklech eng haute valeur ajoutée geschafe gëtt, do kënne mir nach matspillen, do hu mir nach Chancen an der Zukunft. Ma an all deenen aneren net, dat ass evident, do ass eng Desindustrialiséierung déi a Richtung Osten geet, déi evident ass.
Wat ech awer mengen, wou ee muss sech wierklech Gedanke maachen um europäeschen Niveau, an dofir wäert ech mech och asetze bei mengen europäesche Kollegen, datt ee probéiert awer e level playing field fir d’europäesch Industrie par rapport zu de grousse Konkurrenten, virun allem an Asien, ze kréien.
Ech sinn der Meenung, ech mengen, mir kréie keng Barrière méi opgeriicht ronderëm Europa. D’Globaliséierung ass esou wäit fortgeschratt, datt een dat relativ schwiereg zeréckgedréint kritt. Mä wat mir musse maachen, a wou mir mussen hikommen, dat ass, datt mir esou eng Aart Labeling européen maachen, datt et einfach eng Rei Mindestcritèrë gëtt, déi ee muss erfëlle fir kënne seng Wueren an Europa ze exportéieren.
Ech denken do haaptsächlech un ekologesch an och sozial Critèren. Et kann net sinn, datt an Asien hir eenzegt Argument fir gudde Business ze maache mat Europa deen ass, de Misère vun hire Leit. Dat heescht, d’Aarmut vun hire Leit hinne just hëlleft fir hei kënnen eis Dumpingpräisser hei unzebidden, an domat eis Industrie hei futti ze maachen. Ech mengen, do musse mir wierklech probéieren op europäeschem Niveau Regelungen ze fannen, fir dat e bëssen ofzeblocken, an och doduerch eiser Industrie hei erëm eng Chance ze ginn.
Jean-Claude Franck: Do mierkt Dir awer vläicht séier dann, datt, wann Dir als lëtzebuergesche Wirtschaftsminister am EU-Conseil sëtzt, datt do och Alliéierter braucht fir dat do matzedroen, well soss bewierkt Dir net vill.
Etienne Schneider: Jo, ech mengen, dat ass mat Sécherheet de Fall. Mä ech mengen, do sëtze mir alleguer am selwechte Boot, well deenen anere geet et do net besser.
Jean-Claude Franck: Vun der Industrie vläicht elo bei d’Baubranche, e Secteur deen dynamesch ass, mä awer och schwiereg, mat eenzelne Betriber déi awer och do a Schwieregkeete sinn. De Jeannot Krecké hat eng Undeitung gemaach dës Woch op senger leschter Pressekonferenz, wéi wann do eng Partie Betriber mam Ministère a Kontakt wieren, eventuell och fir Hëllef wéinst Liquiditéitsschwieregkeeten. Wéi sérieux ass d’Situatioun dann?
Etienne Schneider: Jo, eigentlech ass d’Situatioun e bësse cocasse, well wann ech kucken, d’Croissance vum leschte Joer, do ass d’Croissance an der Baubranche déi allerhéchst mat plus 20% a méi, dat ass enorm. An awer hu mir eng Rei Betriber an der Baubranche, déi Faillite erkläert hunn, respektiv déi no dru sinn, wat awer oft domat ze dinn huet datt hir Clienten net bezuelen; datt se gebaut hu fir Clienten, déi op eemol net méi solvabel waren, datt [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Oder Gemengen déi ze spéit bezuelen? Et gouf jo gesot, datt dat e Problem wier.
Etienne Schneider: Ze spéit bezuelen, dat ass och e Problem. Ech ka just en Appel maachen un d’Gemengen, datt se do alleguer hir Responsabilitéiten huelen, an och hir Rechnunge mat Zäit bezuelen.
Ech kann Iech soen, wat fir mech gëllt um Wirtschaftsministère, an dat schonn als Beamten, dat ass, datt bei eis keng Rechnung méi wéi zwou, maximal dräi Woche läit ier se bezuelt gëtt. Ech fannen dat einfach fair a wichteg vis-à-vis vun all deene Partner mat deenen een zesumme schafft.
Mä fir zréckzekommen op d’Baubranche. Do sinn awer och eng Rei, an dat muss een och esou soe wéi et ass, wann déi bis bei eis landen, wa se bis um Enn sinn, stellt sech awer och eraus, datt se zum Deel ganz schlecht gewirtschaft hunn; datt se eigentlech all déi Joeren ëmmer iwwerlieft hunn, well d’Joeren ëmmer besser gaange sinn, a se doduerch sech ni vill Gedanken iwwer hir eege Gestioun hu misse maachen.
A wann dann e puer esou Imprévuë kommen, et huet ee sech eng Kéier op engem Chantier verrechent, da feelt schnell déi eng oder aner Millioun, da geet et vir an hannen net méi op. An dann ass et ganz schnell eriwwer. An do muss een e bësse méi Professionalitéit era bréngen, an do musse mir och kucke wat d’Failliten, d’Gestion contrôlée ugeet, ob een do net iwwer de Comité de conjoncture deem en neie Rôle do gëtt. Dat wäert eng Diskussioun sinn, déi ech deemnächst och mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit wäert féieren, an och mam Justizminister.
Jean-Claude Franck: Sidd Dir do éischter der Meenung, datt de Secteur, datt do d’Situatioun sech selwer berengege soll, oder gëtt do awer gekuckt dann den eenzelne Betriber esouwäit wéi méiglech ze hëllefen?
Etienne Schneider: Also, selwer berengege géing jo elo heeschen, datt mir se einfach nëmme Faillite goe loossen. Dat ass mat Sécherheet net de Fall. Fir eis stinn do Schicksaler hannendrun.
Ech mengen, mat all Emploi deen do verluer geet ass eng Famill onglécklech. An dat kann net sinn, datt mir einfach da soen, majo, wann der elo nach dräi, véier Faillite ginn, dann ass erëm genuch Aarbecht fir all déi aner do. Esou fonctionnéiere mir net. Ech mengen, dat ass net de Stil dee mir an deem Land hei hunn. Mir hëllefen all Betrib esou gutt wéi mir kënnen, fir aus hirem Misère erauszekommen. An dat wäert sech och an Zukunft net änneren.
Jean-Claude Franck: E Secteur deen Dir wëllt ausbauen, ass dee vun der Logistik. Do gouf et jo och schonn eng Partie Projeten, ënner anerem deen tëscht Beetebuerg an Diddeleng, op der fréierer WSA-Zon. Do ass awer eigentlech nach net vill geschitt déi lescht Joeren. Ass dat realistesch, dee Projet?
Etienne Schneider: Jo, deen ass ganz realistesch, a virun allem ass en och ganz wichteg, mä et ass en Dilemma.
Et ass en Dilemma, datt mir net virukomme wéinst all deene Prozeduren déi ee muss maache fir esou e rise Site esou ze klasséieren an esou virzebereeden, fir dee Logistikhub do kënnen ze sinn. Do musse mir eng Léisung fannen. An do hunn ech och eng Kéier an enger interner Réunioun och proposéiert, ob een net op de Wee vun enger Loi spéciale geet fir déi ganz Prozeduren do e bëssen ofkierzen ze kënnen.
D’Regierung huet sech ëmmerhin als Prioritéit ënner anerem ginn, dee Logistiksecteur do auszebauen, da muss ee sech och d’Moyene gi fir dat kënnen ze maachen. An ech wäert dat do eng Kéier elo thematiséiere mam Claude Wiseler, un alleréischter Plaz, awer dann och an der Regierung, datt mir do virukommen.
D’Logistik, mir hu jo eng Rei Secteuren, eng Rei nei Secteuren déi mir wëllen ausbauen, dat sinn d’Eco-Technologien, d’Life-Sciences, den ICT an d’Logistik, haaptsächlech.
Elo déi éischt dräi déi ech genannt hunn, dat sinn der déi schafe manner Aarbechtsplazen, bréngen awer ganz vill Plus-value, an déi Aarbechtsplazen déi se schafe sinn héichqualifizéierter zum gréissten Deel. An dat ass natierlech e Problem och erëm zu Lëtzebuerg, well mir ëmmer méi eng spezialiséiert héich-industrialiséiert, héich-technologesch Ekonomie hunn a ginn, wou awer eng ganz Rei Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, déi net déi Formatioun hunn, ëmmer méi schwéier kréien en Job ze fannen.
An dofir ass ebe just déi Logistikbranche eng vu mengen Hoffnungen, wou mir Dausenden Aarbechtsplaze kéinte schafen, déi fir manner qualifizéiert, oder esouguer net-qualifizéiert Leit zougänglech sinn. Dofir ass dat extrem wichteg, datt mir op deem Dossier virukommen.
Jean-Claude Franck: Recettë kritt Lëtzebuerg den Ament och nach vill am Beräich vum e-Commerce. Do ginn awer verschidde Recettë verluer no 2015, wann d’TVA-Regelungen an Europa anescht sinn. Wat wëllt Dir maache fir déi Recetten op d’mannst zum Deel zu Lëtzebuerg ze behalen, also d’Betriber op d’mannst emol zu Lëtzebuerg ze halen?
Etienne Schneider: Also ech mengen, datt déi Betriber, déi elo hei sinn, déi sinn, dat muss een éierlech soen, déi sinn doduerch heihinner komm, well mir eben déi nidderegst TVA hunn.
Wann déi Regelung iwwermuer fält, da kënnen déi Betriber nawell hei zu Lëtzebuerg bleiwen, well dann ass et jo fir si finalement egal, ob se zu Lëtzebuerg sinn, an Däitschland, a Frankräich oder soss iergendwou. An ech mengen, datt déi awer relativ zefridde si mam generellen Ëmfeld dat si hei hunn, mat den Infrastrukturen déi se hei hunn, esou datt ech eigentlech optimistesch sinn, datt déi awer hei bleiwe wäerten.
Jean-Claude Franck: D’lëtzebuerger Ekonomie ass den Ament zu engem ganz groussen Deel vum Finanzsecteur ofhängeg. Sidd Dir optimistesch, datt Dir dat an 2,5 Joer op d’mannst iergendwéi e bësse kënnt änneren, datt nach e puer aner Secteuren dobäi kommen, déi nach méi staark ginn?
Etienne Schneider: Dat do ass eng schwéier Fro. Ech mengen net, datt een an zwee an en halleft Joer dat wäert, de Poids vun der Finanzindustrie par rapport zu där normaler klassescher Industrie wäert ëmdréinen. Dat wier illusoresch dat ze mengen.
Mir sollen natierlech alles drusetzen, fir datt mir net eben esou staark ofhängeg vun deem enge Secteur sinn. Dat probéiere mir eben och, ebe just iwwer déi nei Secteuren, déi ech Iech elo opgezielt hunn, ze erreechen. Mä dat ass e laangwierege Prozess, also, an zwee Joer kritt Dir dat mat Sécherheet net duerch.
Jean-Claude Franck: En ass jo awer och schonn eng Zäitchen amgaangen.
Etienne Schneider: En ass och schonn eng Zäitchen amgaangen. An, et kann een net soen de Misère, mä de Fait ass einfach deen, datt eis Industrialiséierung an esou eigentlech wiisst, datt mir vill Aktivitéiten och zu Lëtzebuerg entwéckelt hunn, mä datt de Finanzmaart vill méi schnell wiisst.
Dat heescht, prozentual gesi gesäit et esou aus, wéi wann ëmmer méi Finanzen a manner Industrie wier, mä a Realitéit ass et awer esou, datt och am produktiven, am industrielle Beräich awer ëmmer nach eng Croissance zu Lëtzebuerg ass, soit datt eben déi aner méi staark ass, an doduerch d’Prozenter ebe méi schlecht ausgesinn.
Jean-Claude Franck: Elo huet Äre Virgänger, de Jeannot Krecké, zesumme mam Finanzminister Luc Frieden nach e Luxembourg Future Fund op de Wee bruecht, e Fong, deen net gär Staatsfong genannt gëtt, fir d’Diversificatioun vun der lëtzebuerger Ekonomie.
D’SNCI investéiert zu engem groussen Deel an dee Fong. Dir waart Vizepresident vun der SNCI elo bis zu Ärem Regierungsmandat. Firwat géréiert d’SNCI dee Fong net? Firwat kritt den Europäeschen Investitiounsfong déi Aarbecht?
Etienne Schneider: Mä ganz einfach, well d’SNCI déi Moyenen net huet.
Dir musst wëssen, datt den Europäeschen Investitiounsfong e risen-Apparat huet, déi maachen näischt anescht wéi dat do, déi sinn top, dat sinn top Leit déi déi Dossieren do alleguer kënnen op de Leescht huelen. D’SNCI ass eng ganz kleng Bank, do dierf ee sech näischt virmaachen. Vun dohier ass dat do den Know-how dee mir eis eigentlech bei den Europäeschen Investitiounsfong kafe ginn.
D’ailleurs hunn ech dee ganze Fong do zesummen, nach als Beamten, an als Vizepresident vun der SNCI, mam Reinesch Gast, dee President jo ass vun der SNCI, ausgehandelt, mat de Banquieren, mat dem Fong.
A mir hunn do eppes erausgeschloe wat fir eis extrem wichteg ass, an dat ass, datt mir eng Majoritéit, respektiv e Vetorecht am Investitiounscomité hunn. Dat heescht, datt mir op där enger Säit d’Moyenen hu fir eege Projeten, wa mir zum Beispill als Wirtschaftsministère Gesellschaften hunn, wou mir mengen, dat do wier interessant, am Beräich Eco-Technologies zum Beispill, fir do dran ze investéieren, da gi mir deen Dossier un de Fong, déi analyséieren e mat all deene Moyenen, déi hinnen zur Verfügung stinn, an déi soen eis dann objektiv, dat do ass gutt, dat do ass net gutt.
Mä wat awer virun allem de Fall ass, mir kënnen och Projeten déi si proposéieren, kënne mir soen, dat do wëlle mir net, aus wéi enge Grënn och ëmmer.
Mir hunn eis natierlech ganz kloer Critèrë ginn, sozialer, ökologescher Natur, fir net an egal wat ze investéieren. Mä et kéint jo emol de Fall sinn, datt awer eppes kënnt wou mir soen, dat do passt awer elo net onbedéngt bei de lëtzebuerger Stat, an do hu mir Agrëffsméiglechkeeten.
Mä fir op Är Fro zréckzekommen, den Know-how ass do an deem Fong, an dofir schaffe mir mat deenen zesummen.
Jean-Claude Franck: Ass dee Fong mat 150 Milliounen Euro dann awer net ze limitéiert fir iwwerhaapt vill ze bewierken?
Etienne Schneider: Neen, dat géing ech net soen, well déi Entreprisen an déi mir do investéieren, dat si jo alles nach relativ jonk Entreprisen. Et geet jo dorëm, jonk Entreprisen, déi just um Punkt si wou se wierklech wëllen en Développement maachen, déi ze ënnerstëtzen, an do un der Croissance vun där Entreprise deelzehuelen. Et geet net drëm, an eng rise-Boîte Suen ze investéieren, well do ass keng Croissance méi, oder zumindest keng interessant Croissance méi. Dat hei erlaabt eis wierklech, jonken Entreprisen ze hëllefen, an dann eben och de Gain draus ze zéien, datt mir un där Croissance, wa se da masséiert gëtt, Deel kënnen huelen.
An, an dat ass mengen ech en anere wichtege Punkt, de Fait, datt mir kënnen iwwer esou e Moyen verfügen, hëlleft eis natierlech och déi Entreprisen op Lëtzebuerg ze kréien, an déi hei ze implantéieren, wat fir eis natierlech extrem wichteg ass.
Jean-Claude Franck: Thema Index. Dir stitt voll a ganz hanner dem Gesetzesprojet, oder dem Gesetz an Tëschenzäit fir d’Indexmoduléierung bis 2015?
Etienne Schneider: Jo, selbstverständlech, jo. Ech hunn dat gesot a mengem alleréischten Interview deen ech ginn hunn, deemools um RTL op der Télé, datt et a mengen Ae muss zu där Regelung kommen, datt déi 12 Méint dotëscht sinn.
Alleng schonn nëmme wann een d’Situatioun vun der Crise de la dette an Europa sech ukuckt, da gëtt et jo net ganz vill Moyene wéi een déi Dette erëm ofbaut. Ee Moyen dovun ass d’Inflatioun. Och wa mir probéieren déi Inflatioun limitéiert ze halen, esou wësse mir awer, datt se d’lescht Joer bei 3,4% war. Wann dat esou weider géing goen, soit datt elo de Moment d’Previsiounen éischter méi niddereg sinn, mä wann dat géing esou weider goen, da géing dat jo bedeiten, datt mir herno a Situatioune kéimen, wou mir an där gréisster Kris, déi mir jee kannt hunn, och nach zwou Indextranchë géingen ausbezuelen. Ech mengen, datt dat net dran ass.
An ech mengen, déi Regelung déi mir hei fonnt hunn, wou mir awer nach jiddwerengem déi 2,5% an Aussiicht stellen, wann d’Inflatioun kënnt, dat ass keen Ofbau. Mir ginn de Leit d’Méiglechkeet an der Kris trotzdem nach méi ze verdéngen. Sot mir iergend ee Land op der Welt, dat an där hei Kris och nach per Gesetz déclaréiert, datt een nach e Recht huet op déi 2,5%. Dat gëtt et eigentlech néierens.
A mir hu genuch Problemer domat mat der Industrie. Mir hu genuch Problemer virun allem mat deene Betriber déi zu Lëtzebuerg sinn, déi eng Filiale hei hunn, déi awer hiren Headquarter iergendwou am Ausland hunn, déi dat iwwerhaapt net verstinn. An déi zum Deel soen, hei lauschtert, wann är Lounkäschten esou an d’Lut ginn, da musst dir Personal ofbauen. An dat kann et net sinn. Et kann net sinn, datt mir de Leit an der Pai bäiginn, an da parallel dozou mussen aner Leit op d’Strooss setzen. Ech mengen, dat ass eng Fro vu Solidaritéit.
An Dir kënnt sécher sinn, datt eng LSAP sech immens schwéier gedoen huet un deem do Sujet. Mir hunn den Index ëmmer verdeedegt, mä et muss een och realistesch sinn, an Zäite wou et net gutt geet muss een och eng Kéier kënnen e Schrëtt zréck maachen. Dat hei ass emol keen zréck, et ass au contraire nach eng Zouso, datt mir 2,5% bäiginn.
Jean-Claude Franck: Besonnesch ëmstridden ass awer dee Passage och, datt 2014, am Oktober, wann dann eng Tranche ausbezuelt gëtt, datt do sollen d’Indexcompteuren eigentlech op Null gesat ginn. An do riskéiert en Deel vun der Inflatioun, dee bis dohinner accumuléiert gouf, erëm suppriméiert ze ginn. Wann Dir de Gesetzesprojet deponéiert hätt, hätt Dir dat och virgesinn, dee Passage?
Etienne Schneider: Wësst Dir, wéi dee Gesetzprojet do geschriwwe ginn ass, war ech jo och schonn emol Beamten an deem Ministère, dat heescht, ech hunn dee Projet selbstverständlech [gëtt ënnerbrach
Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir hätt et och esou gemaach?
Etienne Schneider: Selbstverständlech. Kuckt, wa mir elo soen, elo verschibe mir déi Inflatioun iwwer 3 Joer, mir ginn eng Indextranche, an da sinn déi 3 Joer eriwwer, an dann huele mir de Retard erëm alles op – dat heescht, mir géingen dann [gëtt ënnerbrach
Jean-Claude Franck: Awer dee Moment ass d’Ekonomie och vläicht besser dru wéi haut.
Etienne Schneider: Majo, da kënne mir dat nach ëmmer änneren. Ech mengen, déi nächst Regierung déi kann da soen, wann d’Ekonomie 2014 esou gutt dréint, da kann déi nächst Regierung décidéiere wat si wëll.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, dat do réckgängeg maachen, ass an Ären Ae keen Tabu, also dee Raccord, oder wéi e genannt gëtt?
Etienne Schneider: Lauschtert emol, näischt ass en Tabu. Déi nächst Regierung, där kann ech jo net virgräifen, déi mécht do genee wat se wëll. An ech mengen, wann d’Situatioun esou wier, datt se esou positiv wier fir dat réckgängeg ze maachen, sinn ech deen éischten deen do en Faveur ass. Mä ech fäerte just, datt d’Lag an zwee an en halleft Joer nach net déi wäert sinn. Mä dat muss ee kucken. Ech mengen, do muss een ergebnisoffen déi Saach do op sech duerkomme loossen.
Jean-Claude Franck: Wat d’Ännerungen um Indexwuerekuerf betreffen, hutt Dir eigentlech dat haart gesot, wat heemlech an der CSV-LSAP Koalitioun ofgemaach gouf, datt engersäits de Gesetzesprojet fir d’Moduléierung net amendéiert gouf – dat stoung ee Moment am Raum – anerersäits awer déi Ännerungen um Wuerekuerf géifen eigentlech de facto fale gelooss ginn an dëser Legislaturperiod. Hutt Dir dat net ze vill haart gesot, elo kloer gesot, datt dat eigentlech, déi Ännerungen am Wuerekuerf. elo deemnächst net géinge geschéien?
Etienne Schneider: Jo, doru musse sech wahrscheinlech eng Rei Leit sech nach winnen, datt ech heiansdo vläicht ze éierlech, oder ze riicht eraus sinn. Mä gutt, ech mengen, et ass evident, et ass gesot ginn, mir probéieren dat ze diskutéieren, mir wäerten probéieren e Kompromëss mat de Sozialpartner dorop ze fannen.
Jean-Claude Franck: Den OGB-L huet awer scho gesot, hie wéilt dat net.
Etienne Schneider: Voilà, an et ass och gesot ginn, wa kee Kompromëss do fonnt gëtt tëscht de Sozialpartner, da maache mir et net.
Ech mengen, dat sinn Aussoen déi elo net ech als éischt maachen, déi sinn och op der Chamberstribün gesot ginn, wéi de Projet diskutéiert ginn ass.
Ech menge just eppes: mir sinn an enger Situatioun, wou de Sozialdialog extrem mies de Moment ass, et ass zimlech vergëft. A mir hunn näischt ze wanne fir deen do Dialog esou weider ze maachen. Ech mengen, et stinn nach eng ganz Rei grouss Reformen un. Mir hunn dem Mady Delvaux seng Reform am Éducatiounssecteur, wou vill Sträit ass. Mir hunn d’Pensiounsreform, mir hunn den CGFP, also d’Staatsbeamtegehälterreform. Alles dat sinn Dossieren, wou ee mat de Sozialpartner muss eens ginn. An et kann een awer dann net sech 10 Flanken opmaachen, wou een nëmme matenee streit. Ech fannen einfach, mir solle probéieren do deen Dialog erëm ze renouéieren. Eist Land huet näischt ze wannen, wann dee Sozialdialog do net méi stattfënnt.
Dofir wäert ech och meng éischt Réuniounen déi ech hunn – also meng éischt grouss offiziell, oder och inoffiziell, wéi och ëmmer, elo si se offiziell – Réuniounen an Discoursen déi ech wäert féieren, wäert mat de Sozialpartner si fir ze kucken, wéi komme mir erëm zesummen, wou si méi kleng Stellschrauwen, iwwer déi ee kann diskutéieren, iwwer wéi ee Secteur spezifesch ee kann diskutéiere fir eis Ekonomie méi fit ze maachen. Mä mir sollen net permanent provozéieren.
A wann ee gesäit, datt et iergendwann net méi weider geet, da muss een dat och iergendwann agesinn a probéieren en anere Wee anzeschloen.
Jean-Claude Franck: Wann een awer gelies huet, wat d’Vertrieder vum OGB-L a Forumbeiträg am Tageblatt dës Woch geschriwwen hunn, dann hu se Ärer Partei, an der ganzer Regierung awer esou zimlech de Krich erkläert, och elo wéinst der Rentereform, wéinst deem Vote vum Gesetzesprojet iwwer d’Indexmoduléierung. Maacht Dir Iech do net e bësse vill Hoffnungen, datt Dir do kënnt dee Sozialdialog erëm relancéieren?
Etienne Schneider: Bein, et geléngt mir jo vläicht net, dat weess ech net, mä ech probéieren et zumindest.
Jean-Claude Franck: Trotzdem ass effektiv, wann een awer d’Positioun vun der gréisster Gewerkschaft am Privatsecteur kuckt, dës Woch an deene Beiträg, dat war awer zimlech kriegerisch.
Etienne Schneider: Jo, mä gutt, ech mengen, d’Gewerkschafte musse sech och d’Fro stellen, ob dat de Wee ass deen ee soll beschreiden, ob ee wierklech hei soll elo Krich maachen, oder ob een net awer besser huet zesummen ze kucken, wou een dat Land wëll hiféieren.
Ech mengen, et ginn einfach eng ganz Rei Realitéiten an dësem Land, an dëser Ekonomie, an der europäescher Ekonomie, déi muss een analyséieren, déi muss een awer och dann diskutéiere kënnen.
An et kann een net esou maachen, wéi wann alles a beschter Rei wier, wa mir an eng Rezessioun kommen; wa mir en Defizit hunn am Staatsbudget; wa mir eng Verscholdung hunn, déi nach ëmmer comfortabel ass par rapport zum Ausland, mä déi awer an d’Lut geet; wa mir eng Ekonomie hunn, déi net méi esou dréint, da muss een awer och dorop reagéiere kënnen.
Ech weess, dat ass ëmmer en Dilemma, speziell fir e sozialistesche Wirtschaftsminister, fir do op där enger Säit fir d’Ekonomie déi richteg Décisiounen ze huelen, an op där anerer Säit awer och säi lénke Flillek do matzehuelen. Dat ass ëmmer e Seeldanz, mä et huet ee keen anere Choix wéi et ze maachen.
Jean-Claude Franck: Et huet een awer och d’Impressioun, datt Dir d’Tageblatt e bësse géint Iech hutt. D’Zeitung, also, déi zweetgréisst Dageszeitung ëmmerhin awer, huet zimlech oppen awer och den Nicolas Schmit ënnerstëtzt gehat, wou gewosst war, datt hien och interesséiert wier um Ressort.
Etienne Schneider: Ech géing dofir net soen, datt si géint mech sinn. Si haten eben en anere Lieblingskandidat, oder Wonschkandidat. Ech hunn awer eigentlech, bein, ech denken net, datt d’Tageblatt elo dofir géint mech ass. Ech hu jo och elo en Interview do ginn, wou ech net erausgelies hunn, datt deen esou negativ ass. Ech wéisst och net, firwat se sollte géint mech sinn, mä gutt, dat wäert sech da gesinn.
Jean-Claude Franck: Et bleiwen eis leider just nach e puer Minutte fir iwwer d’Energie ze schwätzen.
Dir hutt eng gewëssen Experienz am Energiesecteur. Dir waart am Ministère zoustänneg fir d’Energie, Dir hutt och déi Fusioun, aus där d’Enovos entstanen ass, tëscht der Cegedel, der Saar Ferngas a der Sotec hutt Dir an d’Weeër geleet gehat. Sidd Dir awer dann do elo onofhängeg genuch elo, well Dir hutt jo elo eng nei Positioun als Minister, par rapport zu deenen aneren Acteuren, déi et trotzdem am Energiesecteur zu Lëtzebuerg gëtt?
Etienne Schneider: Jo, dat war ech bis elo nach ëmmer. Also, ech maachen Iech elo Défi, datt iergend een Acteur seet, e wier anescht behandelt ginn um Ministère wéi Enovos. Also, dat ass absolut net a Fro komm. Au contraire, et ass éischter nach esou, datt mir, ebe just fir datt deen Androck net soll opkommen, alles maache fir deenen ze hëllefen, wou mir nëmme kënnen. Also, vun dohier ass dat mat Sécherheet net de Fall.
Mir hunn déi Enovos do gegrënnt, well déi dräi Gesellschaften, déi ursprünglech à la base ware vun där Fusioun, déi hunn zum Deel all dem Stat gehéiert. An an engem liberaliséierte Marché huet een ebe misste feststellen, datt ganz kleng Gesellschaften net laang wäerten iwwerliewen. Hei ass et och drëm gaangen Aarbechtsplazen ze sécheren.
Elo hu mir e Konzern, deen elo regional opgestallt ass, wou elo jo nach weider Firme mat dran eragefloss sinn. Mir hunn 2010 en Ëmsaz gehat vun annerhallef Milliard Euro, mir wäerten 2011 iwwer 2 Milliarde sinn, a mir rechnen 2012 iwwer 3 Milliarden Ëmsaz ze sinn. Mir verkafen ewell X-Mol méi Stroum a Gas am Ausland, wéi iwwerhaapt zu Lëtzebuerg.
Also, mir hunn eis opgestallt, mir sinn e staarke Betrib gi mat iwwer 1.400 Leit. Mir hu rise-Clienten, wéi Mercedes-Benz, deen all hir Produktiounssitë vun eis versuerge léisst. Mir hunn Airbus, déi all hir 18 Siten an Europa mat Gas vun eis beliwwere léisst. Mir hu Bosch, déi mat alle Produktiounsstanduerter bei eis kafen.
Also, d’Vertrauen an der Szen fir eis Gesellschaft ass enorm. Dat ass eppes wat keng vun deene Gesellschaften, déi à la base ware vun där Fusioun, jee fäerdeg bruecht hätten. A vun dohier mengen ech, ass dat do eng Success Story awer ginn.
Jean-Claude Franck: Et mierkt een, datt een nach eng staark Identifikatioun mat Iech, also Ärer Persoun mat Enovos hutt.
Etienne Schneider: Dat ass och eng gutt Gesellschaft.
Jean-Claude Franck: Grad als Wirtschaftsminister riskéiert een d’Bild ze vermëttele vun enger grousser Proximitéit tëscht Politik an der Geschäftswelt. Wann Dir vill mat Patronen ze dinn hutt, behaalt Dir do nach Är Onofhängegkeet?
Etienne Schneider: Wësst Dir, wou soll ee se verléieren? Verléiere kann ee se jo just, wann ee korrupt ass, wann ee sech korrumpéiere léisst, wann ee Saache entgéint hëllt déi gewësse Valeuren hunn, fir iergend engem en Avantage ze ginn.
Jean-Claude Franck: Et kann een awer och engem e Gefale maachen, ouni datt een elo dofir onbedéngt Enveloppë kritt huet.
Etienne Schneider: Mä e Gefalen, d’Fro ass jo ëmmer, wat ass e Gefalen? Wat ass e Gefalen, wann een eng Autorisatioun freet, an dee rifft u, a seet, hei ech brauch déi dréngend, an da mécht een deem dat an d’Rei, dann ass dat e Gefalen. Mä dofir huet een awer näischt Onéierleches gemaach.
Ech mengen einfach, datt de lëtzebuerger Modell, dee fonctionnéiert jo just, ebe just duerch déi kuerz Weeër, duerch déi Kontakter. A kuerz Weeër bedeiten nun emol, datt e Minister am direkte Kontakt mat den Entreprisen ass. Him dofir awer ze ënnerstellen, datt en deen ee besser wéi deen anere behandelt, dat ass net de Fall. Mir maachen einfach nëmmen alles fir Business-orientéiert ze sinn, fir all Betrib ze hëllefe wou mir kënnen. An Dir kënnt sécher sinn, all Betrib deen e Problem huet, an dee bei mir uklappt, dee kritt och gehollef, zumindest esou wäit wéi et a menge Kompetenze läit.
Jean-Claude Franck: Voilà, an dat war d’Schlusswuert vun eiser Émissioun “Riicht eraus�?, domat geet déi op en Enn. Bei eis déi lescht Stonn war den neie Wirtschaftsminister. Etienne Schneider, Merci, datt Dir bei eis waart.
Etienne Schneider: Villmools Merci.
|