Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet du 20ème anniversaire de la signature du traité de Maastricht

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet du 20ème anniversaire de la signature du traité de Maastricht
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 07-02-2012

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Haut virun 20 Joer ass de Maastrichter Vertrag ënnerschriwwe ginn.

Frank Kuffer: Et war den Ufank vun der Wirtschafts- a Währungsunioun, den Ufank vum Euro. Mat dësem Vertrag sinn d’Grenze gefall, den EU-Bierger gouf gebuer, eng gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, d’Europaparlament krut nei Rechter. Et war en historeschen Dag, a wéi dacks hu mir duerno schonn iwwer Maastricht geschwat, iwwer d’Stabilitéitscritèrë fir den Euro, déi fir d’éischt emol heiansdo net agehalen, an an de leschte Joeren zum Deel vergewaltegt goufen.

Lëtzebuerger Finanzminister war deemools de Jean-Claude Juncker. An den Euro an de Jean-Claude Juncker sinn déi eenzeg, déi vun deemools nach aktiv sinn.

Am Studio ass dann elo de Staatsminister. Gudde Mëtteg, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Här Juncker, Dir sëtzt jo nach fest am Suedel, mengen ech emol, mä Äre Kolleg Euro dee wackelt awer zimlech, oder?

Jean-Claude Juncker: Oh, ech wackele méi wéi den Euro.

Frank Kuffer: A esou, firwat?

Jean-Claude Juncker: Ma well den Euro eng Währung ass, déi op onbegrenzten Zäit, dat heescht fir ëmmer agefouert ginn ass. Den Euro ass jo net a Gefor. Mir hunn et mat enger, net wéi d’Leit heiansdo mengen, mat enger Euro-Kris ze dinn, mä mat enger Kris vun der Verscholdung an eenzelne Memberstate vun der Eurozon. A Mandater vun engem Staatsminister, déi ginn net vun de Finanzmäert bestëmmt, mä vun de Wieler.

Frank Kuffer: Ier mir méi konkret iwwer Maastricht schwätzen, hei just e klengen Extrait, deen ech bei eis fonnt hunn. De Student hei um Radio huet deen Dag drop, virun 20 Joer de Reportage gemaach. Lauschtert emol.

Luc Frieden (O-Toun): Mat dem gëscht ënnerschriwwene Vertrag vu Maastricht gëtt d’Europa vun de Bierger eng Realitéit. Deene Bierger, déi déi selwecht politesch a moralesch Wäerter vertrieden, an eng gemeinsam Geschicht a Kultur hunn. E klengen, mä wichtegen a begréissenswäerte Fortschrëtt fir Fridden, Demokratie an Toleranz an Europa ze garantéieren.

Frank Kuffer: Kennt Dir en, Här Juncker? Wësst Dir wien et ass?

Jean-Claude Juncker: Dat ass den Här Frieden, jo.

Frank Kuffer: Voilà.

Jean-Claude Juncker: Éiweg jonk, deemools wéi haut.

Frank Kuffer: Wann Dir elo zréckkuckt, war deen historeschen Dag och an allen Hisiichten e gudden Dag, oder wat ass dann no der Ënnerschrëft anescht komm, wéi Dir et geduecht oder gehofft hutt?

Jean-Claude Juncker: Also, ech war ganz houfreg, wann ech dat kann esou soen, fir dee Vertrag zesumme mam Här Poos ze ënnerschreiwen, well deen eigentlech an der Sprooch vun deemools esou ausgedréckt, iwwer de Wee vun der Wirtschafts- a Währungsunioun, näischt anescht war wéi de Friddensbäitrag vun där Generatioun. "Friddenspolitik mat anere Mëttelen," hunn ech dat deemools formuléiert.

An tatsächlech war et jo esou, an ass et esou, datt den Euro, dat war den Haaptbestanddeel vun deem Maastrichter Vertrag, en onwahrscheinleche Succès war, an en onwahrscheinleche Succès bliwwen ass.

Aner Deeler vum Vertrag, déi hunn net déi Flilleke kritt, vun deenen ech gemengt hat, datt de Vertrag hinne se géif ginn. Dat ass besonnesch wouer fir d’europäesch Aussepolitik, wou jo Munches hapert.

Frank Kuffer: Eng politesch Unioun, war jo een Zil. Hu mir déi Unioun dann esou?

Jean-Claude Juncker: Neen, déi politesch Unioun, déi ass am Text ageschriwwe ginn, mä déi ass net mat den Instrumenter versi ginn, déi Absiicht, déi et där politescher Unioun erlaabt hätten, sech voll ze entfalen. Ech war deemools dovun ausgaangen, mat mir och nach anerer, datt wa mir bis déi Währungsunioun hätten, datt déi Stécker, déi eng politesch Unioun géifen ausmaachen, sech méi liicht géingen zesummesetze loossen. Dat ass net geschitt.

Frank Kuffer: Deemools, wéi Dir de Vertrag ënnerschriwwen hutt, waart dir zu 12. Wier et méi einfach gewiescht, wann een zu 12 bliwwe wier?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat mengen ech net. Déi Schwieregkeeten déi mir an Europa hunn, dat si keng Schwieregkeeten déi op d’Zuel vun de Memberen zréckzeféieren ass, dat ass éischter op eng Ambitioun bei eenzelne Regierungen zréckzeféieren, déi mangelhaft ausgeprägt ass.

Frank Kuffer: Maastrichter Stabilitéitscritèren, Dir hutt jo vill déi lescht 20 Joer dofir gekämpft. Hätt Dir Iech geduecht, datt et eng Kéier quasi normal géif gi fir sech net méi do drun ze halen?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat hätt ech net geduecht, an dat ass jo och net esou. Et muss een [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Si sinn awer scho ganz dacks net agehale ginn.

Jean-Claude Juncker: Dat ass och net ganz richteg. Si sinn heiansdo dépasséiert ginn, wann d’wirtschaftlech Gesamtëmstänn esou waren, datt de Stabilitéitspakt, besonnesch a senger reforméierter Form vun 2005, dat och erlaabt huet.

Dir musst gesinn, datt am Joer 2007, also virun Antrëtt an d’Wirtschafts- a Finanzkris, den duerchschnëttleche Budgetsdefizit an der Eurozon 0,4% vum Bruttoinlandprodukt bedroen huet. 2007 louch keen eenzegt Land vun der Eurozon op engem Defizit dee méi héich wéi 3% gewiescht wier.

Fir esou ze maachen, wéi dat och am ëffentlechen däitschen Diskurs oft gemaach gëtt, wéi wa kee sech un d’Regel géif halen, ass net richteg. Mä et sinn eenzel Länner, déi hu sech bestëmmte Fräiheete geholl, mä insgesamt sinn d’Budgetsdefiziter, och haut no der Kris, oder matten an der Kris, méi niddereg wéi an den 1990er Joeren; ass d’Inflatioun däitlech méi niddereg wéi an den 1980er a wéi an den 1990er Joeren; sinn d’Zënse méi niddereg wéi an den 1980er an 1990er Joeren. Et kann een also den Euro net anescht betruechten, wéi datt et e Succès war

Frank Kuffer: De Charel Goerens sot gëschter, iwwer 60 Mol, mengen ech, wiere se net respektéiert ginn, déi Stabilitéitscritèren.

Jean-Claude Juncker: Dat ass och eng Ofleedung aus däitschen Discoursen, déi eigentlech an hirer Richtegkeet nach ni iwwerpréift gi sinn. Dat stëmmt nämlech net.

Frank Kuffer: Mä vun de Staatsscholden, déi dierfe jo net méi héich si wéi 60% vum PIB, do sinn der awer vill déi Problemer hunn.

Jean-Claude Juncker: Am Maastrichter Vertrag steet, datt d’Staatsscholde sech konstant mussen op e Wäert vu 60% erofbewegen, an all Begleetregele gesi vir, datt a bestëmmten Ëmstänn sech d’Staatsschold och no uewe ka bewegen, falls dat net dozou bäidréit, datt d’State vun hirem definitive Stabilitéitskurs ofkommen.

Kuckt emol, wéi déi Finanzkris ugefaangen huet am Joer 2008, do huet jo jiddweree gesot, wéi d’Privatnofro a sech zesummegeklappt ass, elo misst dat duerch ëffentlech Nofro opgefaange ginn, an duerch Konjunkturprogrammer, déi misste gemaach gi fir datt Europa net an der Rezessioun, an net an enger Massenaarbechtslosegkeet géif ënnergoen.

Dunn hunn d’Staten ëffentlech Konjunkturprogrammer gemaach, mir jo och, doduerch ginn d’Defiziter an d’Lut, an doduerch ginn d’ëffentlech Scholdestänn an d’Lut. An dat ass an enger rezessiver Wirtschaftsphas net anescht méiglech, ansonsten ee sech jo géif total aspären an d’Stabilitéitscritèren, déi zur Konsequenz kéinten hunn, wa se net soupel géifen interpretéiert ginn, datt een d’europäesch Wirtschaft géif ofwiergen. Dat wier jo a kengem sengem Intérêt gewiescht.

D’Staten hu musse méi Defiziter maachen, an hu missen hir Scholden an d’Lut setzen. Dat hu mir jo och gemaach, wéi mir zwou Banken zu Lëtzebuerg gerett hunn. Hätte mir, just well mir d’Schold hätte wëlle ganz niddereg halen, déi zwou Banke Faillite goe loosse sollen? Dat hätte mir jo net kënne maachen.

Frank Kuffer: Ass den Euro dann eng Zäit, fir et elo e bësse krass auszedrécken, bradéiert ginn? Si Länner wéi Griicheland ze fréi, ze liichtfankeg opgeholl ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn am Réckbléck der Meenung, datt bei Griicheland net all Suergfaltsflichten ugeluecht gi si bei der Bewäertung vun der Fro, ob Griicheland d’Conditioune géing erfëllen.

Dat ass awer zu engem groussen Deel op net genuch Europa, statt op ze vill Europabegeeschterung zréckzeféieren, well d’Finanzministeren deemools um Standpunkt stoungen – ech muss dat och vu mir soen – datt Eurostat, also déi statistesch Behörde vun der Europäescher Unioun, net dierft déi national Zuelen iwwerpréiwen, well mir deemools gesot hunn, d’Kommissioun soll hir Nues net an alles erastiechen. An Eurostat gehéiert zur Kommissioun, ass jo hei zu Lëtzebuerg ugesidelt.

Wann Eurostat deemools mat där leschter Grëndlechkeet seng Aarbecht hätt dierfte maachen, well se alles hätte kënne kucken, an all Blat hätte kënnen ëmdréinen, da wier Griicheland ouni all Zweiwel net an d’Eurozon komm. Déi aner Länner, déi bäigetruede sinn – mir si jo entretemps zu 17, wéi mir ugefaangen hunn 1999 ware mir zu 11 – déi hunn déi Conditiounen erfëllt.

Frank Kuffer: Dir sot elo, dat hätt ee kéinten anescht maachen. Sinn nach Saachen, déi no deem Maastrichter Vertrag, déi een do hätt missen, kënnen anescht maachen? Dat ass natierlech ëmmer méi einfach herno.

Jean-Claude Juncker: Neen, mä et war och scho virdru kloer – an dat kann een och noliesen, datt dat gesot ginn ass – datt wa mir där onofhängeg täteger Europäescher Zentralbank, déi fir d’Geldpolitik zoustänneg ass, net géifen och eng europäesch Wirtschaftsregierung entgéint stellen, oder donieft stellen, datt dat kéint zu Zersetzungsgefore féieren.

Dat war deemools de Standpunkt vum Här Delors, dee Kommissiounspresident war, vun dem franséische Finanzminister Bérégovoy an dem belsche Finanzminister Maystadt, a vu mir selwer als President vun där Regierungskonferenz déi zum Maastrichter Vertrag gefouert huet, an Däitschland war radikal dogéint. Dofir sinn ech ëmmer ganz frou, wann d’Madame Merkel haut erkläert, et misst an Europa zu enger Wirtschaftsregierung kommen. Dat hate mir schonn 1991 am Mee gemengt.

Frank Kuffer: Wat geschitt dann elo mat Griicheland? 5 vir 12 ass et jo schonn zanter Méint, mä d’Zäit leeft, si leeft géint Griicheland, géint d’Eurozon, och géint Lëtzebuerg vläicht?

Jean-Claude Juncker: Ech géif net am selwechten Otemzuch soen, datt d’Zäit oflafe géif, a géint d’Eurozon a géint Lëtzebuerg géif lafen.

Ech sinn e puer Mol den Dag a Gespréicher mat der griichescher Regierung, mat der Europäescher Zentralbank, mat der Kommissioun, mat anere Regierungen, a mir hätten eben elo gär, datt Griicheland déi Oplagen, déi et selwer akzeptéiert huet, och géif erfëllen.

An dofir muss Griicheland, dat säi Budgetszil fir d’Joer 2011 däitlech verfeelt huet, weider Konsolidéierungsmoossnamen aleeden, a virun allem seng Wettbewerbsfäegkeet verbesseren, well soss kënnt et zu kengem Wuesstem a Griicheland.

Mir wësse jo, datt et mat spueren alleng net duergeet, datt eng Wirtschaft och muss wuesse fir erëm op d’Been ze kommen, an dat setzt viraus, datt eng Rei vu Strukturreformen a Griicheland duerchgefouert ginn, exzeptionell schwiereg, well dat griichescht Vollek, dat leit de Moment. Do ginn onwahrscheinlech Affer vu ganz oft ganz klenge Leit gefrot, mä et gëtt zu där Konsolidéierungspolitik keng reell Alternativ. Mir musse Griicheland iwwer d’Spueren an iwwer déi Hëllefsprogrammer, déi mir zur Verfügung stellen, eraus mat deem wirtschaftlechen Instrumentarium versinn, wat deem Land et erlaabt ze wuessen.

Frank Kuffer: Mä gëtt et dann een Auswee? D’Leit ginn haut erëm zu Zéngdausenden op d’Strooss. Dir hutt gesot, Dir verstitt se zum Deel, well se Affer musse bréngen. Dir braucht awer als Politiker, als EU braucht Dir awer d’Zouso vun de Griichen, datt gespuert gëtt.

Jean-Claude Juncker: Jo, kuckt emol, Dir hutt elo éinescht, am Ufank vun eisem Gespréich, vun de Konvergenzcritèrë geschwat. Déi gëlle selbstverständlech och fir Griicheland. Déi musse sech an engem forcéierten Tempo erëm besonnesch op dat Defizitzil vun 3% zréckbewegen, déi mussen en esou genannte primäre Budgetsiwwerschoss hunn, ansonste se ëmmer méi an där Scholdespiral, Defizitspiral ënnerginn.

Mir si jo bereet, déi aner Länner vun der Eurozon, Griicheland déi Hëllefstellung ze leeschten, déi mir amgaange sinn ze leeschten, mä da muss awer där Solidaritéit déi mir do weisen, géintiwwer stoen och eng Leeschtung vu Soliditéit a Griicheland selwer

Et dierf een net vergiessen, datt mir eis mussen ëm d’Kohärenz an ëm den Zësummenhalt an der Eurozon bekëmmeren. A wann d’Leit an eise Länner, an dat hu se, d’Gefill hunn, Griicheland géif net alles maache wat et maache misst, da fält déi Zoustëmmung zu där Politik wéi e Kaartenhaus zesummen, ëmsou méi wou och d’Beschreiwung, déi mir iwwer Griicheland ginn, ganz oft d’Realitéit net ganz erëmspigelt.

Ech iergere mech iwwer vill flapseg Sätz op den Televisiounsstatiounen an de benoperte Länner, déi esou maache wéi wann d’Griichen op der fauler Haut géife leien, a Griicheland iwwerhaapt keen Effort géif maache fir sech ze erkrabbelen.

D’Griiche gi sech wierklech drun. Si hunn hire Budgetsdefizit ganz staark reduzéiert, obscho se net genuch reduzéiert hunn. Si hunn e groussen Deel vun hirer Wettbewerbsfäegkeet, déi se zënter Antrëtt an d’Eurozon am Joer 2001 verluer hunn, lues a lues erëmkritt. Dat geet nach net duer, deen Effort vu Rattrapage. Si hunn hire primäre Budgetsdefizit ganz staark erofgesat.

Et ass also net esou, wéi wann a Griicheland keng Ustrengunge géife gemaach ginn. Just entspriechen déi Ustrengungen net ëmmer deem, wat mir vun de griichesche Kollege versprach kritt hunn, a wat mir och an eise Parlamenter zu Protokoll gi hunn, datt elo a Griicheland géif gemaach ginn.

An dofir ass et dëser Deeg esou, datt mir ganz ustrengend a schwiereg Gespréicher mat eise griichesche Kollege musse féieren. Well wa Griicheland elo nach eng Kéier wëll deen zweete Programm kréien, deen iwwer mindestens 130 Milliarden Euro bedréit, da muss ee kënnen dovun ausgoen, datt dann och déi Oplagen déi Griicheland akzeptéiert huet, an déi déi mir elo gär hätten, datt Griicheland géif akzeptéieren, datt déi och erfëllt ginn.

Frank Kuffer: Rechent Dir dann elo an deenen nächste Stonnen, oder wéini mat enger Zoustëmmung vun de Griichen? D’Zäit leeft jo awer.

Jean-Claude Juncker: D’Zäit leeft, an ech gehéieren zu deenen, déi sech drëm bekëmmeren, datt se an déi richteg Richtung leeft.

Frank Kuffer: An deenen nächste Stonnen, haut nach, oder wéini kënnt do en Accord?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn nach keng Sitzung vun der Eurogrupp aberuff fir dës Woch, well ech dat eréischt ka maachen, wann ech um Terrain gesinn, datt d’Conditiounen zesummebruecht gi sinn, déi eng Léisung brénge fir d’Privatgläubigerbeteiligung, an déi eng Léisung bréngen iwwer d’Conditiounen zu deenen den zweete griichesche Programm kann duerchgefouert ginn. Eréischt wann ech déi Elementer alleguer sech ubahne gesinn, kann ech den Eurogrupp zesummeruffen. Déi ass jiddwerfalls net virum nächsten Donneschdeg.

Frank Kuffer: Sidd Dir optimistesch?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dëser Deeg enger auslännescher Zeitung gesot, wann ech am Zesummenhang mat der Euroverschëldungskris net optimistesch wier, dann hätten d’Zeitunge scho virun 3 Méint iwwer mäi Selbstmord kënne berichten.

Frank Kuffer: Dir hutt awer och enger Zeitung gesot, wann déi dat richteg erëmginn hunn, datt Dir eng Faillite vu Griicheland net ganz géift ausschléissen. Den Nicolas Sarkozy huet dat gëschter op der franséischer Télé ganz anescht gesinn.

Nicolas Sarkozy (O-Toun): Sur la Grèce, nous nous refusons d’imaginer la faillite de la Grèce. Nous travaillons, Madame Merkel et moi, main dans la main pour éviter cette faillite depuis des mois.

David Pujadas (O-Toun): Mais Jean-Claude Juncker a dit qu’elle n’était plus tabou, donc vous n’êtes pas d’accord avec lui?

Nicolas Sarkozy (O-Toun): Enfin, apparemment Monsieur Juncker n’est pas encore invité dans cette émission. Je peux vous dire ce que nous avons décidé, nous, parce que nous sommes en responsabilité. Mettre en faillite un pays de 9 millions d’habitants avec les conséquences que cela provoquerait, stratosphériques, nous ne pouvons pas l’accepter.

Frank Kuffer: Ech zitéieren nach eng Kéier Här Juncker: "Madame Merkel et moi, main dans la main," "nous avons décidé, nous sommes dans la responsabilité." Sinn déi aner Statisten, kritt d’Koppel Merkozy dat do an de Grëff?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt ee ka soen, datt déi aner Statiste wieren, grad esou wéineg wéi ee ka soen, datt d’Madame Merkel an den Här Sarkozy géifen alleng décidéiere wat geschitt. An en fait hu se jo an hirem gemeinsamen Televisiounsinterview gëschter Owend genee dat selwecht gesot, wat ech ufanks der Woch an engem Spiegel-Interview gesot hunn. Do hunn ech net, wéi dee franséische Journalist dem Här Sarkozy gesot huet, gesot, ech wier der Meenung, datt Griicheland soll Bankrott goen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et wier net auszeschléissen.

Jean-Claude Juncker: Den Här Sarkozy, dee jo ganz frou mat Däitschland ass, liest wahrscheinlech de Spiegel net an der Originalsprooch, soss hätt hie gesinn, datt ech gesot hunn, wann de griichesche Programm total schif geet, a wann a Griicheland alles schif geet, da kënne mir net virufueren Griicheland Milliarden a Milliarden zur Verfügung ze stellen. A wa mir keng weider Milliarde méi zur Verfügung stellen, da stellt d’Fro vun der griichescher Staatsfaillite sech. Dat ass genee dat selwecht, wéi dat wat d’Madame Merkel an den Här Sarkozy gëschter Owend gesot hunn, déi jo och drop gedrängt hunn, Griicheland misst seng Verspriechen erfëllen, an datt et weider Konsolidéierungsmossname misst ergräifen. Dir hutt besser, Dir lauschtert mir no statt dem Här Sarkozy.

Frank Kuffer: Jo, mä iwwerhaapt, et hëllt een dat Wuert Faillite och esou séier an de Mond.

Jean-Claude Juncker: Neen, neen, ech huelen dat guer net séier an de Mond.

Frank Kuffer: Neen, mir vläicht och heiansdo. Dat heescht jo, dat ass jo net, wéi wann eng Épicerie elo hei ëm den Eck géing Faillite goen. Wat heescht dat dann, wa Griicheland Faillite geet?

Jean-Claude Juncker: Éischtens emol ginn ech dovun aus, datt déi Spuer- a Konsolidéierungsbeméiungen, déi amgaange sinn ergraff ze ginn zum Resultat féieren, datt Griicheland à terme erëm op d’Been kënnt.

Mäi Szenario ass net ee fir Griicheland aus der Währungszon auszeschléissen. Dat geet souwisou net. Mäi Szenario ass och net deen, fir objektiv Griicheland an eng Situatioun ze bréngen, datt et misst austrieden. Mäi Szenario ass, datt mir Griicheland an der Eurozon behalen, à moins datt alles zesummefält, well d’Griichen net déi Finanz- a Politikprodukter ofliwweren, déi mir d’Recht hunn ze erwaarden.

Mä wa Griicheland géif Faillite goen, dann hätt dat Konsequenzen a Griicheland selwer, déi ganz schwéier ze erdroe wiere vun deene Lei, déi do wunnen. An dann hätt dat och wahrscheinlech Ustiechungseffekter op aner Länner vun der Eurozon.

Dat ass jo och déi ganz Diskussioun ronderëm déi esou genannte Brandschutzmaueren, Firewalls wéi mir dat neierdéngs nennen, déi sollen opgeriicht ginn, an déi amgaange sinn opgeriicht ze ginn, fir datt d’Feier net iwwerspréngt.

Also, mäi Szenario, datt Griicheland géif Faillite goen, ass en Descriptif fir de Fall wou Griicheland déi Oplagen net géif erfëllen, déi et muss erfëllen.

Frank Kuffer: Lëtzebuerg steet jo immens gutt do am Verglach mat den anere Länner. Wéi wëllt Dir de Leit da vermëttelen, datt awer nach muss gespuert ginn an Zukunft?

Jean-Claude Juncker: Majo, well mir zwar, relativ betruecht a komparativ gekuckt, besser do sti wéi aner Länner. Mä Dir wësst wéi ech, datt mir am zentrale Budget vum Stat, dat heescht am eigentleche Staatsbudget, ouni d’Sécurité sociale an ouni d’Gemengen, en Defizit vun enger Milliard Euro klaffen hunn. A fir esou vill Sue Joer fir Joer opzehuelen, wäert an der Zomm dozou féieren, datt déi nächst Generatioune musse déi Scholden zréckbezuelen déi mir amgaange sinn ze maachen.

An dofir mengen ech, datt d’Leit gutt verstinn, datt, och wa mir relativ besser do sti wéi alleguer déi aner, datt mir awer musse mat Récksiicht op d’Aufgab vun der Zukunft elo déi Spuerefforten ënnerhuelen, déi mussen ënnerholl gi fir ze évitéieren, datt déi Jonk vun haut déi sinn, déi muer eis Scholden zréckbezuelen.

Frank Kuffer: Kommen dann nach Spuermesuren dëst Joer?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Frank Kuffer: Wéi eng?

Jean-Claude Juncker: Mir si jo hei net an der Regierung.

Frank Kuffer: A sou. Dir kënnt eis nach guer net soen, wat op eis duerkënnt?

Jean-Claude Juncker: Do komme keng gewalteg Katastrofen op eis duer, mä mir musse selbstverständlech probéieren dee Budgetsdefizit dee mir hunn am Zentralstat esou kleng wéi méiglech ginn ze loossen. Dat brauch een net an engem Joer ze maachen, dat kann een iwwer e puer Joer strecken, mä och mir mussen nom Prinzip liewen, datt een op Dauer net ka méi ausginn, wéi een erakritt.

Frank Kuffer: Äre Finanzminister huet e Samschdeg d’Tripartite an de Mindestloun net ofgeschaaft, mä dach e bëssen a Fro gestallt a senger Ried do. Sidd Dir do op enger Linn mam Luc Frieden? De Lucien Lux mengt, Dir misst de Finanzminister emol bei Iech an de Büro ruffen.

Jean-Claude Juncker: Deen ass éischtens dacks bei mir am Büro, wéi och den Här Lux regelméisseg bei mir am Büro passéiert, an dofir hunn déi zwee keng aner Virstellunge vu menge Virstellungen. Ech weess net, wat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dat huet sech awer aneschtes unhéieren.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net genee wat den Här Frieden gesot huet, well déi Ried déi läit am Text net vir. Ech muss mech op dat verloossen, wat ech an den Zeitunge liesen.

An den Här Frieden deen huet gesot, d’Tripartite wier keen Organ wat Décisioune soll huelen, mä e konsultatiivt Organ, an et wier un der Regierung Décisiounen ze huelen. Dat ass keng Neiegkeet, well et ass ëmmer un der Regierung, a virun allem um Parlament fir, och no erfollegräichen Tripartite-Verhandlungen, Décisiounen ze huelen, insofern wéi dat a Gesetzer Agank fënnt.

An déi Iwwerleeung iwwer de Mindestloun ass eng, déi ech an där rapportéierter Brutalitéit net deelen. Woubäi ech schonn der Meenung sinn, datt ee fir Jonker déi onqualifizéiert si muss driwwer nodenken – dat hat ech och op enger Pressekonferenz kierzlech gesot – ob mir net kënnen e System maachen, wou déi Jonk déi net qualifizéiert sinn zum Mindestloun agestallt ginn, a wou de Stat een Deel vun deene Lounkäschten iwwerhëllt, fir d’Betriber méi séier ze kréien, Jonker déi keng Qualifikatioun hunn anzestellen.

Dat ass eng Diskussioun, déi mir an der Regierung féieren, an déi mir och mat de Sozialpartner féieren, esou wéi ech dat dee leschte 16. Dezember op Ärer Antenn ugekënnegt hunn.

Frank Kuffer: De Lucien Lux huet awer gesot, dat wier net d’Politik vu senger Partei, déi [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, ech hunn Iech elo d’Politik vun der Regierung erkläert, an déi Regierung setzt sech aus zwou Parteien zesummen, an do gëtt et fir dës Legislaturperiod a fir dat wat elo ze leeschten ass keen Dissens.

Mir hunn décidéiert an der Regierung, datt et zu enger Mindestlounerhéijung kënnt ab deem nächsten 1. Januar, 2013. Mir hunn elo als Projet de loi eng Pensiounsreform op de Wee ginn, déi eng Rei vu Schrauwen, wéi den Här Di Bartolomeo seet, enthält un deenen ee kann dréinen, am Fall wou et noutwenneg wier, wann d’Finanzlag ze enk géif ginn, fir zu korrektive Moossnamen ze kommen. Dat ass d’Politik vun der Regierung. Déi bënnt déi zwou Parteien. An den Här Frieden huet och näischt anescht gesot.

Frank Kuffer: Här Juncker, mir hunn am Ufank gesot, Dir an den Euro wiert déi eenzeg Iwwerliewent vum Maastrichter Vertrag. Elo gitt Dir Äre Kolleg Euro awer zum Deel an aner Hänn, wann Dir als Chef vum Eurogrupp ophaalt. Hätt Dir esou e Lieblingssuccesseur, wann Dir e selwer bestëmmen dierft?

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo mat der Fro vu menger Successioun ze dinn. An ech hunn d’Gefill, datt, wann een déi Fro, wien da soll mäin Nofolger ginn, op der ëffentlecher Plaz diskutéiert, datt dat zu Spannunge féiert, well dann d’Finanzmäert mengen da géifen et ze ënnerschiddleche Vuen iwwer d’Zukunft vum Euro ginn, an dofir äusseren ech mech zu där Fro net, bis se beäntwert ass.

Frank Kuffer: D’Fonctioun, muss déi awer och iwwerduecht ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, dat hunn ech e puer Mol gesot, och menge Kollege Premieren, datt de Chef vun der Eurogrupp muss een haaptamtlechen Job ginn.

Et ass absolut net méiglech, besonnesch net elo, wou mir déi krisenhaft Erscheinungen hunn, fir deen Eurogrupp ze féiere wann ee gläichzäiteg Premier an engem Land ass, oder an engem méi grousse Land Finanzminister wier. Dat hëllt engem e puer Stonnen den Dag ewech, déi Aarbecht muss ee maachen, well se muss jo am Intérêt vun eis alleguer, och vun eis Lëtzebuerger gemaach ginn, mä et kann een net President vum Eurogrupp sinn, wann een nach eng wichteg aner Aarbecht doniewent huet.

Frank Kuffer: Et ass net, datt mir Iech wëlle lassginn, mä hätt dat Iech dann net interesséiert? Domat verléiert Lëtzebuerg jo awer och u Gewiicht, wann Dir net méi do sidd.

Jean-Claude Juncker: Éischtens emol sinn ech frou, datt Dir fannt, datt doduerch datt de lëtzebuerger Premier President vum Eurogrupp ass, Lëtzebuerg doduerch méi Gewiicht an Europa kritt huet. Dat héiert sech jo heiansdo ganz anescht un, well jo gesot gëtt, de Juncker deen ass dauernd ënnerwee a bekëmmert sech net ëm eis Saachen. Dofir ass dat eng richteg Remarque gewiescht, déi Dir do gemaach hutt.

An zweetens kann ech och nëmmen esou vill Mëllech ginn, wéi ech der hunn, an ech ginn nëmme 24 Stonnen den Dag Mëllech, an dovun [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: An wann Dir dat fulltime géift maachen, just dat?

Jean-Claude Juncker: Ech hu genuch Mëllech ginn.

Frank Kuffer: Nach eng Fro dann zum Schluss. Ech kommen nach eng Kéier zréck e bëssen op den Interview gëschter op der Télé tëscht dem Angela Merkel an dem Här Sarkozy. Do ass jo erauskomm, e bëssen erauskomm, datt d’Angela Merkel den Nicolas Sarkozy am Wahlkampf fir d’Présidentiellen ënnerstëtzt. Maacht Dir dat och?

Jean-Claude Juncker: Ech si vum Här Sarkozy net gefrot gi fir hien ze ënnerstëtzen. Mä et ass eng Regel an Europa, scho laang Joeren, datt een, wann ee befrënnt Parteien ass, oder wann een an der selwechter europäescher Parteiefamill ass, datt een deen aneren ënnerstëtzt.

Ech hu joerelaang, ënner dem grousse Protest vun der Sozialistescher Partei zu Lëtzebuerg, zu Zäite vum Här Schroeder fir d’Madame Merkel Wahlkampf gemaach. Den Här Asselborn, dee genéiert sech och elo net fir der SPD heiansdo hëllefräich zur Säit ze sprangen. An dat halen ech fir en demokrateschen Normalfall an Europa. Mä ech dränge mech dem Här Sarkozy net op.

Frank Kuffer: Ech wollt soen, Dir sidd him awer net onbedéngt nach eppes schëlleg?

Jean-Claude Juncker: Et hält sech d’Wo.

Frank Kuffer: Här Staatsminister villmools Merci, datt Dir Iech tëscht Äre wichtege Gespréicher, déi Dir ze féieren hutt nach Zäit geholl hutt fir heihinner ze kommen. Merci!

Jean-Claude Juncker: Ech si gär komm. Merci, Här Kuffer!



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact