|
Frank Goetz: A bei mir am Studio ass elo den neie Wirtschaftsminister. Här Schneider, gudden Owend.
Etienne Schneider: E schéine gudden Owend.
Frank Goetz: Gutt ugefaangen?
Etienne Schneider: Bein, bis op dee klenge Mëssel mat der saarlännescher Ministerpresidentin, wat op e Malentendu baséiert, mengen ech schonn, jo.
Frank Goetz: Dir hutt am Ufank elo gesot, eng vun Ären éischte Prioritéite wier de Sozialdialog nees an d’Gäng ze kréien. Elo zielt eis jo de Finanzminister Luc Frieden, datt dësen Dialog an der aktueller Tripartiteform net méi zukunftsorientéiert wier, datt déi just nach soll hei berodend wierken. Deelt Dir dann déi Meenung vum Här Frieden?
Etienne Schneider: Also, ech muss emol fir d’éischt virausschécken, datt et natierlech engem Minister muss fräigestallt sinn, seng eege Meenung zu verschiddene Sujeten ze soen. Dat alimentéiert den Débat, a vun dohier ass dat fir mech kee Problem.
Ech hunn allerdéngs e Problem e bësse mat där Ausso, well ech der Meenung sinn, datt mir no deenen haarden a laangen Tripartitesverhandlungen, déi mir hate fir elo eng Indexmodulatioun hinzekréien, datt mir eigentlech elo misste probéieren d’Gemidder e bëssen ze calméieren, an net onbedéngt nach sollten Ueleg op d’Feier schëdden.
Mir geet et wierklech drëm fir e bësse Rou an de Secteur ze kréien, e bësse Rou tëscht d’Sozialpartner ze kréien, datt mir emol erëm kënnen un anere Sujete schaffen. Et ginn nach vill Reformen déi mir musse maachen, wou mir d’Sozialpartner brauchen, an dofir hätt ech et léiwer gesinn, wa mir elo eis déi do Diskussioun erspuert hätten.
Ech sinn op alle Fall der Meenung, datt mir hei zu Lëtzebuerg ganz gutt nach ëmmer mam Sozialdialog gelieft hunn, an datt mir deen och sollten esou weider oprecht erhalen. Natierlech ass et esou, wa keng Léisung fonnt gëtt, da muss d’Regierung hir Décisioun huelen, dofir ass se gewielt ginn.
Frank Goetz: Jo, mä à propos Ueleg op d’Feier. Den Här Frieden stellt jo och elo d’Héicht vum Mindestloun a Fro. Hie seet, dat wier eng Brems, fir datt d’Betriber aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen; hie seet, datt dat e Problem wier fir net-qualifizéiert Leit anzestellen. Wéi ass et dann do, sidd Dir do op enger Linn mam Minister?
Etienne Schneider: Ech mengen, et ass evident, datt eise Mindestloun par rapport zu de Léin an eisen Nopeschlänner, datt deen natierlech extrem héich ass. Et ass awer och esou, datt d’Liewenskäschten zu Lëtzebuerg extrem héich sinn, an datt ee jo awer de Leit muss d’Méiglechkeet gi vun hirem Loun kënnen ze liewen. Ech wéilt keng Verhältnisser hunn, wou ee muss op d’Sozialamt goen nieft senger Aarbecht. Dat kann et net sinn.
Dat ass natierlech e Problem. Mä mir wëssen awer och, datt mir an deem Sënn souwisou hei zu Lëtzebuerg ganz wéineg Aarbechtsplaze schafen, déi op Basis vun engem Mindestloun bezuelt ginn. Wann ech alleng kucken, eis nei Secteuren déi mir wëllen développéieren an der eco-Technologies, Life Sciences, ICT, Logistik, do sinn déi dräi éischt, dat ass alles héichqualifizéiert Mataarbechter, wou de Loun an deem Sënn keng wichteg Roll herno spillt beim Patron.
An der Logistik, dat gëtt e Secteur, do hu mir eng ganz Rei kompetitiv Avantagen, déi mir wëllen ervirbréngen, wat eis dann erlabe géing fir Aarbechtsplazen ze schafen, fir net-qualifizéiert Leit. Do spillt natierlech en héije Mindestloun mat, mä dee kënne mir awer, an dat ass eben dat wourunner mir schaffen, kompenséieren duerch déi aner Avantagen déi mir de Betriber, déi dann hei op Lëtzebuerg kommen, kënnen ubidden.
Frank Goetz: Dat do si jo awer trotzdem keng kleng Differenzen. Wéi gesitt Dir dann elo déi Aarbecht an där Koalitioun tëscht CSV an LSAP an Zukunft?
Etienne Schneider: Ech mengen, den Här Frieden huet jo selwer gesot, datt dat do eng Iwwerleeung ass, déi hie laangfristeg gesäit. An hien huet sech jo och bekannt zu deem wat déi Koalitioun hei, déi aktuell Koalitioun décidéiert huet, a wat se sech och op de Fändel geschriwwen huet. A vun do un impaktéiert dat a mengen Aen d’Koalitiounszesummenaarbecht net. Et ass eben einfach en Diskussiounspunkt, deen den Här Frieden an d’Ronn gehäit huet, wat säi gutt Recht ass, wou ech just mengen, datt et zur Onzäit ass, fir déi do Debatt elo unzefänken.
Frank Goetz: Dir hutt d’Logistik ugeschwat, Rieds geet och vun ongeféier 5.000 Plazen déi kéinten an deem Beräich geschafe ginn. Wat mécht Iech elo do esou optimistesch?
Etienne Schneider: Mir hunn do eng ganz Rei Gespréicher gefouert mat Acteuren déi interesséiert wieren iwwer Lëtzebuerg hir Logistik ofzewéckelen. Dat kéinten à long terme 3.000 bis 5.000 Aarbechtsplaze ginn. Alleng wann ech kucke wéi vill Camionen dat herno géing mat sech bréngen déi do fueren, do musse jo och all Kéier Chaufferen dobäi sinn, an alles wat d’Maintenance ugeet.
Also, do si mir schonn an enger Logik wou mir hoffen, datt mir kënne massiv Aarbechtsplaze schafen an Zukunft. Mä dat ass awer e Problem, deen – net e Problem, mä dat ass eng Hoffnung fir mëttel- bis laangfristeg.
De Problem ass awer, datt mir emol fir d’éischt d’Autorisatiounen alleguer mussen hunn, fir mat deem Logistikzenter do och unzekommen. An do läit e bëssen d’Kromm an der Heck, well mir net fréi genuch, oder net schnell genuch domat virukommen.
Frank Goetz: Effektiv, e Betrib deen op Lëtzebuerg kënnt, dee kuckt jo och déi Virschrëften do, dat nennt ee jo "administrativ Hürden". Wéi kënnt Dir déi elo e bësse méi kleng maachen?
Etienne Schneider: Also, ech hunn d’lescht Woch meng éischt Entrevue gehat an der Commission de l’économie vun der Chamber, wou ech och meng Prioritéiten e bëssen erkläert hunn, a wou ech och eben dat do zu enger vun deene wichtege Prioritéite fir d’ganz Regierung nach eng Kéier ervirgestrach hunn.
Mir mussen et elo endlech eng Kéier fäerdeg bréngen, net vu Réforme administrative ze schwätzen, mä ze probéiere wierklech ze collectéieren, esouwuel an der Chamber, wéi och am Syvicol, wéi och bei de Patronen, ze collectéieren all déi Problemer mat deene se dagdeeglech ze dinn hunn, wou Reglementer iwwerdriwwe sinn, wou se vläicht iwwerlieft sinn, wou Interpretatioune vu Gesetzer a Reglementer ze wäit ginn, datt een dat emol eng Kéier alles oplëscht.
An da muss een als Regierung mat deenen Haaptbeamten am Stat, déi eben déi do Saachen dirigéieren, muss een eng Kéier sech zesummesetzen, iwwer e puer Deeg, wann et muss sinn, an da kucken, wou kënne mir do Léisungen zu deene Sujete fannen.
Ech mengen, déi Réforme administrative, déi mir maachen, dat ass alles schéin a gutt, dat soll een esou weider maachen, do geet et méi ëm Administratives, ech soen elo emol, méi am klenge Sënn, mä mir mussen emol einfach déi Problemer, déi all Dag op d’Betriber zoukommen, déi all Dag op d’Patronen zoukommen, déi musse mir eng Kéier am Detail analyséieren, an da soen, esou, elo hu mir d’politesch Volontéit fir dat do ze änneren, an elo maache mir dat.
Frank Goetz: Här Schneider, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.
Etienne Schneider: Ech soen Iech Merci.
|