Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Jean Asselborn au sujet de l’engagement du Luxembourg en Somalie

Interview
Jean Asselborn au sujet de l’engagement du Luxembourg en Somalie
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 23-02-2012

Vers le niveau supérieur

Somalien ass ee Musterbeispill fir e Failed State, e Staat deen no 20 Joer Biergerkrich an Terror no enger Zukunft sicht. Op der internationaler Somaliakonferenz haut zu London sollt vun enge 60 Länner an Organisatiounen e neien Impuls fir dat Land ausgoen, dat als Etat de non droit bezeechent gouf a wou méi wéi eng Millioun Somalier a Flüchtlingscampen an Direktioun Kenia an Äthiopien geflücht sinn. Nieft dem Terrorissem vun den islamesche Shababmilizen, dem Honger an der Gewalt, mëcht de Länner un der Corne vun Afrika d’Piraterei virun hiere Küsten ze schaafen. Lëtzebuerg bedeelegt sech zanter zwee Joer un der Missioun "Atalanta" mat zwee Fliiger, déi de Golf vun Aden surveilléieren. Fir de Lëtzebuerger Ausseminister en Zeeche vun Engagement dat eist Land nieft dem humanitaire Volet a Somalia leescht. De Roy Grotz huet am Kader vun der internationaler Somaliakonferenz mam Jean Asselborn geschwaat:

Jean Asselborn: Mir kënnen jo elo keng militäresch Operatioune machen, mee dat do ass eppes wat zu eis passt. An et ass esouguer och am Kader vun der Münchener Sécherheetskonferenz a verschidden däitschen Zeitungen, wéi zum Beispill der Frankfurter Allgemeine, eisen Asaatz extra erfiirgestrach ginn, nämlech datt ee klengt Land wéi Lëtzebuerg sech kann abréngen an engem grousse Konflikt wéi d’Bekämpfe vun der Piraterie, mat eben esou Operatiounen, déi mer do maachen. Duerfir mengen ech ass dat och eppes, wat zu eis passt.

Derbäi kënnt déi humanitär Hëllef, déi mir leeschten. An ech fannen, dat ass och immenz wichteg, wat d’Regierung do mecht. Fir Somalien hu mer bis elo 4,5 Milliounen Euro zënter 2006 ausginn. Fir d’Corne vun Afrika sinn et 5,5 nach derbäi. Mee dat ass dann Djibouti, Erythrée, Ethiopien, Kenia, déi zwee Sudanen an Uganda. Et ass déi ganz Regioun am Horn vun Afrika. An och dat ass eppes, wat vun der internationaler Communautéit, wat Lëtzebuerg ugeet, ganz stark appréciéiert gëtt.

Roy Grotz: Et kann een also net einfach soen, Lëtzebuerg a Mogadiscou leie wäit auseneen, déi zwee Staaten hätte näischt mat eneen ze dinn. Dir sot ganz kloer, do gëtt et ee Lien dotëscht.

Jean Asselborn: Jo. Hei geet et net nëmmen ëmt ee Land an ëmt eng Relioun oder ëmt eng gewëssen Entitéit. Hei geet et wierklech ëmt d’Stabiliséierung vun enger ganz grousser Regioun vun Afrika, déi eng Répercussioun huet op d’Weltéconomie. A mir als Lëtzebuerger – natiirlech duerch d’Europäesch Unioun – sinn do och ganz stark drunn intresséiert fir do kënnen – an och mussen – matzehëllefen, well et geet och ëmt eist Wuel, selbstverständlech.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact