Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Jean Asselborn au sujet de la conférence internationale des "Amis du peuple syrien"

Interview
Jean Asselborn au sujet de la conférence internationale des "Amis du peuple syrien"
"Radio 100,7" du 25-02-2012

Vers le niveau supérieur

Carine Rippinger: Trotz der Absence vun deenen zwee Länner [Russland a China n.d.l.r.] gouf gëscht e staarkt Signal un den Assad Regime geschéckt, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn:

Jean Asselborn: Et waren iwwer 60 Länner vertrueden – d’UNO war vertrueden, d’OIC, déi arabesch Liga, d’EU, Amerika, Japan, Südkorea – ech kéint weider fueren. Also déi international Communautéit war ganz staark vertrueden an ech mengen dat ass schonn e Signal un de syresche Regime fir ze gesinn, datt et och weiderhin ganz staarken Drock gëtt, fir datt déi Massakeren ophéieren.

Ech mengen, et ass gëschter virun allem drëm gaangen un d’Zukunft vu Syrien ze denken. Mee awer och drun ze denken – an dat ass fir mech dat Allerwichtegst – wéi ee kann verhënneren, datt all Dag iwwer honnert Leit hiert Liewen do verléieren.

Mir hunn och do mat Leit kenne schwätzen, mat Zeien, déi do waren, an och Filmer gesinn, déi era gespillt gi sinn. Et ass schrecklech do, well d’Kanner ginn esou guer an de Spideeler ëmbruecht. D’Fraen ginn an de Spideeler violéiert. D’Madame Navy Pillai schwätzt praktesch elo vu 7000 Doudeger – dat ass d’UNO Beoptraagt fir Mënscherechter. Also d’Situatioun ass katastrophal um Terrain an, dat wat déi international Communautéit ka maachen – och wat mir als Europäesch Unioun kenne matmaachen – dat ass symbolesch weisen, duerch d’Präsenz, datt mir dat do wiirklech net hinhuelen.

Carine Rippinger: Dir hutt et gesot, symbolesch weisen. Mee wéi eng Muecht huet déi international Communautéit dann am Endeffekt, wann de President vu Syrien näischt vun deem héiere wëll, wat och gëschter erëm gesot ginn ass?

Jean Asselborn: Also, dat wat ee muss weiderféieren, dat ass fir d’éischt emol um diplomatesche Plang. Wat wichteg ass, dat ass folgendes: no deem Vote am Conseil de Sécurité wësse mir, wann dat anescht ausgaange wier, da wiere mer, a méngen Aen, elo schonn vill méi wäit. Mee dat muss een hinhuelen, dat ass esou an ech mengen och net datt sech do an de nächste Wochen Changementer wäerten presentéieren.

D’Assemblée générale vun der UNO huet jo mat 137 Jo-Stëmmen e ganzt positiivt Signal ginn. Bon, dat huet net dat Gewiicht, net déi juristesch Force vum Droit international wéi ee Vote vum Conseil de Sécurité. Mee trotzdem ass et een Zeechen. An ech mengen, wat jo virgëschter bekannt gouf, datt déi Nominatioun fir de Kofi Annan, mat sénger Aura, mat sénger Experienz, mat séngem Gewiicht, ze nennen – wat jo och vun de Russen ënnerstrach gouf – ass gutt geheescht ginn. Dëst ass ee weidere Signal, a méngen Aen. An deen Envoyé spécial ass net nëmmen vun der UNO mee och vun der arabescher Liga. Dat ass schonn e Punkt, mengen ech, wou ee muss soen, datt dat awer och e staarkt Zeechen ass.

Um politesche Plang, hu mer ëmmer erëm den Appel un d’Oppositioun lancéiert, esou wuel an Syrien wéi ausserhalb vu Syrien, sech ze koordinéieren.

Drëttens, dat ass dat Allerwichtegst, d’Actions humanitaires. D’Madame Valerie Amos, dat ass déi Persoun, déi op der UNO zoustänneg ass fir déi humanitär Affairen, déi versicht elo mam Regime een accès humanitaire auszehandelen, soudatt ee wéinstens era kënnt fir humanitär Hëllef ze leeschten. Dir wësst, datt d’Rout Kräiz an och de Croissant rouge am gaange sinn sur place schonn ze versichen deenen dausenden Blesséierten ze hëllefen.

Dann bleift leider och nach eent, dat sinn d’Sanctiounen. E Méindeg sinn zu Bréissel d’europäesch Ausseminister zesummen a mir wäerten duerch weider Sanctiounen den Drock weider verstäerken. Duerch de Gel vun den Avoirs’en zum Beispill vun der Banque Centrale vu Syrien. Mee, wéi Dir richteg sot, de Message muss ukommen. Dat ka nach Wochen daueren. Dir hutt gesinn, an anere Fäll huet dat vläicht och nach Méint gedauert. Also musse nach immens vill Leit, ménger Meenung no, hiert Liewe ginn, fir datt dee Régime zesumme brécht. Dat ass e Fait. Dat soen all arabesch Kollegen Ausseministeren. Do ass kee méi, deen dru gleeft, datt dee Régime sech kann halen. Allerdéngs wäert nach ganz vill Blutt fléissen. An dat ass de grousse Problem.

Gëschter war och ganz kloer eraus ze héieren, vun allen Delegatiounen, virun allem och vun deenen arabeschen, mee grad och wéi vun deene westlechen, wann ech esou däerf soen, datt all Optiounen op sinn, sauf d’Option militaire. Et huet keen dat erwänt. Dir wësst, d’Situatioun ass extrem komplex, an et ass och net sécher, datt ee mat militärescher Force kéint de Problem léisen. De Problem ka nëmme geléist ginn duerch eben déi Solidaritéit, déi gewise gëtt an duerch deen Drock, dee virun allem och vun der arabescher Welt opgebaut gëtt. An do ass ze hoffen, datt déi arabesch Welt, d’Ligue arabe, sech net opdeelt an engersäits nordafrikanesch Länner an anersäits d’Golfstaaten, mee datt do zesummen gehale gëtt fir wierklech déi Pressioun ze maachen, déi erfuerderlech ass.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact