Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2012 > Jean Asselborn au sujet de la conférence internationale des "Amis du peuple syrien"

Interview
Jean Asselborn au sujet de la conférence internationale des "Amis du peuple syrien"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 25-02-2012

Vers le niveau supérieur

Corinne Folscheid: Här Asselborn, Dir hutt gëschter déi Lëtzebuerger Positioun zu Tunis vertrueden. Mat wéi enge konkrete Fuerderungen ass de Kontaktgrupp dann elo gëschter auserneen gaangen?

Jean Asselborn: Fir d’alleréischt muss ee soen, datt et wichteg ass, datt dat an Tunesien stattfonnt huet. An, wéi Dir dat richteg gesot hutt, de Kontaktgrupp oder d’Frënn vu Syrien gëtt e Prozess. Dat heescht, et ass eng nächst Réunioun an der Türkei schonn de nächste Mount ugesot, an et ass och eng duerno zu Paräis ugesot.

Et ass immens wichteg, datt déi international Communautéit weist, datt Solidaritéit mam Vollek a Syrien besteet. Dir wësst, datt d’Vollek Schreckleches den Ament erdroe muss. D’Madame Pillai schwätzt vu 7000 Doudeger elo. Mir hu gëschter héieren, och vun Zeien, datt Kanner an de Spideeler ermord ginn, datt d’Fraen an de Spideeler violéiert ginn. Dernieft gëtt mat schaarfer Munitioun op protestéierent Leit geschoss.

Gëschter – Dir hutt et richteg gesot – waren iwwer 80 Länner a grouss Organisatiounen zu Tunis vertrueden. Ech mengen, dat wat wichteg ass, dat ass datt mir virun allem an der Action diplomatique, also um politesche Niveau wéi och um humanitäre Niveau, eis concertéiert hunn a gekuckt hunn, wat ee ka maachen, vu baussen eran natierlech, fir eben dem Vollek a Syrien ze hëllefen, datt si déi Belaaschtung, déi si do ze erdroen hunn, déi terribel ass, datt si déi kënnen lass ginn.

Corinne Folscheid: Elo gouf et awer och no där Reunioun Kritik vu verschidde Säiten, datt eng militäresch Interventioun am Ament elo emol strikt ausgeschloss gëtt. Wéi stitt Dir dozou?

Jean Asselborn: Effektiv ass gesot ginn, all Optioune mussen op sinn, sauf eng Action militaire. A mengen Aen, op jiddwer Fall, eng Action militaire kann net ausgeschloss ginn, mee mir däerfen do net de Culot hunn fir ze soen, et wier de Westen deen eng Action militaire imposéiert. Wann eng Action militaire géif zustane kommen, da kann et nëmmen just sinn op Initiative vun der arabescher Welt.

Mee duerfir brauch een, fir am internationale Recht ze bleiwen, wéi Dir wësst, ee Mandat vum Conseil de Sécurité. Dat Mandat ass net an de nächste Wochen ze kréien, op jiddwer Fall net virun de Wahlen a Russland.

An der Assemblée générale waren 137 Stëmmen solidaresch mam syresche Vollék. Et waren der nëmmen 12 dergéint, a 17 hu sech enthalen. Dat ass e positive Punkt. Mee ëmmerhin muss ee wëssen, datt Russland jo och säin Accord ginn huet zur Désignatioun vum Kofi Annan als Emissaire vun der UNO an och vun der arabescher Liga. Mat sénger ganzer Aura, mat sénger ganzer Experienz a mat séngem Gewiicht huet hien eng Méigelechkeet. Et kann net refuséiert ginn vum Assad, datt mat him geschwat gëtt an mat him négociéiert gëtt. Dat ass e positive Punkt. An op deen ass gëschter ganz vill gepocht ginn.

Corinne Folscheid: Dir hutt elo just de Kofi Annan ugeschwat. Wéi eng Chance rechent Dir deem Mann iwwerhaapt aus, datt deen wierklech e bësschen Rou do kann an deen Konflikt era bréngen?

Jean Asselborn: Dat alleréischt ass, a méngen Aen, datt een elo net zevill sech konzentréiert op d’Zukunft vu Syrien. Dee Regime wäert falen. Et ass eng Affaire vu Wochen oder vu Méint. Vill Blutt wäert nach fléissen.

Et muss een elo direkt versichen dat Gemetzel ze stoppen, wann een esou däerf soen. All Dag stierwen iwwer 100 Leit. Dat muss ophéieren. An do, mengen ech, ass et wou de Kofi Annan sech wäert abréngen, an der action humanitaire.

Dir wësst och vläicht, datt d’Madame Valerie Amos – dat ass d’Beoptraagt vun der UNO fir d’affaires humanitaires – versicht mam Regime ze verhandelen, fir en accès humaintaire ze kréien, e Korridor humanitaire fir deenen dausenden an dausenden vu Blesséierten kënnen ze hëllefen.

An dann och d’aide humanitaire: Dir wësst, d’Croix rouge an och de Croissant rouge sinn amgaange fir éischt Hëllef ze leeschten fir déi Leit, déi dat brauchen. An ech mengen, dat ass de Punkt wou elo de Kofi Annan sech drop konzentréiert.

Mir als Europäer musse weider fueren mat de Sanctiounen fir weider Pressioun op de Régime ze verstärken. Mir wäerten e Méindeg zu Bréissel ënnert den Ausseministeren zum Beispill och schwätzen iwwert de Gel vun de Relatiounen mat der syrescher Zentralbank. Aner Mesuren wäerte nach geholl ginn. Dat ass wat d’Europäesch Unioun ka maachen. Solidaritéit weisen mat der arabescher Welt.

An ech sinn op jiddwer Fall och frou, datt déi arabesch Welt, trotz den Differenzen déi et gëtt tëscht de Golfstaaten zum Beispill an den nordafrikanesche Länner, sie awer eng Unitéit weisen, och wann effektiv vläicht déi eng oder aner Approche sech géigeniwwer stinn. Mee sie mussen Unitéit weisen, datt déi arabesch Liga hei wierklech de Schlëssel an der Hand huet, fir kënnen do Fortschrëtter ze erzielen.

Corinne Folscheid: Nach eng lescht Fro, Här Asselborn. De Pouvoir, deen elo dee Syrienkontaktgrupp do huet, wat ass deen iwwerhaapt am Endeffekt? De syresche Régime vum Baschar Al-Assad huet jo bis elo op absolut keng Fuerderung réagéiert. Wéi wäit kann do deen Kontaktgrupp goen?

Jean Asselborn: Pouvoir ass net dat richtegt Wuert. Wat ee ka soen, dat ass datt et e Prozess ass. D’Kontaktgrupp, wéi Dir sot, oder d’Frënn vun Syrien, gëtt e Prozess, deen, wéi ech gesot hunn, weider geet an der Türkei, an dono a Frankräich. Et muss een trotzdem wëssen, datt, wann all wichteg international Organisatiounen, plus 60 bis 80 Länner déi sech dorunner uschléisse wäerten, eng kloer Linn hunn an et och kloer gëtt, datt d’Oppositioun a Syrien – esou wuel déi a Syrien, wéi och déi ausserhalb vu Syrien – esou wéi dat am Libanon de Fall war – pardon, a Libyen de Fall war – wann déi sech wierklech konzertéieren soudatt een als international Communautéit een Uspriechpartner huet, dann ass eng Méigelechkeet do fir den Drock nach ze verstäerken.

Ech mengen, wat ee kéint maachen a woumadder ee kéint averstanen sinn, dat ass wat den tunesesche President virgeschloen huet, nämlech datt den Assad mat sengem Clan kéinten an en anert Land an den Exil goen. Et wier net gerecht wann se net géifen verfollegt ginn. Mee dat wier vläicht de Präis, deen ze bezuele wier, fir dann Syrien ze befreien vun deem mäerderesche System.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact