|
Yolande Roller: Gudde Mëtteg, mäin Numm ass Yolande Roller, an ech si ganz frou elo de Minister Etienne Schneider bei mir am Studio ze hunn. Dir sidd dee jéngste Minister elo, mat 41 Joer. Dir hutt awer och ee vun deene wichtegsten an och deene schwieregste Ressorten. Gudde Mëtteg, fir d’éischt emol.
Etienne Schneider: E schéine gudde Mëtteg.
Yolande Roller: Awer wéi ass et Iech elo an deene 4 Woche bis elo ergaangen, wat war dann elo dat wat Iech am meeschte Freed gemaach huet?
Etienne Schneider: Also, am meeschte Freed huet mir d’Zesummenaarbecht mat menge Mataarbechter gemaach. Ech hu gesinn, datt déi Transitioun vum Beamten am Ministère zum Minister immens smooth ofgelaf ass, an datt mir eng super Zesummenaarbecht hunn, eng immens Kollegialitéit hunn, an dat mécht Freed, Freed do ze schaffen.
Yolande Roller: Wat ass dann dat wat Iech elo bedréckt huet, am meeschte bedréckt huet?
Etienne Schneider: Am meeschte bedréckt sinn awer ëmmer déi Problemer déi mir hu mat Entreprisen, Entreprisen déi Faillitë maachen, wou mir da finalement keng Méiglechkeet méi hunn ze hëllefen. Also, mir hu jo begrenzte Moyenen als Ministère fir Entreprisen ze hëllefen, a wann dat dann net geet, dann ass ee wierklech bedréckt. Wann ee da gesäit, datt wierklech Leit mussen op d’Strooss goen, dann ass dat sauer, jo.
Yolande Roller: An der Stolindustrie ass näischt méi ze verdéngen, d’Finanzkris huet eis och schrecklech zougesat, an elo sollen aner Secteuren, wéi Ëmwelttechnologie, Life-Sciences, an Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien hiert Doheem hei zu Lëtzebuerg fannen. Do si sécherlech Plaze fräi fir héichqualifizéiert Leit. Wat maache mir dann awer mat deene manner Qualifizéierten, déi elo haaptsächlech op d’Strooss kommen, och nach wäerte kommen?
Etienne Schneider: Dat ass e reelle Problem dee mir hunn, mir gesinn dat och an de Statistike vum Emploi. Et ginn all Joer nach nei Aarbechtsplaze geschaaft, esouguer relativ vill zu Lëtzebuerg, an awer klëmmt de Chômage. Dat huet vill domat ze dinn, datt mir net déi richteg Formatioun hu vu Leit fir eben op déi do Plazen ze kommen.
Meng Hoffnung läit dofir am Ausbau vum Logistiksecteur, fir eben do déi Leit eranzekréien déi manner qualifizéiert sinn. Et ass nämlech esou, datt an deem Secteur natierlech och eng Rei héichqualifizéiert Leit gebraucht ginn, mä et gi ganz vill Leit gebraucht, déi herno och op, ech soen elo emol, op engem nidderege Fomatiounsniveau kënne schaffen.
Yolande Roller: Elo soll jo Lëtzebuerg interessant gi fir friem Entreprisen. Dir maacht do déi Aarbecht och déi de Jeannot Krecké gemaach huet. Wat mécht dann elo Lëtzebuerg esou interessant fir friem Entreprisen, well d’Lounniewekäschte sinn et jo net?
Etienne Schneider: Also, d’Lounniewekäschte sinn extrem niddereg zu Lëtzebuerg, dat muss ee scho soen. Wann ee kuckt, d’Sécurité sociale, d’Renteversécherung ass awer ganz niddereg zu Lëtzebuerg. D’Léin sinn héich, dat ass effektiv wouer.
Mä mir hunn awer eng ganz Rei aner Avantagen. Dat ass zum Deel eis zentral Lag, dat ass eis Multi-Kulturalitéit, dat ass de Fait, datt mir vill Sprooche schwätzen, dat ass de Fait och, datt eise Cadre fiscal net esou schlecht ass – et ass net onbedéngt ëmmer dee Beschten, mä en ass awer gutt. Mir hu relativ gutt Infrastrukturen zu Lëtzebuerg, déi mir permanent nach probéieren auszebauen. Mä dat sinn eng ganz Rei Argumenter, déi ëmmer erëm fir Lëtzebuerg schwätzen.
Yolande Roller: Mir hätten elo natierlech gär vill Entreprisen op Lëtzebuerg. Grad am Logistikberäich, do huet ee jo de Problem dann herno mat de Camionen, mat allem, mam Verkéiersnetz. Hu mir iwwerhaapt Plaz fir all déi Betriber?
Etienne Schneider: Jo, mir hu Plaz. Mir si jo och elo amgaangen deen neie Plan sectoriel Zones d’acitivités économiques opzebauen, dat heescht deen ass fäerdeg, dee muss elo duerch d’Chamber. Mir mussen awer waarde bis do d’Aménagement du territoire-Gesetz gestëmmt ass, well dat eng Rei Barrièrë setzt wat d’Spekulatioun ugeet. Well, wa mir elo schonn de Plang géinge public maachen, da gëtt muer schonn dorop spekuléiert, an da ginn déi Terrainen esou deier, datt dat eigentlech sënnlos ass.
An dofir musse mir ofwaarde bis dat Gesetz gestëmmt ass. Mir hoffen, datt dat virum Summer de Fall ass, an dann déposéiere mir eist Gesetz, an da hu mir bedeitend méi Terraine fir Entreprise kënnen ze – also nidderzesetzen.
Yolande Roller: Wa mir elo nach an den Zeitunge liese vu Rezessioun, mir schwätze vu Globaliséierung. Wéi eng Chance huet Lëtzebuerg an all deem Wirrwarr?
Etienne Schneider: Ech mengen, mir hunn all Chancë vun der Welt. Et ass jo esou, datt ee jo muss kucken, wéi sti mir do par rapport zu eisen Nopeschlänner, wéi sti mir do par rapport zu deenen anere Länner an der Europäescher Unioun?
Et ass sécher, datt mir och eng Kris duerchliewen, datt et och hei manner gutt geet, mä am Verglach mat anere Länner si mir nach ganz gutt drun. Ech mengen, einfach nëmme wann ech eise Statsdefizit huelen, deen ass do, deen ass bedeitend, mä awer nach ëmmer vill manner schlëmm wéi an anere Länner. Eis Statsverscholdung, déi läit em déi 20%, dat ass en Dramwäert par rapport zu anere Länner. Dat heescht, mir hunn nach Marge de manoeuvre fir eppes ze maachen, a mir mussen déi einfach notzen.
Yolande Roller: Mä et gëtt och vu Rezessioun geschwat.
Etienne Schneider: Jo.
Yolande Roller: Fir d’éischt kéint ee vläicht erklären, wéini ass e Stat an der Rezessioun, wéini kënnt et dozou?
Etienne Schneider: E Stat ass an der Rezessioun wa seng Ekonomie net méi wiisst, mä hannerzeg geet. Dat heescht, wann de Wuesstem op Null ass, dann huet een eng Stagnatioun, dat heescht, da bleift ee stoe wou een ass, a wann en zréckgeet, dann ass een an enger Rezessioun. A mir leien de Moment, dat hänkt ëmmer dovun of, wiem seng Chifferen datt een hëllt, leie mir an enger, jo, liichter technescher Rezessioun, dat heescht, esou bis zu -1% eventuell, et kann et awer och e klenge Plus ginn. Also vun dohier, bon, et ass keng glécklech Period, mä et ass awer och elo nach net esou dramatesch.
Yolande Roller: Wéi eng Chance huet de Mëttelstand an all deem?
Etienne Schneider: Bein, ech mengen, datt de Mëttelstand eng Chance huet fir ze iwwerliewen, an déi och muss notzen, mä dat geet awer och nëmme wann de Konsument Suen ausgëtt. A mir mierken dat an deem Vertrauensindex vun de Konsumenten, deen ass an deene leschte Méint dramatesch erofgaangen, an den Épargne ass eropgaangen, dat heescht, d’Leit hu kee richtegt Vertraue méi, a si gi keng Suen aus, si spuere se.
An dat ass eppes wat natierlech direkt géint de Mëttelstand spillt, well dat sinn d’Handwierker, dat sinn déi Leit déi un de Fassade schaffen, dat sinn déi Leit déi am Haus schaffen. An do sinn heiansdo vill Leit déi soen, o mir maachen dat elo emol net, mir waarden emol, oder si halen hiren Auto e Joer méi laang. All déi Geschichten, dat ass natierlech negativ, dat ass keng gutt Evolutioun.
An dofir sinn ech och der Meenung, datt ee muss e bësse Rou erëm an d’Ekonomie bréngen, andeem een ophält permanent am Clinch ze si mat de Sozialpartner, andeem een ophält permanent de Leit just negativ Noriichten ze ginn. Wann Dir jo haut en Dag Revue passéiere loosst, dann héiert ee jo 7 Mol dat Wuert Kris.
Wéi wëllt Dir vun de Leit erwaarden, datt se solle Suen ausginn, wa se dauernd nëmme vu Krise bombardéiert ginn? Mir hunn eng Euro-Kris, mir hunn eng Scholdekris, mir hunn eng Wirtschaftskris. Jo, an ënner deene Conditioune wëll natierlech kee Suen ausginn, wat jo duerchaus verständlech ass.
Dofir mengen ech sinn ech frou wa mir elo dee Griicheland-Sujet elo emol e bësse roueg kréien. An dann hei zu Lëtzebuerg och probéieren den Dialogue social erëm e bëssen ze renouéieren, datt dann e bësse mir awer aus deem Dilemma do erauskommen, an datt d’Leit erëm e bësse méi Confiance hunn an d’Ekonomie an an hir Zukunft.
Yolande Roller: Et si jo ganz vill Leit hei zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, iwwerhaapt an Europa, déi och ganz gutt Iddien hunn, kommen awer net elo, ech soen elo emol, géint China un. Made in China steet einfach fir bëlleg, d’Leit kafen dat well se eben net esou vill Sue wëllen ausginn. An do hänke mir dann erëm mat eise gudden Iddien hannendrun, well mir se jo erëm da méi deier wëlle verkafen. An Dir sidd awer och ferm dohannert fir do wëllen en EU-Label ze kreéieren, datt een iwwerhaapt och méi europäesch erëm soll kafen.
Etienne Schneider: Also, ech sinn iwwerzeegt, datt mir an Europa alleguer do am selwechte Boot sëtzen. Mir gesi jo lues a lues, datt mir an enger Desindustrialiséierung sinn, wou ëmmer méi Betriber an Asien, a Marchés émergents, a Pays émergents transferéiert ginn, well do alles méi bëlleg ka produzéiert ginn.
An do soen ech mir einfach, et ka jo awer net sinn, datt eis ganz Industrie hei ënnergeet, just doduerch datt eben déi do Länner eis Konkurrenz maachen. Woumat maache si eis déi? Mat Critèren déi mir hei hunn, déi si awer net mussen applizéieren. Dat sinn Ëmweltcritèren, déi hinnen zimlech egal an deene Länner sinn, an och sozial Critèren, déi hinne komplett egal sinn. Si hu keng sozial Standarden, si hu keng sozial Ofsécherungen. An dat heescht am Endeffekt, d’Aarmut vun hirer Populatioun hëlleft deene Länner eigentlech fir hir Produiten an Europa ze exportéieren, a fir domat am Fong bei eis d’Aarbechtsplaze futti ze maachen.
An ech mengen einfach, datt een de Leit muss kloer weisen, duerch e Labeling zum Beispill, pass op, du kanns dat do wuel kafen, mä du weess wat d’Konsequenzen dozou sinn.
Ech mengen einfach, datt een dat do muss diskutéieren op europäeschem Niveau, an et muss een esouguer diskutéieren, ob een net méi wäit geet, ob een net esouguer eng Aart Strofzoll aféiert fir Wueren déi carrément verschidde Mindestcritèren net respektéieren. Well et a mengen Aen net ka sinn, datt mir zum Beispill Wueren hei importéieren déi herno op Basis vu Kanneraarbecht produzéiert gi sinn. Dat kann net sinn. An do muss een einfach vill méi konsequent sinn.
Ech weess, datt et d’Organisation mondiale du commerce gëtt, datt et Globaliséierung gëtt, an datt jiddweree see, jo mä dat geet no haut alles net méi. Et geet alles, d’Politik huet alles an den Hänn, si muss et just maachen.
Yolande Roller: Ass dat net awer e bëssen ideologesch, well d’Leit kucken awer nach ëmmer dat wat am Portemonni ass?
Etienne Schneider: Dat ass richteg, mä d’Leit schafen domat hir eegen Aarbechtsplazen of. Dat ass de Problem. Wann Dir nëmmen no Ärem Portemonni kuckt, dann ass dat an enger éischter Linn jo och ze verstoen. Mä Dir musst dann awer och wëssen, wann Dir en T-Shirt vun engem Euro kaaft, datt deen net an Europa produzéiert ginn ass, an datt dofir hei och eng Aarbechtsplaz verluer gaangen ass. Dat ass d’Konsequenz dovun.
Yolande Roller: Also, als Politiker ass ee jo iergendwou Ideolog, mä eng vun Ären Devisen ass, mat Ideologië kënnt een net wäit, notamment an der Atomkraaft.
Etienne Schneider: Jo, also a mengen Ae sinn Ideologien eppes wou ee ganz oft ganz schnell ka bäilafen. Dofir mengen ech, datt mir zu Lëtzebuerg souwisou e System haten, e politesche System deen ëmmer ganz pragmatesch war, an deen ëmmer probéiert huet déi beschte Léisunge fir d’Land ze fannen.
Et muss ee jo awer gesinn, datt mir et an deem Land hei fäerdeg bruecht hunn, an deene leschte 50 Joer dat Land zu engem vun deene räichste Länner vun der Welt ze maachen. Dat geet just doduerch, datt ee pragmatescht virgeet, an datt ee kuckt wat dat Bescht fir säi Land ass.
Wat elo de Sujet Atomstroum ugeet, do ass et ganz kloer esou, datt d’lëtzebuerger Regierung géint Atomstroum ass, mä et ass awer och esou, datt et Gesetzer gëtt, datt et europäesch Direktive gëtt, déi de Stroummarché komplett liberaliséiert hunn, an dem Client erlabe säi Stroum ze kafen do wou hie wëll. Dofir gëtt et och en Étiquetage elo vum Stroum, deen engem genee seet, vu wou de Stroum kënnt. An do huet een dann och de Choix ze soen, ech wëll dees do Stroum, oder ech wëll dees do Stroum.
Esou wäit, esou gutt. Dat heescht, de Konsument ka genee dat maache wat hie wëll, en ass e mündege Bierger an hie soll dat décidéieren.
Wat elo déi Leitung mat Frankräich ugeet, déi ass einfach nëmme wichteg well mir eng Leitung mat Frankräich brauche fir eis Versuergungssécherheet, a mir awer och en Dossier hunn, wat ArcelorMittal ugeet. An dat muss ee ganz kloer esou gesinn, si hunn d’Méiglechkeet, wann d’Land direkt ugebonnen ass u Frankräich, fir hir Energie méi bëlleg ze bezéien. Wann Dir da wësst, datt d’Elektroiewe vun ArcelorMittal 2013, 2014 wäerten amortiséiert ginn, da ginn zu London Décisioune geholl, wat geschitt, ob weider hei zu Lëtzebuerg investéiert gëtt, oder ob alles delokaliséiert gëtt. A wann ech da weess, datt d’Lounkäschten zu Lëtzebuerg héich sinn, da bleift nach just an der Electro-Filière ee Punkt, wou ee wierklech ka Sue spueren, dat ass dee vun den Energiepräisser.
An dofir mengen ech einfach, datt mir mussen hinnen déi Méiglechkeet gi fir do de Stroum do direkt iwwer Frankräich ze importéieren, an net mussen den Ëmwee ze maachen iwwer d’Belsch, well si importéieren e souwisou.
An do soen ech einfach, wéinst enger Ideologie, déi am Endeffekt iwwerhaapt näischt ännert, well se awer Atomstroum importéieren, wéinst enger Ideologie 6.000 Aarbechtsplazen op d’Spill ze setzen an der lëtzebuerger Siderurgie, dat kënnt fir mech net a Fro. An do sinn ech och gär bereet mech mat jiddwerengem ze streiden, deen doriwwer wëll mat mir streiden. Mä dat geet einfach net.
Yolande Roller: Komme mir eng Kéier elo op den Ierfgroussherzog Guillaume ze schwätzen. Dir hutt ganz vill mat him elo ze dinn, Dir begleet hien op ville Visiten, och am Ausland. Wéi gesitt Dir säi zukënftege Rôle, an och notamment dee vun der Monarchie fir eist Land, och fir d’Ekonomie?
Etienne Schneider: Also, ech sinn, wat d’Monarchie zu Lëtzebuerg ugeet, e ganz grousse Befürworter. Ech soen Iech och firwat. Ech mierken dat, an all deene Joeren, wou ech elo fir de Ministère och geschafft hunn, wann ee mam Ierfgroussherzog, oder mam Groussherzog, der groussherzoglecher Koppel an d’Ausland geet huet een e ganz aneren Ëmfang. Et gëtt ee ganz anescht accueilléiert, et huet ee vill méi Accès, si maachen extrem d’Dieren op. Ech mengen einfach, datt dat fir eis Ekonomie immens wichteg ass.
A si spillen do e ganz, ganz wichtege Roll, speziell och den Ierfgroussherzog Guillaume, mat deem ech ganz vill ze dinn hunn, mat deem ech ganz vill ënnerwee sinn, deen dat op eng absolut exzellent Aart a Weis mécht. Et ass ee richteg stolz drop, mat him kënnen ënnerwee ze sinn an ze gesinn, wéi hie sech an déi Dossieren ageschafft huet, wéi hien déi Dossiere kennt, wéi hie seng Rieden do hält. Et ass absolut, absolut gutt.
An da muss ech soen, datt eng Monarchie och eng gewësse Konstant gëtt. Wann Dir elo kuckt, eng Republik, wa mir an enger Republik wieren, wie géing do President ginn, dat wiere jo dann noutgedronge Leit déi iergendwann wahrscheinlech Politik gemaach hätten, déi jiddweree kennen, Jenni a Menni kennen, do gëtt einfach déi, ech soen elo emol, déi Distanz, déi een awer misst hunn e bëssen zu engem President, déi ass guer net ginn. An ech mengen einfach, datt mir als klengt Lëtzebuerg ganz gutt mat eiser Monarchie fueren.
Yolande Roller: Stellt Iech emol vir, mir kréichen dee ganzen Zauber, dee se an Däitschland hunn.
Etienne Schneider: Voilà, ech mengen dee kéinte mir eis erspueren.
Yolande Roller: Ganz genee, esou ass et. Dir waart jo bis ewell Ministerberoder, elo sidd Dir Minister. Loosst Dir Iech beroden?
Etienne Schneider: Jo, jo, selbstverständlech, jo. Ech hu Situatioune gehat, elo mat menge Beroder, wou mir laang iwwer Sujeten diskutéiert hunn, a si waren anerer Meenung wéi ech, an ech hunn hinnen da laang nogelauschtert, an iergendwann, si hu mech net iwwerzeegt kritt, an iergendwann sot ech hinnen, wësst Dir wat, mir ass elo eppes agefall, ech si Minister. Elo ass et esou, an domat ass et da gutt. An da soe se, okay Chef, da maache mir dat elo esou.
Yolande Roller: Dir hutt och, fréier hutt Dir dem Jeannot Krecké seng Rieden zum Deel geschriwwen, an elo haut, schreift Dir se elo fir Iech selwer?
Etienne Schneider: Also, et ass esou, datt de Jeannot Krecké rar Rieden huet misse geschriwwe kréien. Dat waren haaptsächlech déi grouss Rieden, vun der Foire zum Beispill, dat war ëmmer eng Gemeinschaftsaarbecht, wou mir wierklech laang dru geschafft hu fir dat ze maachen.
Wat elo meng Rieden ugeet, dat ass am Fong dee selwechte Prinzip. Dat heescht, et setzt ee sech zesumme bei deene wichtegen, grousse Rieden, an da kuckt ee wat een do dra kritt, wat ee wëll dran hunn. Mä et schreift ee ganz vill selwer.
Pour le reste sinn dat elo emol méi kleng Rieden, wéi elo gëschter d’Ouverture vun de “My Energy Days�?, do geet et einfach duer datt een eng Note huet iwwer de Sujet, an da schreift ee sech e puer Stéchwierder op, an dann hält ee seng Ried.
Yolande Roller: Zemools wann ee seng Matière gutt kennt, wéi Dir dat jo dann och maacht.
Den Etienne Schneider, neien Ekonomiesminister, oder, wéi aus engem Massendénger e Sozialist ginn ass, dat hu mir elo geschwënn.
[Ënnerbriechung]
Yolande Roller: Den Etienne Schneider, neien Ekonomiesminister ass haut eisen Invité. Et ass e Minettsdapp vu Keel, an Dir wollt [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Vun Téiteng, Gemeng Keel/Téiteng.
Yolande Roller: Vun Téiteng, Gemeng Keel/Téiteng. Okay, dat ass wierklech eng ganz staark Präzisioun, dat muss ee festhalen. An Dir wollt schonn als Jugendleche Minister ginn, mä du sidd Dir emol, wéi déi Däitsch géinge soen, Ministrant ginn. Dir sidd Massendénger gewiescht, an dat während 10 Joer. Do kéint ee sech jo awer virstellen, datt Dir éischter bei d’CSV gaange wiert wéi elo bei d’Sozialisten?
Etienne Schneider: Bei der CSV ginn et genuch Massendénger. Neen, et ass esou, datt ech effektiv 10 Joer Massdénger war, ech war och 10 Joer an de kathoulesche Scouten, ech war a kathoulesche Jugendveräiner. Dat war bei eis am Duerf esou, et huet een dat Angebot geholl wat do war. An dat hunn ech och ni bereit. Dat war eng ganz flott Zäit, an ech hunn och do vill Frënn gemaach, a vill geléiert och.
Yolande Roller: Dir waart och bei de Scouten?
Etienne Schneider: Jo, jo, ech war och Scout, jo.
Yolande Roller: Also, alles huet op schwaarz higedeit, an dunn awer e Roude ginn?
Etienne Schneider: Majo, dat war komesch gaangen, an deem Sënn datt ech iergendwann décidéiert hunn, ech wéilt awer enger Partei bäitrieden. An ier ech dat awer gemaach hunn, hunn ech mir d’Grondsazprogrammer vun deene verschiddene Parteie komme gelooss.
Yolande Roller: Wéi al waart Dir dann do?
Etienne Schneider: Oh, 17 mengen ech, 17 muss dat gewiescht sinn. An dunn hunn ech mir d’Grondsazprogrammer komme gelooss vun deene verschiddene Parteien, hu mir déi ugekuckt a finalement war et dee vun der LSAP, dee mir am beschte gefall huet.
Yolande Roller: Wat war dann dat wat Iech do am meeschte gepaakt hat?
Etienne Schneider: D’Sozialpolitik vun der LSAP huet mech am meeschte faszinéiert, an awer och d’Gesellschaftspolitik. Si waren an der Gesellschaftspolitik bedeitend méi wäit wéi eng CSV. Do hätt ee kéinte soen, okay, do waren déi Gréng och gutt, mä ech hunn awer fonnt, datt d’LSAP méi Wirtschaftskompetenz hätt, a méi breet opgestallt wier. A finalement hunn ech mech fir d’LSAP entscheet, an hunn et och nach ni bereit.
Yolande Roller: Als Sozialist, als Ekonomiesminister muss ee jo awer och liberal denken. Also, Dir sidd e chrëschtlech-liberale Sozialist? Dat kéint jo och, deemno wéi, eng nei Partei ginn?
Etienne Schneider: Jo, soe mir emol esou, wann een an der Regierung ass, da spillt d’Partei am Prinzip och keng Roll méi. Ech mengen, et mécht een net Politik als Minister fir eng Partei oder fir eng Clientèle. Et huet een d’Responsabilitéit fir d’Ekonomie vum ganze Land, an net just fir Clientèlismus, dat ka jo guer net goen, a vun dohier mengen ech, ass dat kee Problem.
Yolande Roller: Also, iergendwou war et jo e bëssen awer eng Iwwerraschung wéi Dir Minister gi sidd, well Dir jo an der Politik elo net méi esou aktiv waart. Dir hutt eng ganz normal politesch Carrière ugefaangen, Dir waart vun 1995 bis 2005 Gemengeconseiller, an du sidd Dir mat an d’Chamberwahlen och gaangen, 2004, ganz, ganz knapp net erakomm. An dat war awer eng esou wéi eng déck ferme op de Bak, wou Dir dunn d’Flemm hat.
Etienne Schneider: Jo, do hat ech d’Flemm, do hunn ech nach als, déi Zäit war ech Fraktiounssekretär an der LSAP, an dunn hunn ech nach d’Koalitiounsverhandlunge matgemaach als Sekretär, a wéi déi fäerdeg waren, dunn hunn ech mir am August e Mount fräigeholl, an dunn hunn ech e rise Lach a mäi Gaart gebuddelt fir mäi Frust lasszeginn.
Yolande Roller: Dir hutt deen do dra begruewen, oder ersoff, géing ee soen, well et ass e Weier dra komm.
Etienne Schneider: Voilà, deen ass do dran ersoff ginn, an do schwammen elo glécklech Fësch dran.
Yolande Roller: Firwat sidd Dir dann 2009 net méi matgaangen?
Etienne Schneider: Majo, well ech do iergendwa gesot hunn, ech hunn dat elo ofgeschloss. Fir mech war dat [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Mä Dir hätt jo awer do Chancë gehat, vu datt nëmmen 130 oder 134 Stëmmen hunn Iech vun der Chamber getrennt, an déi wiere jo awer liicht opzehuele gewiescht, also?
Etienne Schneider: Jo, et ass richteg, mä ech hat dunn, ech war eigentlech net méi an där Logik. Ech hu meng Gemeng gemaach, ech si jo och du Schäffe ginn, an ech hunn dat ganz gär gemaach. A bon, iergendwann ass awer do och de Problem komm, datt mat mengem Emploi du temps einfach net méi ze kombinéiere war, an dunn hunn ech deen Job missen opginn. An dunn, jo, zënter 2 Joer am Fong hunn ech iwwerhaapt näischt méi mat der Politik ze di gehat. Bon, an elo op eemol sinn ech da Minister, et ass heiansdo komesch wéi d’Liewe spillt.
Yolande Roller: Wat sote se dann an der Partei, esou déi, déi sech erhofft haten nom Jeannot Krecké, da gëtt jo erëm een aus menge Reie Minister, an da réckelen ech no. Ass do net iergendwéi esou eng Antipathie géint Iech komm, obwuel ee muss soen, Dir sidd mat 83% jo vum Nationalrot guttgeheescht ginn als neie Minister?
Etienne Schneider: Jo, ech mengen, et ass jo bekannt, datt et nach eng Géigekandidatur gouf, déi awer elo ni esou richteg expriméiert war, mä déi ass ëmmer esou am Hannergrond diskutéiert ginn. Dat war awer fir mech och ni e Problem.
Ech mengen, ech si gefrot ginn, ob ech dat do wéilt maachen, an hu mir dat gutt iwwerluecht, an hunn du Jo gesot. An an enger Demokratie ass et eben esou, och an enger Partei, datt een da muss sech engem Vote stellen, a wann do e Géigekandidat ass, da muss ee kucke wéi dat ausgeet. Hei war et jo guer net zum Géigekandidat finalement komm. Vun dohier sinn ech frou, datt meng Partei mir dat Vertrauen esou staark ausgeschwat huet. An ech hoffe se och net ze enttäuschen.
Yolande Roller: Ech denken alt, et war eng einfach Léisung, well Iech huet een net méi brauchen unzeléieren, Dir hutt d’Dossiere kannt.
Etienne Schneider: Dat war mat Sécherheet eent vun den Argumenter. Fir elo eng Mandatsperiod vun 2 an en halleft Joer ze iwwerhuelen, an et huet ee wierklech keng Ahnung vun dem Wirtschaftsministère, vun allem wat do drun hänkt, vun allen Dossieren, da gëtt et immens sauer, well do brauch ee mindestens 1 Joer fir dranzekommen, an dann ass ee schonn erëm quasi am Wahlkampf. Dat wier net gutt, mengen ech, an dësen Zäiten esou en Experiment ze maachen, an vun dohier war ech am Fong esou gesinn d’Valeur sûre, fir datt zumindest den Iwwergang relativ smooth soll sinn.
Yolande Roller: 2014 gitt Dir awer erëm mat?
Etienne Schneider: Jo, jo, jo, ech hu jo gesot, ech sinn net gewielt, de Bierger hat ni d’Chance mir ze soen, ob e mech wéilt oder net. Dofir muss ech wéinstens dann duerno mech dem Bierger stellen, datt en da ka säi Verdikt ausschwätzen a mir soen, ob ech dat gutt gemaach hunn oder net, an da kucke mir weider.
Yolande Roller: Dir waart 5 Joer laang Schäffen, Dir hutt dunn opgehalen, aus Zäitgrënn, oder?
Etienne Schneider: Jo, wéi ech gesot hunn, aus Zäitgrënn. Ech krut dat net méi kombinéiert. Dir wësst, ech hunn déi Mandater nach an deene Firme gehat, Enovos, Creos, SNCI, SEO, dat plus dann de Wirtschaftsministère, plus dann de Schäffen, dat war iergendwann net méi ze maachen.
Yolande Roller: Feelt Iech e bëssen esou déi Gemengepolitik, well dat ass jo esou Terre à terre, direkt, wou een och direkt kann handelen, an och direkt eppes kann ëmsetzen?
Etienne Schneider: Also, et ass esou, datt, wéi ech opgehalen hunn, ass et mir immens schwéier gefall. Dunn huet et och eng Zäitche gedauert, bis ech mech domat offonnt hunn, an dunn hunn ech awer op eemol fonnt, datt ee säi Liewen erëmgewonnen huet. Et huet een all déi Engagementer, déi een awer an der Politik, och op lokalem Niveau, Owes huet, déi een de Weekend iwwer huet, déi waren op eemol all net méi do. Esou datt ech awer niewent menger relativ viller Aarbecht awer nach Fräizäit hat, emol erëm konnt mat Kollegen een huele goen. Jo, dat ass elo erëm fort. Dat war just fir ganz kuerz Zäit, leider.
Yolande Roller: Ech wollt elo grad soen, well Ären Emploi du temps ass elo méi wéi serréiert. A kann een iwwerhaapt elo nach esou als Minister iwwerhaapt nach seng Frëndschafte fleegen? Well ech hu mir vun Ärer Sekretärin soe gelooss, ech hat gefrot, wéi ass en dann, ass hie fäin an esou, also, en ass immens fäin déi Zäit wou mir e gesinn, well et ass immens stresseg am Moment, et war nach keng Zäit do fir e puer Wuert kënnen einfach esou mateneen ze schwätzen.
Etienne Schneider: De Problem ass effektiv, mäin Dagesoflaf ass esou, datt ech um Halwer 7 an de Sport ginn, an da sinn ech esou géint Véierel op 8 um Büro, an da kréien ech eng Mapp an de Grapp gedréckt, an do sinn all meng Terminer dran, mat deene jeeweilegen Notizen zu deene verschiddenen Terminer, an dann ass dat getakt, bis Owes spéit huet een ee Rendezvous nom aneren, an et rennt ee vun engem an deen aneren. Dotëschent probéiert een déi Notë schnell ze liesen, fir ze gesi wat de Sujet ass, wie gesinn ech iwwerhaapt elo, wat hätt dee gär, wat kënne mir fir hie maachen? Esou datt, bon, de ganzen Dag esou ofleeft, an dann iergendwann esou géint 7 Auer ass dat eriwwer.
Mä dann ass een awer um Büro emol amgaangen nach déi Saachen ze maachen, déi do leien. Do si jo awer nach vill Décisiounen all Dag ze treffen, vill Signatairen, all déi Geschichten, an da gëtt et awer ëmmer 10, 11 Auer, ier een dann Heem geet.
Ech huelen och un, datt dat am Ufank elo esou ass, well ech ganz vill Rendezvousen hunn, well ebe ganz vill Leit mech wëlle kenne léieren, a wëllen eng Audienz hunn, wann ech dat esou dierf ausdrécken. A wann déi bis eng Kéier duerch waren, da wäert dat jo alt e bësse besser ginn.
Yolande Roller: Da kënnt de Radio nach, an hëllt Iech och nach Äre Sonndeg Moien.
Etienne Schneider: Jo, mä ech hunn awer haut nach zwee Engagementer, vun dohier ass dat awer kee Problem.
Yolande Roller: Dir hutt virdrun elo gesot, Dir hutt Är Mandater all an deene Firmen opginn, an deene Verwaltungsréit. Ech muss soen, mir gefält dat enorm gutt, ech hunn och geliest, Dir hutt et gemaach fir kënne méi onofhängeg ze schaffen. Plädéiert Dir, datt iwwerhaapt d’Ministere guer näischt do ze sichen hätten?
Etienne Schneider: Jo, ech mengen, et ass och esou wäit ech weess kee soss, dee Mandater huet. Ech mengen einfach, datt een als Regierungsmember dat net ka kombinéieren. Et ass einfach schwéier fir Décisiounen ze huelen zu engem Sujet, zu enger Entreprise an där ee selwer President ass. Dat geet a mengen Aen net. A vun dohier hunn ech déi Mandater ganz gär opginn, esou sinn ech neutral, a ka meng Décisiounen esou huele wéi ech se fir richteg fannen.
Yolande Roller: Wéi e Politiker gefält Iech dann elo extrem gutt, dat muss elo net eise Premier sinn, dat kann elo gär en auslännesche Politiker sinn, auslännesche Minister, oder wéi och ëmmer?
Etienne Schneider: Dat ass eng gutt Fro. Also, ech géing mengen, den Elio Di Rupo gefält mir relativ gutt. Ech hunn elo viru Kuerzem säi Buch geliest iwwer seng ganz Carrière, iwwer seng Kandheet a virun allem och wéi hie sech eropgeschafft huet. Dat huet mech scho relativ impressionéiert. A vun dohier géing ech mengen, hie wier een dee mir ganz gutt gefält.
Yolande Roller: Dir sidd elo mat 17 Joer jo an d’Politik gaangen. Bemängelt Dir net, datt déi Jonk haut e bësse politfrustréiert sinn, obwuel elo mat der ACTA-Geschicht kënnt jo e bëssen erëm Wand an dee jonke Revoluzzer-Gedanken, déi sech erëm e bësse méi manifestéieren. D’Piratepartei, déi mëscht och elo gär mat. Wéi gefält Iech dat?
Etienne Schneider: Also, ech si jo generell der Meenung, datt et immens flott ass, wa Jonker sech an der Politik, oder fir d’Politik interesséieren an och engagéieren. Mir ass dat ganz egal a wéi enger Partei, datt se dat maachen. Ech fannen et einfach wichteg, datt een et mécht.
Wat elo deen ACTA-Dossier do ugeet, bon, dat ass natierlech een, déi déi Jonk ganz staark interesséiert. Dee ganzen ACTA-Volet ass awer och een, wou ganz vill Mëssverständnisser sinn. Ech mengen, mir sinn an enger Situatioun wou deen ACTA eigentlech ausgehandelt ginn ass vun der EU fir ze garantéieren, datt eis Ekonomie geschützt ass am Ausland par rapport zu Fälschungen.
Ech ginn Iech e ganz einfacht Beispill. Wa Paul Wurth muer gesäit, datt am Maroc een hir Installatioune kopéiert huet, da ka Paul Wurth guer net géint dee virgoen am Maroc, well de Maroc keng Gesetzgebung huet fir dat ze bestrofen. An deen ACTA soll eigentlech all d’Länner abannen, fir datt jiddwereen esou eng Gesetzgebung kritt, fir datt mir ebe just eis Ekonomie kënne schützen.
D’Kommissioun geet dovun aus, datt der EU all Joer 250 Milliarden Euro esou verluer ginn, duerch ebe Fälschungen, duerch Raubkopien, duerch all déi do Saachen.
Elo sinn déi Jonk awer méi un engem Volet interesséiert, nämlech deem vum downloade vu Musek a vu Filmer. Do muss ee soen, dat ass schonn zënter 2001 bei eis an der Gesetzgebung verbueden. Et ass awer esou, datt Poursuitë just geholl ginn, wann een dat de Façon méchante, frauduleuse a sciemment mécht. Dat steet kloer am Text. Dat heescht esou vill, wéi datt een dovu kann ausgoen, datt keen een op d’Geriicht hëllt wann een eng Kéier e Lidd schwaarz erofluet fir et doheem ze lauschteren, oder e Video schwaarz erofluet, well eben dee Caractère méchant, frauduleux a sciemment net ginn ass. Dat heescht, et ass ganz wuel strofbar, mä e Prozess géint esou een uleieren, dat gëtt et zu Lëtzebuerg net, an dat wäerte mir och net änneren.
Ech mengen einfach, datt mir, wat ACTA ugeet, waarde mir elo of wat d’Cour de justice européenne seet, an da soll d’Europaparlament jo nach eng Kéier befannen, an da ginn d’national Parlamenter nach eng Kéier gefrot, an da kucke mir wat do geschitt, mä [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Dat dauert jo och nach.
Etienne Schneider: Dat dauert, dat wäert nach 1 bis 2 Joer daueren. Mä dovun ofgesinn, même wa mir deen ACTA unhuelen, gëtt an eiser Legislatioun absolut näischt geännert.
Mir hunn och keen Intérêt, eng Iwwerwaachung vum Internet ze hunn. Dir wësst, datt mir eng rise-Bankplaz hunn, déi mat Sécherheet net begeeschtert wier wa mir esou eppes hätten. Mir sinn amgaangen den ICT-Secteur opzebauen. Dat sinn alles Domainen, wann een do géing mat esou Tricke kommen, da wieren déi muer erëm fort. An ech mengen einfach, datt mir dat net wëllen. Domat huet et sech.
Yolande Roller: Mä gutt datt déi Jonk sech wëllen amëschen.
Etienne Schneider: Op alle Fall, jo. Ech sinn immens frou, datt elo e Sujet do ass, wou se eppes fonnt hunn, wou se wierklech reizt, a fir dann och dat ze diskutéieren en public.
Yolande Roller: Facebookelt Dir vill mat deene Jonken doriwwer?
Etienne Schneider: Majo, ech muss éierlech soen, ech war ni op Facebook, a wéi ech Minister gi sinn hu verschidde Frënn gemengt, ech misst elo awer dann definitiv op Facebook. An dunn hunn ech gesot, ech hu keng Zäit fir dat ze géréieren, an [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Also, et ginn der, déi loossen dat géréieren.
Etienne Schneider: Majo genee, dat hate se mir dann dunn och um Ministère proposéiert, an ech sot, dat géing ech awer net maachen. Also, ech wëll awer schonn, datt, wann ee mir e Message schéckt, datt en awer och weess, datt ech dee sinn, deen him äntwert, an net een dee bei mir an der Kommunikatioun schafft. An dofir maachen ech et dann elo, probéieren ech et entweder owes spéit nach am Bett ze maachen, oder Sonndes moies, esou wéi ech da grad Zäit kréien.
Yolande Roller: Anscheinend den Äerzbëschof mécht dat och?
Etienne Schneider: Ech sinn awer nach net "Friend" mat him, mä dat kënnt [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Da kënnt da jo elo, da kënnt dat jo elo.
Mir schwätzen elo nach geschwënn e bëssen iwwer den Etienne Schneider privat, vun deem bësse Privatliewe wat hien dann och nach huet.
[Ënnerbriechung]
Yolande Roller: Den Etienne Schneider, neien Ekonomiesminister ass eisen Invité haut. Ganz vill Privates si mir scho vun him gewuer ginn. An et muss ee jo soen, Dir sidd en echten Téitenger, e richtege Minettsdapp, sidd dat och gär gewiescht. Dir hutt Iech ganz vill fir déi Gemeng och engagéiert. An du sidd Dir awer an d’Stad ausgewandert – wéinst der Léift?
Etienne Schneider: Jo, eigentlech de Contraire. Et ass esou, datt ech zu Téiteng gewunnt hunn, ech hat do en Haus mat mengem Frënd zesummen, a mir waren eigentlech 14 Joer zesummen, a mir hunn eis du getrennt. An dat huet am Fong dozou gefouert, datt ech dann dunn an d’Stad wunne gaange sinn. A voilà, ech sinn awer och elo gär an der Stad, et ass ganz agréabel, en plus wunnen ech relativ zentral, esou datt een alles zu Fouss maache kann, dat ass ganz flott.
Yolande Roller: Dir sidd och e Familljemënsch, Dir sidd Pätter vu 5 Pättercher a Giedelcher, loosst mech elo emol esou soen. A Kanner, wéilt Dir selwer och gär Kanner hunn?
Etienne Schneider: Also, ech hätt der ëmmer gär gehat, dat war eben zu där Zäit iwwerhaapt net méiglech, elo gëtt et jo vläicht e bësse méi méiglech. Mä bon, elo ass et esou, datt ech alleng dat jo wuel kaum kéint maachen, vu datt ech alleng sinn zënter annerhallwem Joer. A bon, zäitlech ass dat och elo net méi dran. Mä ech hu Kanner immens gär.
Yolande Roller: Dir sidd e Familljemënsch an deem Sënn och, datt Dir Iech immens gutt mat Äre Bridder verstitt, Dir gitt och gär vill zesummen eraus.
Den Xavier Bettel huet gesot, säin Outing war immens dramatesch, schwéier, dat ass net gutt ukomm, dat deet him och haut nach immens wéi. Wéi war et bei Iech, well Dir hutt Iech an der Studienzäit dozou décidéiert? Wéi sidd Dir do emfaange ginn, oder wéi huet Är Famill Iech opgefaangen, respektiv wéi huet Lëtzebuerg sech an der Toleranz hin entwéckelt an all deenen 20 Joer?
Etienne Schneider: Ma ech muss soen, ech hu mäin Outing gemaach no menge Studien. Bein, am Fong net direkt duerno, well du hunn ech nach kuerz zu Bréissel geschafft gehat, an dunn, wéi ech erëm op Lëtzebuerg koum, dunn hunn ech mäin deemolege Frënd dann du kenne geléiert, mat deem ech da 14 Joer zesumme war, an dunn hunn ech geduecht, elo muss du dat awer bal maachen, well zu Lëtzebuerg kriss de dat jo souwisou net cachéiert. Dat ass dee Moment e bëssen, dat fält engem net einfach, dat ass ganz kloer. Viru 15 Joer war et och nach eng aner Zäit, muss ech soen, wéi elo.
Mä ech hunn dat du gemaach, fir d’éischt bei menger Mamm, a si huet mech an den Aarm geholl a gesot, dat wier fir si absolut kee Problem, an huet dee Jong dann och direkt invitéiert op mäi Gebuertsdag, deen e puer Deeg duerno war. Dunn, bon deen Dag drop scho bei menge Bridder a bei mengem Papp, a bon, dat war awer alles méi einfach wéi ech geduecht hat.
Yolande Roller: An d’Gesellschaft dobaussen? Ech denke jo ëmmer, datt wann een esou riicht eraus drop duergeet wéi de Wowereit, "Ich bin schwul, das ist gut so", dann huet et sech domat. Wéi ass elo haut? Well Dir hutt jo elo déi Entwécklung, gesitt déi jo elo och, wéi einfach datt et haut jo awer ass, am Verglach vu viru 15 Joer.
Etienne Schneider: Also, ech hu viru 15 Joer mat e puer Frënn zesummen Rosa Lëtzebuerg gegrënnt, dat ass jo déi Associatioun, déi eigentlech sollt fir d’Rechter vu Schwulen a Lesben antrieden zu Lëtzebuerg, déi et nach ëmmer gëtt, déi mat ganz vill Succès schafft. An ech fannen et och wichteg, datt ech als Minister doriwwer schwätzen, an och dat soen, well ech einfach mengen, datt et nach ganz vill Jonker gëtt déi sech net trauen hiren Outing doheem ze maachen, well d’Elteren Onverständnis hunn, well d’Elteren och fäerten meeschtens, dat wier en negative Punkt fir hir Kanner, si kéinten domat Schwieregkeeten [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Och haut nach?
Etienne Schneider: Där ginn et der nach ganz vill, wou d’Eltere mengen, hir Kanner kéinte Schwieregkeeten awer am Beruffsliewe kréien, respektiv si géingen net akzeptéiert ginn.
An ech denke mir alt, wann een da Minister gëtt, trotzdem datt ee schwul war, da misst dat jo e Beweis dofir sinn, datt dat och geet. An ech maachen och en Appel un all déi Elteren, si sollen do e bësse relax sinn. An ech mengen, et ass keen dee sech dat aussicht, dat ass engem ugebuer, an dat ass eben esou, dat ass keng Krankheet, mä et ass een Deel vun enger Personalitéit, vu senger Perséinlechkeet. A voilà, ech mengen awer, hautdesdaags ass dat vill méi einfach. Ech muss éierlech soen, ech hat ni en Nodeel, zumindest ass mir ni een opgefall.
Yolande Roller: Wann e Familljemember stierft, ass dat ëmmer eng ganz grave Saach. Bei Iech war et ëmsou nach méi schlëmm, well Äre Papp net op natierlech Aart a Weis gestuerwen ass, mä hien ass dout gemaach ginn.
Etienne Schneider: Jo.
Yolande Roller: A wéi verkraft een dat? Dat war 2005, an en plus nach vun engem Nopeschjong, dann hutt Dir dee jo och kannt?
Etienne Schneider: Jo, ech hunn dee flüchteg kannt. Meng Eltere waren déi Zäit getrennt, an ech hunn dee flüchteg kannt. An deen huet eigentlech bei mengem Papp agebrach gehat, an hien huet en nuets erwëscht dobäi, an dunn ass dee wahrscheinlech panikéiert an huet en erstach. Dat war eng ganz schlëmm Zäit fir mech a meng Bridder, och fir meng Mamm, soit datt se gescheet waren, mä dat ass awer eppes wat engem immens nogeet.
A bon, wéi sinn ech domat ëmgaangen? Ech sollt e puer Deeg duerno eng Wirtschaftsmissioun mam Jeannot maachen an d’USA, an hie sot: "Bleif doheem, du muss net matgoen". An ech sinn awer du matgaangen, well ech geduecht hu fir e bëssen op aner Iddien ze kommen. Ech hunn iergendwéi misse fort, ech konnt einfach net doheem sëtzen, an hunn dat du gemaach, a bon, et huet mir awer näischt gehollef, well et kënnt een aus deene Gedanken net eraus. Wann da bis déi Persoun veruerteelt ass, da kann een eigentlech eréischt richteg domat ofschléissen, an dat ass jo de Fall.
Yolande Roller: Konnt Dir dann nach eng Kéier mat deem schwätzen?
Etienne Schneider: Neen, ni, neen.
Yolande Roller: Sëtzt deen nach ëmmer, oder?
Etienne Schneider: Jo, deen huet liewenslänglech kritt, jo. An dat war wéi gesot e jonke Kärel, dat heescht, dee wäert nach relativ laang musse sëtzen.
Yolande Roller: Dir sidd awer och ee vun deene Glécklechen, dee sech konnt e Kandheetsdram erfëllen, Dir konnt Iech e Rolls-Royce kafen. Wéi en Dram wéilt Dir Iech nach gär eng Kéier erfëllen?
Etienne Schneider: Nach e Rolls-Royce kafen. Mä ech muss dat jo elo provokativ soen, soss ass et ganz Woch jo roueg. Elo hunn erëm verschidde Leit eppes ze schreiwen, oder ze soen. Neen, et ass einfach esou, ech sinn e Geck mat Autoen, ech hunn [gëtt ënnerbrach]
Yolande Roller: Neen, mä hutt Dir dann nach esou en Dram, deen Dir Iech wëllt erfëllen, ouni elo op d’Autoen zréckzekommen, ech mengen, dee Sujet deen ass duerchgeknat. Mä iergendeen Dram? Well ech mengen, esou e Kandheetsdram erfëllen, dat ass eppes, dat kënnen der net vill. Dir konnt et, fannen ech gutt, datt een esou dorunner festhält. Mä gëtt et nach esou en Dram, deen Dir denkt, dat wëll ech mir nach eng Kéier erfëllen?
Etienne Schneider: Neen, materiell bestëmmt keen. Also materiell net. Ech si glécklech esou wéi ech sinn, ech sinn e ganz zefriddene Mënsch. Dat Eenzegt wat mech e bësse stéiert ass, de Moment net méi an enger Partnerschaft ze sinn, well ech dat awer ëmmer gär hat, well dat engem awer iergendwéi ëmmer e gewëssenen Halt ginn huet, an eng gewëssen, jo, ech soen elo emol, Méiglechkeet sech zréckzezéien. Dat ass de Moment net de Fall, et gëtt och de Moment ëmmer méi schwéier fir esou eppes hinzekréien. Mä bon, och dat wäert jo och iergendwann erëm eng Kéier klappen. Mä neen, ech sinn eigentlech wonschlos glécklech.
Yolande Roller: An Dir kënnt Iech och un deene klenge Saache vum Liewe freeën, zëmools elo den Owend an der Houwalter Kierch.
Etienne Schneider: A jo, dat ass ganz wichteg. Ech hat an iergend engem Interview gesot, datt ech extrem gär dem dem Mozart säi Requiem lauschteren, an datt ech dat ëmmer maache wann ech alleng vu Bréissel mam Auto Heem kommen. An dunn hat ech ee vun den Nolauschterer, oder de Lieser, ech weess net méi wou ech den Interview ginn hat, deen huet mir eng Invitatioun geschéckt fir de Requiem lauschteren ze goen, an d’Houwalter Kierch, de Mëtteg um 5 Auer. An dofir ginn ech och elo dohin.
Yolande Roller: An dat ass och déi Fentenger Chorale, déi do wäert sangen, a si wäerten den 30. Mäerz och nach an der Basilika zu Iechternach mam Requiem optrieden. Also, sollt Dir elo de Mëtteg net d’Geleeënheet hu fir kënnen ze goen, an dann awer dat erliewe wat den Etienne Schneider da regelméisseg um Wee fir op Bréissel erlieft.
Op alle Fall, Merci datt Dir hei waart, datt mir esou e flotten Abléck an Äert Liewen, an Ären Alldag kruten, an ech wënschen Iech eng glécklech Händchen an allem wat Dir nach wëllt maachen.
Etienne Schneider: Villmools Merci, dat ass ganz léif.
|