|
Jacques Ganser: A Russland hu gëschter zegdausende vu Leit d’Victoire vum Vladimir Putin bei de Presidentschaftswahle gefeiert. De Putin kënnt op 64% vun de Stëmmen. Viru senge Sympatisanten huet de Putin Merci gesot. Weider Privatisatioune vu Betriber an d’Lutte géint d’Korruptioun stéinge virop a senger Agenda.
De Putin selwer huet vu ganz transparente Wahle geschwat, d’Oppositioun awer vun iwwer dausend Verstéiss géint d’Wahlreglement. Si huet fir haut zu Protestaktiounen opgeruff, och d’Beobachterorganisatioun Golos schwätzt vun Dausende vun Onregelméissegkeeten. De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn:
Jean Asselborn: Um internationale Plang, wéi Dir sot, hoffen ech, datt Amerika, Europa a Russland trotzdem a wichtege Froen, ënner anerem humanitäre Froen, do kënnen zesummeschaffen, an datt och elo vläicht no dëser Wahl a Saache Syrien eng méi konstruktiv Zesummenaarbecht – ech soen erëm eng Kéier – just fir déi humanitär Aspekter vun der Fro a Syrien, datt déi erëm méiglech ass.
Jacques Ganser: Observateure schwätze vun iwwer Dausend Onregelméissegkeete bei dëse Wahlen. Wéi regulär waren déi Wahlen dann?
Jean Asselborn: Et deet mir Leed, mä ech mengen net, datt ech hei vu Stengefort aus dat kann elo analyséieren. Ech weess, wéi Dir als Journalisten dat jo och héieren hutt, datt Busse sollen dorëmmer gefuer si mat Leit dran, déi op verschidde Plaze gewielt hunn, an datt et esouguer iwwer 2.000 Reklamatioune wieren.
Et muss een do Fiduz hunn an d’OSZE, déi mat 600 Observateuren op der Plaz war. Mir haten och 3 Lëtzebuerger matgeschéckt. Déi wäerten haut oder an deenen nächsten Deeg hire Statement ofginn. Dat soll een also ofwaarden. Mä mir musse wëssen, datt déi Wahlen a Russland nach op engem aneren Niveau sti wéi ebe Wahlen a westleche Länner. Dat ass evident.
|