|
Claude Zeimetz: De Vladimir Putin war den haushéije Favorit. Dat seet och de lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn, dee sech effektiv erhofft, datt de neien ale President a senger drëtter Amtszäit Reformen ëmsetzt. Russland wéi haut wier net méi dat selwecht.
Jean Asselborn: Et muss ee menger Meenung no och kënne soen, datt hien dee populäerste Politiker a Russland ass. No der jéngster Geschicht an dem Zesummebroch vun der UdSSR ass, a mengen Aen d'Stabilitéit fir d'russescht Vollek méi héich agestuuft wéi demokratesch Aspiratiounen.
Wat elo intressant ass, dat ass, ze gesinn wéi de Vladimir Putin ëmgeet mat deene Reformen, déi hie jo ugekënnegt huet, déi jo vum Medvedev, sengem Virgänger, schonn an d'Wee geleet gi sinn.
Eng vun deene wichtege Reformen ass a mengen Aen d'Reform vum Wahlgesetz. D'Wahl a Russland ass jo net nëmme gëschter gewiescht. D'Wahl a Russland hänkt och dovun of, wien sech ka setzen, wien Kandidat ka sinn, wéi mat deenen anere Kandidaten ëmgaangen gëtt. Ech mengen, dat ass ee wichtege Punkt.
Deen zweete wichtege Punkt ass a mengen Aen och d'Reforme vun der Wiel vun de Gouverneure vun de Provënzen, d'Buergermeeschtere, déi viru Joere gewielt gi sinn. Och do huet de Medvedev eng Reform op den Dësch geluecht, déi de Putin och versprach huet ze maachen, esou datt eben déi Leit, déi Autoritéiten erëm alleguerte gewielt ginn.
Dat Wichtegst ass effektiv fir mech d’Fro, wéi geet de Vladimir Putin mat der Oppositioun ëm? D'Oppositioun ass net am Parlament. Dat ass kloer. Déi ass ausserhalb vum Parlament. Mee dat sinn intelligent Leit, et si jonk Leit. Ech mengen, dat Russland vun haut ass net méi dat Russland aus där Zäit wou hie President war. Do hoffen ech op jiddwer Fall, datt – wat d'international Politik ugeet – an humanitäre Froen, wann ech esou däerf soen, wéi zum Beispill a Syrien, no dëser Wahl Russland eng besser Zesummenaarbecht mat der UNO – ech soen elo emol ganz einfach mat der UNO – fäerdeg bruecht ka ginn, fir an humanitäre Froen méi efficace kënnen zesummeschaffen.
Claude Zeimetz: De Moie gëtt d'OSZE, also d’Organisatioun fir Zesummenaarbecht a Sécherheet an Europa, hir Analys vun de Wahle bekannt. Hiert Uerteel gëtt vun der Oppositioun mat Spannung erwaart. Zu de Reproche vu Wahlbedruch seet de Jean Asselborn:
Jean Asselborn: Mir hunn dat alleguerten héieren, datt Bussen dorëmmer gefuer wiere mat Wieler. Ech weess net wéi propper oder net propper déi Wahl war par rapport zu anere Wahlen a Russland. Ech mengen, wann Dir mir dat erlaabt, datt de Putin effektiv dee populäerste Politiker ass a Russland. Dat Zweet dat ass, datt Russland muss grouss Reforme maachen.
|