Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Mars 2012 > François Biltgen au sujet de la réforme scolaire, de la réforme dans la Fonction publique et des initiatives pour l’emploi

Interview
François Biltgen au sujet de la réforme scolaire, de la réforme dans la Fonction publique et des initiatives pour l’emploi
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 06-03-2012

Vers le niveau supérieur

Frank Kuffer: An de Staatsbeamten hire Minister ass dann och eisen Invité haut an der Mëttesstonn. D’Aktualitéit fuerdert awer, datt mir och mam François Biltgen iwwer seng Zäit als fréieren Aarbechtsminister schwätzen. Dozou méi spéit. Gudde Mëtteg, Här Biltgen.

François Biltgen: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Fir d’éischt emol zu där Protestmanifestatioun vun SEW, APESS, FEDUSE an SNE. Stéiert et Iech, datt hei géint zwee Projeten u sech matenee protestéiert gëtt, déi net direkt eppes mateneen ze dinn hunn?

François Biltgen: Also, e Minister huet sech net un eppes ze stéieren, en huet ze kucke seng Aarbecht ze maachen.

Et ass evident – an ech mengen, ech kenne vill Leit aus dem Enseignement, wat immens engagéiert, motivéiert Leit sinn – datt schonn zënter Joeren e gewëssene Malaise ass, notamment am Enseignement secondaire. Dat muss een einfach wëssen. Et muss een als Politiker dat och esou gesinn, datt hannendru scho vill Leit veronséchert sinn, net méi zefridde sinn. Dat ass dat Éischt.

Dat Zweet ass ganz kloer, datt den Haaptdiskussiounspunkt zur Zäit eben déi grouss Reform ass, am esou genannte Cycle supérieur vum Secondaire, wat meng Kollegin d’Madame Delvaux wëll maachen.

Leider kënnt dann dobäi – mä d’Kalenneren, d’Agendae sinn net ëmmer einfach auserneen ze halen – datt mir och eng grouss Strukturreform ofgeschloss hu mat der CGFP iwwer d’Gehälterreform, gekoppelt mat engem Gehälteraccord.

Do sinn zwou Saache wichteg, dat Eent ass den Inhalt an dat Anert ass d’Diskussioun.

Den Inhalt – soen ech nach eng Kéier haut op der Antenn, an ech hunn all deene Gewerkschaften déi mir gesinn hunn, an ech hu se alle elo déi lescht Zäit gesinn, aus dem Schoulsecteur, gesot – datt selbstverständlech déi grouss Prinzipien, wéi mir se mat der CGFP ofgemaach hunn, datt déi ganz anescht mussen ëmgesat ginn an der Schoul wéi an enger Verwaltung. Eng Schoul ass keng Verwaltung. Ech komme selwer aus enger Schoulmeeschteschfamill, also ech weess schonn den Ënnerscheed wat dat alles mat sech bréngt.

Dofir hu mir och gesot, datt mir elo net Virschléi, déi mir gemaacht hunn, déi mir och schonn amgaange sinn dauernd unzepassen, ëmzeänneren am Dialog, datt déi net copy/paste kënnen an d’Schoul ëmgesat ginn. An dofir war den Opruff, fir datt déi eenzel Gewerkschafte vun der Schoul mat der Madame Delvaux dat ëmsetzen, a wou mir gesot hunn, ma dir hutt ganz vill Sputt dat ëmzesetzen.

Et ass evident, datt zum Beispill de Justizminister déi selwecht Prinzipie muss och am Dialog an der Justiz erëm anescht ëmsetzen, well do geet et ëm den Drëtte Pouvoir.

Dat selwecht mécht och den Inneminister bei de Gemengen.

Leider ass deen Dialog elo ofgebrach ginn, andeem d’Streikprozedur lancéiert gouf vun APESS, a SEW-OGBL, wat mir Leed deet, mä, an do kommen ech op d’Form vun der Ausernanersetzung dobäi, datt mir natierlech och hei de Problem hunn, datt deen Accord, dee mir getraff hu bei der Fonction publique, een ass mat der CGFP, wou zwou Gewerkschaften dran organiséiert sinn, FEDUSE an d’SNE, an op där anerer Säit APESS, a SEW-OGB-L, vun Ufank gesot hunn, mir wëlle souwisou deen Accord net akzeptéieren, also kënne mir och net eens ginn.

An dat mécht natierlech déi Saach elo net méi einfach, ëmsou méi wou dann elo och nach déi zwou Organisatioune vun der CGFP sech deenen aneren ugeschloss hunn, an eigentlech den Accord mat der CGFP a Fro stellen, déi Grondprinzipien. Dat mécht déi Saach elo net méi einfach.

Ech mengen, et ass och net fir d’CGFP méi einfach. Ech sinn alt frou, datt d’CGFP décidéiert huet d’Angebot vum Conciliateur unzehuelen, fir elo emol ouni hien erëm eng Kéier mat eis den Dialog opzehuelen. Dat maache mir dëser Deeg. Mä ech sinn net méi ganz sécher wéi staark do d’CGFP, fir déi ech awer nach ëmmer grousse Respekt hunn, wéi staark d’CGFP do net ënner den Drock vun deene verschiddene Kräften elo geroden ass.

Frank Kuffer: Dir hutt elo grad gesot, do kann een net einfach copy/paste maachen an all deene verschidde Beräicher. Zum Beispill de Bewäertungssystem, dorëms geet et jo, virun allem, och vill an Diskussiounen. Wéi géif deen dann do effektiv an der Schoul ausgesinn? Wie géif dann do wie bewäerten?

François Biltgen: Dat ass eng Fro, déi soll vun de Gewerkschafte mat der Schoulministesch diskutéiert ginn.

Esou wéi mir et virgeschloen hu bei de Verwaltungen, kann dat net fonctionnéieren, well d’Schoul jo och net hierarchesch opgestallt ass. Et gëtt eis och zum Beispill virgeworf, mir wéilten elo eng Hierarchie mat klenge Chefen, mat Oberstudienräten, an esou weider aféieren. Dat sinn Ängschten déi d’Leit hunn um Terrain, soen ech, neen, déi Ängschte sinn onbegrënnt. Et soll een do Solutioune sichen, mä fir Solutiounen ze sichen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mä sinn dann do scho Solutioune fonnt ginn?

François Biltgen: Ech weess, datt am Schoulministère, datt d’Madame Delvaux op deen Dialog do waart, datt se deen Dialog och opgeholl huet, an datt am Schoulministère versicht ginn ass Pisten op den Dësch ze leeën.

An ech wëll mech och doraus eraushalen, well ech nu wierklech der Meenung sinn, datt ee muss Solutioune fannen déi fir d’Schoul wichteg sinn. Mä et brauch een awer en objektiven System [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mä Dir fannt awer keen Accord, esou laang déi eenzel Accorden da stinn, esouzesoen?

François Biltgen: Mir hunn en Accord mat der CGFP, zwee Accorde mat der CGFP. Déi zwee Accorde mat der CGFP, do huet d’CGFP eis virgeworf, mir hätten net richteg ëmgesat. Dat si mir amgaangen ze klären, mir menge schonn, datt mir se richteg ëmgesat hunn. Och do hu mir awer och elo nach dëser Deeg dru geschafft, fir un d’Proposen ze verfäineren.

Mä an der Schoul ass et esou, datt zwou Gewerkschaften déi net an der CGFP si soen, mir wëllen iwwerhaapt net deen Accord, mir wëllen emol net iwwer de Prinzip diskutéieren. An dat ass eben dat, wat d’Saach elo e bësselche méi komplex mécht.

Elo sinn ech awer esou laang an der Politik dobäi, datt ech soen, et muss een ëmmer erëm kucken an den Dialog ze kommen. An op där anerer Säit weess ech awer, datt d’Madame Delvaux och bereet ass deen Dialog ze féieren.

An nach eng Kéier, mir hu kloer an däitlech gesot, datt mir elo net wëlle vun der Fonction publique aus der Schoul Lektioune ginn. Ech mengen, do soll am Dialog Gewerkschaften-Schoulministesch eppes erausfonnt ginn.

Appréciatioun, et kann ee jo villes dorënner verstoen, an et ass villes wat falsch dobaussen dorënner verstane gëtt. An ech mengen net, datt d’Madame Delvaux dat wëll, a mir scho guer net. Mä et gëtt zum Beispill ee Punkt wou ech gespuert hunn, datt och d’Gewerkschaften dofir sinn, dat ass dat wat mir nennen 'Procédure d’insuffisance professionnelle'. Et gi Leit, och an der Schoul, déi aus iergend engem Grond keng schlecht Mënsche sinn, mä et net méi bréngen, déi e Burnout hunn, déi ech weess net wat fir eng Problemer hunn, net genuch pädagogesch Fäegkeeten. Déi wëlle mir net zum Beispill aus der Schoul erausgeheien, grad och net soss beim Stat, mä deenen eng Chance ginn iergendwéi erëm op d’Been ze kommen, oder vläicht eppes aneschtes ze maachen, wa se net fir d’Pädagogik gemënzt waren. Dat ass net einfach Schoul ze halen, soen ech Iech. Ech hu grousse Respekt virun de Leit, an ech wäert ni iwwer Vakanze streide mat deene Leit déi Schoul halen, well dat geet un d’Nerven.

Wann een dat awer wëll maachen, a wann dat wëll objektiv maachen, da muss een awer iergend ee System hunn, fir datt et objektiv geet. Doriwwer muss een diskutéieren.

Dat selwecht zielt och bei den esou genannte 'Mitarbeitergesprächer', do hu mir vun Ufank u gesot, an der Schoul kann dat net eenzel fonctionnéieren, do muss d’Schoul, ob dat an der esou genannter Grondschoul, wéi dat haut heescht, ass, oder engem Lycée, muss do och an engem Kollektiv kënnen diskutéiert ginn.

Et ass also ganz vill Sputt am Dialog fir deen hei Deel, deen ech mengen awer elo manner grouss Envergure huet fir d’Schoul, wéi dee vun der grousser Schoulreform, wat den Inhalt ubelaangt, fir do eventuell kënnen och am Dialog Solutiounen ze fannen. Also, mir sinn nach ëmmer dialogbereet.

Wéi gesot, leider ass elo eng zousätzlech Streikprozedur lancéiert ginn, no där vun der CGFP, wou mir awer elo eis dëser Deeg gesi fir ze kucken, ob mir dat net kënne berengegen, ass natierlech elo déi zwou aner Gewerkschaften, déi net Member vun der CGFP sinn, hunn dann och elo eng Streikprozedur lancéiert.

Frank Kuffer: Op deen do Sujet komme mir bestëmmt nach méi dacks zréck.

Mir hunn et gesot, d’Aktualitéit forcéiert eis awer och nach kuerz iwwer en anert Thema ze schwätzen, d’Audite vun deene Beschäftegungsinitiativen. Wat sot Dir dann elo dës Kéier dozou, nodeems wat den Aarbechtsminister de Moie sot? Beim Audit iwwer ProActif sot Dir deemools, Dir hätt den Audit ni ze gesi krut. Gouft Dir dann dës Kéier als fréieren Aarbechtsminister an d’Bild gesat?

François Biltgen: Den Här Schmit huet mir de Freideg deen Audit ginn. Et ass och dann esou, stellen ech elo mat Satisfactioun fest, datt déi Auditeuren awer elo emol festgestallt hunn, datt ech a menger Qualitéit als fréieren Aarbechtsminister net de Beschäftegungsinitiativen einfach esou eng zousätzlech Rallonge budgétaire vun enger Millioun ginn hunn ouni Contre-partie, mä datt déi dräi grouss Beschäftegungsinitiativen dat deemools an der Kris krute fir méi Leit anzestellen, bei deem selwechte Staff vu Personal. Woufir? Fir och ze kucken, dee Ratio Encadré-Encadrant, vun deem och den Här Schmit de Moie geschwat huet, deen effektiv ze no beieneen ass, fir deen an d’Lut ze setzen. Dat huet den Audit festgestallt.

Et deet mir e bësse Leed, datt, entgéint deem wat ech gefrot hat, déi Auditeuren nach ëmmer net mat mir, respektiv mat fréiere Mataarbechter zesummekomm sinn. Well wann een d’Conclusioune liest, wäerfe se nach eng Partie Froen op, déi ee ganz einfach kann an engem Gespréich klären.

Zum Beispill soe se, si kéinten net genee ausrechne wat fir eng Sue geschëlt oder net geschëlt si virun 2005. Wa se mech gefrot hätten, dann hätt ech gesot, ma do muss am Aarbechtsministère nach ëmmer en Audit leie vun 2005, dee mir deemools bestallt haten, an do sinn déi Froen all dra beäntwert. Dat heescht, ech wäert elo mengem Kolleg Nicolas Schmit nach zousätzlech Informatioune ginn, wéi ech et och schonn ugekënnegt hat de leschte Freideg, fir datt hien effektiv mat senger Aarbecht weiderkënnt.

Well et geet jo drëm, datt mir déi Beschäftegungsinitiativen esou opstellen, wéi ech et selwer och ëmmer versicht hunn. Leider ass d’Gesetz eréischt 2009 zustane komm, wat dat do och virgesäit, datt een net méi e Budget gëtt, mä datt ee kuckt, datt d’Leit wierklech uerdentlech betreit ginn, datt hien och domat weider kënnt, well e fiert mat där Politik weider, wéi ech se selwer ugefaangen hat.

Frank Kuffer: Den Nicolas Schmit huet de Moien op der Pressekonferenz awer och dëst gesot:

Nicolas Schmit(O-Toun): Mir responsabiliséieren endlech och d’Initiative fir eng Gestioun ze féieren, déi muss op eng korrekt Aart a Weis mat Steiersuen ëmgoen.

Frank Kuffer: Den Nicolas Schmit huet dat betount: "mir responsabiliséieren endlech". Dat heescht, datt dat virdrun net gemaach ginn ass. Ass dat net och e Reproche un Iech?

François Biltgen: Dat Gesetz vun 2009, ech hat leider e Projet de loi schonn 2003 op den Instanzewee ginn, deen ass, well och eng Partie Leit déi an Initiativen aktiv sinn och an der Chamber sëtzen, huet sech dat sech laang verzögert, bis 2009.

Déi Responsabiliséierung déi läit am Gesetz vun 2009, an et ass och op Grond vun deem Gesetz vun 2009, wou ech jo schonn deemools déi Décisioun do geholl hu fir net méi ze soen, dir kritt elo einfach Suen, an da maacht dir Aktiounen domat, mä fir ze soen, dir kritt Sue fir iech ëm d’Leit ze bekëmmeren. Wéi gesot, ech hunn dat selwer nach 2009 ugefaangen, esou laang ech do war, an ech si frou, datt den Här Schmit dat elo weiderféiert.

Mä dat ass d’Responsabiliséierung, datt een effektiv kann herno novollzéie fir wat fir eng Leit ee sech asetzt, a wat mat deene Leit geschitt. An do hat ech och e grousse Bericht gemaach, deen ech mat an d’Koalitiounsverhandlunge geholl hunn, a wou d’Conclusiounen drastinn. An ech stelle mat Satisfactioun fest, dat wat den Nicolas Schmit haut gesot huet, datt en op deen do Wee geet, dee mir schonn deemools diskutéiert hunn, an ech mengen, och deen eenzege richtegen ass.

Frank Kuffer: Ganz vill Gestreits war et jo ginn awer bei deem Audit vu virdrun, bei deem vun Objectif plein emploi. Do gouf et jo elo quasi eng Affaire Nicolas Schmit - Robert Weber. Mä do muss jo ee léien. De Robert Weber seet, den Aarbechtsminister hätt hien erpresst a forcéiert ze goen. Wiem gleeft Dir dann elo éischter, dem Regierungs- oder dem Parteikolleg?

François Biltgen: Also, de Justizminister, deen ech och sinn, huet, well eng Partie Deputéierte behaapt hunn, do wiere Faits pénaux dran, hunn ech de ganzen Dossier, ouni e weider ze kucken – mä dat ass d’Aufgab vum Justizminister wa Leit, déi en ëffentlecht Mandat hunn, behaapten et wiere Faits pénaux do – da ginn ech dat automatesch ëmmer un de Parquet. Net fir ze soen et si Faits pénaux, mä fir ze soen, kuckt ob Faits pénaux sinn oder net.

Do leeft eng Enquête beim Parquet. Wann de Parquet déi Enquête fäerdeg gemaach huet, da wäert ee jo feststellen, ob eppes schif gaangen ass, penalrechtlech gesinn, oder net. Bis dohinner wäert ech a menger Qualitéit och als Justizminister, wéi dat ëmmer meng Aufgab ass, a meng Flicht ass, mech net weider prononcéieren.

Frank Kuffer: Wann een elo zréckkuckt, hätt een dann an Ärer Zäit och verschidde Saachen anescht gemaach vläicht, bei deene Beschäftegungsmesuren?

François Biltgen: Mir hunn, mir haten [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Vläicht ass et herno och ëmmer méi einfach?

François Biltgen: De Problem ass, mir hate kee Gesetz.

Mir hunn e Projet de loi 2003 deponéiert, deen e schwierege Wee hat, dee manner eng parteipolitesch Diskussioun mat sech bruecht huet, mä méi eng Diskussioun mat sech bruecht huet vun all deenen engagéierten Deputéierten, wëll ech awer och soen, déi awer selwer an deenen engen oder aneren Initiativen engagéiert waren, an dat huet d’Diskussioun schwiereg gemaach.

Mir hunn 2003 zum Beispill virgeschloe gehat, am urspréngleche Projet, datt een net méi soll mat Asble fueren, wat jo ee vun de Problemer och ass, dee sech och elo erëm eng Kéier frësch erausstellt. Dat ass awer deemools an der Chamber net esou gesi ginn, esou datt dat och am Gesetz net esou telquel steet, esou datt mir och do nach ëmmer zesummeschaffen.

Ech wäert och elo deemnächst do zum Beispill eng Réunioun hunn, a menger Qualitéit als Justizminister, mam Romain Schneider, dee jo fir d’Économie solidaire zoustänneg ass, fir ze kucken, dat wat ech schonn deemools ëmmer prekoniséiert hunn, fir eng nei Form vu Gesellschaft ze kréien, déi den Obligatioune vun der Handelsgesellschaft ënnerläit, ouni awer Bénéfice ze maachen. Och dat hunn ech schonn deemools probéiert.

Leider ass et och zu Lëtzebuerg, wou mir ëmmer versiche Konsensus ze maachen, schwiereg mat sengen Iddie séier duerchzekommen. Ech soen awer och, steter Tropfen höhlt den Stein. Et ass ni eppes, sot meng Boma schonn, esou schlecht, datt net eppes Guddes drun ass.

Ech stellen awer elo fest, datt bei villen, esouwuel déi Philosophie, datt een net méi e Budget gëtt, mä datt ee seet, du kriss esou vill Sue fir déi Leit déi keng Schaff hunn, ëm déi s de dech bekëmmers, wéi och d’Iddi eng nei Gesellschaft ze maachen, wat deemools vun de Beschäftegungsinitiative ganz wäit ewech gehäit gouf – herno huet sech dat bei där enger oder där anerer zwar effektiv anescht beweegt – datt déi Iddien elo weider kommen.

An d’Haaptsaach ass, datt mir hei eppes maache fir déi Leit déi keng Schaff fannen, net well se keng wëlle fannen, mä well se keng fannen, well den Aarbechtsmaart se net hierginn, datt mir deenen esou vill wéi méiglech Chancë ginn och eng Schaff ze fannen, och wa se wäit ewech vum Aarbechtsmaart sinn.

Frank Kuffer: François Biltgen, ech soen Iech Merci, datt Dir de Mëtteg Iech Zäit geholl hutt. Merci fir déi Explikatiounen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact