Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Mars 2012 > Jean Asselborn au sujet des propos du président de la République française Nicolas Sarkozy sur une sortie possible de la France des accords de Schengen

Interview
Jean Asselborn au sujet des propos du président de la République française Nicolas Sarkozy sur une sortie possible de la France des accords de Schengen
"DNR" du 13-03-2012

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: Ech well mech net amëschen an de franséische Wahlkampf, mä ech mengen awer zu Schengen eppes soen ze dierfen. Schengen heescht jo, an alle Sprooche vun der Europäescher Unioun, d'fräi Zäitcirculatioun vun de Persounen am Schengen-Raum. Dat ass d'Image de marque, dat muss een esou soen, vun der Europäescher Unioun an och vun e puer aneren europäesche Länner. Dir wësst, datt d'Schwäiz, Norwegen, Island a Liechtenstein och dozou gehéieren. Mä mir ginn an der ganzer Welt dofir bewonnert, an och beneit zum Deel. Schengen a Fro stellen, Schengen och an engem Wahlkampf futti ze schloen, just fir d'Wieler vum Front national kënne fëschen ze goen, dat ass a mengen Aen anti-europäesch a populistesch! Et ass dat Instrument – wat jo d'Symbol ass vun der Integratioun vun der Europäescher Unioun – mat Féiss gerannt, zemol wann et aus engem grousse Land kënnt aus der Europäescher Unioun, an och dat Land wat jo a senger Geschicht immens villes ginn huet fir d'Fräiheeten. Ech sinn averstanen, datt de Schengen System muss selbstverständlech och am 21. Joerhonnert resistent gemaach ginn géint Abusen. Dofir si Virschléi vun der Kommissioun um Dësch. Doriwwer muss diskutéiert gi mat der bekannter Method, der Gemeinschaftsmethod. Et dierf net virgeprescht ginn an alles a Fro gestallt ginn, zemools net wann et eent vun de gréisste Länner vun der Europäescher Unioun ass. Ech hu vollt Vertrauen an d'franséischt Vollek, wann ech dat dierf soen, datt d'Fransouse selwer do d'Noutbrems zéien, esou wéi d'Dänen dat gemaach hunn, wann Dir Iech kënnt erënneren um Enn vum Joer 2011. Si hunn och déi Afrostellung vu Schengen carrément bei hire Wahlen ofgekanzelt.

Max Lemmer: Wann et keen däitleche Fortschrëtt an den nächsten 12 Méint gëtt, da wäert Frankräich de Schengen-Raum verloossen, seet den Här Sarkozy. Dir selwer sot, Dir kënnt Iech virstellen, datt en Update muss gemaach gi vun deenen Accorden. Wat wär da renégociabel?

Jean Asselborn: Hei geet et net ëm dat wat renégociabel ass. Ech hu gesot, de Schengen System muss selbstverständlech resistent gemaach gi géint Abusen, déi bestinn. Dofir gëtt et eng Method an Europa, dat ass virun allem ënnerstrach gi mam Traité vu Lissabon, dee jo esou héich gehale gëtt och vum Här Sarkozy. Et ass eng Propositioun, déi gemaach ginn ass vun der Kommissioun. Déi läit um Dësch, doriwwer soll verhandelt ginn. Dofir gëtt et Conseilen, déi dofir zoustänneg sinn. Dat ass de richtege Wee wa mir sollen eppes reforméieren, respektiv mussen eppes reforméieren, dee mir sollen aschloen. Unilateral Aussoen, déi eigentlech als Hannergrond just, wéi ech gesot hunn, eng populistesch Co-Notatioun hunn, sinn definitiv fehl am Platz!

Max Lemmer: Den Nicolas Sarkozy läit an de Sondagen nach ëmmer wäit hannert sengem sozialistesche Rival François Hollande. Wat mengt Dir, nëtzen déi méi schaarf Téin déi hien elo ageschloen huet, him demnächst, an den nächste Wochen?

Jean Asselborn: Ech hoffen net.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact