|
Jean Asselborn: An der Europäescher Unioun gëtt et en Instrument, dat ass d’Europäesch Kommissioun. Si huet d’Virschlaagsrecht. Am Schengen-System ass et selbstverständlech, datt do muss geschafft gi fir de System resistent ze maachen, fir Abusen ze verhënneren. An dofir huet d’Kommissioun eng Propositioun gemaach. An da gëtt et Conseilen, wou net an aller Theatralik, mä am Fong geschafft gëtt, fir ze kucken, wann Abuse bestinn, wéi een dat ka behiewen
Eric Ewald: Dat wier amgaange gemaach ze ginn, erkläert de Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie, deen och vollt Vertrauen doran huet, datt d’franséischt Vollek d’Noutbrems zitt.
Jean Asselborn: [...] esou wéi iwweregens och d’dänescht Vollek dat gemaach huet. Do war jo och Schengen a Fro gestallt ginn um Enn vum Joer 2011. Bei de Wahlen ass ganz kloer eng Majoritéit erauskomm, déi Schengen net a Fro stellt. An ech sinn och iwwerzeegt dovunner, datt och a Frankräich dat esou geschitt.
Eric Ewald: Esouguer wann de franséische President e ganz Grousse wier, hätt hien net d’Recht, Schengen a Fro ze stellen, betount de Jean Asselborn. A sengen Aen geet et net fir ze soen, Schengen passt net méi an d’Zäit eran, a Frankräich blockéiert dat, just nëmme fir matten am Wahlkampf Stëmmen ze kréie vum Front national. Dem Ausseminister no kann een hei vun engem populisteschen Europa schwätzen.
Jean Asselborn: Dat deet wéi! Dat deet all deene wéi, déi un Europa gleewen, an déi och wëssen, datt mir Europa brauche fir an der Welt ze zielen a fir virunzekommen.
Eric Ewald: Wat de franséische President soss nach a sengem Kapp hätt, wéi zum Beispill d’Fuerderung, datt an EU-Memberlänner virun allem europäesch Produite sollte gebraucht ginn, wier deem seng Saach, fënnt de Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie. Dat wat fir hien zielt ass, datt et a Frankräich Wieler gëtt, déi Schengen wëllen oprecht erhalen.
|