|
Claude Zeimetz: Déi geplangte Lycéesreform kritt also e Joer Verspéidung. D’Éducatiounsministerin Mady Delvaux, déi vun de Proffe mat Kritike bombardéiert gouf, huet gëschter, also zwee Deeg virun der Engseignantsmanifestatioun, matgedeelt, datt si bis d’Fréijoer d’nächst Joer mat de Consultatiounen iwwer d’Reform weiderfuere wëllt. En Avant-projet de loi soll dann also am Abrëll 2013 op den Dësch geluegt ginn.
Domat kënnt d’LSAP-Ministesch enger Fuerderung vun 29 Proffendelegatiounen no, déi sech d’lescht Woch dofir staark gemaach haten, sech déi néideg Zäit fir d’Reform ze ginn, an näischt ze iwwerstierzen. Den Text sollt hirer Meenung no op Äis geluegt ginn, fir ënnert anerem kënnen eng transparent Analys vun der Situatioun ze maachen. D’Mady Delvaux erwaart sech elo konkret Propositioune vum Terrain.
An hirem Bréif un d’Proffendelegatiounen präziséiert si och, datt een amgaangen ass de Bilan vun der Grondschoul virzebereeden, e soll zesumme mat den Enseignantë gemaach ginn, an am Dezember finaliséiert ginn. All déi aner Partner, déi solle wéi geplangt hiren Avis zu der Lycéesreform bis den 2. Abrëll eraginn.
A fir iwwer hir Décisioun - an natierlech och doriwwer wéi et dann elo soll weidergoen - ze schwätzen, begréissen ech d’Éducatiounsministerin live um Telefon. Gudde Moie Madame Delvaux.
Mady Delvaux-Stehres: Gudde Moien.
Claude Zeimetz: Muer ginn d’Enseignantsgewerkschaften wéi gewosst op d’Strooss, ënnert anerem fir eben hiren Désaccord mat der Lycéesreform auszedrécken. Ech hunn et scho gesot, déi 29 Proffendelegatiounen, déi haten eng Denkpaus gefrot, Dir maacht dat elo. Ass den Drock vum Terrain einfach elo ze grouss ginn, sinn d’Fronten den Ament einfach vill ze vill verhäert fir weiderzekommen?
Mady Delvaux-Stehres: Bon, ech soen, säit ech den Text mat all de Propositioune verschéckt hunn, soen ech, datt ech bereet sinn all Moossnam, déi an deem Text ass, ze diskutéieren. Ech widderhuelen dat nach eng Kéier. An ech hunn och d’Avisë gefrot, an ech erwaarde mir och, datt fir den 2. Abrëll d’Avisë kommen, an datt do och Propositiounen dra sinn.
An da geet eng zweet Ronn vu Consultatiounen un, wou dann déi Propositiounen aus dem Text, dee mir proposéiert hunn, an hoffentlech och Alternativpropositiounen, datt déi dann diskutéiert ginn. An ech si bereet der Diskussioun Zäit ze ginn, well et geet jo elo net em en Datum, mä et geet em eng Reform vun der Schoul, déi mir wierklech brauchen.
Mir geet et drëm, datt mir d’Schoul, d’Lycéeën och opstellen, fir d’21. Joerhonnert. Mir brauche méi exzellent Schüler, mir brauche manner Schüler, déi am Échec sinn, mir solle besonnesch déi Jonk - déi op ënneschte Klassen - déi Schüler begleeden, datt se kënnen eng Orientatioun huele fir zu enger Qualifikatioun ze kommen. Dat Land ka sech net leeschten, datt esou vill Leit onqualifizéiert aus der Schoul erauskommen. Eis Schüler vun den ieweschte Klassen, déi musse preparéiert ginn, datt se en Héichschoulstudium kënne maachen.
An da muss ee bedenken, datt eis Schoulpopulatioun dramatesch amgaangen ass ze änneren. Mir hunn eng Heterogenitéit, mat där d’Schoul muss eens ginn, an dofir sinn - mir geet et em d’Saach, an ech hoffen, datt ech genuch Gespréichspartner fanne bei den Enseignanten, mä awer och an der Gesellschaft - bei de Schüler, d’Eltere sinn en Avis gefrot ginn, d’Schüler sinn amgaangen en Avis ze preparéieren, an datt mir dann zesumme mat enger, zu engem méiglechst grousse Konsens kommen, wat dat Bescht ass fir eis Schoul, fir déi esou opzestellen, datt se den Erwaardunge vun der Gesellschaft gerecht gëtt.
Claude Zeimetz: Wann Dir sot, Dir erwaart konkret Géigeproposen, heescht dat dann am ëmgekéierte Sënn och, datt Dir bereet wiert esou Grondprinzipien a Fro ze stellen, ech nennen elo emol d’Dominanten, oder den automatesche Passage vu 7ième op 6ième, déi awer, soe mir, massiv vun de Proffe jo a Fro gestallt ginn?
Mady Delvaux-Stehres: Also ech si bereet iwwer all Propositioun ze diskutéieren, déi an déi richteg Richtung geet. Wa mir eis iwwer déi Ziler eens sinn, da musse mir eis jo eens ginn, wat sinn déi Moossnamen, déi musse geholl ginn, fir déi Ziler do ze erreechen?
Elo kann ee verschidde Modeller sech virstellen. Dat wat ech proposéiert hunn, dat ass dat wat ech no zwee Joer Consultatiounen als machbar erkannt hunn. Wann elo aner Propositioune kommen, da sinn ech ganz gäre bereet déi ze diskutéieren, wa mir an déi do Richtung ginn, fir all d’Schüler esou ze qualifizéieren, esou ze begleeden, hinnen de Goût vum Effort ze ginn, se ze stimuléileren, fir datt mir fit si fir d’21. Joerhonnert.
Elo, ech hunn natierlech och Iwwerzeegungen, mä wéi gesot, et geet elo net em ee Punkt ganz präzis, mä et geet em dat Allgemengt.
Claude Zeimetz: Dir gitt ouni Tabu an déi Diskussioun also eran?
Mady Delvaux-Stehres: Ech ginn ouni Tabu, also et si verschidde Saachen, wou ech fir wichteg fannen. E bessert Encadrement, de Schüler Wëssen ze vermëttelen, mä awer och Kompetenzen, datt se dat Wësse kënnen uwennen. Dat sinn awer Saachen, déi iwwerall an de Länner ronderëm eis geschéien, an do ka Lëtzebuerg net maache wéi wann dat eis näischt géif ugoen. Eis Schüler verdénge jo dat selwecht wéi déi Schüler an deenen anere Länner.
Claude Zeimetz: Lescht Fro nach. Huet déi Décisioun dann och vläicht domat ze dinn, datt de Koalitiounspartner, vun der CSV sech nach net genee elo zur Lycéesreform positionéiert huet, an 100% iwwerzeegt ass vun deem wat um Dësch läit? Den CSV-President Michel Wolter, deen huet sech am Background e Samschdeg zum Beispill kritesch vis-à-vis vun den Dominante geäussert.
Mady Delvaux-Stehres: Et ass vläicht elo net d’Plaz fir iwwer Dominanten ze diskutéieren, mä de Prinzip vun den Dominanten ass, datt een all Schüler en Allgemengwësse matgëtt, genuch Sproochen, well dat ass jo zu Lëtzebuerg wichteg, an e Volet Spezialisatioun. Ob mir dat elo an den Dominante maachen, an de Sektiounen, et geet fir den Équiliber do dozwëschent nei ze definéieren, oder ze präziséieren.
An ech hat mir och net erwaart, datt den 2. Abrëll d’Enn vum Dialog wier. Dofir hunn ech jo Avisë gefrot, soss bräicht ech jo keen Avis ze froen, wann ech net wëll mat de Leit doriwwer diskutéieren.
An ech mengen ee grousse Prinzip, dee mech leet, dat ass, ech weess genee, datt eng Reform um Pabeier net duergeet, et ass an de Klassen, an de Schoulen, wou se muss ëmgesat ginn, an dofir ass et wichteg d’Enseignantë matzehuelen.
An ech hu jo och awer an deene Joeren, an deenen zwee Joer, an deenen 144 Réuniounen, déi ech mat Enseignanten hat, weess ech jo awer och, datt ganz vill Enseignantë wëssen, a wëllen d’Schoul esou ausriichten. Dofir mengen ech, datt et derwäert ass, sech déi Zäit ze ginn, fir zu enger gudder Léisung ze kommen.
Claude Zeimetz: Mady Delvaux, Merci de Moie fir d’Gespréich.
Mady Delvaux-Stehres: Merci och.
|