|
Françoise Medernach: D’Éducatiounsministesch Mady Delvaux wëllt den Avant-projet de loi fir d’Lycéesreform eréischt an engem Joer op den Instanzewee bréngen, a verlängert also de Consultatiounsprozess. Domat kënnt d’Ministesch der Fuerderung vun der Proffendelegatioun aus 29 Lycéeën no, déi e Moratoire vun 12 bis 18 Méint gefrot haten. D’Enseignantë wollten eng Mise à plat vun der Reform, an déi proposéiert Changementer Punkt fir Punkt duerchdiskutéieren, fir ze kucken, wat gutt a wat net gutt ass. Si wier prett der Diskussioun Zäit ze ginn, seet d’Mady Delvaux.
Mady Delvaux-Stehres: Ma ech widderhuele säit engem Joer, géif ech soen, datt all Moossnamen, déi elo an deem Text dra sinn, deen de 5. Dezember verschéckt ginn ass, datt ech bereet sinn iwwer all déi Moossnamen ze diskutéieren.
Ech hunn d’Avisë gefrot fir den 2. Abrëll vun de Proffekonferenzen, vun den Direkteren, vun de Schüler, vun den Elteren, vun de Chambres professionnelles, an ech hoffen och, datt déi Avisë kommen, an och, hoffen ech, datt do Propositiounen dra sinn, déi dat ergänzen, oder ersetzen, dat wat am Text steet.
An da geet jo déi zweet Ronn vun der Diskussioun un, an ech sinn effektiv bereet der Diskussioun Zäit ze ginn. An ech hoffen och, datt ech Gespréichspartner fannen, déi bereet sinn konstruktiv mat ze diskutéieren.
Françoise Medernach: Mä ass alles wat an Ärer Propose fir den Avant-projet de loi steet elo verhandelbar, oder ginn et Punkten, wou Dir sot, op kee Fall, déi bleiwe stoen?
Mady Delvaux-Stehres: Bein, ech hunn natierlech Iwwerzeegungen, ech hunn awer mech engagéiert fir all Moossnam ze diskutéieren. Et geet jo hei elo net em wien hei Recht kritt, oder net Recht kritt, et geet jo em eng Reform vun der Schoul.
An ech sinn iwwerzeegt, an ech begéinen all d’Leit - esouguer och Proffen - déi soen, mir brauchen eng Reform, well mir mussen eis Schoul preparéieren fir d’21. Joerhonnert, an et geet dorëms all de Schüler déi zu Lëtzebuerg sinn, eng Chance ze ginn, datt se sech kënne qualifizéieren. An dat ass an där komplizéierter Schülerpopulatioun, an eisem komplizéierte Schoulsystem jo net einfach.
A mir brauche méi exzellent Schüler, mir brauche manner Schüler déi am Échec sinn, mir mussen déi Jonk an den ënneschte Klasse begleeden, orientéieren, datt se eng Formatioun fannen, déi hire Qualifikatiounen entsprécht, mir mussen déi Schüler vun den ieweschte Klassen preparéieren op Héichschoulstudien.
An do brauch ech natierlech wa méiglechst grousse Konsens vun alle Bedeelegten, well eng Reform um Pabeier, dat ass schéin, mä déi muss jo an der Klass ëmgesat ginn. An dofir ass et mir wichteg, d’Enseignantë matzehuelen, déi déi bereet si mat ze diskutéieren. An där Diskussioun wëll ech eng Chance ginn.
Françoise Medernach: Dir verlaangt am Géigenzuch zu enger méi laanger Consultatioun och konkret Proposë vun den Enseignantsvertrieder. Hunn déi bis ewell gefeelt?
Mady Delvaux-Stehres: A, ech hunn all déi Avisë geliest, an do si ganz vill Froen, an et si ganz vill Retizenzen ausgedréckt, an och Angscht, awer ech vermëssen alternativ Propositiounen.
Françoise Medernach: D’Enseignantë wëlle muer elo trotzdem manifestéieren. Hat Dir gehofft, déi Aktioun géif elo ofgesot ginn?
Mady Delvaux-Stehres: A neen, dat do huet elo näischt mat der Manifestatioun ze dinn. Ech hat d’lescht Woch eng Delegatioun vun de Proffekonferenzen, ech hu jo eng Tournée gemaach duerch alleguer d’Lycéeën, an do hu si gesot, si géife sech den 2. oder 6. Mäerz - ech weess et elo net méi - gesinn, a da géife si mir soen, wéi dat géif, wéi eng Linne si géife proposéieren, datt et weidergeet.
Si waren de leschten Donneschdeg bei mir, hu mir e Communiqué iwwerreecht, an hu gefrot, datt ech hinnen dorop géif äntwerten, an hei ass d’Äntwert op déi Delegatioun déi d’lescht Woch bei mir war. Dat huet elo näischt mat der Manifestatioun ze dinn, well ech si souwisou nach an der Prozedur vum Dialog. Dofir huet et mech och gewonnert, datt esou eng Manifestatioun ass an enger Period wou mir nach diskutéieren.
|