Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2012 > Jean Asselborn au sujet de la conférence d’Istanbul des "amis de la Syrie"

Interview
Jean Asselborn au sujet de la conférence d’Istanbul des "amis de la Syrie"
"Radio 100,7" du 01-04-2012

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Franck: Eng 80 Länner déi sech haut zu Istanbul getraff hunn wéinst dem Konflikt a Syrien, wëllen dem President Baschar al-Assad en Ultimatum stellen. Dat hunn déi tierkesch Autoritéiten de Mëtteg annoncéiert. De syresche Regime misst sech bannent engem gewëssenen Zäitraum un de Friddensplang vum UNO-Beoptragten Kofi Annan halen. Damaskus hat Ufank der Woch versprach de Plang ëmzesetzen, huet d'Gewalt géint d'Oppositioun awer nach net gestoppt. Op der Konferenz zu Istanbul vun de sougenannte “Frënn vu Syrien�? war och de lëtzebuerger Ausseminister dobäi. Wat kënnt geschéien wa Syrien sech net un de Friddensplang vum Kofi Annan hält? D'Äntwert vum Jean Asselborn:

Jean Asselborn: Dann hoffen ech wierklech, datt am Conseil de sécurité eng grouss Unanimitéit, oder eng total Unanimitéit besteet fir dann en anere Schrëtt ze maachen. Ech schwätzen net vu militäreschem Agrëff, mä datt dann op Grond vun enger Resolutioun eben d'UNO op ee Wee, deen natierlech ze bestëmmen ass, d'Méiglechkeet huet fir sur place ze kontrolléieren, wéi dee Plang agehale gëtt, an datt och sur place da probéiert gëtt, eben an déi Stied, an déi Deeler vum Land ze kommen wou humanitär Hëllef absolut noutwenneg ass. Dat ass extrem schwiereg. Mir waren eis alleguerten eens, datt een net soll militäresch agräifen, an datt et och net dee beschte Wee ass fir der Oppositioun Waffen ze ginn. Mir musse weiderhinn mat alle diplomatesche Mëttelen, déi mir zur Verfügung hunn, a virun allem am Conseil de sécurité, operéieren.

Jean-Claude Franck: De Conseil national syrien soll Haaptinterlocuteur gi vum Kontaktgrupp "Frënn vu Syrien". D'Regimegéigner a Syrien kruten awer rezent vu Human Rights Watch grave Abusen reprochéiert. Torturen, Entféierungen, Exekutiounen. Gëtt dat da vun de "Frënn vu Syrien" toleréiert, datt och op Säite vun der Oppositioun esou Saache geschéien?

Jean Asselborn: Neen, absolut net. Et sinn zwou Saachen. Dat alleréischt wat muss gemaach ginn, dat ass, datt all Minoritéiten a Syrien – ob et Syrer a Syrien sinn, Kurden, Araber, Chrëschten, Alaouiten, Drusen – musse vertruede sinn. Datt se natierlech sous-vertrueden sinn an datt dee Conseil national pour la Syrie sech selbstverständlech muss un déi elementaarst Mënscherechter a Conventiounen halen, ass kloer. Näischt däerf an déi Richtung goen, fir Revanche ze huelen oder fir mat deene nämmlechte Moyenen ze operéieren wéi de Regime operéiert. Do ware mir eis eens.

Allerdéngs muss een och soen, datt et net vill Alternativen do dozou gëtt. Wann dee Conseil national syrien sech regrouppéiere kann, wou alleguerten déi Minoritéiten déi ech elo genannt hunn och dra sinn, a wann och eng Koordinatioun stattfënnt mat deene Leit déi am Land sinn an deene Leit déi außerhalb vum Land sinn, déi brauchen d'Hëllef vun der internationaler Communautéit. Ech schwätzen net vun Jihadisten, vun Terroristen oder wierklech Extremisten a Syrien. Déi verdénge keng Ënnerstëtzung. Mä all déi Leit, déi friddlech wëllen dee Regime Assad an d'Knéie kréien, an déi och wëllen, datt d'syrescht Vollek hir Destiné kann duerch Wahlen demokratesch bestëmmen, ech mengen, déi brauchen d'Hëllef vun der internationaler Communautéit an déi musse gehollef kréien. An duerfir ass och eisen Opruff un déi syresch Oppositioun sech ze koordinéieren an do gëtt och vill gehollef. Allerdéngs, wéi Dir dat richteg sot, muss dat no de Regele sinn vun den elementare Mënscherechter.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact