Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2012 > Jean Asselborn au sujet de la conférence d’Istanbul des "amis de la Syrie"

Interview
Jean Asselborn au sujet de la conférence d’Istanbul des "amis de la Syrie"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 01-04-2012

Vers le niveau supérieur

Eric Ewald: Bei weideren Zesummestéiss tëscht der syrescher Arméi a Rebellen sinn also de Moien an der Géigend vun der Haaptstad Damaskus am Osten an am Nordwesten vum Land op mannst 40 Leit ëm d'Liewe komm, dorënner 15 Zaldoten. Dobäi hat de Regime vum syresche President Baschar al-Assad gëschter nach erkläert, d'Schluecht géint d'Oppositioun an d'Rebellen ee vir alle Mol gewonnen ze hunn. Zu Istanbul an der Tierkei souzen iwwerdeems Vertrieder aus 70 Länner zesummen fir den Drock op de syresche Regime ze verstäerken, fir datt en de Friddensplang vum fréieren UNO-Generalsekretär Kofi Annan unhëlt. Fir Lëtzebuerg war den Ausseminister haut zu Istanbul dobäi. Den Eric Ewald huet am Nomëtten mam Jean Asselborn ënnert anerem iwwert d'Fuerderung vun der Tierkei no engem méi haarde Kurs géint de Baschar al-Assad geschwat.

Jean Asselborn: Dëst war elo déi zweet Réunioun iwwer Syrien, déi éischt war an Tunesien. Déi 3. ass och schonn ugekënnegt, déi ass zu Paräis, héchtswahrscheinlech an e puer Wochen.

Dir wësst, bei där éischter war de Kofi Annan genannt gi fir e Plang auszeschaffen op Grond vun enger Résolutioun vun der Assemblée générale vun der UNO, fir eben déi genannt Gewalt ze stoppen. Dir wësst, datt iwwer 10.000 Leit hiert Liewe verluer hunn. 100.000 gëtt ugeholl, si blesséiert oder si geflücht.

Deen zweete wichtege Punkt ass den Accès zur humanitärer Hëllef.

Dir wësst, datt de President Assad dee Plang Annan och ugeholl huet an der Woch, mä Dir wësst och, datt d'Gewalt weider geet. Et waren Aenzeien hei, Dokteren, awer och Leit déi virun e puer Deeg aus Syrien erauskomm sinn. Déi soen zum Beispill, datt wann Demonstratioune stattfannen an d'Militär schéisst op Leit an déi Leit wëllen dann Hëllef kréien an de Spideeler, datt dann déi Geheimpolizei vum Assad séngem Regime an d’Spideeler geet an do Infirmièren, Dokteren, déi wëllen hëllefen, erschéisst. Dat ass elo net virun 3 Méint geschitt, dat ass virun 3 Deeg geschitt! An duerfir ass et scho richteg, wann dat riwwer komm ass, datt vun der Tierkei aus, mä awer och vun allen anere Länner aus, wierklech engersäits gesot ginn ass, et gëtt keng Alternative zum Plang vum Kofi Annan. Anerersäits däerf den Assad net op Zäit spillen, dat géif d'international Communautéit net wëllen zouloossen.

Eric Ewald: D'Frënn vu Syrien hunn dann haut en Aarbechtsgrupp, souzesoen, gegrënnt fir Sanktiounen géint eben de Regime vum President Baschar al-Assad. Sanktioune goufe jo awer schonn ergraff. Gräifen déi net genuch.

Jean Asselborn: Ech mengen de Problem ass dësen: de wonne Punkt beim Kofi Annan sénger Propositioun ass jo, datt kee Moyen do ass fir mat Force den Assad drun ze hënneren weider kriminell Akten ze maachen. Dat ass e wonne Punkt, mä dat ass d'Conditioun déi gestallt ginn ass, souwuel vun de Länner am Conseil de sécurité wéi och eben an der arabescher Liga. Mir musse wëssen, datt do och net alles op enger Linn leeft.

Mar wäert de Kofi Annan Rapport maachen am Conseil de sécurité. En ass net do, mä en ass zu Genève. Iwwer Videokonferenz soll hien séng Appréciatioun ginn zu séngem Plang. Mä virun allem soll hien och zu de Konsequenzen vun deem Unhuele vun deem Plang Stellung huelen an ech kënnt mir virstellen, datt wann dat eng negativ Approche géif ginn vum Kofi Annan, datt dann déi Länner, déi sech wierklech och bis elo jo am Conseil de sécurité dogéint ausgeschwat hunn, fir eng drastesch Resolutioun ze huelen. Ech schwätzen net vu militäreschem Agrëff, mä fir wierklech alles ze maachen, datt Observateuren vun der UNO an d'Land géife geschéckt ginn an och dofir suerge kéinten datt humanitär Hëllef erakënnt an datt d’Muerden ophéiert. Ech hoffen, datt da vläicht do en Ëmdenke kënnt an datt een dann mat enger Resolutioun, déi Kapp a Fouss huet, kënnt effektiv dee Regime stoppen.

Eric Ewald: Verstinn ech Iech och richteg, datt Dir op der Säit stitt vun der Fuerderung vum franséischen Ausseminister Alain Juppé, Ärem Homolog, dee seet, datt een eng Limite an der Zäit muss fixéieren, Damaskus, fir eben dee Plang Annan unzehuelen?

Jean Asselborn: Absolut. An duerfir ginn och déi grouss Beméiungen gemaach fir ze kucken, datt ee mat der Oppositioun a Syrien eng gemeinsam Linn kritt. A Syrien gëtt et Syrer, Kurden, Araber, Chrëschten, Alaouiten, Drusen an alleguerten déi musse sech jo an der Oppositioun erëmfannen. Mir hunn haut nach eng Kéier a Präsenz och vum Här Gallioun, deen de Conseil national syrien uféiert, gesot, datt d'Oppositioun wierklech muss harmonesch a coordinéiert an deenen Haaptsaachen viirgoen a Saachen Fuerderungen, an datt dat och eppes ass wat d'international Communautéit brauch fir kënnen Alternativen, wat den Transitiounsregime ugeet anzelauden. Ech mengen, datt do och en Zäitplang – wéi Dir dat richteg sot, wat den Alain Juppé gefrot huet – muss hannendru kommen. Mä dat ass dann eng Fuerderung déi muss an eng Resolutioun vum Conseil de sécurité en musique kënne gesat ginn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact