|
Jean-Marc Sturm: Mat séngem Gedicht "Was gesagt werden muss" huet de Günter Grass d'lescht Woch nawell fir grouss Opreegung gesuergt, virun allem an Israel. Séng Argumentatioun huet hie komplett falsch opgebaut, mengt de lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn. Hie schätzt de Günter Grass allerdéngs als grouss Perséinlechkeet vun der däitscher Literatur, dee vill geleescht hätt fir d'Bild vun Däitschland nom 2. Weltkrich ze verbesseren. Elo huet hien, dem Jean Asselborn no, eng wichteg Diskussioun lancéiert. Dany Rasqué.
Dany Rasqué: Eng Diskussioun mat essentielle Froe fir Europa a fir de Noen Osten. Wat den Iran betrëfft ënnersträicht de lëtzebuerger Ausseminister awer, datt een do ee Feeler ni dierft maachen:
Jean Asselborn (O-Toun): (...) deen huet, mengen ech, de Günter Grass gemaach, fir ze soen, Israel wéilt alles maachen fir d'iranescht Vollek ze éliminéieren. Hien huet dat méi nuancéiert gesot, mä esou ass et raus komm. Do mengen ech, mëcht een eppes wou een d'Kar ëmdréint. Effektiv ass d'international Communautéit jo zanter dem Ufank vun dësem Joerdausend amgaange fir ze kucke mam Iran eng diplomatesch Léisung ze fannen. Selbstverständlech huet den Iran Recht op zivil Nuklearenergie. Dat steet jo an allen, och UNO-Konventiounen dran, datt all Land dat Recht muss hunn, allerdéngs ënnert der Kontroll vun der IAEA. Dat heescht vun där Agence, déi zoustänneg ass bei der UNO an déi zu Wien ugesidelt ass, fir datt een och do d'Regele vum Spill anhält.
Dany Rasqué: Israel huet d'Atombomm scho laang, ma huet ni Kontrolleuren an d'Land gelooss. Allerdéngs hätt de Günter Grass elo den Iran als Affer dohinner gestallt an Israel d'Roll vum Aggresseur zougeschriwwen. Obschonn et jo awer sou ass, datt den Iran permanent Israel menacéiert. Am léifsten hätt de Jean Asselborn, wéi och vill anerer, wann et an där Regioun guer keng Atombomme géife ginn.
Jean Asselborn (O-Toun): Da wär selbstverständlech déi Diskussioun och vill méi einfach a si kéint och zu engem Enn gefouert ginn. Ech mengen datt – esou laang wéi et eng Atombomm gëtt an där Regioun, an och wann dat mam Iran kéint diplomatesch geléist ginn – och aner Länner ufänke fir iwwer nuklear Waffen nozedenken! Well, Dir wësst, d'Atombomm ass e Symbol vun der Muecht och um internationale Plang.
Dany Rasqué: Wat d'Friddensverhandlungen tëschent Israel an de Palästinenser ugeet, ass de Jean Asselborn der Meenung, datt ee muss iwwer Konsequenzen nodenken wann déi israelesch Regierung op hirem Wee bleift a richtege Friddensverhandlunge mat de Palästinenser quasi keng Chance géif ginn. Do si fir de lëtzebuerger Ausseminister d'USA an Däitschland gefuerdert.
Jean Asselborn (O-Toun): Wann Däitschland, mat der däitscher Geschicht, d'Differenz kéint fäerdeg bréngen tëschent dem Staat Israel an der israelescher Regierung – déi, a méngen Aen, eng kurzsiichteg Politik mécht – an eng Nuance kéint maachen an Drock kéint opbauen, fir d’Sidlungspolitik ze stoppen, dann hätte mir ganz, ganz séier eng total eenheetlech Positioun an der europäescher Unioun.
Dany Rasqué: Dat géif, esou de Jean Asselborn, och den US-President dozou bewegen alles probéieren drun ze setzen, datt Israel seng Sidlungspolitik stoppt.
|