|
Roy Grotz : Jean Asselborn: Mir musse jo elo mol dat Positivt erviirsträichen. Dat ass, datt et zanter 5 Auer effektiv roueg ass, datt net méi geschoss gëtt. Ech mengen, datt dat eng Feststellung ass, déi awer positive Charakter huet. Ob dat unhält ass natierlech eng aner Fro. Mä ech menge mir sollten dat elo mol aktéieren an och deenen Onrecht ginn, déi dem Kofi Annan säi Plang an hie selwer schonn sou duergestallt haten, datt et zu näischt géif féieren, datt hien e naïven Diplomat wär an datt den “Annan Plang�? gestuerwe wär. Dat ass net de Fall. Dat heescht déi éischt Etapp ass elo gepackt: Stop vun der Gewalt a Syrien. Dann déi zweet Etapp: déi muss direkt hannendru kommen, dat ass déi humanitär Hëllef fir Dausenden an Dausende vu Leit déi Medikamenter brauchen, déi verletzt sinn. Dat muss direkt ugeschloss ginn. Vläicht mat engem Couloir humanitaire. Et wär jo schéi wann déi syresch Autoritéiten d'accord wären, soudatt Observateuren kënnen erakommen an dee Couloir humanitaire kéint garantéiert ginn. Ech hoffen, datt d'Prisonéier elo ganz séier rauskommen an datt och een Dialog – dat wär jo dat politesch wichtegst a Syrien – ugefaang gëtt an datt d'international Press rëm an d'Land kéint kommen an esou weider. Mä dat si jo déi nächst Schrëtt vum “Annan Plang�?. Dat wichtegst ass, datt mir effektiv kënne feststellen, datt zanter 5 Auer de Moien d’Waffen op jidder Fall bis elo roueg sinn.
Roy Grotz: Et ginn also kloer Differenzen zu Libyen. Mä wat kënnt nom Assad? Muss een net och fäerten, datt rëm extrem reliéis Pouvoiren un d'Muecht kommen? Et gëtt och scho gesot, d’syresch Oppositioun kréich reprochéiert och Leit ze folteren. Gutt a Béis ass also schlecht nach ze ënnerscheeden.
Jean Asselborn: Jo, dat ass evident. Ech menge mir mussen oppassen an eisem Sproochgebrauch wa mir soen, extrem reliéis Parteien kommen un d'Muecht. Déi Parteien, déi un d'Muecht komm sinn an den afrikanesche Länner wéi zum Beispill an Tunesien an och an Egypten, déi si gewielt ginn. Do musse mir och vläicht net nëmmen an eisem Sproochgebrauch, mä och an eisem Kapp eis astellen, datt ee mat deene Parteien – déi do gewielt si ginn an déi immens vill gelidden hunn ënnert deene Regimë virdrun – ee mat deene muss een Dialog féieren an ëmmer erëm drop pochen, datt mir keng Conditioune stellen. Ausser eng, déi muss respektéiert ginn, dat ass d'Anhale vun der Charta vun de Vereente Natioune wat d'Mënscherechter ugeet. Wann déi agehalen ass, ass et un deene Parteien an un de Leit, déi Parteie wielen, fir ze kucke wéi si hiert Land wëllen dirigéieren an och op watfir enger Basis, datt sie et wëllen dirigéieren.
|