|
Jay Schiltz: Heiheem huet déi politesch Aktualitéit an der Ouschtervakanz am Ralenti gedréint. Am Ausland war an ass dat net de Fall. Säbelgerassel am Noen Osten an ee Gedicht, Syrien kënnt net zur Rou, Nordkorea experimentéiert mat Rakéiten, Wahlcampagne am Frankräich, nieft Eurokris an esou weider an esou fort. Fir iwwert all dat ze schwätzen ass wéi gesot de Lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier bei eis am Studio. Gudde Mëtteg Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Mëtteg Här Schiltz.
Jay Schiltz: Fänke mir vläicht mat deem un wouran Dir Iech och dës Woch agemëscht hutt, Här Asselborn, nämlech d'Polemik an Däitschland an an Israel iwwert ee Gedicht vum Günter Grass. Doranner hat de Literaturnobelpräistréier – ganz graff résuméiert – Israel als Gefor fir de Weltfridden duergestallt. Dat koum esouwuel an Däitschland wéi an Israel net gutt un. Den israeleschen Inneminister huet dem Günter Grass verbueden an Israel anzereesen. An engem Interview mam däitschen Noriichtemagazine Spiegel hutt Dir dunn de Günter Grass ënnerstëtzt. Firwat këmmert sech de Lëtzebuerger Ausseminister ëm ee Gedicht vun engem däitsche Schrëftsteller?
Jean Asselborn: Ech si gefrot ginn vum Spiegel fir, vläicht well ech versichen e wéineg Däitsch ze verstoen an och ze schwätzen an also och däitsch Politik ze kennen, fir vläicht als een net-Däitschen Stellung ze bezéien zu där Debatt. Ech menge fir d'alleréischt soen ze mussen, datt – Dir sidd vill méi bewandert an der däitscher Literatur elo wéi ech – mä datt de Günter Grass awer ee Monument ass vun der däitscher Literatur an datt déi Réaktiounen déi komm sinn – virun allem vun enger gewëssener Säit, der Springerpress – wierklech eppes war, wat ee ganz schlecht verdroen huet. Dee Mann ass wéi een Aussätzege vu verschiddenen Säiten no séngem Gedicht consideréiert ginn. Ech mengen dat ass och eppes wou een awer als Lëtzebuerger, deen nom Krich opgewuess ass, an dee wees, wéi wichteg datt de Günter Grass fir Däitschland a fir d'europäesch Unioun am Sënn vun enger konstruktiver Approche trotzdem ass, wou een do muss kënne séng Meenung soen.
Dat Zweet dat ass ganz kloer, datt a méngen Aen – ech hunn dat jo och gesot – hien net richteg un d'Problematik erugaangen ass. En huet dat vläicht provokativ gemaach, mä dat ass a méngen Aen net richteg. Et kann een net soen, datt Israel wëllt d'iranescht Vollek zerstéieren. Dat ass eng Approche, déi ech net kann deelen. Allerdéngs ass duerch dat Gedicht – vläicht nach vill méi, wéi wann ee Politiker dat gesot hätt oder Journalisten dat gesot hätten – op d'Gefor vun där Explosivitéit, déi am Noen Osten besteet, souwuel vu Säite vum Iran wéi och vu Säite vun Israel, vun de Palästinenser an déi ganz Gemengelage déi jo net stabil ass, drop higewise ginn. Als Aussepolitiker an der Europäescher Unioun hunn ech mir geduecht, datt et net falsch wier, wann ech do och kéint méng Meenung dozou soen.
Jay Schiltz: Ass dann net e bëssen hysteresch do, esouwuel an Israel wéi och an Däitschland reagéiert ginn? Israel verbitt dem Grass d'Arees. Ass et iwwerhaapt un der Politik sech iwwert Aussoe vu Kënschtler a Schrëftsteller an esou virun auszeloossen?
Jean Asselborn: Ech fannen, datt déi Réaktioun an Däitschland an an Israel immens vill mat innepolitesche Positiounen ze dinn hat. Ech wëll mech do net ze vill an déi Innepolitik vun Israel oder vun Däitschland amëschen. Mä ech wéilt drun erënneren, datt et zum Beispill jo an Däitschland ee Staat ginn ass, virun ‘89, deen och de Leit verbueden huet eranzekommen! Dat huet de Grass jo och gesot. Do deelen ech d’Meenung vum Avi Primor, dee jo ee ganz bekannten an och héich appréciéierten Ambassadeur an Däitschland vun Israel war, dee gesot huet, datt et grondfalsch ass, datt ee mat esou Methode engem Mann wéi dem Grass, an och der Iddi, déi hien expriméiert huet vun der Gefor vun engem Krich an där Regioun – och wa se falsch ugepak ass – net entgéinttrieden kann.
Jay Schiltz: Dat Gedicht stéisst eng wichteg Diskussioun un, sot Dir an deem Spiegel Interview. Wéi eng?
Jean Asselborn: Déi alleréischt Diskussioun ass natierlech, datt mir musse wëssen, datt d'Gefor vum Iran ausgeet, well den Iran Kontrollen vun der AIEA refuséiert, dat heescht vun där UNO-Agence, déi zoustänneg ass fir d’Ausschaffen vun Nuklearprogrammer ze kontrolléieren an déi zu Wien ugesiddelt ass. D’Gefor ass grouss, datt am Iran net fir zivil Zwecker geschafft gëtt, mä fir ebe militäresch Zwecker. Praktesch zanter dem Ufank vun dësem Jordausend ass versicht ginn, fir d'éischt vun deenen dräi europäeschen Ausseministeren Joschka Fischer, Jack Straw an Dominique de Villepin – also vun den Englänner, den Däitschen a vun de Fransousen – fir ze kucken mam Iran an eng Debatt eranzekommen fir kënnen eng politesch Léisung, eng diplomatesch Léisung fannen. Dat ass absolut gescheitert nodeems den Ahmadinedschad, den heitege President am Iran, am Joer 2005 un d'Rudder komm ass. Déi Approche, déi d'Europäesch Unioun huet, ass jo praktesch gedeelt vun deene 5 Vetomächte plus Däitschland – dat sinn déi 6 Länner déi de Lead hunn fir am Numm vun der internationaler Communautéit ze negociéieren. Déi Approche ass gebrach ginn. Sie war ëmmer opgebaut op eng duebel Approche. Dat eent, dat ass een Ugebuet. De Xavier Solana war dee Mann, deen fir d'Europäesch Unioun déi Zäit als Atomphysiker negociéiert huet. Hien huet dem Iran eng zivil nuklear energetesch Installatioun ugebueden, wat eigentlech déi modernst war, déi et déi Zäit ginn ass. Anerersäits dann eng politesch Kooperatioun, eng wirtschaftlech Kooperatioun ënnert enger eenzeger Konditioun, dat war, datt den Iran misst all Démarche déi den Iran mëcht, all Schrëtt vun der Uräicherung dee gemaach gëtt, ënnert d'Kontroll stelle vun der AIEA. Dat ass net geschitt. Dat muss ee wëssen. Dat, kombinéiert mat den Aussoe vum Ahmadinedschad, datt Israel ee Schandfleck ass an datt Israel misst verschwannen, da versteet en déi Onrou an et versteet een och déi Angscht, déi an Israel viirun allem vum israelesche Vollek verspiert gëtt. Dat däerf ee ménger Meenung no – wat jo eben de Günter Grass gemaach huet – net ëmdréinen.
Dat ass dat Eent.
Dat Zweet dat ass, ménger Meenung no, dee Status Quo tëscht Israel an de Palästinenser. Wann dee nach Joren weidergeet, an dono gesäit et aus, dann ass déi Explosivitéit – dat heescht Israel als sëchere Staat an donieft Palästina als kee Staat, als ee Staat deen an der Lut hänkt – a méngen Aen vill méi grouss, wéi déi, vun enger méiglecher Atombomm am Iran.
Dat Drët, dat ass, an dat muss d'Weltgemeinschaft wëssen an och mir hei zu Lëtzebuerg: et gëtt eng Nuklearwaff an engem Land vun där Regioun, dat ass an Israel. Déi gëtt et. Israel huet allerdéngs den Atomsperrvertrag net ënnerschriwwen. D’Nuklearwaff ass dohinner komm ouni iergendeng Kontroll vun der UNO. Bis elo ass dat komplett ouni Transparenz geschitt. A wann een all déi Elementer do matenaner mëscht, da mengen ech versteet een, datt déi Laag immens komplex ass. D'Gefor vun enger méiglecher militärescher Interventioun géint den Iran kéint wierklech destruktiv sinn – net nëmme fir d’Régioun, mä och fir déi wirtschaftlech Interêten, déi politesch Interêten vu villen Deeler vun der Welt.
Jay Schiltz: Mä ech maache mech elo vläicht e bësse den Avocat du diable hei: gëtt dann do net mat zweeërlee Mooss gemooss am Noen Osten? Mol ofgesi vun deenen Idiotien déi den Ahmadinedschad esou vu sech gëtt: den Iran soll dach just kënne kontrolléiert gi fir hier Atomenergie fir zivil Zwecker benotzen. An Israel setzt sech iwwert alles ewech?
Jean Asselborn: Jo, dat ass jo och dee grousse Problem dobäi.
Mir, d'westlech Welt, gi jo dovunner aus, datt Israel an där spezifescher Situatioun wou Israel ass, nom zweete Weltkrich opgebaut gouf. Ee gewëssene Moment waren d'Amerikaner, d'Englänner an d'Fransousen sech eens fir eben Israel – dee genaue Moment weess ee jo och net ganz genau, wéini datt dat fixéiert ginn ass – Atomwaffen zur Verfügung ze stellen, mee just fir d'Verdeedegung vun Israel. Dat ass ee Fait. Mä mir ginn dovunner aus an eiser Approche, datt dat just defensive Charakter huet.
Den Iran muss selbstverständlech kooperéiren mat der AIEA. D’Uräicherung geschitt zu Fordo. Dat ass an engem Bierg dee komplett ausgehielegt ass. No allen Informatiounen, déi ee kann hunn als ee vun den europäeschen Ausseminister, kënnen d’Iraner do wierklech op 20 Prozent Uräicherung kommen. Sinn 20 Prozent bis erreecht, dann ass et net méi all zevill schwéier fir ee Moment op 90 Prozent Uräicherung vum Uran ze kommen, an dann ebe kënnen eng Atomwaff ze bauen. Mä beim Iran kënnt eben dat dobäi, wat hire President jo permanent op der UNO vu sech gëtt: datt hien Israel wëllt zerstéieren! Déi Komplexitéit do, mat där musse mir eis ausenanersetzen an der westlecher Welt an et gëtt nëmmen ee Wee, dat ass eng diplomatesch Léisung ze fannen.
Dir wësst jo och, datt d'Welt réagéiert huet. A wann ech soen d'Welt, dann ass China a Russland dobäi. Duerch 3 Train’en vu Sanktiounen déi fixéiert gi sinn. Mir sinn an Europa praktesch, wat den Iran ugeet, bei engem Handelsboykott, also bei engem wirtschaftleche Boykott. Dovunner si mir net ganz wäit dovun ewech. A just dat ass och ménger Meenung no eng vun den Ursaache firwat datt haut zu Istanbul den Iran bereet ass fir eng drëtt Ronn vu Verhandlunge mat der Weltgemeinschaft nees unzefänken.
Jay Schiltz: Gutt, doriwwer schwätze mir e wéineg méi spéit. Bleiwe mir nach e bësse bei Israel. Israel denkt haart iwwert ee Präventivschlag géint den Iran no. Wat géif dat da bedeite fir d'Regioun a fir d'Welt, wa si elo wierklech géifen ugräifen?
Jean Asselborn: Ménger Meenung no Här Schiltz, kéim d'Welt do an eng Situatioun déi extrem negative Charakter hätt. Fir d’alleréischt: déi Arroganz vum Westen, d’Muecht déi de Westen huet fir militäresch zouzeschloen, déi géif net nëmme bei de Perser, mä och bei ganz villen arabesche Länner a bei der arabescher Populatioun eropkeimen an een Haass entwéckelen. Nu wësse mir jo, datt Perser an Araber wierklech, fir et mol galant auszedrécken, verschidden Interêten hunn. Grad wéi Sunniten a Schiiten och verschidden Interêten hunn. Mä dat géif ménger Meenung no ee Block vun der ganzer arabescher Welt géint déi westlech Welt erëm als Konsequenz hunn. Dat ass dat Éischt.
Dat Zweet – an ech schwätzen nach net vun de wirtschaftleche Konsequenze wat d'Energie ugeet zum Beispill. Mä dat Allerwichtegst ass, a méngen Aen: d'Konsequenz wier, datt joerelaang erëm Haass, Terror an Ontoleranz duerch d'ganz Welt propagéiert gëtt. Mir géifen alleguerten haart getraff ginn do dervunner, alleguerten! An ech mengen, d'21. Jorhonnert soll d’Jorhonnert ginn, wou mir et fäerdeg bréngen déi zwou grouss Zivilisatiounen, wann ech esou däerf soen – déi arabesch an déi westlech – beieneen musse bréngen. Dofir soen ech ëmmer, datt déi Allianz vun den Zivilisatiounen – eng Organisatioun wou eigentlech den Départ geholl ginn ass vun de Spuenier a vun den Türken, ënnert der UNO – muss virubruecht ginn. Wann esou eppes net géif geschéien, wier eng komplett Konfrontatioun tëscht deenen Zivilisatiounen d'Konsequenz. Ech mengen, datt mir an der Geschicht, am Ufank vun dësem Jordausend geléiert hunn, wat Präventivschléi – ech schwätzen net vun Erstschlag, well ech mengen do huet de Günter Grass och vläicht dat falscht Wuert benotzt a méngen Aen, mä vun engem Präventivschlag – wat déi fir Konsequenzen kënnen hunn. Dat wier net a 6 Wochen aus an un! An d'Konsequenze géifen net 6 Wochen daueren, mä 6 Joer a vläicht nach vill méi laang. Dat gesi mir jo aus anere Situatiounen eraus.
Jay Schiltz: Mä Dir hutt elo ee Wuert gebraucht, d'Arroganz vum Westen. Wéi muss dann déi arabesch Welt, ob elo Perser oder net oder just Araber, dat verstoen wann zum Beispill den israelesche Premier Netanjahu sech op Washington den OK fir de Präventivschlag huele geet an deen dann och do kritt?
Jean Asselborn: Do sinn ech mir net sécher, datt dat esou gelaf ass wéi verschidde Leit dat och an der Press interpretéieren a wéi et och vu verschiddenen diplomatesche Kreesser duerchgesickert ass. Fir esou ee Schlag ze maachen, dat ass jo e wéineg méi komplizéiert militäresch wéi deemools tëscht Israel an dem Irak, wou jo och eng Interventioun geschitt ass. Hei manifestement soen all Militärtechniker – deen ech net sinn! – datt d'Fligere missten opgefëllt ginn an der Luucht an datt een dofir zum Beispill amerikanesch Hëllef bräicht. Ech ka mir nëmme virstellen – och wann ech un dem President Obama seng Déklaratioun un de Chamenei denken, dat heescht de reliéise Féirer vun den Iraner, datt och vun amerikanescher Säit wierklech déi Hand déi jo schonn eng Kéier ausgestreckt ginn ass vum Obama 2008-2009, déi refuséiert ginn ass vun den Iraner, dat muss ee wëssen, erëm eng Kéier ausgestreckt gëtt. Den Obama seet, mir als Amerika hëllefen a si bereet fir alles ze maachen, datt Dir kënnt Iech développéieren am zivilen nukleare Secteur. Dofir sinn ech do net absolut der Meenung, déi ausgedréckt gëtt, datt de President Obama do een Accord ginn huet. Et gëtt vill spekuléiert an diplomatesche Kreesser, datt dee Schlag misst virun den amerikanesche Wahlen stattfannen, well dee Moment hätt den Obama d'Hänn gebonnen. Mä ech hoffen op jidder Fall, datt an Israel, wou et jo och genuch aaner Leit a ganz vill Politiker gëtt, déi vläicht elo net all an der Regierung sinn, mä déi awer Gewiicht hunn, virun dem Präventivschlag warnen. Wann een zum Beispill den ehemolege Chef hëllt vu Yad Vashem, dee réit ganz kloer dovunner oof, sou wéi och aner héich gestallten Diplomaten, déi soen "Loosst d'Fanger dovunner ewech". An Amerika, mengen ech, wou déi jiddesch Communautéit ganz staarken Afloss huet – virun allem a Länner an amerikanesche Staaten wéi zum Beispill Florida, wou si kënnen den Ausschlag ginn bei de Wahlen – fir deen een oder fir deen anere Republikaner oder fir Demokraten, gëtt deen Drock awer nach vill distilléiert. Vläicht duerch dat Gedicht vum Grass – wat jo vläicht fir vill Leit elo komplett dernieft louch, och an Europa an souguer soss an der Welt – musse mir eis alleguerte méi domatter beschäftegt, wat ee Präventivschlag als Konsequenz hätt, an datt een dofir alles muss maache fir mam Iran diplomatesch eens ze ginn an esou och Israel ze besänftegen, soudatt se dovunner sollen ofgesinn. Israel géif jo dee Moment militäresch intervenéieren am Iran. Spezialiste soen och, datt et absolut onméiglech ass fir militäresch esou chirurgesch anzegräifen, datt wierklech all Installatiounen zerstéiert wieren. Wann dat net de Fall wier, wier dat jo och dann eng Ursaach fir d'Iraner fir vill méi Energie nach dranzestiechen, fir weiderzefueren! Dofir ass deen diplomateschen Wee deen eenzeg richtegen. Dat musse mir maachen. Mir mussen dofir Gedold hunn, awer net higoen an op eemol d'Nerve verléieren an do intervenéieren. Do muss ee selbstverständlech och als Europäesch Unioun versichen – an ech hoffen, datt mir do wéi bis elo och gëeent bleiwen – den Israelien dat wierklech auszerieden.
Jay Schiltz: A geet dat wann Däitschland U-Booter an Israel liwwert, déi déi Waffe kënnen dohinner droen wou d'Atombomm vermut gëtt? Dat war jo den zweete Grond firwat de Günther Grass [gëtt ënnerbrach]
Jean Asselborn: Ech géif do wierklech all d’Länner dofir warnen, och d'Länner aus der Europäescher Unioun, datt sie sech musse bewosst sinn, datt wann ee Waffe liwwert an ee Land – do hu mir et als Lëtzebuerger jo vill méi einfach wéi anerer well mir keng Waffe produzéieren – an datt een a Gebidder, wou effektiv d'Potentialitéit vu Konflikter besteet, d’Situatioun nëmmen weider unzeheizt. Ech géif et net gutt fannen – wann ech dat däerf soen, ouni mech anzemëschen an d'däitsch Innepolitik – wann aus Europa géifen esou Waffen an Israel oder an een anert Land am Noen Osten géife verkaf ginn.
Jay Schiltz: Ee grousse Virworf vum Günter Grass oder dat huet en op mannst ausgedréckt, dat war Israel menacéiert de Weltfridden. Ass dat esou? Ass Israel eng Menace fir de Weltfridden?
Jean Asselborn: Ech gleef net, datt wann Israel géif militäresch agräifen, an dee Moment dat maache wat si jo geplangt hunn, nämlech fir d'Anlage vun den Iraner ze zerstéieren, datt dann déi direkt Konsequenz ee Weltkrich wier. Ech ka mir net virstellen, datt déi grouss Militärmächten op der Welt alleguerten dann unenaner géife goen, fir et mol op Lëtzebuergesch ze soen. Mä et brauch kee Weltkrich ze ginn, fir d'Uerdnung op dëser Welt, déi jo schonn vu Nervositéit geprägt ass – wann een och un d'Aarmut denkt, un den Honger an der Welt – an eng Spiral géif gedréint ginn, am Ufank vun dësem Jordausend, wat a méngen Aen komplett negativ Konsequenzen hätt. Och ouni Weltkrich wier et eng Katastrof a méngen Aen, wa géif militäresch intervenéiert ginn.
Jay Schiltz: Dir setzt op Diplomatie, vill gouf biswell awer net erreecht. Israel weist sech den Ament op mannst wéineg erpicht zum Beispill driwwer mat de Palästinenser nei Friddensverhandlungen anzegoen. Wat misst da geschéie fir dee Prozess op mannst mol an déi Richtung nees un d'Goen ze kréien?
Jean Asselborn: Do ass effektiv een totale Point mort! Dir wësst, dass Jordanien nach probéiert hat virun e puer Wochen eng Relance fäerdegzebréngen. Ech war selwer op der UNO am September an ech hunn d'Ried vum Abu Masen héieren an och vum Här Netanjahu. Do mierkt een, datt absolut kee Sputt do ass fir erëm un den Dësch ze kommen. Firwat? D'israelesch Regierung – ech soen elo net den israelesche Staat oder d'Vollek, mä dës israelesch Regierung – huet am Kapp fir hir Siedlungspolitik weiderzedreiwen. An dat seet een elo sou einfach: Siedlungspolitik, Atombomm, Krich! Mä Dir musst Iech virstellen: – mir zwee si jo vun der belscher Grenz – ech soen elo nëmmen ee Beispill, stellt Iech vir, d'Belsch géife lues a lues Terrain, deen hinnen net géif gehéieren accaparéieren, doropper Haiser bauen, een Drot ronderëmmer maachen a soen, dat do si mir elo! D'Israelien fuere weider wéi wann näischt wier, wéi wann d'Weltcommunautéit, Amerika an Europa näischt géif soen, wéi wann d'Quartett näischt géif soen géint der Extensioun vun hire Gebidder. Gebidder, ech soen et nach eng Kéier, déi hinnen manifestement net gehéieren. Wat geschitt elo? Eischtens mol: Palästina ass jo schonn an 3 Komponenten gespléckt. Et ass Ost-Jerusalem, et ass Gaza an et ass d'Westbank. Déi ganz Westbank, wat jo de grousse Korpus ass vun engem Palästinensesche Staat, gëtt esou zerstéckelt, datt iwwerhaapt herno kee Staat méi kann dorausser entstoen, reng physesch gesinn. An dat ass jo de Punkt: déi Siedlungspolitik ass net alleng de Fait, datt si Haiser bauen, mä déi Siedlugnspolitik ass ee permanente Prozess géint eng Zwoustaateléisung! A wann dee Prozess weidergefouert gëtt, ass et onméiglech fir d'Palästinenser fir erëm un den Dësch ze kommen. Dat schéngt mir evident ze sinn! Déi kënnen net. Déi géifen hiert Vollek esou widdert de Kapp stoussen, dat ass einfach onméiglech.
An dofir muss déi Politik net nëmme verbal condamnéiert ginn, vun deene Länner déi eng Influenz hunn. Dofir hunn ech dat jo och am Spiegel gesot: et gëtt zwee Länner, déi eng ganz grouss Responsabilitéit hunn an déi kéinten d'Kar ëmdréinen. Dat ass, selbstverständlech, Amerika, dat ass evident, an et ass an Europa Däitschland. Däitschland, mat eben der spezifescher däitscher Geschicht, kéinten Influenz hunn a carrément net nëmmen soen, datt déi Politik vun der Siedlung net gutt ass, mee wa si dat däitlech och géife mat Konsequenzen zum Beispill hannendrun opfëllen, da géife mir an der Europäescher Unioun alleguerten un engem Strang zéien! Da géife keng Länner wéi Holland oder anerer versichen sech hannert Däitschland ze verstoppen an sech zögerlech behuelen. Dann hätte mir eng gemeinsam Positioun an der Europäescher Unioun fir un engem Strang ze zéien. Mir géifen Israel kënnen zesumme mat Amerika virun hir Responsabilitéit setzen an hinne soen datt, wann dat dote weidergeet, datt dat ee klore Verstouss ass géint d'internationaalt Recht. Da misst Israel nämlech, esou wéi dat och mat anere Länner de Fall ass, Konsequenzen a Kaf huelen. An esou laang wéi dat net geschitt, dat gemeinsamt un engem Strang zéien, ka keen Drock opgebaut ginn. Dee kann net opgebaut ginn vun enger europäescher Unioun déi dividéiert ass. Ech hoffen, datt no de Wahlen an Amerika de President Obama déi Wahle gewënnt an datt wann hien déi Wahle gewonnen huet, datt dann de Moment komme muss fir sech do politesch vill méi staark z'engagéieren an net nëmmen ze soen "Är Siedlungspolitik déi Dir maacht, dat geet net". Mir hunn dat schon 20 mol an Déclaratioune vun den EU-Ausseministere gesoot, och um Conseil Européen, mä et geet riicht virun an dat muss a méngen Aen gestoppt ginn. Dat ass jo och fir déi, déi wierklech d'Interête vum Staat Israel vertrieden – ech schwätze mol eng Kéier vum Staat Israel, net vun der Regierung hei vun Israel, déi menger Meenung no eng kuerzsiichteg Politik mécht, mä vum Staat Israel. Israel kritt nëmme Rou, nëmme Sécherheet, nëmme Stabilitéit, wann och d'Palästinenser ee Staat hunn. An esou laang wéi dat net geschitt ass, hutt Dir wierklech eng Tensioun déi op jidde Fall vill méi de Weltfridden stéiert wéi eben ee Land wat eventuell eng Kéier eng Atombomm kritt, ouni dat elo ze verniedlechen. Mä hei geet et ëm de Fong vun der Saach.
Et därf och net sinn datt op eemol, sou wéi an Amerika am Kongress vun der konservativer Säit opeemol gesot gouf, d'Palästinenser hätten dach ee Staat, an dat ass Jordanien!! Loosse mir dat esou akzeptéieren, dann ass de Problem geléist – dat geet net. Dat därf net geschéien. D'Palästinenser hunn ee Recht – esou wéi dat op der UNO eng Kéier décidéiert ginn ass – op een Deel vun deem Gebitt, vun deem klasseschen historesche Palästina. Een Deel ass fir Israel, an dat anert Gebitt ass fir d'Araber, dat heescht fir d'Palästinenser.
Jay Schiltz: Dir musst mir dat elo nach eng Kéier erklären, firwat ausgerechent Däitschland op der Säit vun den USA?
Jean Asselborn: Well ech an all deene Joere gesinn hunn, wou ech elo och physesch dobäi sinn, datt sech eppes bewegt wann Däitschland de l'avant gaangen ass. Ech soen Iech ee Beispill: Däitschland huet an der grousser Koalitioun, wou de Steinmeier Ausseminister war, zu Berlin eng Konferenz aberuff, wou wirtschaftlech alles gemaach gouf fir Palästina opzebauen, ze motivéieren, ze hëllefen. Deemools ass ganz vill geschitt an der Westbank an och op anere Plazen a Palästina. Däitschland, a méngen Aen, huet eng Fonctioun, wann ech dat däerf soen ouni elo deenen eng Lektioun wëllen ze ginn, eng Fonctioun nom zweete Weltkrich, no der Shoah, fir fir d'Sécherheet vum israelesche Staat anzetrieden. A wann ech soe fir d'Sécherheet vum israelesche Staat anzestrieden, ass dat net eng Sëcherheet, déi bis zu den nächste Wahlen an Israel zielt. Et ass eng Sëcherheet déi durabel muss sinn an déi geet nëmme Wierklechkeet wann d'Zwoustaateléisung eng Kéier Realitéit gëtt. An der Europäescher Unioun kann alleng Däitschland déi 27 esou bewegen, datt jiddereen op enger Linn ass. Dat kann net Frankräich alleng maachen, dat kann net England alleng maachen, dofir brauche mir Däitschland. Esou laang wéi Däitschland an enger Roll ass wou Däitschland zéckt – an ech versti jo, firwat datt Däitschland zéckt, well si fäerten, datt wann eppes gemaach gëtt, wat elo géif géint Decisioune vun der israelescher Regierung goen, datt dat direkt als Antisemitismus bezeechent géif ginn – kënnt keng eenheetlech Positioun an der EU zustaan. Dat geet, ménger Meenung no, géint d'Interête vum israelesche Vollek a vum israelesche Staat.
Jay Schiltz: Gutt domatt si mir op der éischter Halschent vun dëser Emissioun riicht eraus ukomm. Här Asselborn no den Neiegkeete schwätze mir dann iwwert Syrien a virun allem weider och iwwert den Iran an d'Konferenz zu Istanbul, déi gëschter ugefaangen huet.
[Noriichteniwwerbléck]
An Invité an dëser Émissioun "Riicht eraus" bis eng Auer ass de lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier Jean Asselborn.
Nom Noost-Konflikt Israel/Iran, Israel/Palästinenser ass et scho verschiddentlech ugeklongen am éischten Deel, dëse Weekend lancéiert d’Weltgemeinschaft en neien Ulaf fir den Iran op diplomateschem Niveau nees dozou ze bréngen, sech am Atomsträit ze bewegen. Zu Istanbul an der Tierkei fänken déi Gespréicher un tëscht dem Iran an deene 5 Memberen aus dem UNO-Sécherheetsrot, déi e Vetorecht hunn, also d’USA, Russland, Frankräich, Groussbritannien a China, plus Däitschland.
Här Asselborn, ass dat elo déi lescht Chance de Konflikt em den iraneschen Atomprogramm diplomatesch ze léisen?
Jean Asselborn: 18 Méint laang ass näischt geschitt. An datt den Iran bereet ass fir erëm Gespréicher opzehuelen, ouni Konditiounen ze stellen, ass ménger Meenung no schonn e positive Punkt u sech. Et dierf een elo net erwaarden, datt muer de Problem geléist ass.
Et ass e Prozess, deen erëm ufänkt, an dofir gëtt et e puer Ursaachen. Déi éischt ass, datt deen Train vun deenen dräi Sanctiounen, déi jo mat Russland a mat China décidéiert gi sinn, mat Europa an Amerika, wéi och duerch aner Länner wéi Australien, Japan, a Südkorea, den Drock nach méi opgebaut huet. Mir si praktesch elo bei engem wirtschaftlechen Boykott ukomm. Wéi gesot, deen Train vu Sanctiounen ass déi éischt Ursaach.
D’iranesch Regierung ass an enger Situatioun, wou hir Währung dramatesch u Wärt verluer huet an deene leschte Wochen. Reng aus där Ursaach eraus, ménger Meenung no, huet den Ulass ginn fir nei ze verhandelen.
Dat zweet dat ass – an do muss een d’Nuance genee maachen vun de westleche Länner, wann ech emol esou dierf soen, an och vu China a vu Russland – et huet een net méi eng total Approche, datt ee seet, Uräicherung vum Uran am Iran muss ophéieren. Neen, et gëtt elo gesot, datt zu Fordo – dat ass dee Bierg wou d’Centrifugueuse sti fir unzeräicheren – d’Uräicherung misst gestoppt ginn, an datt keng Weiderféierung kéint gemaach gi vun der Uräicherung iwwer 20%. Zousätzlech muss déi Uräicherung, déi op 20% gemaach ginn ass, ënnert de Kontroll komme vun der AIEA.
Uräicherung bis 20%, an daat seet jo och den Iran selwer – du moins, wann en do d’Wourecht seet – ass fir d’Spidäler, fir Forschung.
Dir wësst och, datt de reliéise Féierer Chamenei gesot huet, datt eng Atombomm net compatibel wier mat deenen déi géifen un de Koran gleewen. Wann dat stëmmt, ass dat jo eng kloer Ausso. Déi muss natierlech bewise ginn, well d’Mësstraue wat existéiert baséiert dorop, datt während Joeren a Joeren ebe gefuerscht ginn ass am Iran ouni eben der Kontroll vun der AIEA, obschonn den Atomsperrvertrag ënnerschriwwe ginn ass vum Iran. Dir wësst jo, datt den Accès och elo prekär ass. Bon, dat ass also déi zweet Ursaach.
An déi drëtt Ursaach kéint och sinn, datt den Iran gesäit wat fir eng Évolutiounen datt an där Regioun amgaange sinn sech z’entwécklen. Den Iran riskéiert Syrien ze verléieren. Ech ka mir net virstellen, datt wa mir an engem Joer hei matenee schwätzen, datt d’Situatioun a Syrien nach ëmmer déi nämlecht ass. Den Iran kuckt natierlech och, an dat ass jo dee groussen Drang vum Iran als regional Muecht, fir dee Croissant chiite auszebauen, wat iwwert den Irak zum Beispill geet. Am Irak ass et kloer, datt do eng staark Dominanz herrscht an der irakescher Regierung, déi zëmools vum Premier ausgeet, fir eng staark Kooperatioun mam Iran zu hunn. Do gëtt et och eng Ausernanersetzung tëschent Shiaë vu persescher Säit, an Shiaë vun arabescher Säit.
Dat heescht, den Iran kann nëmmen eng Muecht sinn an där Regioun wann hien eigentlech déi Länner, déi ëm hien sinn – inklusiv d’Golfstaaten – d’Angscht geholl kréie virun engem Iran, dee just imperalistesche Charakter huet an deen och mat där Force dreet, déi hien wëllt opbauen.
Dofir gëtt et och vill Encouragementer vu Säiten vun de Golfstaaten a vun den arabesche Länner fir eben Europa – wat jo mat dem Javier Solana, an elo mam Cathy Ashton – déi Diskussiounen mam Iran erëm unzefänken. Dat schéngt mir also am Intérêt ze sinn vum Iran. Awer natierlech och am Intérêt vun der westlecher Welt, vun Europa, fir déi zwou Mécke mat engem Schlag ze kréien: fir ze kucken eng diplomatesch Léisung mam Iran ze fannen, an och ze verhënneren, datt et zu engem Militärschlag aus Israel op den Iran kënnt.
Jay Schiltz: Et sinn awer och net wéineg Observateuren oder kritesch Stëmmen, déi umierken, datt den Iran just elo zu Verhandlunge bereet ass fir Zäit ze gewannen, fir weider kënnen u sénger Bomm – wann e se dann iwwerhaapt huet – ze bastelen, an engem Präventivschlag vun Israel hier aus de Féiss ze goen. Wéi realistesch schätzt Dir déi Hypothese dann?
Jean Asselborn: Den Iran ass kee Land wat kéint eng rationell Crédibilitéit hunn an hirer Démarche. Well den Iran ass net just deen, deen do sëtzt. Et ass net den Achmadinedschad, an och net de Chamenei, deen do sëtzt, an eleng op de Knäppchen dréckt, an d’Positioun vum Iran widergëtt.
Et ware Wahlen am Iran. Et war ee schrecklecht Duercherneen do an et si méi Ausernanersetzungen op der konservativer, nationalistescher Säit ginn. Vill Tendenzen ginn op ee nationalistescht Zil hin. Vill Kräften am Iran wëllen, datt den Iran ka säin Nuklearpotenzial entwéckelen. Mä et ass net een Iran! Et ass net een, deen do d’Décisiounen ze huelen huet. Dat wësse mir, och a Punkto Zivilgesellschaft, wat do geschitt.
Ech wëll vläicht zum Iran nach eppes soen. Mir schwätzen ëmmer iwwer d’Nuklearwaff. Mee et gëtt eppes, wat am Iran nach vill méi negativer Natur ass. Den Iran ass e Land, wou d’Leit nach gestengegt ginn. Den Iran ass e Land, wou ëffentlech am meeschte Leit higeriicht ginn.
D’Mënscherechter gi baffouéiert. Dir wësst, datt déi gréng Oppositioun komplett zerstéckelt ginn ass. Alleguer déi Féierer sëtzen am Prisong oder sinn ausser Gefecht gesaat, aus hirer Siicht gesinn. D’Demokratie gëtt mat de Féiss getrueden an deem Land. Déi elementarst Mënscherechter gi mat de Féiss getrueden.
An de Problem ass, datt mir am Iran mat enger Regierungsclique ze dinn hunn, déi selbstverständlech dovu wëllen déviéieren an op déi nationalistesch Schinn setzen a soen, datt d’Iwwerliewenschance vum Iran just réaliséiert ka ginn, wa se hiert Nuklearpotenzial kënnen entwéckelen.
An dofir mengen ech, datt den Iran Ursaachen huet fir hei erëm eng Kéier e Spillchen ze maachen. Dat ass e Risiko.
Wann d’westlech Welt seet, “Dir dierft net iwwer 20% méi uräicheren, mä dir kënnt bis 20% uräicheren�?. Bon, dat kéint ee Kompromëss sinn, ënnert der Kontroll vun der AIEA. Et muss een einfach d’Positioun vertrieden, datt all Manipulatioune vun Uran-Uräicherung am Iran mussen ënnert d’Kontroll vu Wien gestallt ginn. Dat wier déi eenzeg Sécherheet déi een hätt fir datt och China a Russland, dovunner sinn ech iwwerzeegt, u Bord sinn. Déi wëllen och net, datt den Iran op de Wee geet vun der Entwécklung vun Nuklearwaffen. Déi Kooperatioun muss um internationale Plang och zesummehalen.
Dofir hate mir dacks an der Europäescher Unioun och e wéineg Sträit: soll ee méi wäit goe wéi d’Sanctiounë vun der UNO, oder soll ee sech dorunner hale fir eben déi 5 plus eent, plus Däitschland, zesummenzebehalen?
Jay Schiltz: Mä kann et net och sinn, datt den Iran iergendwéi probéiert vläicht och déi international Communautéit do e bësselchen iwwer de Leescht ze zéien?
Ech mengen, wann ee bedenkt, datt China zum Beispill ass bei deene Gespréicher mat dobäi. China gëlt awer als een Alliéierte vum Iran. China ass den zweetgréisste Konsument vu Pëtrol op der Welt, an den Iran ass e wëllege Liwwerant. 1/5 vun den iraneschen Uelegexporter ginn a China. Doriwwer eraus dierft Peking och politesch Ziler am Noen Osten verfollegen, déi vläicht anerer si wéi déi vun den USA, vun Europa. Spillt den Iran domat vläicht dann och op deem Niveau?
Jean Asselborn: Dir hutt elo vu China geschwat. Ech mengen, méi no bei eis ass et interessant wat an der Entwécklung mat der Türkei geschitt.
Dir wësst, datt d’Türkei 20% vun den Importer vum Pëtrol reduzéiert huet. Dir wësst och datt Brasilien an d’Türkei eng Alternativ proposéiert haten, zu deem carrément Njet gesoot ginn ass vun de 5+1, virun allem awer vun den europäesche Staaten mat Amerika, virun zwee Joer.
Ech géif mengen, datt et wierklech héich interessant wäert ginn, wéi d’Relatioun elo tëscht der Türkei an dem Iran évoluéiert. Den tierkesche Premierminister war am Iran. Dat war net méi dee Jubel, dee bestanen huet wéi de President vun der Türkei virun engem gudde Joer am Iran war! D’Relatiounë sinn ofgekilt duerch di ganz verschidden Positiounen iwwert Syrien, tëscht dem Iran an der Türkei, déi jo do total divergéieren.
An ech mengen hei – bei aller Viirsicht déi ee muss hunn zu der aktueller türkescher Aussepolitik – kann iewer d’Türkei eng fudamental wichteg Roll spillen. Ech hoffen och, datt dat de Fall ass.
D’Chinesen hunn och versicht fir hier Importer ze reduzéieren, fir d’Ofhängegkeet vun hiren Energieprodukter vum Iran ze reduzéieren. Och China huet keen Intérêt drun, datt zousäzlech Staaten Atomwaffe besëtzen an där Regioun.
A la fin du compte, schaffen d’Russen – och wann hir Relatiounen anerer si wéi déi vun Europa oder vun Amerika mam Iran – iewer trotzdem do an eng Richtung. Dovunner hänkt et herno of: wann den Drock op den Iran vun deene 5 plus Däitschland, wann deen oprecht erhale bleift, a wann och d’Türkei motivéiert bleift an net vun der internationaler Kommunautéit widder de Kapp gestouss gëtt – ech soen dat elo emol provokativ – da mengen ech, kann do eng ganz interessant Évolutioun zustane kommen, wou den Iran gesäit, datt déi absolut “No-Problem-Relatioun�? tëscht hinnen an der Türkei net méi wäert bestoen.
Jay Schiltz: A wann dat net geschitt? Wat geschitt dann do ënnen am Noen Osten? Oprüsten em all Präis?
Jean Asselborn: Also, iert mir vum Oprüste schwätzen: mir hu jo elo vun engem Faktor nach net geschwat, dat ass vu Syrien.
Jay Schiltz: Do wollt ech direkt elo hikommen. Dir hutt quasi den Iwwergang scho gemaach, mat der Türkei.
Jean Asselborn: Ech géif mengen, Här Schiltz, datt kee vun deene Länner an enger Situatioun ass, wou se sech kënnen ekonomesch, awer och politesch erlaben, just op oprüsten ze setzen.
Mir haten an der Tierkei laang eng Situatioun, wou d’Tierkei gesot huet: "Mir hunn eng Zero-Problem-Politik" mat alleguer eisen Noperen. Déi Politik ass ugeknabbert ginn de Moment, esouwuel mat Israel zënter der Geschicht vun der Gaza-Flotille, wéi och mat Syrien, och mam Iran, wéi och mam Irak. Dofir muss ee gesinn, datt mir an där Regioun do nëmmen ee Moyen hunn, an dat muss een ëmmer erëm priedegen aus eiser Siicht, datt et nëmmen eng politesch, eng diplomatesch Solutioun gëtt, a keng militäresch.
Jay Schiltz: Mä ass d’Tierkei amgaange sech als nei Féierungsmuecht am Noen Osten ze profiléieren? Europa an d’USA hu sech jo, op d’mannst wat dee Syrien-Konflikt emol ubelaangt, geflëssentlech bis elo erausgehalen.
Jean Asselborn: Ech géif net mengen, datt dat Wuert richteg ass, erausgehalen, fir Europa. Europa huet ganz séier dat gemaach, wat et konnt maachen. Do muss ech och e Wuert soen, wat den Ënnerscheed tëscht Libyen a Syrien ugeet.
Éischtens emol – an dat hunn all déi Leit och nach eng Kéier verdäitlecht kritt, déi op deenen zwou Konferenzen dobäi waren, esouwuel an Tunesien wéi och zu Istanbul, wou d’Frënn vum syreschen Vollék zesumme waren – gëtt et a Syrien par rapport zu Libyen eng strukturéiert Arméi. Do si bis ewell zwee Generäl eriwwer gelaf an e puer Kapitänen. Mä d’Arméi steet weiderhinn loyal zum Regime, zum Assad. Dat war jo a Libyen komplett net de Fall war. A Libyen gouf et keng strukturéiert Arméi sur place, dofir hat de Gaddafi selwer gesuergt.
Dat zweet ass, datt d’international Communautéit am Fall Libyen, op Demande hi vun der Ligue arabe, eng No-Fly-Zone imposéiert huet. Dofir ass am UNO-Weltsëcherheetsroot eng Résolutioun zustane komm, wou verschidde Länner sech abstinéiert hunn, mä wou keen dogéint gestëmmt huet. An dat war jo d’Mandat fir effektiv och ze versichen, net de Regime un d’Falen ze kréien, mä fir Libyen op eng aner Schinn ze bréngen.
Dat drëtt ass: a Libyen hat Dir eng strukturéiert, eenheetlech Oppositioun, souwuel am Land selwer wéi och ausserhalb vum Land. Wann Dir a Syrien kuckt, ass d’Oppositioun zerstéckelt. Wien ass dat richteg? Wéi kann een déi identifizéieren? Dat ass extrem schwiereg. Et gëtt Salafisten, et gëtt Muslim Brotherhood, et gëtt séculaire Oppositioun.
Ech mengen datt den Annan Plang Syrien dozou misst bréngen, datt d’Syrier, d’Asyrier, d’Chrëschten, d’Rusen, d’Alaouiten, alleguer déi Minoritéiten sech kënnen zesummesetzen an iwwer d’Zukunft vu Syrien nodenken. Ech hoffen, datt et esouwäit kënnt. Mä am Fall Syrien sinn ech formell, do kann een mat militärescher Gewalt de Problem léisen.
D’Tierkei huet eng Roll, déi net einfach ze définéieren ass. D’Tierkei huet eng riseg grouss Grenz mat Syrien. Sie huet och dausende vu Flüchtlingen op hirem Territoire, déi se och immens gutt behandelt a medezinesch verfleegt. D’Tierkei ass also extrem direkt concernéiert.
D’Türkei huet ni matgemaach bei deene Länner an der arabescher Ligue, ugefouert vu Saudi-Arabien, déi wollte militäresch intervenéieren. D’Tierken hunn dat ni haart gesot, mä natierlech doduerch, datt si gesot hunn, mir musse Waffen un d’Oppositioun liwweren, hu se et indirekt trotzdem gemaach. Dat ass Gott sei Dank net verfollegt ginn, op jiddwerfalls net an enger offizieller Form, an enger direkter Form. D’Türkei huet do an der Mëtt agéiert.
D’Türkei freet jo elo, datt e Corridor humanitaire soll opgebaut ginn, an dat versteet een och.
An ech hoffen elo, datt an e puer Stonnen, um 5 Auer eiser Zäit, wann de Conseil de sécurité zu New York zesummekënnt, datt dann déi Resolutioun, déi virbereet ginn ass op Basis vum Annan Plang, gestëmmt gëtt soudatt éischt Observateurë kënnen a Syrien eragoen. Et gëtt jo elo emol ugefaangen, ënnert der Leedung vum General Mood – een Norweger, deen déi Regioun ganz gutt kennt an dee scho vläicht haut oder muer sur place ass – mat den éischten 30 Observateurë an d’Land eranzegoen. Sie solle sech iwwerall kënnen déplacéieren. Déi Missioun soll dann an enger zweeter Phase opgestockt ginn mat e puer honnert Leit: Déi kéinten dann, sou wéi den Annan Plang dat freet, op dem ganzen Territoire vu Syrien observéieren ob d’Wafferou agehale gëtt.
Ech hoffen och, datt humanitär Hëllef kënnt. Dausende Leit brauche Medikamenter a Syrien.
An ech hoffen, datt eng Méiglechkeet a Syrien entsteet fir eng Réconciliatioun ze starten an dass d’Vollék erëm zesummen diskutéiert, datt d’Press erëm Accès kritt, d’Prisonnéier liberéiert ginn. Alles dat ass e Prozess, deen elo eventuell kéint stattfannen, och op Grond vun där Resolutioun, déi dann den Owend mat grousser Wahrscheinlechkeet gestèëmmt gëtt. Och d’Russen hu nach dru gefeilt fir ëmmer erëm aus hirer Siicht de Regime an d’Oppositioun a Syrien op een Niveau ze setzen. Bon, dat soll een elo net méi commentéieren.
Ech mengen et wier schlecht wann een elo erëm direkt géif eng Diskussioun féieren, ob den Assad kéint bleiwen oder net. Dat ass ménger Meenung no net déi kapital Fro. Déi kapital Fro ass elo, ob een et fäerdeg bréngt a Syrien fir humanitär ze hëllefen, a fir natierlech d’Waffe rouen ze hunn.
Jay Schiltz: Gutt, d’Zäit leeft eis fort Här Ausseminister, dofir musse vläicht Nordkorea ewechloossen, dat geet net méi duer. Den nächste Weekend, an dat ass net onwiesentlech fir eis och, ginn d’Fransouse wielen. Et ass den éischten Tour vun de Présidentiellen. Net wéineg erhoffe sech, och baussent Frankräich, datt den Nicolas Sarkozy ofgeléist gëtt. Dir och Här Asselborn?
Jean Asselborn: Ech si lëtzebuerger Ausseminister. Ech muss mech e wéineg, oder vill esouguer, zeréckhalen, well ee jo nie als Regierungsmember wëllt interferéieren an d’Politik vun engem aaneren, virun allem och vun engem grousse, Land. Dat ass evident [gëtt ënnerbrach]
Jay Schiltz: Dat huet d’Frau Merkel awer net esou gesinn.
Jean Asselborn: Jo. Wann ech ee Moment ka vergiessen, datt ech hei Ausseminister sinn, a méng perséinlech Meenung ka soen: et ass ee jo nie eng Persoun wann een Ausseminister ass, et ass een et 24 Stonnen op 24.
Elo emol aus ménger perséinlecher Siicht gesinn. Ech géif et eng Wohltat fannen fir Europa – ech schwätzen elo net lénks oder riets, dat ass net méng Haaptsuerg, och net als Sozialist – mä ech géif et eng Wohltat fannen fir Europa, wa mir erëm géifen e President a Frankräich hu wéi ënnert dem Mitterand, oder och ënnert dem Jacques Chirac. Een, deen europäesch Reflexer huet. Een, deen Europa net als eng Maschinerie gesäit fir sech selwer ze profiléieren, a fir nëmmen national Intérêten duerchzesetzen, mä een deen zeréckkéim op d’Method vum Jean Monnet – dat war jo och e Fransous – dat heescht op déi gemeinschaftlech Methode, soudatt een an Europa erëm manner Theater hätt
Soudatt een erëm méi géif wëssen, datt Europa méi ass wéi eng zwëschestaatlech Organisatioun, datt mir dat integréiert Europa brauchen. Dat integréiert Europa heescht, datt jiddwereen ëm den Dësch déi nämlech Rechter huet, déi nämlecht Flichten huet, an datt och eng gewësse Solidaritéit muss kënne bestoen ënnert alle Länner. Dat ass Europa wéi et nom Krich, am Traité vu Roum, définéiert ginn ass.
Ech muss Iech soen, datt dee franséischen Apport an där leschter Zäit, och nom Akraafttriede vu Lissabon, carrément an eng aner Richtung gaangen ass. Ech géif mengen, datt an Däitschland, och vu Säite vun der Madame Merkel, trotzdem de Reflex nach do ass, datt zum Beispill an Europa d’Kommissioun och e wéineg zielt, a wann ech soen e wéineg, ass dat natierlech ënnerdriwwen. Mä datt d’Kommissioun zielt, datt een Europa an der Breet muss gesinn, an net nëmmen an der Spëtzt, an datt net alles an deem Conseil européen an Europa ze décidéieren ass, mä datt e Conseil gëtt, datt et en europäescht Parlament gëtt, datt et och e Geriichtshaff gëtt!
Dofir géif ech mengen, datt et eng Wohltat wier, wann ech dat esou dierf soen, wann de President géif erëm e Mënsch ginn, deen déi Reflexer hätt.
Perséinlech hunn ech mam François Hollande Kontakt zënter 1997, wou ech Parteipresident gi sinn. Déi Zäit ass dee Kontakt gebild ginn. Ech verstoppen och net, datt ech iwwer SMS Kontakt mat him hunn, an all déi Zäit och gehat hunn. Dat ass, mengen ech, eppes, wou ech mech net zevill hei elo wëll ausdrécken. Mä am Intérêt vun Europa, och am Intérêt vu Lëtzebuerg wier et net schlecht, wann déi Sondagen, déi jo elo um Dësch leien, wann déi géife stëmmen.
Jay Schiltz: Dir hutt elo ganz elegant eng Lanz fir de François Hollande gebrach. Wéi realistesch schätzt Dir da séng Chancen an, den nächste President vu Frankräich ze sinn?
Jean Asselborn: Ech mengen, d’Strategie vum François Hollande ass jo déi, datt hie seet, den éischten Tour ass dee wichtegsten. Wann ech do viirleien, dann ass et doutsécher.
Mir wëssen, datt op der Gauche de Mélenchon net onstaark ass par rapport zu der Droite. Et kéint och de "Report de voix" op der Gauche méi fonctionnéiere wéi elo op der rietser Säit, wou dat jo mat Le Pen an och François Bayroux – wann ech déi dierf an een Dëppe geheien – awer méi schwéier ass, op jiddwerfalls wat de Report de voix ugeet an wou vläicht d’Situatioun e wéineg méi komplex gëtt.
Ech géif zwar och mengen, datt wann den Ënnerscheed 1%, 2% wier am éischten Tour, datt am zweeten Tour effektiv den Hollande nach eng Chance hätt. Esou wéi et jo elo ausgesäit en 4 Sondagen déi gëschter publizéiert gi sinn, dovunner sinn der dräi déi ganz kloer de François Hollande och am éischten Tour virgesinn. Kloer ass, dass et een Ënnerscheed vun 1%, 2% gëtt, an datt déi 4 Instituts de sondages am zweeten Tour eng kloer Majoritéit iewer do gesi fir de François Hollande.
Ech mengen, nach eng Kéier, wann een als Lëtzebuerger hei virun Äerem Mikro sëtzt, gëtt et dat Politescht, an et gëtt och dat Parteipolitescht. Ech mengen et ass keen Déshonneur, datt ee Positioun bezitt fir séng Famill.
An ech mengen och, datt et wichteg wier, datt mir géife vun deem Europa vum Sanctionéieren a vun deem Europa vum Reguléieren e wéineg ewech kommen. Mir missten och un dat denke, wat jo awer vill Mënschen op der Strooss, och hei zu Lëtzebuerg, vun Europa erwaarden, nämlech datt een et fäerdegbréngt erëm dee Fléau ze bekämpfen, mat deem mir jo an alle Länner ganz staark geplot sinn, nämlech d’Aarbechtslosegkeet. Do musse Programmer opgebaut ginn an Europa, fir de Wuesstem unzekuerbelen, an net nëmme just reng dat rigouröst budgetärt alleng am Kapp hunn. Dat ass noutwenneg. Ech soen net, datt budgetär Rigueur net noutwenneg ass! Mä dat alleng dierf net priméieren. Et wier eng Chance mat engem François Hollande do vill méi staark Akzenter kënnen ze setzen.
Jay Schiltz: Mir sinn esou gutt wéi um Enn vun dëser Émissioun. Här Asselborn, nach eng allerlescht Fro. En Dënschdeg ass den UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon op Visite hei zu Lëtzebuerg. Geet et bei där Visite ëm de Sëtz vu Lëtzebuerg am UNO-Sécherheetsrot, a firwat soll Lëtzebuerg dee Sëtz iwwerhaapt kréien?
Jean Asselborn: Dat do sinn elo zwou komplizéiert Froen. Déi eng ass awer einfach ze beäntweren. De Generalsekretär vun der UNO äussert sech ni iwwer d’Kandidaturen déi virleiën am Sécherheetsrot.
Dat zweet, ech mengen, do huele mir eis eng Kéier Zäit fir dat méi am Détail ze beschwätzen. Ech soe just, datt Lëtzebuerg eent vun deenen dräi oder véier Länner ass, déi d’UNO mat gegrënnt hunn an déi trotzdem nach nie am Sécherheetsrot waren. D’Belsch, d’Hollänner ware scho 5 Mol dran. Mir hunn awer ëmmerhin 11 Présidencë vun der Europäescher Unioun zimlech gutt – wann ech esou dierf soen, ouni eis elo zevill ze luewen – mä zimlech gutt hannert eis bruecht. A mir géingen et parfaitement fäerdegbréngen och déi zwee Joer am Sécherheetsrot eise Match ze maachen.
Ech mengen, déi Campagne, déi d’Regierung jo 2001 lancéiert huet, an déi mir no eiser Présidence 2005 richteg ugekuerbelt hunn mat deene Moyen’en déi mir och deemools zur Verfügung haten, och um perséinleche Plang, deet Lëtzebuerg net wéi, bien au contraire, déi hëlleft Lëtzebuerg.
Et ass net einfach e Kontinent ze schloe wéi Australien, oder e Ldn wéi Finnland wat jo och schonn zwee, dräi Mol am Sécherheetsrot war a wat ee Land ass vun enger grousser internationaler Réputatioun. Mä ech géif iewer eis Chancen absolut net schlecht aschätzen. Mir sinn appréciéiert a groussen Deeler vun der Welt, op ville Kontinenten – vläicht net an Australien, do kréie mir keng Stëmm – mä op villen anere Kontinente kréie mir Stëmmen.
Bon, dee Vote ass den 18. Oktober. Bis dohinner ass nach vill Aarbecht ze maachen. Ech versichen do mäi Bescht ze ginn, an da wäerte mir à la fin du compte kucke wou mir stinn. Also, d’Luuchte ginn natierlech net aus am Conseil de sécurité wa mir net gewielt géife ginn! An hei zu Lëtzebuerg hu mir och net all Problemer geléist, wa mir am Conseil de sécurité sinn. Ech weess dat alles. Ech weess och, datt et verschidde Leit gëtt, déi e wéineg skeptesch dorop réagéieren. Mä mir sollen dat mat Déterminatioun maachen, an dann akzeptéiere wéi de Vote ausfällt. Ech mengen net, datt Lëtzebuerg sech an deem Vote do blaméiere wäert.
Jay Schiltz: Gutt, dat wier et da gewiescht fir dës Émissioun "Riicht eraus". Mir sinn um Enn ukomm. Merci dem lëtzebuerger Ausseminister a Vize-Premier Jean Asselborn, datt Dir haut de Mëtteg Zäit hat fir bei eis an de Studio ze kommen.
Jean Asselborn: Merci.
|