|
Umoderatioun: De franséischen an den däitschen Inneminister wëllen, datt all EU-Memberland an Ausnamefäll décidéiere ka fir séng Grenze kontrolléieren ze kënnen, an dat verstéisst komplett géint de Schengenaccord.
D’Lynn Gaspar huet beim Ausseminister Jean Asselborn nogefrot, wat hie vun deem Schreiwes hält.
Lynn Gaspar: Den Donneschdeg sollen d’EU-Inneminister um JAI-Conseil hei zu Lëtzebuerg iwwer déi Propose diskutéieren. Den Ausseminister hofft staark, datt dat Schreiwes esou net duerchkënnt.
Jean Asselborn: Wat awer elo immens verwonnerlech ass, dat ass, datt Däitschland praktesch soll – wann den Här Inneminister an Däitschland elo fir déi ganz Regierung schwätzt an Däitschland, wou ech, ech soen dat elo perséinlech, méng Bedenken hunn – da wier Däitschland och elo op eemol op d’Linn vum Här Sarkozy gefall. An et gëtt dann elo gefuerdert, datt een eng large Formulatioun mécht, zum Beispill och fir wann ee Staat mengt e misst d’Flüchtlingspolitik andämmen, datt en da séng Grenze kann zoumaachen.
Lynn Gaspar: Den Ament gesäit de Schengevertrag schonn a ganz spezifesche Fäll eng Fermeture vun de Grenze vir.
Jean Asselborn: Wann den Ordre publique oder d’Sécurité intérieure – dat sinn zwou ganz bekannten, juristesch Notiounen – a Gefor sinn, da kann ee Staat national handelen, a séng Grenzen zoumaachen.
Lynn Gaspar: D'Zoumaache vun de Grenzen an Däitschland, an a Frankräich hätt dem Jean Asselborn no och ganz schlëmm Konsequenzen.
Jean Asselborn: Fir d’Touristen, fir d’Grenzgänger, mä och fir déi ganz Wirtschaft!! Do géife mir effektiv Joerzéngten zeréckgoen. Ech mengen, datt ee muss verstänneg bleiwen. Et muss ee Schengen considéréieren; och wann et ëm eng aussergewéinlech Moossnam geet, muss een Schengen ëmmer am Kader vun den europäesche Spillregelen gesinn, an net vun den nationale Spillregelen.
Lynn Gaspar: Et fällt dem Ausseminister och ganz schwéier fir bei deem Virgoen net och een Zesummenhang mat de Wahlen a Frankräich ze fannen. Hie mengt, et géing vun däitscher Säit probéiert ginn ze hëllefen, datt de Camp vum Nicolas Sarkozy Stëmme kritt vum Camp vun der Marine Le Pen.
Jean Asselborn: Ech hoffen do gëtt et genuch Bremsen, fir datt effektiv näischt un d’Substanz kënnt vu Schengen. A wann do de François Hollande wënnt, kann ech Iech wierklech mat enger grousser Garantie soen, da geet et esou wéi et gaangen ass an Dänemark, datt do och déi nei Regierung déi Debatt ganz séier wäert zu Enn bréngen.
|