Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet de la présidence de l'Eurogroupe

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la présidence de l'Eurogroupe
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 23-04-2012

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Och d’Europäesch Unioun waart ongedëlleg op den zweeten Tour vun de Présidentiellen a Frankraich. Mam Ausgang vun deene Wahlen sinn nämlech Personalfroen verbonnen. Wien kënnt an den Directoire vun der Europäescher Zentralbank? Den Yves Mersch as jo een, wann net deen Favorit. A wien gëtt Successeur vum Jean-Claude Juncker als Chef vum Eurogroupe? Hällt de Staatsminister dann secher, an égal wéi op deem Posten op, dat wollt de Frank Kuffer vun em wëssen.

Jean-Claude Juncker: Ech bleiwen net gär President vum Eurogroup.

Frank Kuffer: Dat as elo net d’Äntwert, op der et op kee Fall bleiwt.

Jean-Claude Juncker: Meng fest Absicht as et, fir et net ze bleiwen, well ech dat einfach, wéi ech schon e puer Mol erklärt hunn, net méi op eng Linn kréien, déi duebel Aarbecht Premierminister zu Lëtzebuerg – dofir sinn ech jo awer gewielt – an President vum Eurogroup. Dat huet mat der Arbecht vum Premier zu Lëtzebuerg eppes ze dinn. Mee ech hu meng Mëllech ginn.

Frank Kuffer: A wann all déi aaner soen dir wiert awer deen Eenzegen a Beschten?

Jean-Claude Juncker: Dat hunn se bis elo an där Daitlechkeet nach net gesot. An ech ginn och net dovun aus dass se dat an där Daitlechkeet wärte soen.

Frank Kuffer: Dat as keen définitiven Nee, dat do.

Jean-Claude Juncker: Ma dach. Ech hu gesot wat meng Absicht as, a meng Absicht as, fir net nach eng Keier 2,5 Joer President vum Eurogroup ze sinn. Ech packen dat einfach net. Et as esou einfach ewéi dat. Ech si jo e Supermann wéi all Mensch weess… [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: An nemme President vum Eurogroup?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat kënnt iwwerhaapt net a Fro. Wann den Europäesche Conseil géif décidéieren – wat ech viergeschloen hunn, mee et gesait net dono aus – dass d’Presidentschaft vum Eurogroupe misst am Fulltime Job gemach ginn – haaptamtlech, wéi mer zu Lëtzebuerg soen – da stinn ech dofir net zur Verfügung. Ech sinn déi leschte Keier, 2009, mat an d’Wahlen gaang fir Staatsminister zu Lëtzebuerg ze ginn an ech fille mech net frai fir eng aaner Décisioun ze huelen. Ech hunn 2004 oofgeleen fir President vun der Commissioun ze ginn, obschon wierklech all Mensch et gefrot huet, well ech de Lëtzebuerger versprach hat, wann ech géif gewielt ginn, géif ech hei bleiwen. An dat as och des Keier esou. Ech bleiwe gär Staatsminister.

Frank Kuffer: De Jean-Claude Juncker as der Meenung dass déi Décisiounen och elo direkt a virum 2. Tour vun de Présidentiellen a Frankraich hätte misste geholl ginn, mengt awer net, dass dat wärt de Fall sinn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact