Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet du programme d'ajustement budgétaire du gouvernement

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet du programme d'ajustement budgétaire du gouvernement
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 23-04-2012

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Iwwerall an Europa gëtt iwwer spuere geschwat. Bei eis gëtt de Rimm och méi enk gezunn, wou a wéi, dat gi mir Enn der Woch gewuer. De Frank Kuffer huet de Moie mam Staatsminister, ouni elo Detailer gewuer ze ginn, iwwer de Spuerpak geschwat.

Frank Kuffer: Jo, wéi gesot, ginn et nach keng Präzisiounen iwwer Steieren déi erop-, oder Dépensen déi erofginn, an och net iwwer Investitiounen déi gekierzt ginn. De Jean-Claude Juncker ass awer optimistesch.

Jean-Claude Juncker: Also, ech gi fest dovun aus, datt mir déi Spuermoossnamen, déi mir mussen huelen, och um Niveau vun der Regierung décidéiert kréien, mir striewe jo keng Austeritéitspolitik un. Och RTL, meng Lieblingsradiostatioun, seet jo pausenlos, et géif em Austeritéitsmoosname goen. Neen, et geet em Ajustementsmoossnamen.

Frank Kuffer: Wou ass den Ënnerscheed?

Jean-Claude Juncker: Austeritéit ass net punktuell, Austeritéit ass generell. Mir mussen déi Spuermoossnamen, déi ech Ajustementsmoossnamen nennen, esou verdeelen, datt déi Schwaach net méi getraff gi wéi déi aner. Dee Saz, datt breet Schëllere musse méi droen, dee bleift richteg. Also op Lëtzebuerg kënnt keng Austeritéitspolitik zou, mä eng Ajustementspolitik, déi mir musse maachen, fir datt mir de finanziellen Zuch vu Lëtzebuerg op deem richtege Gleis behalen.

Frank Kuffer: A wat den Timing ugeet, bleift et dobäi, Enn der Woch ginn et éischt Detailer?

Jean-Claude Juncker: Esou wäit wéi ech mam Minister Frieden geschwat hunn, huet hien d’Absicht e Freideg de Mëtteg der Chamber déi éischt grouss Linne vun deem Austeritéitsprogramm, wéi Dir en nennt, a vun deem Ajustementsprogramm, wéi ech e wëll genannt gesinn, virzestellen, well mir mussen eise Stabilitéitsprogramm virum Enn vum Mount op Bréissel schécken. A fir mech ass et eigentlech net denkbar, datt mir fir d’éischt der europäescher Kommissioun eis Virstellungen iwwermëttelen, an der Chamber méi spéit. D’Chamber geet vir, eis Politik gëtt hei zu Lëtzebuerg décidéiert.

Frank Kuffer: Ob d’Chamber d’Meenung vun der Regierung deelt, an d’Ajustementspolitik esou stëmmt, wéi de Finanzminister se e Freideg an der Chamber presentéiert, dat gesi mir dann an den nächste Méint.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact