|
Michel Delage: Nom Putsch Enn Mäerz schéngt sech déi politesch Situatioun am Mali ze berouegen, op mannst wat den Zentralstaat betrëfft. De Moment leet en Interimspresident d'Geschécker vum Land. Den Norden vum Mali läit awer ënnert der Kontroll vun Tuareg Rebellen an Islamisten. Dem Jean Asselborn no, wiren sech d'EU-Ausseministeren eens.
Jean Asselborn (O-Toun): Mir condamnéieren alles wat géif an eng Divisioun vum Land endegen. Mir hunn och decidéiert, datt mir an den Niger – Niger ass och e Partnerland vun eis a vun der europäescher Unioun – eng zivil Missioun schécken. Dat ass eng zivil Missioun, virun allem Polizisten, déi dann op der Grenz tëschent dem Niger an dem Mali aktiv ginn. Et sinn e puer Dosend Observateuren a Formateuren déi dohinner kommen.
Michel Delage: Am Myanmar, dem fréiere Birma géif sech eng positiv Entwécklung vollzéien, och wann se net perfekt wir, sou de lëtzebuerger Ausseminister. All d’Sanctioune – bis op ee Waffenembargo – goufen zwar ëm 1 Joer verlängert, mä d’Applizéierung gëtt op Äis geluecht. Viru kurzem gouf et bei parzielle Wahlen e grousse Succès vun der Oppositioun ëm där hir Leaderin Aung San Suu Kyi de politsche Konflikt mat der Militärdiktatur ass awer net geregelt.
Jean Asselborn (O-Toun): D'Madame Aung San Suu Kyi an hir Leit refuséieren fir op d'Sauvegarde vun der Constitutioun ee Serment oofzeleeën. Si soen, mir respektéieren d'Constitutioun esou wéi se elo ass, mä mir wëllen se net sauvegardéieren. Au contraire, mir wëllen se änneren, well jo ¼ vun dem Parlament vum Militär besat gëtt an och aner Saachen an där Constitutioun solle geännert ginn. Et muss ee kucken wéi dat sech elo tesselt.
Michel Delage: Mat Jore Verspéidung war gëschter also déi éischt EU-Ministerrotssëtzung am neie Konferenz-Zenter vum Kierchbierg. Ee vun der Regierung mat Spannung erwaartenen Optakt, well e mat der Fro vu Lëtzebuerg als Standuert vun den EU-Institutioune verbonnen ass. De Jean Asselborn schwätzt vu positive Reaktioune vu séngen Homologen.
Jean Asselborn (O-Toun): Ech géif mengen, datt mir domatter hei e gutt Bild vun a fir Europa ofginn. Ech hunn natierlech och e wéineg d'Geschicht erzielt wéi dat hei gaangen ass. 2001 ass jo d'Décisioun geholl ginn fir hei en neie Centre ze bauen. 2003 war de leschte Conseil hei an dunn ass ugefaang gi mat Bauen. Ee Moment war souguer d'Iddi, wann ech mech gutt erënneren, fir 2005 am éischte Semester fäerdeg ze sinn. Dat ass e wéineg ratéiert, mä 7 Joer duerno si mir awer lo fäerdeg.
Michel Delage: Wéi et schéngt gëtt et am neie Konferenzzenter nach e puer Problemer mam Internet, sot de Jean Asselborn. Och den Handys-Réseau misst verbessert ginn soten auslännesch Journalisten.
|