|
Jean Asselborn: Ech mengen, als Politiker soll ee sech net amëschen. Mä et ass kloer, datt wann e Politiker esou Matcher kucke geet an e Land, da setzt hien domat e politeschen Akt.
A wat meng Positioun ass – ech mengen ech soen dat ganz éierlech – datt, wann een och a Considératioun hëllt wéi de Moment d’Situatioun an der Ukraine ass, datt een déi Akten net soll setzen, datt een net sech als Politiker soll iergendwéi weisen op Matcher. Ech mengen, dat ass keng Nécessitéit, fir kee lëtzebuerger Politiker. An dofir wier mäi Rot fir ebe sech keng Matcher ukucken ze goen an der Ukraine.
E Schratt méi wäit, dat ass jo och am Gespréich, fir d’Ukraine total auszeschléisse vun der Organisatioun vun der Europameeschterschaft, an alles a Polen ze organiséieren, wier a mengen Aen e Schratt, deen net an déi richteg Richtung géif goen, well domat trëfft een net de President vun der Ukraine an och net d’Regierung, mä do trëfft ee virun allem d’Vollek aus der Ukraine, an d’Ukraine als Land. Dat soll een a mengen Aen net maachen, wëssend allerdéngs, datt den Ëmgang mat der Madame Timoschenko en Ëmgang ass dee schwéier ze verdauen ass fir Leit déi un d’Demokratie gleewen.
Et muss een och wëssen, datt d’Madame Timoschenko vläicht an der Vitrine steet, mä datt si net alleng am Prisong sëtzt. Et gëtt aner Membere vun der virleschter Regierung déi och agespaart sinn, an déi, et kann ee bal soen, Scheinprozesser gemaach kréien.
Deen Drock, deen d’Ukraine elo op sech huet, ass natierlech risegrouss, doduerch datt d’Europameeschterschaft do ass. Et muss een elo um politesche Plang versichen esou vill wéi méiglech anzewierken, esou datt déi Situatioun do entschäerft gëtt, an esou datt d’Madame Timoschenko an d’Ausland an e Spidol kënnt. Mä et geet awer och dorëms – an domat geet et net duer – datt awer och all déi aner Leit, déi ënner fadenscheinegen Argumenter am Prisong sëtzen an déi fréier an enger Regierung waren an der Ukraine, datt déi aus dem Prisong erauskommen an datt een d’Ukraine erëm incitéiert op e Wee ze kommen, deen eppes ze dinn huet mat Demokratie.
|