|
Jean Asselborn: Mir sinn e Land ouni Hannergedanken. Mir hu keng hidden agenda. Mir kënnen eis iwwerall asetze fir internationaalt Recht, fir de Multilateralismus. An der UNO fille mir eis wuel.
Claude Zeimetz: Dem Jean Asselborn no kënnt et awer och ganz vill op déi perséinlech Kontakter un.
Jean Asselborn: D’lescht Woch war ech bei der ASEAN am Brunei. Ech sinn elo Enn dëser Woch an der Karibik, am Surinam, a gesinn do och während engem Dag alleguer d’Ausseministere vun deene 15 Karibik-Länner. Do kënnt och nëmmen den Ausseminister hin. Mä ech hunn et awer fäerdeg bruecht, datt ech Lëtzebuerg ka virstellen. An da ginn ech op New York, wou ech dann nach eng Kéier d’Ambassadeure vun der Francophonie gesinn. Virdru gesinn ech déi vun der OIC. Ech mengen, et ass schonn en Asaz, och vläicht e wéineg e physeschen Asaz, deen ee muss bréngen.
Claude Zeimetz: De Grand-Duché brauch 129 vun 193 Stëmme fir gewielt ze ginn. Wien alles scho seng Zouso ginn huet, kann den Ausseminister net soen, just esou vill:
Jean Asselborn: Ech kann net kloe wat eis Zousoen uginn, an Afrika an och a Latäinamerika, zu engem groussen Deel och a Mëttelamerika an och an Asien. Ech mengen och net, datt Lëtzebuerg esou ganz schlecht placéiert ass bei deenen déi am Conseil de sécurité sinn. Also, ech gesi schonn op jiddwer Fall eng reell Chance.
Claude Zeimetz: D’Campagne huet, wéi gesot, bis ewell ronn 1,2 Milliounen Euro kascht. Bescheide Moyenen am Verglach mat Australien oder Finnland, seet de Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Och wa mir géife gewielt ginn, schätzen ech, datt mir 1,2, 1,3 Millioune géifen ausginn. Da musse mir awer wëssen, datt deen Investissement, dee mir dann ausginn, sech och erëm rentéiert, well déi Leit, déi mir dann do gebilt hunn, kënne mir herno fir d’Présidence vun 2015 vun der Europäescher Unioun nees gebrauchen.
|