|
Claude Zeimetz: Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien.
Claude Zeimetz: D’LSAP-Fraktioun huet dem neie franséische President a Frankräich direkt via Communiqué félicitéiert: fir all sozialdemokratesch a sozialistesch Parteie wier d’Enn vun der Merkozy-Äre e wichtegen Ament, heescht et do. De François Hollande huet vill ambitiéis Annoncë gemaach, fir de Wuesstem nees unzekierpen a méi sozial Gerechtegkeet duerchzesetzen; kann hien, Ärer Meenung no, all seng Verspriechen anhalen?
Jean Asselborn: Also, ech géif mengen, datt gëschter trotzdem entscheedend war – wann een déi 2 Stellungnahmen no de Wahlen gesinn huet, och déi vum François Hollande – datt den Nicolas Sarkozy, an och säi Camp, virun allem nach Angschtgefiller ugeschwat hunn: si hu vu Grenzen geschwat, si hu gesot, datt en Auslänner d’lokaalt Wahlrecht net dierf ginn.
An op där anerer Säit huet de François Hollande op Confiance gesat, op Zouversiicht gesat. Hien huet vun der Jugend geschwat a gesot, all Kand a Frankräich misst seng Chance kréien, soudatt d’Basis vun der Integratioun d’Schoul ass. An der Approche hunn also wierklech 2 verschidde Geien do gespillt.
An ech hoffe wierklech fir Frankräich, datt een an Zukunft manner muss op d’Angscht setzen. Mir wëssen, wat sech hanner der Angscht fir e Populismus, och strukturéierte Populismus verstoppt a wat domat verbonne war. Ma et muss een erëm no vir kucken, a kucken, datt Frankräich no deem Resultat vu gëschter och kann e positiven Input ginn an der Europäescher Unioun, fir datt mir an der EU selbstverständlech d’Discipline budgétaire héich halen. Ma wat notzen équilibréiert Budgeten wann der Ekonomie d’Substanz entzu gëtt a wann de Chômage alleng dat Element ass wat onerdréiglech wiisst?
Dofir sinn ech och komplett d’accord mat deem, wat de Premier gesot huet, datt een hei all Energie investéiere muss fir nieft dem Pak, deen elo an deene leschte Joere geschnürt ginn ass an dee jo nach muss gestëmmt ginn, och elo esou e Pak geschnürt gëtt, deen ee “Pacte de croissance�? kann nennen, fir Europa aus deem Lach erauszeféieren.
Claude Zeimetz: Jean Asselborn, wannechgelift eng kuerz Äntwert: Dir kennt de laangjärege Premier secrétaire vum PS scho méi laang perséinlech. Wat ass de François Hollande dann eigentlech fir e Mënsch?
Jean Asselborn: Ech kennen hien zanter 1997. Mir hunn ëmmer Kontakt gehat matenaner. Och elo an der Campagne hu mir eis ausgetosch iwwer eben SMS, zum Beispill.
Ech hat 2 Journalistëkollegen d’lescht Joer mat wéi mir zu Paräis waren. Deemools huet de François Hollande scho gesot, ech wëll en normale President gi vu Frankräich.
An ech mengen, wann een déi Zeen gëschter gesinn huet, och nach duerno op der Bastille: et ass e Mënsch deen a sengen Aen natierlech eppes eriwwerbréngt, wat eng ganz grouss Proximitéit zum Vollek weist. Ech mengen, hie bréngt dat fäerdeg – d’Fransouse waarden do drop – fir mat deem ville Bling-Bling, dee bestanen huet, fir dovun ewech ze kommen. Dat huet net nëmme beim Här Sarkozy esou ausgesinn, ma dat war och scho virdrun de Fall.
Hie gëtt e President, dee wierklech d’Aspiratioune vum franséische Vollek op eng ganz positiv Aart a Weis kann an Europa, a selbstverständlech och a Frankräich, verdeedegen.
Claude Zeimetz: Jean Asselborn, Merci fir den Interview.
Jean Asselborn: Wannechgelift.
|