|
Claude Zeimetz: Um Telefon begréissen ech elo de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Gudde Moien.
Jean-Claude Juncker: Bonjour.
Claude Zeimetz: D'Sondagen, déi hunn also Recht behalen. De François Hollande ass den neie franséische President. Wat erwaart Dir elo vun him, a wéi gesitt Dir dann déi zukünfteg Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Paräis? Mam Nicolas Sarkozy, do ware jo déi tëschemënschlech Relatioune jo net ëmmer ganz onproblematesch, soen ech emol.
Jean-Claude Juncker: Ech géif soen, datt d’Verhältnis vu Frankräich zu Lëtzebuerg normal bleift. Datt et vläicht e bësse méi häerzlech a méi waarm ka ginn, kann ech net ausschléissen. Ma mir hunn eis och an deene leschte Joere Méi ginn, trotz der Ënnerschiddlechkeet vun de Persounen an [ondäitlech] Konflikter d’Relatiounen awer op engem héijen Niveau ze halen. Dat ass ee sengem eegene Land a sengen Nopeschlänner schëlleg fir dat esou ze maachen, an dat geet esou virun.
Claude Zeimetz: De François Hollande, deen huet et gëschter nach eemol widderholl: an Europa soll net nëmmen Austeritéit dekretéiert ginn, ma och Wuesstem. Lauschtere mir hei nach emol den Extrait aus senger Ried zu Tulle:
François Hollande (O-Toun): Et au moment où le résultat a été proclamé, je suis sûr que dans bien des pays européens, ça a été un soulagement, un espoir, l’idée qu’enfin l’austérité ne pouvait plus être une fatalité. Et c’est la mission qui désormais est la mienne, c’est à dire de donner à la construction européenne une dimension de croissance, d’emploi, de prospérité, bref, d’avenir. Et c’est ce que je dirai le plus tôt possible à nos partenaires européens.
Claude Zeimetz: Jean-Claude Juncker, ass d’Wiel vum François Hollande och en Zeeche fir en Ëmschwonk an Europa, deen amgaangen ass?
Jean-Claude Juncker: Ech kann dat esou net aschätzen.
Jiddweree weess – dat weess och den Här Hollande, hien huet mir dat op jiddwer Fall e puer Mol gesot – datt d’Budgetsdefiziter am Frankräich ze héich sinn, datt d’Staatsschold am Frankräich ze héich ass. Hien huet während senger Campagne ëmmer erëm gesot, e géif déi ëffentlech Finanzen am Frankräich konsolidéieren.
Ech gesinn also keng aner Politik op Frankräich zoukommen, an Termë vu Konsolidéierung vun de Staatsfinanzen. Ech gesi vläicht méi eng komplett Politik op Europa zoukommen, doduerch datt der Noutwennegkeet vun der Haushaltskonsolidéierung och dee grad esou noutwennege Complément vun enger europäescher Wuesstemsstrategie bäigesat gëtt.
Déi Iwwerleeungen, wéi een zu méi Wuesstem an Europa kënnt, si jo Iwwerleeungen, déi zënter e puer Méint amgaange sinn. A mir als lëtzebuerger Regierung hu jo och an deene leschten 12-18 Méint ëmmer erëm drop insistéiert, datt Austeritéit a Rigueur alleng net eng Politik ausmaachen, ma datt een och hoffnungsvoll Elementer, perspektivesch Elementer fir d’Bevëlkerung an d’Politik muss abannen.
Dat leeft noutwennegerweis iwwer eng Wuesstemspolitik, déi awer ganz schwiereg ze organiséieren ass. Dat geet jo net doduerch, datt een an en Traité schreift, elo wuesse mir. Dat geet nëmmen duerch konkret Politik. A fir déi konkret Politik ze maachen, muss ee Geld an d’Hand huelen; a fir déi Politik ouni Geld ze maachen, muss ee Strukturreformen duerchféieren am Pensiounsberäich, an aner Beräicher.
Déi Schwieregkeete sinn dem Här Hollande selbstverständlech gutt bekannt.
Claude Zeimetz: Wéi gesitt Dir d’Zukunft vun den däitsch-franséischer Relatiounen? Kënnt no Merkozy elo vläicht Merkollande?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mech mat deenen topege Begrëffer ni vill opgehalen, well ech och wosst, datt d’Stëmmung an där Koppel Merkozy net ëmmer häerzlech war, an datt et och do vill Friktioune ginn huet.
Däitschland a Frankräich, dat gehéiert zur Staatsraison vun deenen 2 Länner, sinn der däitsch-franséischer Frëndschaft ganz staark verbonnen. Mir brauchen an Europa och e gutt fonctionnéierend Verhältnis tëscht Däitschland a Frankräich.
Ech ginn dovun aus, esou wéi ech dat elo schonn e puer Mol erlieft hunn a laange Joeren, datt am Ufank d’Léift net ganz grouss ass, datt dann déi verschidden Acteure sech lues a lues besser kenne léieren – déi kenne sech jo net virdrun. Ech mengen, d’Madame Merkel an den Här Hollande, déi hu sech nach ni virdrun an hirem Liewe gesinn, wat jo och eng demokratesch Anomalie leschten Enns ass. Mir kennen den Här Hollande gottseidank, a mir wëssen dofir, well mir och d’Madame Merkel kennen, datt si no enger gewëssener Zäit ganz häerzlech mateneen ëmgoe wäerten.
Claude Zeimetz: Esouwäit fir d’Wahlen a Frankräich. Ganz kuerz, Här Juncker, mir wollten awer och Är Aschätzung zu de Wahlen a Griicheland héieren. D’Sozialisten an déi Konservativ hu keng absolut Majoritéit méi zesumme kritt. Grousse Gewënner sinn eigentlech d’Austeritéitsgéigner: déi radikal Gauche, d’Neonazie kommen an d’Parlament. Wéi vill Suerge mécht Iech dëse Protest, an déi domat och ganz onkloer politesch Verhältnisser?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn net ganz gär, datt mir elo a Griicheland an enger Situatioun sinn, wou mir net ipso facto duerch d’Wahlen eng Regierung zur Verfügung stoen hunn, well d’Majoritéit fir déi 2 grouss Parteien net duergeet. Et feelt, mengen ech, wann ech dat richteg bei Iech op der Antenn héieren hunn, ee Sëtz. Et muss een also a Griicheland probéieren, mat anere Parteien ze koaléieren.
Datt natierlech dat griichescht Vollek massiv déi Austeritéitspolitik oflehnt, déi jo vun de Sozialisten an och vun de Konservativen duerchgefouert ginn ass, nodeems d’Sozialisten an déi Konservativ dat Land an déi Situatioun eragefouert hunn, déplorabelster Natur, an där dat Land sech befënnt, ass jo net iwwerraschend. Trotzdem gëtt et och a Griicheland keng Alternativ zur Konsolidéierung. E Land ka jo net méi wéi 160% Staatsschold hunn, ka jo net Budgetsdefiziter schreiwen, déi onméiglech ze halen sinn, déi onméiglech an der Bedéngung vun den Zënse sinn. E Land wéi Griicheland muss Steiere bezuelen. D’Leit a Griicheland musse Steiere bezuelen. Déi hunn dat net gär, ma dat ass awer esou.
Datt dann d’Extremer gestäerkt ginn, ass net verwonnerlech. Ma et soll keen an Europa sech driwwer freeën, datt Faschisten an d’griichescht Parlament anzéien, well se net wëlle spueren, datt lénksextrem Parteien an d’griichescht Parlament anzéien, well se net wëlle spueren. Wa jiddwereen dann net wëll spueren, a wa jiddweree wëll op Käschte vun deenen anere wuessen, statt duerch seng eegen Ustrengung, wou komme mir dann hin? Gi mir dann Europa an d’Hand vun de Lénkskommunisten a vun den Faschisten? Salut les dégâts!
Claude Zeimetz: Merci, Jean-Claude Juncker, fir Är Analys de Moien.
Jean-Claude Juncker: Merci och.
|