|
Roy Grotz: Gudde Mëtteg, Här Staatsminister. Merci, datt Dir Iech Zäit fir eis huelt.
Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.
Roy Grotz: Méi genee huelt Dir Iech Zäit fir d’Froen, déi d’Leit eis nom État de la nation eraginn hunn. Mir hu se triéiert a se zesummegefaasst, mir hunn e bëssen Uerdnung gekuckt an déi Dossieren ze kréien.
Et war Är 18. Ried zum État de la nation. Bon, Kritik, déi huet een herno héieren, déi wäert Dir scho bal kennen, verschidde Stëmmen, mengen ech, vun der Oppositioun. Mä och an Zeitungen, déi engem soen, déi der CSV vläicht méi no stinn, am Wort, oder och esouguer bei der CSJ, wou mir liesen: “Im Wesentlichen nichts Neues/Der Premier hat nichts Neues erzählt�?. Dat soe si direkt 4 Mol an hirem Communiqué. Wéi gesitt Dir dat? Dir sot, Dir hutt nei Saachen allerdéngs gesot, mä net jiddwereen huet se héieren.
Jean-Claude Juncker: Also, onofhängeg dovun, datt een d’Welt net all Dag kann nei erfannen, an onofhängeg dovun, datt een, wéi ech gesot hunn, d’Politik vu vir u muss erklären a vun hannen hier denken, an dann also muss soen, firwat een eppes mécht, a firwat datt een eppes net mécht, ass et net esou, datt an där Ried keng Neiegkeete gewiescht wieren. Dat huet vläicht mat der Aart a Weis ze dinn, wéi een eng Ried opbaut, et huet och mat der Aart a Weis ze dinn, wéi Leit enger Ried nolauschteren.
An ech hunn an der Äntwert op d’Debatte gesot, wat dann alles nei an där Ried gewiescht wier. Ech hunn dat just néierens geliest, well d’Äntwerten déi een an der Chamber gëtt, déi komme seelen nach pointéiert eriwwer, an d’Leit ginn doriwwer net informéiert. Mä et kucken der jo awer vill Chamber TV, dofir wëssen d’Leit dat.
Ech hunn eng Rei Décisioune vun der Regierung ugekënnegt, déi bis dohinner net bekannt gemaach gi waren, an déi mat der europäescher Wuesstemspolitik – dat betrëfft jo och eis, an un där Finanzéierung musse mir Deel huelen – ech hunn déi gewisen, an dat si Substanzdécisiounen:
Mir sinn der Meenung, datt de Fiskalvertrag muss ratifizéiert ginn, obschonn Anerer eppes anescht soen.
Mir sinn der Meenung, datt d’Kapital vun der Europäescher Investitiounsbank muss opgestockt ginn. Dozou musse mir bäidroen.
Wann ech dat dann am Detail erklären, dauert dat laang. Ech wëll Iech emol op deem Punkt weisen, wéi laang datt dat kann daueren.
Wann een d’Kapital vun der Europäescher Investitiounsbank ëm 10 Milliarden opstockt, wourunner mir mussen Deel huelen, erlaabt dat en Investissement duerch d’Europäesch Investitiounsbank vu 60 Milliarden, an erlaabt esou en Investissement vun der Europäescher Investitiounsbank eng Gesamthiewelwierkung am investive Beräich vun 180 Milliounen Euro. Dat ass e ganz substantielle Bäitrag zur europäescher Wuesstemsstrategie. An esou kéint ech virufueren, well an där Ried hunn ech och probéiert op d’Saachen anzegoen, déi an deene leschte Wochen a Méint gesot gi sinn, an déi eenzel Deeler vun der Gesellschaft gär hätten, an déi mir net kënne maachen. Ech hunn dann erkläert firwat net.
Ech kann net nëmme seriéis huelen dat wat an der Chamber gesot gëtt, ech muss jo och dat Eescht huele wat an der Gesellschaft gesot gëtt, an do hunn ech eng Rei vu Froe beäntwert, déi opgeworf gi waren, ma dat interesséiert scheinbar net ganz vill. Et ass méi interessant Froen opzewäerfen, wéi sech mat den Äntwerten ze beschäftegen
Roy Grotz: Ebe just. Mir kucken eis mat Ären Äntwerten ze beschäftegen, awer och mat de Froe vun de Leit. Et kann een also net soen, wéi och mir alt geliest hunn, datt Dir d’Loscht un der nationaler Politik verluer hätt?
Jean-Claude Juncker: Neen, dat hunn ech iwwerhaapt net, do wäert muncheree sech nach wonneren.
An datt mat enger relativer Enttäuschung op eng Ried matten an der Kris reagéiert gëtt, dat ass jo keen typesch lëtzebuerger Phänomen. Kuckt Iech emol d’Heftegkeet vun de Parlamentsdebatten, an och d’Kontradiktiounen an deenen eenzelne Regierungen vun deenen eenzelne Länner un, da gesitt Dir, datt dat zu Lëtzebuerg nach relativ konnt kanaliséiert ginn.
Mä wësst Dir, ech ginn Iech emol e Beispill, Mindestloun. Ech hunn ugekënnegt, de Mindestloun gëtt erhéicht. Datt dann doriwwer eenzel Patronatsorganisatiounen net frou sinn, weess ech. Datt d’Gewerkschaften dat normal fannen, weess ech och.
Ech weess natierlech, datt ech méi Opmierksamkeet fonnt hätt, wann ech gesot hätt, mir kierzen de Mindestloun. Ech wëll en awer net kierzen, ech wëll e sech normal entwéckele loossen. Also, d’Enttäuschung ass ëmmer a Fonctioun vun den eegenen Erwaardungen, an déi eegen Erwaardunge sinn heiansdo maasslos iwwerdriwwen.
Roy Grotz: Géift Dir dem Här Contzen dat do dann och esou erkläre mam Mindestloun?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen, ech hätt him dat erkläert. Ech hunn him dat scho selwer erkläert, an ech hunn och a menger Ried gesot, et wier elo net fir bei deenen ze spueren, déi um ënneschten Niveau vun der Lounskala leien, datt een och um allerieweschten Niveau vun der Lounskala ka spueren. An do ass och vill Spuerpotential fir déi eenzel Betriber dran.
Roy Grotz: Äre Finanzminister huet vun engem Zukunftsdësch scho geschwat. Dir hutt elo vum Zukunftsseel geschwat, deem déi eenzel, jo, do zéie jo Stäerkten drun, Forcen a sech sollen drun zéien. Dir hutt awer och vun de Porzelläinshënn geschwat, déi bewege sech e bësse manner. Mat wiem wëllt Dir dann dat Seel do zéien?
Jean-Claude Juncker: Ma éischtens ass dat emol eng Décisioun déi d’Politik ze huelen huet. An zweetens ass dat eng Décisioun, en Décisiounsstrank, deen d’Politik nëmme kann huelen, nodeems se mat allen Acteuren an der Gesellschaft geschwat huet.
D’modern Demokratie setzt sech net nëmmen aus enger Debatt tëscht Regierung a Parlament zesummen, mä dat bedéngt och, datt een alles dat erunzitt un Informatiounsquellen, an Aschätzungssensibilitéiten, wat sech an der Gesellschaft äussert.
An dofir muss een natierlech am Kader vun der Tripartite mat de Gewerkschaften, mat de Patronatsorganisatiounen, mä doriwwer eraus och mat anere relevante Kräften an der Gesellschaft am Gespréich bleiwen. An dat setzt och viraus, datt déi mat deenen ee schwätzt, och ënnerteneen e Gespréichsterrain fannen, wou se erëm geschlosse kënnen an eng Richtung goen.
An dat mengen ech mat de Porzelläinshënn. D’Sozialpartner, déi sech heiansdo och druginn, mussen erëm an e kontinuéierlecht Gespréich op allen Niveaue kommen.
Roy Grotz: Da bewege se sech och hoffentlech, déi Porzelläinshënn vun deenen Dir effektiv geschwat hutt.
Komme mir dann direkt elo emol bei d’Froen, déi eis d’Leit eraginn hunn. Et war eng Hellewull. Mir fänken emol u mam Här Mootz vu Beetebuerg. Him geet et ëm d’Zukunft vum Land, a wéi mir déi wëlle gestallten, an hie freet dat hei:
Här Mootz: Ob hie géif un e Wuesstem ouni Grenze gleewen, oder gleeft hien och, datt hei am Land eis Beem géifen an den Himmel wuessen?
An dat anert, dat wier dat drëtt, dat wier, wéi si géifen drun denke wéi et géif weider goen no engem Stat, wéi vun 800.000 Awunner, ob dat net géif eng Spiral ouni Enn ginn, an och mat de soziale Leeschtungen, fir déi oprecht ze halen? Ech mengen, d’Aarmut géif dann nach zouhuelen, a wéi dozou seng Meenung wier.
Jean-Claude Juncker: Ech sinn iwwerhaapt net der Meenung, datt zu Lëtzebuerg d’Beem an den Himmel wuessen, dat hunn ech och virun 10 Joer scho gesot, och mir mussen eis an eisem Fortschrëttsrythmus de Begebenheete vun der neier Zäit upassen. Ech sinn net der Meenung, datt mir en onbegrenztent Wuesstem kënne kréien. Ech hunn eigentlech näischt dogéint, obschonn dat vill Schwieregkeeten opwäerft, datt mir méi lues wuessen, mir musse just mat deem méi luese Wuesstem dann och verstoe méi lues ze trëppelen.
Ech sinn net der Meenung, datt mir kënnen einfach brutal, wéi Eenzelner dat och zu Lëtzebuerg verlaangen, an dofir och Applaus vu groussen Deeler vun der Press kréien, an d’soziaalt Leeschtungsnetz aschneiden. Dat bréngt Konsequenze fir dee méi akommesschwaachen Deel vun der Bevëlkerung mat sech, déi mir eigentlech net wëllen, an déi méi Leit an d’Noperschaft vun der relativer Aarmutsgrenz bréngen.
Also dierf een net einfach Hals iwwer Kapp, just well een dann ausgesäit wéi wann ee besonnesch vill Courage hätt, an de soziale Leeschtunge kierzen. Dat maache mir jo elo, mä mir maachen dat awer an engem Modus dee bei d’Land a bei d’Leit an an eis Zäit passt.
An datt mir natierlech fir eis Pensiounssystemer um Liewen ze erhale musse wuessen ass evident. Datt dat parallel verleeft mat enger demographescher Entwécklung, déi substantiell ass – mir sinn dat Land an Europa, wat demographesch am séierste wiisst – ass net manner evident.
Wéi ech virun e puer Joer vum 700.000-Awunnerstat geschriwwen hunn, a geschwat hunn, do sinn ech jo hallef gekäppt ginn. Haut steet jiddwereen mat deem normaalste Gesiichtsausdrock deen et nëmme gëtt, mir géifen op den 800.000-Awunnerstat zougoen.
All Étudë weisen, datt mir mussen, wa mir eis Pensiounsleeschtunge wëllen halen, 1 Millioun Bäitragbezuelerten an engem absehbaren Zäitraum hunn, an ech mengen, datt dat net gutt ass fir d’Land. D’Land muss an engem normale Liewensrythmus virun evoluéieren, an da musse mir eis deem entspriechend och behuelen.
Mä den totale Wuesstem ass net gutt, an heiansdo kënnt et mir vir, dat hunn ech och an enger Ried 2002, déi ni méi zitéiert gëtt, et pour cause, gesot, eise Wuesstem dee mir haten, ass u sech just duergaange fir d’Konsequenze vum Wuesstem och kënnen ze finanzéieren. Dat ass awer net den Zweck vum Wuesstem, fir seng Konsequenzen ze finanzéieren. Zweck vum Wuesstem ass fir datt e Land virukënnt.
Roy Grotz: Wuesstem net wéinst dem Wuessen eben, an dofir och de Konsolidéierungspak, zwee Drëttel Aspuerungen, een Drëttel Steierhaussen. D’Recettë vum Stat sinn natierlech d’Steieren. D’minimal Betribssteier, déi hutt Dir weider net ernimmt an der Ried. War dat bewosst?
Jean-Claude Juncker: Neen, dat ass eng typesch Reaktioun, wann een iwwer alles schwätzt wouriwwer scho geschwat ginn ass, da kritt ee gesot, et géif een näischt Neies soen. Wann een eppes ewech léisst, wouriwwer scho geschwat ginn ass, da kritt ee gesot, et hätt een déi Iddi opginn.
Selbstverständlech hält d’Regierung, an dorunner ka jo e raisonnabele Mënsch net zweiwelen, un deem fest wat de Finanzminister, de Luc Frieden, viru Wochen ugekënnegt huet, nämlech datt mir eng minimal Steier op de Betriber aféieren, no Modalitéiten déi schwiereg sinn, an déi mir amgaange sinn, de Finanzminister, äifreg drun ze schaffen.
Also, wann een eppes net seet, da sinn d’Leit net frou, a wann een eppes zweemol seet, da sinn d’Leit net frou, a wann ee vun eppes iwwerhaapt net schwätzt, dann ass kee frou. Ech hunn zum Beispill geliest, ech hunn dat spannend fonnt, datt d’Handwierkerfederatioun sech eräifert, datt ech näischt iwwer d’Handwierk gesot hunn. Ech hunn iwwer vill Beräicher vun der Ekonomie näischt gesot, iwwer déi ech déi lescht Joere ganz vill gesot hunn.
Ech ännere meng Meenung net radikal vun engem Joer op dat anert. A firwat hätt ech mir och nach de Virworf solle gefale loossen, datt ech dëst Joer genee dat selwecht géif soe wéi d’lescht Joer? Et geet schonn duer, datt gesot gëtt, ech hätt, op déi lescht zwou Woche betruecht, näischt Neies gesot, wat iwweregens och net stëmmt.
Roy Grotz: Bleiwe mir nach eemol bei de Betriber. Wéi vill Betriber, Här Juncker, ginn et dann am Land, déi keng Steiere bezuelen? A firwat ass et iwwerhaapt esou, dat froe sech d’Leit, an där Froe krute mir och eng Partie eran?
Jean-Claude Juncker: Dat ass eng gutt Fro, déi awer relativ einfach ze beäntweren ass. Fir d’éischt muss ee sech emol driwwer ënnerhale fir ze wësse wat e Betrib ass. Ass en Investissementsfong, deen zu Lëtzebuerg ass, e Betrib, oder ass dat net e Betrib? Ass e Betrib dee kee Bénéfice realiséiert, an deen dofir keng Steiere bezilt, e Betrib dee bewosst keng Steiere bezilt, oder ass dat e Betrib deen op Grond vun der Gesetzgebung déi mir hunn, e Bénéfice deen en net huet net besteiert kritt.
Dee Chiffer, deen heiansdo genannt gëtt, datt 80% vun de Betriber keng Steiere géife bezuelen, ass e Chiffer deen net stëmmt.
Grouss Deeler vun der Industrie bezuele keng Steieren, mä d’Banke bezuele viru Steieren, allerdéngs ëmmer manner, wat awer kee Mënsch wëll zur Kenntnis huelen, datt déi op Grond vu mangelnde Geschäftsresultater manner Steiere bezuelen. A mir hu jo schonn am Joer 2010 eng minimal Steier fir eenzel Segmenter vun der Finanzindustrie agefouert, an dat fuere mir och elo virun.
Roy Grotz: Mir komme bei d’Spueren. En Här huet eis ugeruff an eng Propose gemaach wou ee kéint spueren. Dat krute mir an aneren Tournuren och gesot. Hei emol eng stellvertriedend:
E Bierger: Firwat muss eise Grand-Duc all Joer 400 Milliounen aler Frang Gehalt kréien? Firwat verdéngen eis Deputéiert esou vill Suen? Firwat ginn eis Politiker nach op Stroossbuerg sëtze mat 80 Joer fir näischt ze wëssen an näischt ze kennen? Firwat gëtt op de Gemengen esou vill Suen zur Fënster erausgehäit mat Plastikstelleren? Jee, ech kéint virufueren, ech géif dem Jean-Claude Merci soen, wann hie mir emol eng sérieux Äntwert dorop géif ginn.
Roy Grotz: Ech weess net ob den Här Iech kennt, datt een Iech duuzt? Et waren erëm eng Partie Froen. Firwat net do spuere wou Sue sinn, mengen ech, freet den Här?
Jean-Claude Juncker: Richteg ass et, datt vill Leit mech kennen, an ech och vill Leit kennen, an dofir sinn ech déi do Zort vu Froen a vu Gespréicher, vu Mutmassungen, vu Verdächtegungen, vun Ënnerstellungen, a vun deelweis wouere Saache gewinnt.
Mir spuere jo op de Konsumausgaben, dat ass e wichtegen Deel. Dat hunn ech laang a menger Ried, méi laang wéi soss déi Joeren, behandelt.
Et ass falsch fir ze mengen, de Grand-Duc géif 400 Milliounen aler lëtzebuerger Frangen als Gehalt kréien. E wier vläicht frou wann hien esou vill géif kréien, mä da stëmmt awer net. De Grand-Duc huet mat Sécherheet kee Gehalt, also Verdéngscht, vu 400 Millioune lëtzebuerger Frang. Dëser Deeg konnt een an der Zeitung genee de Budget vum Haff noliesen an, denken ech och, novollzéien, well mir doriwwer Froe gestallt kritt hunn, an déi Froen och beäntwert hunn.
Et sëtze keng Politiker vun 80 Joer zu Stroossbuerg, déi net dohinner gewielt gi wieren. Mir liewen, dat dierf ech vläicht hei afügen, an enger parlamentarescher Demokratie, an d’Leit wielen hir Deputéiert selwer. Ausserdem, deen Deputéierten dee mat iwwer 80 Joer do sëtzt ass mat Sécherheet net ee vun deenen, deen näischt weess an näischt kennt. E kéint et mat villen déi Froe stellen an där Bezéiung, mengen ech, ophuelen.
Ob d’Gemenge mat Plastikstelleren duerch d’Géigend wäerfen, dat ass mir net bekannt, mä dat sinn awer typesch Konsumausgaben um kommunalen Niveau, an d’Gemenge musse selbstverständlech och an deem Beräich spueren.
Ech hunn net den Androck, datt eis Deputéierten iwwerbezuelt wieren. Ech hunn den Androck, datt se gutt bezuelt wieren, a mir setzen déi Paien och net erop, wann dat d’Fro sollt gewiescht sinn.
Roy Grotz: Mä e Geste ginn no baussen, wier dat net elo grad wichteg, mengt Dir? A Frankräich geschitt dat jo.
Jean-Claude Juncker: Jo, a Länner wou eng radikal Austeritéit duerchgefouert gëtt, wou d’Pensiounen 25% an d’Paië 40% gekierzt ginn, ass et selbstverständlech esou, datt déi esou genannte politesch Klass deen Effort och um symboleschen an um materielle Plang muss begleeden.
Mä zu Lëtzebuerg si mir jo net an engem Zoustand vun totaler Austeritéit, och wann eis Zeitungen, well se mat der Sprooch e bësse liichtfankeg ëmginn, déi gewësse Rigueur, déi mir mussen applizéieren, an déi Ajustementsmoossnamen déi mir huelen, einfach mat der Austeritéit gläichsetzen.
Dat ass eng Beleidegung fir all Griich, fir all Spuenier, fir all Portugis a fir all Irlänner, dee wierklech Austeritéit op seng Käschten erlieft huet. Dat ass zu Lëtzebuerg net de Fall.
Roy Grotz: Ech froen dann nach eng Kéier: esou e Signal mat Paien oder Indemnitéiten no bausse schécken, wier dat net awer e flott Signal fir d’Leit?
Jean-Claude Juncker: Wann d’Leit fannen, datt d’Situatioun komplizéiert gëtt, dann hätte se ëmmer gär einfach Äntwerten. Mir bekämpfen de Budgetsdefizit net mat Symboler.
Ech sinn net dogéint, datt een do sech Saachen iwwerleet, mä dat ass awer wierklech net dat wat elo muss geschéien. De Stat soll bei sech selwer spueren, dat mécht en, dat probéiere mir méi intensiv ze maache wéi bis elo. Mä fir ze mengen, mir géifen eis hei aus der Situatioun erausbewegen, wann ech meng Pai géif kierzen, dat ass en Trugschluss.
Roy Grotz: Ëm Suen, d’Indexmodulatioun – Dir sot, et wier mat enger budgetärer Finalitéit verbonnen – huet eng Fro, oder eng Suggestioun, vum Här Calderoni vu Wäisswampech ze .
Här Calderoni: Firwat datt net eng Kéier elo effektiv un en degressiven Index geduecht gëtt. En Index dee vun uewen no ënnen opgestockt gëtt, dat heescht, respektiv vun ënnen no uewe gekierzt gëtt. Dat géif och alt erëm Milliounen aspueren.
Firwat gëtt net un déi Saache geduecht, anstatt datt ëmmer nëmmen dem Mëttelstand an deene klenge Leit an d’Täsch gegraff gëtt?
Roy Grotz: Den Index?
Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun, datt et falsch ass, an et eng simplistesch Behaaptung a Beschreiwung ass, ze soen, datt ëmmer nëmmen de klenge Leit géif an d’Täsch gegraff ginn – dat ass falsch [gëtt ënnerbrach]
Roy Grotz: Dat héiert ee vill.
Jean-Claude Juncker: Jo, jo, mä dofir ass et nach net richteg. Et ass méi liicht zu Lëtzebuerg esou genannte klenge Mann ze ginn, där et jo och gëtt, wéi zu Tréier, zu Arel an zu Däitschoth, gleeft mir dat.
Mir probéieren zu Lëtzebuerg d’Politik esou ze maachen, datt mir déi akommesschwaach Kategorie vun der Bevëlkerung schounend behandelen. Et ass kee Land wat esou breet steierfräi Minimaen huet, wou also keng Steiere bezuelt ginn, wéi zu Lëtzebuerg. Et gi ronn 40% vun de Leit déi keng Steiere bezuelen. En anert Land dat dat huet, dat gëtt et net.
Mir hunn déi nidderegst TVA a ganz Europa, 15% am Normalsaz. Esou eng niddereg TVA gëtt et néierens.
Also, fir einfach ze soen, d’Politik géif deene klenge Leit d’Suen aus der Täsch zéien, ech weess, datt dat gutt kléngt, et ass dofir awer nach grad esou falsch wéi ech gesot hunn.
Ech war deen, wann ech mech richteg erënneren, deen en degressiven Indexsystem virgeschloen huet, an deen esou genannte gedeckelte System virgeschloen huet. Domat waren d’Gewerkschaften net d’accord, domat waren eenzel Parteien net d’accord. Ech ka mech net drunhalen eppes ze erklären, wann déi wiesentlech Leit, mat deenen ech zesumme probéieren d’Saachen esou ze gestallten, datt se méi gerecht ginn, wann déi dat net wëllen. Ech sinn no wéi vir fir e gedeckelten Index.
Ech sinn net der Meenung, datt wann ee vill verdéngt, een an engem Mount esou vill duerch eng Indextranche soll bäikréien, wéi e Mindestlounbezéier an engem ganze Joer bäikritt. Dat hunn ech awer alles schonn d’lescht Joer gesot. Hätt ech et dëst Joer solle widderhuelen? Da wier mir elo erëm ugeruff ginn, a gesot ginn, ech géif dauernd déi selwecht Saachen erzielen.
Roy Grotz: Ass dat do eppes wat Dir mat deene Porzelläinshënn vläicht awer nach eng Kéier diskutéiere wëllt?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn den Androck, datt d’Gewerkschafte radikal dogéint si fir datt een den Index, a mengen Aen, méi gerecht gestallt. D’Gewerkschafte sinn der Meenung, dat wier keng gerecht Gestaltung. An ech sinn der Meenung, datt d’Parteie sech mat där Fro mussen an hire Wahlprogrammer déi nächst Kéier beschäftegen.
Roy Grotz: Dat heescht, et kéint duerchaus Wahle ginn, déi sech ëm den Index dréinen?
Jean-Claude Juncker: Dann dréinen déi Wahle sech nach net ëm den Index, da géife se sech ëm de gesonde Mënscheverstand dréinen. De gesonde Mënscheverstand wëll, datt an der Kris duerch déi einfach Indexéierung vun de Léin, net déi eng schrecklech vill bäikréien, an déi aner deem entspriechend wéineger.
Meng Iddi war jo och an der Zäit, datt een een Deel vun deene Suen, déi d’Betriber duerch eng Deckelung vum Index géife spueren, géif der Finanzéierung vun der aktiver Beschäftegungspolitik zouféieren. A meng aner Iddi war, datt ee parallel dozou de gratis Transport kéint aféieren. Alleguer déi Iddie sinn ofgeleent ginn.
An ech sinn awer der Meenung, datt dat alles nach eng Kéier eng Roll wäert spillen. Mä et huet een och net vill Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung. Jiddweree seet, et ass net richteg wéi den Index gemaach gëtt. Wann dann e Staatsminister virschléit fir en anescht ze maachen, an d’Gewerkschaften Nee soen, da gëtt gesot, de Staatsminister géif et net fäerdeg bréngen eng Eenegung mat de Gewerkschaften erbäizeféieren.
Wou sinn eigentlech d’Leit, wann iwwer Iddie geschwat gëtt? Wann eng Iddi scheitert, dann hätte se gär gehat, datt se duerchgesat gi wier. Si sollen dat virdru soen.
Roy Grotz: Wou solle se et da soen, mengt Dir, Här Juncker?
Jean-Claude Juncker: Majo, éischtens gëtt et jo Versammlungen. Zweetens gëtt et Lieserbréiwer an den Zeitungen. Drëttens gëtt et jo Foren, Internetforen. Anstatt datt Dir all Dreck ofdréckt an Ärem Internetforum, anonym Schmähungen a Blödsinn, wier et emol gutt, Dir géift Iech op déi seriéis Saache konzentréieren, déi d’Leit Iech schreiwen.
Roy Grotz: Dofir schwätze mir och hei um Radio, a mir liesen eis net um Internet Commentairen [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ech liesen dat och net, ech kréie just gesot, et wier net ze liesen.
Roy Grotz: Heiansdo wahrscheinlech net, dat ass richteg. Dofir hu mir d’Leit gefrot eis zu de soziale Mesuren och hir Meenung ze soen. Natierlech gouf et do verschidden, jo, speziell Fäll, déi déi Leit soten. D’Mammerent a Chèques service koumen dacks vir. Dozou eng Fro déi den Här Rohmann eis gestallt huet.
Här Rohmann: Wat d’Mammerent ugeet, dat war jo ursprénglech geduecht, dat wier nëmmen eng Unerkennung vun der Mamm, de Mammen. An da géing ech mengen, wann dat esou ass, dat ass jo keng finanziell Ënnerstëtzung, da géing et och duergoen, wann zueleméisseg dat beschränkt wier op ee Kand.
An dann zum Schluss wollt ech och nach froen, firwat datt dat dann net méiglech ass, datt bei deene Chèques service, datt do keng Begrenzung ass uewe fir déi déck Revenuen? Ech fannen, datt déi hire Kanner awer kéinten an der Fräizäit schécke Sport bedreiwen, oder an de Conservatoire, ganz op hir Käschten.
Roy Grotz: Wat mengt Dir, Här Juncker?
Jean-Claude Juncker: Et sinn zwou Froen.
Dat éischt betrëfft d’Mammerent. Déi kascht 80 Milliounen Euro d’Joer. Wéi ech d’Mammerent virgeschloen hunn, ech mengen, dat war Ufanks 2001, 2002, war meng Iddi, datt een deene Mammen, well där Pappe sinn et fréier net vill ginn, déi Erzéiungsleeschtung doheem geleescht hunn, datt een deene misst eng Unerkennung ginn.
Vu datt mir d’Aarbecht vun deene Mammen, déi hir Kanner doheem erzéien, net kënne bezuelen, dat ass einfach net ze bezuelen, huet et mir ugemiess geschéngt, dann um Enn vun der aktiver Phas vun hirem Liewen, deene Fraen eng Rentenunerkennung zoukommen ze loossen. A meng Propositioun war et, fir nëmmen deene Fraen eng Mammerent ze ginn, déi soss keng Rente bezéien.
Wéi dat an d’Chamber komm ass, a wéi dat um Rentendësch war, hunn awer Anerer, net ech, an och net meng Partei iwweregens, dropgetässelt. A ganz vill Frae kréien och haut eng Mammerent, déi och nach aner Renteleeschtunge bezéien.
Meng Iddi war et, fir deene Fraen eppes ze ginn, déi, esou war dat déi Zäit, doheem bliwwe sinn, well d’Gesellschaft esou war, déi Kannererzéiung gemaach hunn, déi Aarbecht konnte mir net bezuelen, fir dann deene wéinstens, wa se méi al ginn, eng Unerkennung zoukommen ze loossen.
Ech kenne vill Fraen, wierklech vill Fraen, déi fir d’éischt an hirem Liewen elo emol selwer eppes kréie fir dat wat si gemaach hunn. An ech sinn och net d’accord, datt dat ofgeschaaft gëtt. Ech sinn d’accord, ech hunn et och an der Chamber gesot, datt een dat iwwerpréift, ob net ze vill Bénéficiairen, net ze vill Bezéier dobäi sinn. Mä déi Fraen a Mammen déi soss näischt hunn, déi kréien déi Mammerent och an Zukunft virubezuelt. An doriwwer hunn ech och an der Chamber mech laang a breet mat Eenzelnen ausernee gesat.
A wat d’Chèques service ubelaangt sinn ech d’accord mat Ärem Nolauschterer fir ze soen, datt een dat muss anescht staffelen. An do hu mir an der Ried Propositioune gemaach, a wann Dir déi Tableauen eng Kéier ukuckt, wéi elo déi Chèques service sech an Zukunft organiséieren, da gesitt Dir, datt dat um Revenu an un der Kannerzuel hänkt.
Roy Grotz: Geet dat do dann elo duer, u sozialer Selektivitéit, fir déi Mesuren déi bestinn einfach méi selektiv anzesetzen, jee no Revenu, jee no Kompositioun vum Stot?
Jean-Claude Juncker: Jo, ma ech mengen, wann ee sozial Gerechtegkeet wëll, muss een d’Akommessituatioun vun de Leit kucken, an d’Kompositioun vun der Famill kucken. Net nëmmen eng Mamm mat engem Kand, mä wann do méi Kanner sinn, muss dat natierlech deem entspriechend Unerkennung fanne bei der Artikulatioun vun der Sozialpolitik.
Déi sozial Leeschtungen déi mir hunn, déi muss ee regelméisseg ënner d’Lupp huelen an iwwerpréiwen.
Mir hunn elo eng Rei vu Moossnamen agefouert, wëlle mir aféieren, wann d’Chamber domat d’accord ass, zum Beispill den Ajustement fir den 1. Januar 2013 net auszebezuele bei de Staatsbeamten, keng Gehaltsaugmentatioun ze maachen, eng Rei Iwwerpréiwungen am Beräich vun de Chèques service.
An déi ganz grouss Moossnamen, déi hu mir net geholl, well se einfach net machbar sinn, wéi zum Beispill d’Besteierung vum Kannergeld. Do hunn ech mech ofgeméit der Chamber ze weisen, a kuerze Sätz, obschonn een doriwwer e Buch ka schreiwen, firwat datt d’Besteierung vum Kannergeld, wat jo eng méi sozial gerecht Ausgestaltung vun deem selwechten am Nettorevenu vun de Famillje géif mat sech bréngen, firwat datt dat net geet. Mä déi Leeschtunge musse lafend ugepasst ginn.
Roy Grotz: Mir kommen no den Neiegkeeten op Logement an d’Bauen, op de Chômage, an natierlech och d’Politik an d’Koalitioun ze schwätzen. Dat wéi gesot nom Journal vun halwer eng.
[Noriichteniwwerbléck vum Pierre Reyland]
Roy Grotz: D’Suite an eiser Emissioun „Background am Gespréich“ mam Staatsminister. Mir hunn et gesot, no de soziale Mesuren eppes wat Iech um Häerz läit, an dat huet alleng och d’Dauer gewisen, déi Dir Iech domat opgehalen hutt: et sinn d’Domainer Logement an d’Bauen.
Et ass e kloere Problem, et feele 26.000 Sozialwunnengen, dat huet och d’Caritas geschriwwen. An deem Kontext hunn eis vill Nolauschterer Froen eraginn. Dir schéngt d’Leit duerchaus getraff ze hunn, Dir hutt vun ausbeute geschwat, ni genuch kréien, mir maachen eis selwer futti.
Den Här Greiweldinger huet eng ganz pragmatesch Fro an deem Sënn, wat d’Steeë concernéiert.
Här Greiweldinger: D’Fro un den Här Juncker, ob dann elo d’Steeë verbuede ginn, well do jo d’Tendenz ass, oder gewéinlech esou ass, datt d’Immobilien zu den deierste Präisser verkaaft ginn?
Roy Grotz: D’Steeë verbidden, Här Juncker, ech mengen, dat kann ee schlecht maachen?
Jean-Claude Juncker: Also, ech mengen net, datt mir d’Steeë kënne verbidden.
Mä wat ech wollt soen, an dat gefält ville Leit net, an dofir hunn ech et och gesot, dat ass, datt mir sollen oppassen, an engem klenge Land wéi eisem, datt mir eis Verkafspräisser, d’Terrainspräisser net an onendlech, an onerschwénglech Héichte sech erophiewe loossen.
Ech verstinn net, firwat datt mir ënnertenee jiddweree bis op de leschte Su mussen dreiwen, fir datt een en Terrain ka kafen. An ech mengen ëmmer nach, mä d’Leit sinn domat net d’accord, ech weess dat, datt wann ee sech e bësse géif packe wann een en Terrain ze verkafen huet, fir datt och aner Leit, ouni datt se sech verschëlde musse fir 40 Joer, kënnen esou en Terrain kafen, da wiere mir e gutt Stéck virun. Mir hunn do villes selwer an der Hand.
Roy Grotz: Mä wie packt sech, mengt Dir dann, fräiwëlleg fir net déi Zomm ze kréien, op déi en hofft, oder mengt ze spekuléieren?
Jean-Claude Juncker: Jo, dat mécht keen, an dann dierfe mir eis net driwwer bekloen, datt d’Terrainen esou deier sinn.
Roy Grotz: Den Här Hanten, zum Beispill, fënnt, de Stat misst mam gudde Beispill virgoen.
Här Hanten: Wat huet hie Wëlles ze maachen, fir datt et emol beim Stat ophéiert ze iwwerdreiwen, oder iwwerdriwwen ze ginn?
Beispill de Fonds du Kirchberg, deen onerhéiert Präisser freet, kasséiert vun de Promoteuren, vun deene béise Promoteuren. Déi natierlech dann, wéi den Här Juncker och seet, mat de Steieren – de Promoteur muss natierlech deen iwwerdriwwene Präis fir den Terrain op säin Endpräis pro Quadratmeter fir en Appartement, fir den Endprodukt repercutéieren. Ech mengen, et ass kee Promoteur, dee mat Perte schafft.
Wat mécht den Här Juncker fir mam gudde Beispill emol beim Fonds du Kirchberg virzegoen?
Roy Grotz: E spezifescht Beispill, dat eis hei um Plateau jo direkt betrëfft.
Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt ee kann absolut behaapten, datt de Fonds du Kirchberg besonnesch intensiv am Wunnengsbaumaart ënnerwee wier. Dat sinn am Regelfall ganz aner Investissementer déi do gemaach ginn.
Ech sinn awer trotzdem der Meenung, an do huet Ären Nolauschterer Recht, datt de Stat net dierf sengersäits dozou bäidroen, datt d’Terrainen oder d’Loyere méi deier ginn. Dat ass awer eng ganz schwiereg Fro, mat där ech mech och am Detail beschäftegt hunn.
Wann de Stat, dat heescht, wann ech dat vereinfacht kann esou duerchsoen, de Steierzueler en Terrain verkeeft, wéi mécht deen et fir net deem Meeschtbiddenden deen Terrain net ze ginn? Kréie mir dann net gesot, datt mir à la tête du client verkafen? Kréie mir dann net gesot, datt dat net mat richtegen Dénger zougeet, wann een dee manner bezilt den Terrain kritt, an net deen dee méi bezuelt hätt, dann den Terrain kritt? Do ass de Stat an enger moralesch total anerer Situatioun wéi de Privatmann deen en Terrain verkeeft, an deem engen e verkeeft, deen e par définition kennt, oder deen en um Marché fonnt huet.
Mä ech si prinzipiell d’accord domat, datt och de Stat seng Bauterrainspräispolitik muss iwwerpréiwen. Ech weess just net genee wéi een dat esou ka maachen, datt een net an d’Gefor kënnt, datt een ënnerstallt kritt, et géif net mat richtegen Dénger zougoen.
Roy Grotz: D’Gemenge sinn och en charge. D’Spekulatiounstax op Terrainen déi net affektéiert sinn, wier dat eng Méiglechkeet déi Dir do de Gemengen an d’Hand kéint ginn?
Jean-Claude Juncker: Mir hunn en Text zur Verfügung, wou d’Gemenge kënnen déi Haiser déi eidel stinn, an déi Baulücken déi net verbaut ginn, no bestëmmte Critèrë kënne besteieren.
D’Gemenge ginn awer mat deem Instrument net gutt eens. Dofir hunn ech an der Chamber, dat hat ech awer nach ni gesot, fir eng kleng Neiegkeet hei an d’Debatt anzeféieren, datt Inneminister a Wunnengsbauminister elo e Vademecum opstellen, woumat d’Gemenge ganz genee Critèren a Modalitéiten an d’Hand kréien, fir datt se déi Steier op hirem Territoire kënnen aféieren.
Et gëtt einfach ze vill Wunnengen déi zu Lëtzebuerg eidel stinn, sief et well d’Leit, d’Ierwen net ënnerteneen eens ginn, sief et well einfach gewaart gëtt bis d’Präisser sech op déi Héicht beweegt hunn, wou d’Leit gär hätten datt se wieren.
An engem Land, deem esou vill Wunnenge feelen, obscho mir eis jo do wierklech Méi ginn deen Nachholbedarf do lues a lues opzeschaffen, kann et dach net sinn, datt Haiser net kënne bewunnt ginn, obschonn d’Haiser do stinn. An do gëtt eben eng Steier elo drop bezuelt.
Roy Grotz: Wéi séier soll déi kommen?
Jean-Claude Juncker: Dat hänkt vun deene Viraarbechten of. Mä d’Gemenge kënnen dat haut scho maachen. Et ass net, datt d’Gemengen dat net kéinte maachen, mä d’Gemenge ginn technesch net mat där Fro eens. An ech si gudder Hoffnung, dat hunn och vill Kollege mir an der Chamber gesot, déi och Buergermeeschter sinn, datt wann de Stat bis esou e Kriterium an e Modalitéitecortège ausgeschafft huet, datt dann och déi Steier an deene meeschte Gemengen agefouert gëtt.
Roy Grotz: De Stat investéiert och weider. Et ginn awer eng Partie Projeten ausgesat, et ass bal keen esou populär wéi de Futtballstadion zu Léiweng. Do hunn him déi Aussoe vun Iech net esou gutt gefall, mir schwätze vum Lucien Lux. Hien huet gemengt, esou e Stadion wier dach duerchaus néideg.
Lucien Lux (O-Toun): Ech wëll Iech verroden, datt ech säit Joeren der Meenung sinn, a bleiwen, datt en nationale Futtballstadion a mengen Ae soll vun der ëffentlecher Hand realiséiert ginn. Ech hunn och ëmmer d’Meenung vertrueden, och vis-à-vis vum Buergermeeschter Paul Helminger schonn, datt deen an der Stad am beschten ugesidelt wier.
Tatsaach ass, datt de Stat an d’Regierung net bereet si fir iergendeppes an déi Richtung ze investéieren. Dofir kënnt esou e private Projet. An ech mengen, wichteg ass, datt mir zu Solutioune kommen. [ondäitlech] dozou féieren, datt an 2 Joer mir erëm eng Kéier do sti wou mir haut stinn.
Roy Grotz: Wou genee si mir dann dru mat deem Projet Léiweng? Dir hutt héieren, de Guy Rollinger wëll och nach de Flavio Becca verkloe wéinst deem Dossier. Et wonnert bal, datt hien dann d’Regierung net nach wëll mat verkloen.
Jean-Claude Juncker: Also, mech géif näischt wonneren, mä ech mengen net, datt den Här Rollinger, mat Ausnam vum Här Becca, mat anere Leit Sträit huet. D’Regierung probéiert souwisou alles ze maachen, fir datt Konflikter déi kënnen entstoen, déi net privat Konflikter tëscht Leit sinn, datt déi kënne geléist ginn.
Zu dem Futtballstadion, domat wëll ech mech iwweregens net ganz laang hei ophalen. Et ass e Projet ginn zu Léiweng. Dat war e Projet wou Privatkapital mat dra war. Dunn huet d’Chamber gesot, dat géif net goen, de Stat misst selwer bauen.
Vu datt de Stat keng Suen huet fir e Futtballstadion ze bauen, gëtt en eben de Moment net gebaut. An dat selwecht applizéiert sech op de Velodrom. Ech hätt och gär e Futtballstadion, ech hätt och gär e Velodrom, mä ech hunn d’Suen elo net, fir datt mir déi zwou Saache mat staatleche Mëttele kënne finanzéieren.
Roy Grotz: De Guy Rollinger schreift awer, deemools wier hie "fortement invité" gi fir Wickreng falen ze loossen, wou jo och e Projet war, wéinst dem Projet Léiweng. Wat wëll hien domat soen?
Jean-Claude Juncker: Also, doriwwer hunn ech jo stonnelaang an der Chamber Auskunft ginn. Do ass et e Projet zu Wickreng ginn. Aus enger Rei vu Grënn konnt deen net gemaach ginn. Dunn ass probéiert ginn zu Léiweng een ze maachen. An et ass dem Här Rollinger gesot ginn, deen op säi Projet zu Wickreng verzicht huet, wann dee Projet zu Léiweng näischt géif ginn, da géif de Stat probéieren, fir datt déi Investissementer kënne gemaach ginn, déi de Grupp Rollinger Wëlles hat, datt déi op enger anerer Plaz kënne gemaach ginn. An zu deem Wuert steet d’Regierung och nach.
Roy Grotz: Mä de Projet dee brauch awer elo sécher nach seng Zäit?
Jean-Claude Juncker: Also, ech si weder Architekt nach Steemetzer. Ech weess net wéi laang datt dat dauert.
Roy Grotz: Wéi laang et dauert, datt mir en Tram hunn, dat wäert och nach e puer Joer daueren. Mä Dir stitt zum Tram. Mir goufe gefrot a Messagen, brauche mir dee wierklech, firwat maache mir doriwwer kee Referendum, oder froen d’Leit op eng aner Manéier?
Jean-Claude Juncker: Ech weess net, ob een doriwwer soll e Referendum maachen. Mat wiem mécht een e Referendum? Just mat den Awunner vun der Stad Lëtzebuerg? Oder mat deenen 10.000den, déi al Dag an d’Stad kommen, an déi ënner der Verkéierssituatioun an der Stad leiden? Et ass jo net nëmmen d’Haaptstad vun deene Leit déi hei an der Stad wunnen, et ass jo och d’Haaptstad vun deenen aneren. Mécht ee e landeswäite Referendum iwwer deen Tram? Dat schéngt mir e bësse spektakulär ze sinn.
Ech hu mech iwwerzeege gelooss, scho viru Joeren, datt mir esou eng modern Verkéiersverbindung duerch d’Stad, an tëscht eenzelnen Deeler vun der Stad brauchen. Eis Aarbechtsmaartbevëlkerung hëllt massiv zou. Mir hunn en enorme Mobilitéitsproblem hei am Land, deen och Käschte mat sech bréngt. An dofir mengen ech, datt mir esou e Verkéiersinstrument brauchen, an enger Fro wou ech kee Spezialist vun den techneschen Detailer sinn.
Roy Grotz: Dir sidd awer Spezialist vun den Zuelen. Dir wësst och wéi se déi nächst Joeren evoluéiere wäerten. Mir wëssen och, datt am Finanzsecteur tëscht 2011 an 2014 sollen 1.000 Plazen ofgebaut ginn. Dir hutt an der Ried gesot, mir mussen aus där Ofhängegkeet vum Finanzsecteur eraus. Wéi maache mir dat dann?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn och an der Ried gesot, a wat fir neie Kompetenznischen datt mir eis wëlle méi Raum verschafen, notamment am Beräich vun der Logistik, am Beräich vun der Recherche, am Beräich vun der Biomedezin, am Beräich vun de Materialwëssenschaften.
Ech sinn der Meenung, datt mir méi konzentréiert a méi cibléiert mussen Efforten huele fir déi wirtschaftlech Importenz, déi haut scho grouss ass, vum Tourismus no uewen ze schrauwen. Do kënne mir mat den Naturbegebenheeten zu Lëtzebuerg Stat maachen, wann Dir esou wëllt.
Dat setzt allerdéngs och viraus, datt lëtzebuerger Leit, déi hei am Land wunnen, déi keng Aarbecht hunn, och bereet sinn am Secteur vun der Hôtellerie a vun der Restauratioun ze schaffen. An datt och d’Aarbechtsbedéngungen do esou sinn, datt een dat ka maachen. Mä et ass awer net normal, datt déi wéinegst Leit déi hei am Land wunne wëllen an de Secteur vun der Restauratioun a vun der Hôtellerie schaffe goen, spezifesch d’Lëtzebuerger wëllen dat net. Et ass awer keng Onéier fir an engem Restaurant ze schaffen.
Wat menge mir eigentlech, datt dat Aarbechte wieren, déi vu Leit misste gemaach ginn déi kee lëtzebuerger Pass hunn? Ech verstinn dat net ganz gutt.
An dofir hätt ech gär, datt mir eis mat deem Thema wirtschaftlech Importenz, aarbechtsmaartpolitesch Importenz vum Tourismus ausernee setzen. Dat ass och eng Kompetenznisch déi mir net ganz ausräizen, an där gëtt et vill.
Roy Grotz: Schaffe goen – schaffe wëllen ass eng aner Saach. Dir hutt vun där Solidaritéitsfotell geschwat, an op besser Deeg waardend Leit. Hutt Dir wierklech d’Gefill där hätte mir eng Partie?
Jean-Claude Juncker: Dat Gefill hunn ech, mä dat ass awer och eng Remarque déi ech gemaach hunn, déi awer nu wierklech an der Kommentéierung maasslos iwwerdriwwe gëtt.
Ech wollt jo net soen – firwat géing ech dat soen, deen ech 17 Joer Aarbechtsminister war – datt déi Leit déi keng Aarbecht hätten e lauter Lidderhanesse wieren? Dat ass jo absolut net de Fall. Déi meeschte Leit si jo éierlech drëm beméit fir eng Aarbecht ze fannen.
Mä et fält mir op an eenzelne Secteuren, datt wann eng Faillite ass, a wann d’Leit kënnen eng nei Aarbecht kréien, datt se da soen, neen, neen, mir wëllen esou laang keng Aarbecht wéi mir nach Chômage bezuelt kréien. Dat geet net.
An dat ass awer keng Attack op d’Chômeuren. Dat ass einfach den Hiwäis drop, datt een esou Situatiounen net dierf eruwuesse loossen, grad wéi ech och der Meenung sinn, datt eis Gesetzgebung iwwer de Revenu minimum garanti, iwwer d’Mindestakommes also, net esou geduecht war, datt een deen dat eng Kéier huet, dat soll liewenslänglech behalen. Mä et war geduecht fir ze iwwerbrécken, datt een erëm op seng eege Féiss ze stoe kéint kommen. An domat musse mir eis beschäftegen.
Roy Grotz: Dir hutt an deem Kontext och vun der Préretraite Ajustement geschwat, an deem Sënn och vun de Schmelze vun ArcelorMittal. Dat ass och opgegraff ginn dës Woch. Wéi sinn Är Relatiounen da mat der Famill Mittal?
Jean-Claude Juncker: Also, ech gesinn net richteg an, firwat datt ech hei muss Auskunft iwwer meng Relatioune mat der Famill Mittal? Den Här Mittal an anerer bedreiwen zu Lëtzebuerg Stolindustrie, an ech hunn dat Verhältnis mat dem Grupp ArcelorMittal, wéi mat anere Betriber an anere Wirtschaftssecteuren och. Probéiere mat deene Leit gutt zesummenzeschaffen, mä ech loosse mech net gär fir en Hännes halen.
Roy Grotz: Hutt Dir dat Gefill da gehat?
Jean-Claude Juncker: Ech hat net d’Gefill, datt am Zesummenhang mat Rodange a mat Schëffleng all Méiglechkeeten eeschthaft gepréift gi sinn, fir perspektivesch do ze schaffen, statt einfach d’Aktivitéiten ze drosselen, an eventuell déi Aktivitéiten op Null sech ofsenken ze loossen.
Mä dat ass eng Fro, natierlech, déi déi Gesellschaft muss selwer beäntweren. Mä an deem Mooss wou de Stat awer 55 Milliounen Euro zur Finanzéierung vun der Préretraite bäisteiert, quitt datt dat deelweis un dem Verspriechen hänkt, datt op Belval, notamment op Belval géif investéiert ginn, hunn ech fonnt, datt wann een aus Konzerngrënn bestëmmte partiell Ofbaumechanismen zu Lëtzebuerg spille léisst, datt een dann awer och deem Land wat engem awer gehollef huet a schwieregster Zäit, wou keen hëllefe wollt erëm op d’Been ze kommen, deem Land eppes zréckgëtt.
An d’ArcelorMittal huet Terrainen déi mir kéinten zur Verfügung gestallt kréien, fir notamment mëttelstänneg Betriber hinzekréien, an huet och wahrscheinlech am Land Terrainen, wou mir kéinte Wunnengsbau maachen, an ech wëll fir déi Terrainen näischt bezuelen. Ech hätt se just gär.
Roy Grotz: Dir hutt nieft Ärer nationaler Responsabilitéit eng grouss europäesch Kap op. E Méindeg hutt Dir Eurogrupp, Här Juncker. Wéi geet et da weider mat der Présidence vun deem Grupp, nodeem Dir jo ophaalt, wéi Dir sot?
Jean-Claude Juncker: Ma dat ass eng Fro déi e Méindeg net diskutéiert gëtt. Ech hunn heiansdo um Radio héieren, an an eenzelnen Zeitunge geliest, dat géif e Méindeg décidéiert ginn, dat wäert net de Fall sinn.
Roy Grotz: Wann Dir gefrot gitt fir weider d’Présidence ze iwwerhuelen, da sot Dir neen?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn erkläert, datt et net meng Absicht ass fir nach ee Mandat als President vum Eurogrupp ze maachen, well dat mir einfach ze vill gëtt. Esou einfach ass dat.
Roy Grotz: Wéi investéiert Dir déi Zäit dann hei zu Lëtzebuerg? Dat huet Iech jo immens vill Zäit [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Majo, ech wëll mech doriwwer net bekloen, ech si jo net gezwonge ginn dat ze maachen, wat ech maachen. Mä ech hunn 3, 4 Stonnen den Dag mat där Eurogrupp ze dinn. Dat heescht, datt ech op 15, 16 Stonnen den Dag kommen, datt ech Samschdes a Sonndes muss schaffen, an dat wëll ech eben net méi maachen. Déi Zäit déi ech do gewannen ass keng Zäit déi ech méi hei an d’eegent Land investéieren, well do hunn ech mat menger Zäit net gespuert. Déi ass just Zäit fir mech. Et ass rengen Egoismus.
Roy Grotz: Ass et da gutt, wann awer an deene Krisenzäiten, déi och awer den Euro den Ament matmécht, datt do de Kapitän ersat gëtt?
Jean-Claude Juncker: Dir schwätzt esou wéi 16 aner Länner.
Roy Grotz: Gesitt Dir, an deem Drock gitt Dir net no?
Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot wat ech wëll maachen a wat ech net méi wëll maachen.
Roy Grotz: Wat sinn d’Erausfuerderunge fir Är Équipe hei am Land, wann et zum Beispill zu engem Revirement géif kommen. Den Nicolas Schmit op Paräis wiesselen als Ambassadeur?
Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro déi, géif se sech stellen, géif an deem Moment beäntwert gi wou se sech géif stellen. Déi Fro stellt sech awer net.
Roy Grotz: Den Ament sidd Dir och zefridde mat deem Klima dat Dir hutt?
Jean-Claude Juncker: Mir sinn eng Regierung, déi fonctionnéiert e bëssen anescht wéi dat fréier de Fall war.
D’Ministeren soe méi dacks hir eegen an hir perséinlech Meenung. D’Parteie streiden och méi mateneen. Et ass och méi Diskussioun an deenen eenzelne Parteien, iwweregens net nëmme Koalitiounsparteien, mä och Oppositiounsparteien.
An ech fannen och, datt wann ee Chef vun der Regierung ass, wéi d’Leit soen, datt ee regierungsintern Debatten net dierf ofwieren. Et ass gutt wann d’Leit gesinn, datt et ënnerschiddlech Meenunge gëtt. A wichteg ass fir eng Regierung, datt se herno zu enger an där selwechter Schlussfolgerung kënnt, an datt se déi Politik dann och konsequent duerchféiert op déi se sech gëeenegt huet. Datt virdrun heiansdo kontrovers, an an der Kontrovers diskutéiert gëtt, dat stéiert mech zënter e puer Joer net méi.
Roy Grotz: Wat fir e Projet läit Iech dann nach am meeschten um Häerz, domat fir ofzeschléissen, deen Dir och wëllt bewosst ofschléissen?
Jean-Claude Juncker: Ech hu jo nach e puer Joer Zäit fir Projeten ofzeschléissen. A mir kënnt et wiesentlech drop un, datt mir et fäerdegbréngen, eis ëffentlech Finanzen erëm an Uerdnung ze bréngen, se esou ze konsolidéieren, datt d’Ënnerschrëft vum lëtzebuerger Stat ëmmer nach e Qualitéitssigel ass, deen iwwer eist Land eppes ausseet.
Ech hätt gär, datt mir den Zukunftszuch net verpassen, an datt mir a vill Beräicher vun der Ekonomie eraginn, wou mir bis elo net äifreg genuch ënnerwee waren.
Ech hätt gär, datt ee roueg kann hei am Land liewen, datt mir matenee schwätzen, datt mir erëm zu och Sozialdialogformen erëmfannen, déi Spaass maachen, déi Freed maachen hei am Land ze liewen.
Ech hat a menger Ried gesot, ech hätt gär, datt mir erëm esou gi wéi mir sinn. Dat ass eigentlech mäi grousse Projet, datt mir erëm esou gi wéi mir sinn.
Roy Grotz: Dat ass e grousse Projet dat do.
Jean-Claude Juncker: Dat ass e ganz groussen, jo.
Roy Grotz: Da wënschen ech Iech an eis Courage do dofir. An Iech natierlech och, datt mir déi Projeten esou duerchkréien.
Jean-Claude Juncker: Merci.
Roy Grotz: Merci, datt Dir de Mëtteg hei waart.
|