|
Mariette Zenners: Lëtzebuerg schéckt am Kader vun der UNO-Missioun en Observateur a Syrien. De Grand-Duché wor gefrot gi bei der dëser Observatiounsmissioun déi am Kader vum Friddensplang vum Koffi Anan organiséiert gëtt mat ze maachen. Am ganze sollen 300 Leit bei dëser Trupp dobäi sinn. Den Ausseminister Jean Asselborn krut haut den Accord vun der Chamber an et ass och schonn en Offizéier vun der Arméi dee bereet wier fir dëst Missioun déi ënner UNO-Kommando steet eng onbewaffnet Missioun wuel verstan wou et drëm geet d’Gewalt a Syrien an de Grëff ze kréien.
Jean Asselborn (O-Toun): Dir wësst datt d’international Communautéit eigentlech nëmmen ee Moyen huet fir déi Attrocitéiten, déi Brutalitéiten ze stoppen. Militäresch Operatioune féieren do zu näischt. Ech mengen, dass mir wierklech als Lëtzebuerg kënne weisen, dass mir a Syrien, fir d'international Solidaritéit, e Geste maachen a mat hëllefen. Ech mengen dat ass ganz ganz positiv a mir si mengen ech op eiser Plaz, wa mir do mat maachen. Et ass keng Missioun déi ongeféierlech ass.
Mariette Zenners: Et ass een awer zouversiichtlech dass de norwegesche Generol deen d’Missioun leet déi 3 mat militäresch Observateuren net op geféierleche Plazen asetzt. De lëtzebuerger Offizéier soll a Syrien geschéckt gi soubal d’Visa-Formalitéiten an der Rei sinn. Déi lëtzebuerger Missioun a samt Zesummenaarbecht mat Däitschland.
|