Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Mai 2012 > Jean Asselborn au sujet au sujet du sommet de l’OTAN à Chicago

Interview
Jean Asselborn au sujet au sujet du sommet de l’OTAN à Chicago
"Radio 100,7" du 22-05-2012

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: Op deem Sommet ass jo – ech sinn elo kee Militärspezialist – geschwat gi vun der "smart defense". Dat ass virun allem e Projet fir Dronen ze bauen. Dat heescht, Fligeren déi net bemannt sinn, mat Équipementer fir ze observéieren – wann Dir wëllt, perfektionéiert Awacs’en.

Dat ass e Programm vun ongeféier enger Milliard Dollar. Déi meeschte Laascht dovunner droen d’Amerikaner. Ech menge 40%, déi Däitsch 30%, an et sinn och aner Länner déi matmaachen. Mir als Lëtzebuerg maachen och mat, an eis Parte wieren ongeféier 0,2%.

Et ass och esou ze verstoen, datt Länner déi matmaache Firmen hunn déi kënne sech un deem Projet bedeelegen, esou datt e "retour économique" do méiglech ass. An esou wéi ech verstanen hunn, sinn dat déi Supplementer, déi virun allem do si fir Observatiounen op de Grenze vun den Nato-Länner ze maachen.

Michel Delage: Elo bei esou enger Missioun matzemaachen, d’Iwwerwaachung vum Loftraum iwwer de baltesche Staten, dat ass vläicht politesch awer net ganz onsensibel, wann ee weess, datt Lëtzebuerg awer versicht mat Russland eng gutt Relatioun ze halen?

Jean Asselborn: Dat hei ass jo och net géint Russland, oder géint iergend en anert Land geriicht. Wéi gesot, et sinn Équipementer déi net bemannt sinn, déi héich spezialiséiert si fir Observatiounen ze maachen. Op kee Fall, selbstverständlech, ass dat géint iergend ee Land geriicht, an och net géint Russland.

Michel Delage: Zum Thema Afghanistan: de lëtzebuerger Kontingent vun 9 Zaldoten, déi zu Kandahar, am Norde vum Land, stationéiert sinn, sollen eréischt Enn 2014 zréckgezu ginn. Ass dat nach esou?

Jean Asselborn: Loosse mir elo emol e wéineg iwwer Lëtzebuerg do erauskucken.

50 Natioune waren op deem Sommet, an d’Haaptgewiicht ass ganz kloer geluecht ginn op dat wat no 2014 geschitt, wann also d’Afghane selwer dofir suergen hir Sécherheet an hirem Land kënnen an d’Hand ze huelen.

Do ginn elo am Hierscht 350.000 Forces de sécurité – dat ass Militär a Police, wat Afghane sinn – ausgebilt. Duerno kënnt dann eng Phas wou ee muss hoffen, datt d’Afghanen d’Gewalt an den Terrorismus am Grëff hunn, a wou dat Land erëm muss opgebaut ginn.

An do gëtt gerechent, datt ongeféier 4,1 Milliarden am Joer noutwenneg sinn ab 2014. Dovunner géifen d’Afghane 600 Milliounen opbréngen. Dat heescht, déi aner 3,5 Milliarde stellen d’international Communautéit zur Verfügung. Lëtzebuerg wäert sech do – dat hu mir hei annoncéiert – mat 5 Milliounen [USD] all Joer dorunner bedeelegen.

Mir hoffen natierlech, datt déi Wahlen, déi 2014 an Afghanistan stattfannen, fräi a fair Wahle sinn. Mir hoffen och, datt de "processus de réconciliation" weidergeet.

Wat elo virun 2014 nach muss geschéien ass eng Aufgab, wou och Lëtzebuerg sech selwer abruecht huet am Kader vum UNO-Mandat vun 2001, nämlech fir an Afghanistan staatlech Strukturen ze schafen, wéi mir op Lëtzebuergesch soen, esou datt Kanner kënnen an d’Schoul goen, esou datt d’Gesondheetswiese fonctionnéiert, an dann och déi elementaarst Strukture vun engem Stat kënnen opgebaut ginn. Dat ass d’Missioun vun der internationaler Communautéit, an do bleift Lëtzebuerg dobäi.

Leider ass et esou, datt während där Zäit och nach eng militäresch Präsenz um Terrain muss sinn. Deen Apport dee mir als Lëtzebuerg leeschten leeschte mir weider, an Zesummenaarbecht virun allem mat de Belsch. A mir bleiwen och do bis eben déi meeschte Länner, déi elo an der ISAF sinn, vu reng militäreschen Aktivitéiten op Kooperatiounsaktivitéiten eriwwerwiesselen, wéi ech elo gesot hunn. An da selbstverständlech wat muss bleiwen, a wou d’Fransouse sech och staark engagéiert hunn, ass den Training, d’Formatioun vun den afghanesche Sëcherheetskräft.

Michel Delage: Eng leschte Fro wat elo Frankräich betrëfft: Frankräich zitt jo seng Truppe gär bis Enn vun dësem Joer zréck. War dat fir Lëtzebuerg zum Beispill kee Beispill fir nozemaachen?

Jean Asselborn: Mir dierfen net, beim beschte Wëlle, Frankräich a Lëtzebuerg do matenee vergläichen.

D’Fransousen hunn iwwer 80 Zaldote verluer bis elo. Vill aner Länner hunn och ganz grouss Pertë gehat an Afghanistan. D’Fransousen hu Wahle gehat, an an deene Wahlen huet de President gesot, datt en déi militäresch Operatiounen wëll Enn vum Joer 2012 ofschléissen. Hien huet och ganz kloer en zweete Saz gesot, hie wier als franséische President nach ëmmer en aktive Member an der FIAS, a géif wéi gesot d’Haaptgewiicht dann op d’Formatioun leeën.

Dat ass de Choix vun de Fransousen: si hunn e President gestëmmt, deen dat gesot huet, an de President mécht dat wat hien an der Wahlcampagne versprach huet. An dat ass jo ze respektéieren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact