|
Jean Asselborn: Mir hunn ugekënnegt, datt mir [Lëtzebuerg] 5 Milliounen [USD] all Joer ginn. Dat ass virun allem fir staatlech Strukturen opzebauen am Afghanistan. Mir wäerten och Kooperatiounshëllef weider leeschten am Afghanistan. Doriwwer eraus, wat d'Formatioun ugeet, sinn ech och iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg do ka säin Apport leeschten, an datt mir dat och wäerte maachen.
Claude Zeimetz: Eng konkret Décisioun ass awer nach net geholl. Dem François Hollande säi Cavalier seul an der Afghanistanfront huet zu Chicago op d‘mannst dobaussen net weider fir vill Opreegung gesuergt. Den neie franséische President krut effektiv duerchgesat, datt den Hexagon seng Truppe scho bis Enn dëst Joer zréckzéie kann, ouni datt anerer him et direkt nomaache wollten. Fir de Jean Asselborn war dem neie President säin Optrëtt zu Chicago e wichtegen.
Jean Asselborn: Wann ee Wahlcampagne gemaach huet a gesot huet, datt ee ganz kloer net méi wëll un de Kampfhandlunge bedeelegt sinn, muss een dozou stoen. Mir musse wëssen, datt Frankräich ganz vill Leit am Afghanistan verluer huet. Ech mengen, iwwer 80 franséisch Zaldote si gefall. Dat ass e Choix vun de Fransousen. Ech mengen, dat hei war e Sommet dee fir de François Hollande immens wichteg war. Ech sinn elo net säin Affekot, mä ech ka mir virstellen, en huet mir dat och gesot, datt en eben déi Leit alleguerten, déi Akteuren éischtens emol kennegeléiert huet.
|