|
Roy Grotz: Et ass also eng nei Phas vun diplomateschem Drock op Syrien. Weltwäit goufe gëscht syresch Ambassadeuren ausgewisen, dorënner och d’Vertrieder vun Damaskus an der Belsch, Holland, Frankräich an Däitschland. Nom Massaker vun Houla, wou eng 110 Leit leie bloufen, soll Pressioun op de Regime vum al Assad weider an d’Lut gesat ginn.
An der Leitung hu mir elo den Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Grotz.
Roy Grotz: Här Asselborn, koordinéiert also goufen déi syresch Ambassadeuren aus ganz ville Länner ausgewisen. Gëllt dat och elo fir den zoustännege syresche Représentant fir Lëtzebuerg? Wéi waart Dir un dësen Décisioune bedeelegt?
Jean Asselborn: Gëschter ware mir selbstverständlech dru bedeelegt. Et muss ee gesinn, datt, no Houla – wou jo eigentlech standgeriichtlech 104 Leit exekutéiert goufen, dovunner 49 Kanner – de Conseil de sécurité dës Aktioun condamnéiert huet, mä et si keng Sanctiounsmoossname getraff ginn. De Kofi Annan ass zu Damaskus. Hien huet och déi Massakere ganz schaarf kritiséiert. Bon, Dir wësst och, datt op deem 6-Punkte Plang vum Kofi Annan eigentlech de Stop vun alle Brutalitéiten den Haaptpfeiler ass.
Gëschter si Reaktioune komm, wéi Dir ugedeit hutt: Däitschland, Frankräich, Italien, England a vill anerer nach hunn déi Mesure getraff, déi een an der Diplomatie treffe kann, konform zu der Wiener Konventioun vun 1961 iwwer d’diplomatesch Bezéiungen. Dat heescht, en Ambassadeur als "persona non grata" ze declaréieren. Dat ass e ganzt staarkt Zeechen, wann een net d’accord ass mat engem Regierungsvirgehen, ouni awer, an dat ass wichteg, déi diplomatesch Relatiounen ofzebriechen. A Lëtzebuerg mécht haut esou wéi d’Belsch ... an d’Hollänner; dat heescht, de Moie geet eng Note verbale op d’syresch Ambassade. Dir wësst, mir sinn e wéineg speziell: well de syreschen Ambassadeur résidéiert zu Bréissel, en ass zu Lëtzebuerg accréditéiert, mä iwwer Note verbale maache mir dat nämmlecht wéi d’Belsch an d’Hollänner, dat heescht, mir declaréieren e fir déi bilateral Bezéiungen als "persona non grata".
Roy Grotz: D’Iddi vun enger drëtter Syrien-Konferenz – där goufen et der schonn zwou zu Tunis an Istanbul – bréngt net nëmme Paräis a London an d’Gespréich. Dir hutt e ganz staarkt Wuert gebraucht: Dir schwätzt vun Exekutioun, déi um Terrain a Syrien geschitt. Ass esou eng Konferenz sënnvoll? Wat fir eng aner Schrëtt kéinten et ginn? Dozou héiere mir kuerz wat de franséische President François Hollande sot.
François Hollande (O-Toun): Elle n’est pas exclue à condition qu’elle se fasse dans le respect du droit international, c’est-à-dire par une délibération du Conseil de sécurité.
Journalist (O-Toun): Donc avec l’aval de la Russie et de la Chine?
François Hollande (O-Toun): A moi, à d’autres de convaincre Russes et Chinois. Mais aussi de trouver une solution qui ne serait pas forcément militaire, parce que la pression doit se faire dès à présent pour chasser le régime de Bachar al-Assad. Et nous devons trouver une autre solution.
Roy Grotz: De President Hollande schléisst e militäreschen Asaz net aus, seet awer ganz kloer, datt et ënner UNO-Mandat sollt geschéien. Wéi stitt Dir zu där Positioun, Här Asselborn?
Jean Asselborn: Dat éischt, wat Dir ugeschnidden hutt: ech mengen eng drëtt Konferenz dat wier scho wichteg. Ech fannen datt do Hollande a Cameron op enger gudder Linn leien. Dir hutt et ugedeit, et waren der zwou. Bon, mir sinn och do op deenen zwou Konferenze mat deenen ergräifenden Temoinagë vun der Oppositioun a Syrien confrontéiert ginn. Mä et ass eigentlech nie eppes erfollegt, wouvunner ee kéint soen, et ass palpabel fir Fortschrëtter ze maachen.
Wann een eng drëtt Konferenz mëcht – an ech mengen, dat huet och de President Hollande jo elo ugedeit, dës Woch gesäit hien de russesche President Putin – muss Russland dobäi sinn. Dat, mengen ech, wier immens wichteg. Wa Russland net dobäi wier dann hätt een net déi Upak, oder deen Hiewel, deen een hätt fir d’Saachen op eng aner Schinn ze kréien.
Wat d’Mandat vum Conseil de sécurité ugeet: selbstverständlech, dat soll een net ausschléissen. Ech géif awer déi Restriktioun, déi och de François Hollande gemaach huet, wichteg fannen. D’Realitéit ass jo elo déi, datt zënter Mëtt 2011 virun allem Russland a China op enger anerer Schinn sinn a soen, mir wëllen net, datt sech dat widderhëlt – an hiren Aen – wat sech zougedroen huet a Libyen. Dofir muss dee wichtege Schrëtt elo gemaach gi fir erëm déi gemeinsam Interessen opzebauen, a virun allem déi 5 Länner am Conseil de sécurité déi d’Veto-Recht hunn, op eng Linn ze bréngen.
Ech mengen de Stop vun der Gewalt ass de Punkt dee mir mussen erreechen, net de Regime-change. Ech mengen dat ass eppes wou de Conseil de sécurité och extrèmement virsiichteg ass. Mä de Stop vun der Gewalt ass den zentrale Punkt. An do muss dee maximalen Drock op Damaskus opgebaut ginn.
A wann et eng Kéier zu enger Situatioun kéim, wou een am Conseil de sécurité sech eens wier, muss et, esou wéi de President gesot huet, net onbedéngt eng militäresch Interventioun sinn, mä do kéint ee Moossnamen ergräifen déi wierklech dann och géifen déi Autoritéiten hunn, fir déi, déi d’Gräueltaten ze veräntwerten hunn, an d’Knéien ze kréien.
Roy Grotz: Mä ebe just d’Zäit leeft, Här Asselborn, an all Dag kommen nei Doudeger dobäi. Heescht et net awer herno nees d’international Communautéit hätt versot? Bosnien, Ruanda, Kambodscha, dat sinn aner Beispiller, kënnt do Syrien dann net hannen um Enn dobäi?
Jean Asselborn: Neen, et muss een oppassen wann ee Vergläicher zitt. Dat kann een net esou niewebäi maachen. Kuckt: a Libyen ass vun der Ligue arabe eng No-fly-zone gefrot ginn, an dorop hin ass e Mandat komm vum Conseil de sécurité. A ménger Meenung no, also reng vum internationale Recht hier, war et richteg, et war e Fong do fir kënnen ze intervenéieren.
Hei musse mir wëssen: Syrien ass e Beiennascht! Do sinn d’Influenze vum Iran, d’Influenzen op de Libanon, d’Influenzen op déi ganz Regioun extrem komplizéiert, an et muss ee wëssen, wann een do eng Militärinterventioun – ouni Mandat vum Conseil de sécurité! – wier jo iwwerhaapt net méiglech. Mä och mat engem Mandat: wat déi kolateral Schied – wéi een dat esou schéi seet – do kéinte sinn ass net iwwerschaubar. An dofir géif ech nach mengen, datt een alles misst maache, wat an den diplomatesche Fächer méiglech ass fir den Drock ze erhéijen. An dat geet natierlech, wann ee realistesch ass, nëmme wann ee Russland mat am Boot huet, an dat muss mat alle Moyene probéiert ginn.
Roy Grotz: An dat ka jo och dann de François Hollande dem Här Putin soen, deen ass jo Enn dëser Woch zu Paräis.
Här Asselborn, villmools Merci fir d’Gespréich, an d’Aschätzungen, an Iech eng gutt Rees weider an d’Tierkei.
Jean Asselborn: Merci.
|