|
Pierre Reyland: An de Moien hu mir den Aarbechtsminister Nicolas Schmit um Telefon erreecht fir op dem OGB-L seng Suergen ze reagéieren. De Minister huet betount, datt d'Interimsagencë scho laang Placementer maachen, mä datt se dofir aner Gesellschaften hu misse grënnen. Elo géifen déi Aktivitéiten an der Interimsgesellschaft regruppéiert ginn.
Nicolas Schmit: Mir hëllefen u sech déi Unzuel vu Gesellschaften ze reduzéieren, déi eis et och vill méi schwéier mécht déi ganz Aktivitéiten ze kontrolléieren.
Well d'Interimsgesellschaften, déi stinn ënner engem relativ strenge Contrôle vum Ministère, während déi aner Gesellschaften iwwerhaapt net kontrolléiert ginn. Maache se dat also an enger Gesellschaft, an der Interimsgesellschaft, dann hu mir och eng gewësse Supervisioun iwwer déi Aktivitéiten.
Pierre Reyland: Wat sot Dir zu der Suerg déi den OGB-L ausgedréckt huet, datt déi Interimsplacementer no kommerziellen Interessie géife fonctionnéieren, an da wiere bei der Adem just nach déi vill méi schwéier vermëttelbar Chômeuren?
Nicolas Schmit: Éischtens hu mir déi Regel jo bäibehalen, datt all kreéierte Postë muss bei der Adem gemellt ginn. Dat heescht, am Prinzip huet d'Adem och eng Iwwersiicht iwwer déi Posten, iwwer déi Aarbechtsplazen déi gemellt ginn an déi och solle besat ginn.
An dat zweet ass natierlech, datt et an alle Länner elo nieft dem Service public och privat Placementsgesellschafte gëtt. Dat kann ee gutt fannen oder schlecht, mä dat ass haut Realitéit.
Dat wat mir wëllen, dat ass, datt mir dat e bëssen, an enger Iwwersiicht, an eng Gesellschaft maachen an net an eng ganz Zuel vu Gesellschaften, wou ee méi schwéier ka Kontroll ausüben.
Pierre Reyland: Den OGB-L nennt do eng Konventioun géint déi ee géif verstoussen, wann ee kommerziell Placementsservicer mécht.
Nicolas Schmit: Jo, da si mir scho joerzéngtelaang a Contradictioun, an all Länner sinn a Contradictioun. Ech mengen, dat ass eng Konventioun vun 1949 déi net 100%eg de Realitéiten haut entsprécht.
Ech war viru kuerzem an Éisterräich do gëtt et e Service public, do gëtt et eng Adem, mä déi Adem huet absolut kee Monopol. Bei eis hei zu Lëtzebuerg hu mir zumindest nach de Monopol, datt all Plaze musse bei der Adem gemellt ginn. Et steet awer néierens, datt déi Plaz muss nëmmen oder dierf nëmme vun der Adem vermëttelt ginn. Mir hunn also e System deen nach relativ kontrollabel ass, während dat an anere Länner net de Fall ass.
Wat mir natierlech um Häerz läit, dat ass datt Aarbechtsplaze besat ginn, an datt besonnesch Leit déi no enger Aarbecht sichen och an eng Aarbecht kommen. Wien nun de Vermëttler ass, dat ass am Endeffekt net dat Wichtegst.
|