|
Pierre Reyland: An um Telefon begréissen ech elo de lëtzebuerger Vizepremier an Ausseminister Jean Asselborn. Hien ass op Tournée an de Golfstaaten. Hien ass den Ament zu Muskat am Oman. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Reyland.
Pierre Reyland: Jean Asselborn, d'Nea Dimokratia huet gewonnen, mä Griicheland bleift ganz kloer e gedeeltent Land. De Problem schéngt also net geléist ze sinn.
Jean Asselborn: Jo, also fir unzefänke mengen ech, datt bei jiddwerengem, deen déi griichesch Politik an de leschten 2 ½ Joer verfollegt huet – an ech mengen, onofhängeg ob een elo vu menger Bluttgrupp ass oder net – deem säin Häerz gluckst natierlech net vu Freed wann e gesäit, datt elo un éischter Plaz den Här Samaras steet mat der Nea Dimokratia! Ech mengen, datt d'Griiche gëschter ganz kloer fir den Euro gewielt hunn. D'Griichen, déi jo am Euro bleiwe wëllen – eng grouss Majoritéit huet dat ëmmer erëm an den Ëmfroe gesot – hu pragmatesch gewielt. Si haten de Choix tëschent, engersäits, enger gewëssener Ongewëssheet e frëscht Gesiicht ze wielen, den Här Sypras, mä dat hätt awer kënne sciif goen; an op där aner Säit dann eng kleng Garantie fir am Euro ze bleiwen an déi huet gewonnen. Elo muss een et natierlech fäerdeg bréngen nach fir eng Koalitioun op d'Been ze stellen an dann dat ze maachen wourop Europa waart, nämlech datt mir erëm no enger ganz laanger Paus seriös verhandele mat deem Land. An ech hoffen, datt mir et als Europäer fäerdeg bréngen, deem Land och ze hëllefen, a virun allem sengem Vollek ze hëllefen.
Pierre Reyland: Mä wéi zouversichtlech sidd Dir dann, datt dës Kéier eng Koalitioun zesumme kënnt. Et ass jo d'lescht Kéier net gelongen, an am Fong sinn déi 2 Parteien déi déi meeschte Stëmme jo och dës Kéier krute jo och genee déi, déi d'Kar an den Dreck gefouert hunn, souzesoen.
Jean Asselborn: Eigentlech sinn et net déi 2 Parteien, mä déi éischt an déi drëtt. Ech géif zwar mengen, datt et e klengen Ënnerscheed gëtt tëscht dem Pasok an der Nea Dimokratia. Ech mengen op jiddwer Fall, datt de Pasok mus an de sauren Apel bäissen an eng Koalitioun mat agoen. Den Här Samaras huet alles gemaach fir d'Pasok ze schwächen, denkt drun wéi den Ëmgang ass mam Här Papandreou. Elo brauch e se. Dat gëtt eng interessant Evolutioun fir déi ze verfollegen, mä ech mengen de Pasok gëtt net geruff vum Här Samaras, e gëtt geruff vum héigeren Intérêt vu Griicheland an och vun Europa. An ech sinn iwwerzeegt, datt do genuch Wëllen do ass fir am Intérêt vu Griicheland ze kucken eng seriös Regierung op d'Been ze kréien. Ech mengen awer, wann ech dat soen däerf, iwwer Griicheland generell, wann do d'Mentalitéit sech duerchsetzt, bei allem, datt een de Staat muss méi funktionsfäeg maachen, anstatt datt een dacks gesäit a Griicheland – op där enger wéi op där anerer Säit - wéi kann een de Staat am beschten austricksen. Wann also déi éischt Mentalitéit sech duerchsetzt bei allen, dat heescht bei de Politiker a bei de Bierger, dann ass Griicheland ze retten an da gëtt et och gerett. Dann hëlleft och Europa. Mir mussen elo kucken, wéi dat jo och ugedeit ginn ass, och scho vum Eurogruppechef, datt een op der Zäitschinn muss kënne Griicheland entgéint kommen. Ech fannen, datt dat eng gutt Astellung ass a gëschter solle mir mat vill Respekt dat Resultat wat d'Griiche presentéiert hu considéréieren. An och kucken hinnen e wéineg entgéint ze kommen.
|