|
Pierre Reyland: Här Asselborn, de François Hollande huet elo déi bescht Viraussetzunge fir dat ze maache wat e gepriedegt huet. Elo muss e weise wat e kann.
Jean Asselborn: Also ech gleewen net, datt de François Hollande e gudde Priedeger ass, mä en huet kloer Linne gehat. Effektiv, wéi Dir sot, hien huet elo all Instrumenter an der Hand. D'Assemblée nationale, de Président de l'Assemblée nationale, an de Senat dee jo schonn zur Zäit vum Här Sarkozy op der Gauche war: dat ass eng gutt Viraussetzung fir elo dat ëmzesetze wat effektiv an deem ganze Reformpak – an och an de Visioune vum François Hollande – drastiechen. Ech mengen de wonne Punkt ass, wéi Dir et gesot hutt, d'Attentioun.
Ech hoffen awer, ouni mech elo an d'franséisch Politik kënnen anzemëschen, datt wierklech deen neie President an déi nei Regierung elo den Input bréngt an der Debatt an der Europäescher Unioun. Wéi den Här Ayrault gesot huet, de Wuesstem muss net nëmmen op den Ordre de jour gesat ginn, mä e muss konkret stimuléiert ginn. Ech hoffen och, datt Däitschland a Frankräich den Trëtt elo fanne wou alles kloer ass, an datt deen Trëtt weder en iwwerflächlechen ass, wéi dat heiansdo de Fall war, nach datt et en Trëtt ass vun dem Intergouvernementalen, mä datt et e richtegen Trëtt ass fir d'Europäesch Unioun am Sënn wéi se gebaut ginn ass nom Krich, nämlech mat der Gemeinschaftsmethod virun ze bréngen wou alle 27 déi elo an der Unioun si gläichberechtegt mat um Dësch sëtzen an hëllefen d'Europäesch Unioun aus deem Lach, wou mir trotzdem dach dra sinn, fir eis eraus ze zéien.
Pierre Reyland: Souwäit de Jean Asselborn, deen den Ament wéi gesot am Oman ass. Merci Här Asselborn fir den Interview de Moien.
Jean Asselborn: Merci Här Reyland.
|