Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Juin 2012 > Jean Asselborn au sujet des élections en Grèce

Interview
Jean Asselborn au sujet des élections en Grèce
"Radio 100,7" du 18-06-2012

Vers le niveau supérieur

Carine Rippinger: Et gëtt also an der Europäescher Unioun Ouverturë fir nach eng Kéier iwwer d’Délaie vum griichesche Spuerprogramm ze diskutéieren. Och den Ausseminister Jean Asselborn schwätzt sech de Moien dofir aus.

Jean Asselborn: A Griicheland ass eng gewëssen Hoffnung entstan, datt Versteesdemech opkënnt. Et gesäit een et nom Vote. An dat Versteesdemech muss Europa och weisen. Ech mengen, mir kënnen elo net vu Bréissel aus fir Europa de Griichen soen: "OK, elo maache mir emol eng Paus bei de Reformen". Dat geet net. Déi Reforme mussen viru gefouert ginn, soss gëtt Griicheland – mat oder ouni Europa – e “failed state�?, wann et net esou reforméiert gëtt, dass de Staat funktiounsfäeg ass.

Dat zweet ass, datt, obwuel ech mir nëmme virstellen kann, datt dee Pak, deen ausgehandelt ginn ass, vun der Substanz hier, do selbstverständlech déi grouss Ziler bäibehal musse ginn, ma datt et awer am Ëmsetzen – also op der Zäitschinn – héchstwahrscheinlech Méiglechkeete gëtt fir de Griichen entgéint ze kommen; net fir dem Här Samaras entgéint ze kommen, mä fir de Griichen entgéint ze kommen! Ech mengen, dat hänkt och dovunner of wéi d’Astellung ass vun enger Koalitioun, déi hoffentlech op d’Bee kënnt. Ech hoffen, datt mir och do an der Europäescher Union dann am Intérêt vum griichesche Vollek déi richteg Mooss fannen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact