|
Umoderatioun: Et muss ee Respekt virdrun hunn, datt een Islamist President vun Ägypten ginn ass. Mat deene Wierder huet de lëtzebuerger Ausseminister de Moien op d’Annonce vu gëschter vun der Victoire vun engem Moslembrudder bei de Presidentewahlen am nordafrikanesche Land reagéiert. De Jean Asselborn huet um Bord vun der Réunioun vun den EU-Ausseministeren um Kierchbierg ënnerstrach, datt d’ägyptescht Vollek am zweeten Tour de Choix hat tëscht 2 Kandidaten. Eric Ewald:
Eric Ewald: An dobäi, esou den Ausseminister, hätten sech d’Ägypter ebe mat net grad 52% zu Gonschte vum Mohammed Moursi entscheet.
Jean Asselborn (O-Toun): Dat muss ee respektéieren an et muss ee wëssen, datt dat déi aller-éischte kéier ass an Ägypten, datt se hiren Chef vum Staat kënnen duerch fräi Wahlen designéieren.
Eric Ewald: Ervirgehuewen huet de Jean Asselborn, datt dee neie Staatschef gëschter Owend erkläert huet, President vun allen Ägypter wëllen ze sinn:
Jean Asselborn (O-Toun): Och vun de Minoritéiten. En huet de Moien och gesot, e wéilt eng Ax opbauen, tëschent Teheran a Kairo. Dat ass eng aner Musek.
Eric Ewald: Et misst ee Vertrauen hunn an den ägyptesche President. Ënner anerem wat d’Relatioun mat der Arméi an d’Désignatioun vum neie Premier ugeet. Et stéing an der Discussioun, datt dat de Mohammed El Baradei, fréiere Chef vun der Internationaler Agence fir Atomenergie a Friddensnobelpräissloreat kéint sinn.
Jean Asselborn (O-Toun): Ech weess net ob et zustan kënnt, mee dat kann ech nëmmen staark encouragéieren. Dat wier een Zeechen no bannen an no baussen, datt wierklech de President wëll ee Regime opbauen, deen opgebaut ass op Respekt vun alle Minoritéiten déi an Ägypten liewen, a Respekt och virum internationale Recht.
Eric Ewald: Grad dee Respekt virum internationale Recht wier an dëser sensibeler Régioun vum Planéit ganz wichteg, fënnt den Ausseminister, fir deen d’Resultat vun de Wahlen awer weist, datt d’Land gespléckt ass.
Jean Asselborn (O-Toun): Mee ech mengen et sinn och ganz vill Leit an Ägypten – ech hunn gëschter mam aktuellen ägypteschen Ausseminister geschwat, an ech hunn och den Amre Mussa gëschter zu Lëtzebuerg bei mir gehat – déi gesot hunn, “OK et sinn och liberal Leit, déi sech entscheet hunn fir den Här Moursi, well se wëllen een definitiven Stréch maachen mam “ancien régime",
Eric Ewald: Déi ägyptesch Arméi bleift hirersäits ee staarke Pilier vum Land, huet de Jean Asselborn betount. An zur politescher Transitioun am Land dierft et wuel net esou séier kommen wéi geplangt. Enn 2012, Ufank 2013 kéint d’Land eng definitiv Regierung hunn, mengt den Ausseminister, an deem sengen Aen d’Ägypter ekonomeschen a soziale Fortschrëtt wëllen. D’Land stéing iwwerdeems virun engem einfache Choix:
Jean Asselborn (O-Toun): Tëschent enger Evolutioun wéi an der Tierkei oder eng Evolutioun wéi am Iran.
|